Montag, 10. November 2014

Eng grouss Erausfuerderung fir d`Land


Lëtzebuerg steet den Ament ganz staark am Fokus vun der internationaler Press. Geschëlt ass dësen Ëmstand der Aart a Weis wéi Lëtzebuerg mat groussen internationale finanzkräftege Firmen ëmgeet wat d`Steieren ubelaangt. Vun eise Politiker, egal wéi se politesch agestallt sinn, kréie mer verséchert, datt alles am Respekt vu nationalen an internationale Gesetzer erfollegt ass. Ët ass ze hoffen, datt dat wierklech de Fall ass, soss kéint ët eis alleguer un de Portmonni goen.
Datt mir als Lëtzebuerger zum Land sollen halen, dat fannen ech an der Rei. Dat gëllt fir gutt ewéi fir schlecht Zäiten. Mat gemëschte Gefiller verfollegen ech allerdéngs dee Spagat, dee vu munche Politiker vollzu gëtt, wann ët dorëms geet, déi dubios Finanzgeschäfter ze rechtfertegen. Do gëtt vun “Tricker” geschwat, wéi wann eis Politiker nët gewousst hätten, ëm wat fir Tricker ët sech géing handelen, hu si dach grad duerch lëtzebuergesch Gesetzer a Reglementer dës onduerchsiichteg Firmegeflechter erméiglecht. An dat Argument, datt och esou Saachen an aner Länner geschéien hëlleft eis elo guer nët weider.
Ët geet mer éischter ëm dee moraleschen Aspekt. Den Apostel Paulus schreift a sengem éischte Bréif un d`Korinther: “Alles ass erlaabt, ower nët alles déngt deem Gudden. Alles ass erlaabt, ower nët alles baut op.” Wa mer (Lëtzebuerg) nët géint e Gesetz verstouss hunn, ka keen eis hei veruerteelen. An dach hu mer eis a villen Hisiichte schëlleg gemeet.
-        Wéivill Milliarden sinn anere Länner verluer gaang, well mir mat individuell ausgehandelte Steiersätz Firmen heihinner gelackelt hunn. Mer reegen eis sécherlech zu Recht op, wa mer vum 1. Januar un an Däitschland Stroossentaxe musse bezuelen, fannen ët ower gläichzäiteg an der Rei, wa mer dem däitsche Fiskus Steiermilliarde virun der Nues ewech gebotzt hunn.
 
-        Mer bekloen eis, datt d`Schéier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi grouss gëtt, erlaben ët ower op der anerer Säit, datt d`Groussaktionäre vu grousse Multien sech un onverdingten Dividenden nach méi beräicheren.

-        Mer weisen eis iwweraus grousshäerzeg géintiwwer Firmen, déi Millioune Gewënner verbuchen, sinn ower onbaarmhäerzeg géintiwwer lëtzebuerger Familljen a Firmen. Déi kréie keng “Tricken” ugebuede fir der Steierlaascht z`entgoen.

 E Beispill zum läschte Punkt gefälleg? Déi däitsch Firma “e.on” huet iwwer hier Duechterfirma “Dutchdelta” 130 Milliounen € Gewënn duerch Zënsakommes gemeet. Op déi 130 Milliounen hu se grad emol 1575 € Steiere bezuelt. Dat entsprécht engem Steiersaatz vun 0,0012%! Ët ass mer e Veräin bekannt, deen am Joer 2013 Recetten an Héicht vun 18.000 € hat. Dës Recette woren ausschliisslech Spenden, déi integral (!) benotzt goufe fir e Kannerheem an Indonesien z`ënnerstëtzen. E Gewënn ass nët gemeet ginn. Zum Schluss vum Joer woren 145 € an der Keess. De Fiskus verlaangt dovunner 3000 € Steieren. E Veräin, deen op bénévoler  Basis Tsunamiaffer ënnerstëtzt bezilt duebel esou vill Steier wéi de Grousskonzern “e.on”. Steiergerechtegkeet gesäit sécherlech anescht aus!

Vläicht maachen eis Politiker sech emol eeschtlech Gedanken iwwer moralesch Wäerter, déi se solle vertrieden. Ech invitéiren all déi Verantwortlech a Chamber a Gouvernement, dat wat elo geschitt ass och als eng Chance ze gesinn, nämlech d`Méiglechkeet vun engem neien Ufank – engem propperen. Iwwersiichtlech Steiergesetzer, ausgewien a gerecht Taxen an Transfertleeschtungen. Ech wor laang Jore stolz op mäi Land, wou Mënschen duerch hiren Know How, duerch Asaz a Fläiss  hir Kuuscht éierlech verdéngt hunn an all zesummen um Opbau vum Land matgedroen hunn. Haut schummen ech mech am Ausland ze soen, ech wier Lëtzebuerger.