Dienstag, 23. Juni 2015

Wandenergie – mee wat ass derhannert?


An engem Interview op RTL-Lëtzebuerg huet d`Ministesch Dieschbourg behaapt, datt bis 2016 20.000 bis 25.000 Stéit direkt u Wandrieder ugeschloss sinn. Ech hoffe fir déi Stéit, déi solle betraff sinn, datt dat nët de Fall ass. Ech wéilt op jidder Fall nët un engem Wandrad ugeschloss sinn. Hei ass meng Begrënnung.

Dee Stroum, dee vun de Wandrieder geliwwert gëtt, gëtt nët zu Onrecht vun de Fachleit als “Zappelstroum” bezeechent. Dat hänkt fir d`éischt emol dovun of, datt de Wand jo nët ëmmer mat konstanter Geschwëndegkeet bléist. Derbäi kënnt, datt d`Leeschtung vun engem Wandrad an der drëtter Potenz vun der Wandgeschwëndegkeet ofhänkt. Dat bedeit, wann de Wand nueren hallef esou staark bléist, fällt d`Leeschtung op ½ x ½ x ½ = ⅛ vun der ursprénglecher Leeschtung, oder wann ët vun engem zolitte Wand vu 50 km/h op douce Wand vu 5 km/h wiesselt, da bleift nach just eng Leeschtung vun 0,1% iwwereg. Fir déi 3 nei Wandrieder am Raum Kiemen-Heischend géing dat heeschen, dat hier Leeschtung vun 7 MW (wat theoretesch duergéing fir 1500 bis 3000 Stéit ze versuergen) op 700 W géing zeréck goen, grad emol genuch fir eng kleng Kaffismaschinn ze bedreiwen. Déi Grafik hei dokumentéiert, wéi d`Resultat vun de Wandrieder an Däitschland ausgesäit. Déi hellblo Fläch weist déi installéiert Leeschtung, déi donkelblo Zacken wat a Wierklechkeet eraus kënnt. Zu Lëtzebuerg gesäit d`Resultat nët besser aus, am Géigendeel; well doduerch datt an Däitschland d`Wandrieder iwwer eng vill méi grouss Fläch verdeelt sinn, ass d`Wandverdeelung méi ausgeglach.

 
Datt esou eng onzouverléisseg Energiequell nach weider Problemer no sech zitt, läit op der Hand! Et kann een d`Zuel vun de Wandrieder vergréisseren. Da gesäit dat wat vun der Natur nach iwwereg bleift esou aus:

 

 
...mee besser ass d`Resultat nët ginn, am Géigendeel. Wann nët e Minimum u Wand bléist – an dat während Deeg – da gëtt och vum 10-fachen u Wandrieder keng Energie geliwwert, well 10 x 0 ass nach ëmmer Null. Wann ower e staarke Wand bléist, dann hu mer en Iwwerschoss u sougenannter “erneierbarer Energie”, well mer eis verflichten, dëse Stroum ofzehuelen. Well dëse Stroum eng schlecht Qualitéit huet (och dat gëtt ët beim Stroum: onstabil a Spannung a Frequentz well vum Wand gesteiert) musse mer versichen dee Stroum am Ausland lass ze ginn, andeems mer nach bezuele, fir datt anerer en huelen. (Beispill: de 16. Februar 2014 huet Däitschland 629.662 Euro bezuelt fir iwwerflëssege Stroum aus Wand a Photovoltaik lass ze ginn, Stroum, deen se de Besëtzer vu Wandrieder a Solarelementer vertraglech gebonnen iwwert dem Handelspräis ofkaaft hunn. Zesummen huet deen däitsche Stroumclient op deem Weekend 290 Milliounen Euro bezuelt fir Stroum, dee kee gebraucht huet.)

Lo kënnt natierlech den Awand, mer kéinten déi Energie jo späicheren. Elektresch Energie léisst sech direkt nuren a Akkumulatoren (Batterien) späicheren. Verglach mat der gesamter technescher Entwécklung an deene leschten 100 Joer huet sech op deem Gebitt de Fortschrëtt a bescheidene Grenze bewegt. Mer sinn haut nach nët vill méi wäit wéi zur Zäit vum éischten Auto. Grenzen sinn eis zum groussen Deel duerch Naturgesetzer gesat, an de wiertschaftlechen Opwand ass esou grouss, datt esou Späichermedien sech nuren lokal begrenzt asetze loossen.

Eng Method, déi äifreg diskutéiert gëtt, an hei zu Lëtzebuerg beschtens bekannt ass, ass d`Späicherung vun Energie a Pompspäicherwierker. Loosse mer de Fall emol méi genee analyséieren (all déi Wäerter, déi elo opgezielt sinn, sinn Duerchschnëttswäerten, fir d`Rechnung iwwersiichtlech ze halen) .

-        D`Pompspäicherwierk SEO zu Veianen huet eng Maximal-Leeschtung am Turbinebetriib (Maschinnen 1 bis 11) vun 1296 MW.

-        Den Duerchschnëttleche pro Dag-Verbrauch un elektrescher Energie zu Lëtzebuerg läit bei 17 GWh. (Statec 2013: 6231 GWH)

-        Mat deene neie Wandrieder am Wandpark Kiemen-Heischent steet eis bei optimale Bedingungen (richteg Wandgeschwindegkeet) eng Leeschtung vu 65 MW zur Verfügung. Déi kéinten, ëmmer nach ënner optimale, gläichbleiwende Bedingungen, 1,56 GWh Energie pro Dag liwweren.

-        Wa mer 25% vun eisem Energiebedarf ( 17 x 0,25 = 4,25 GWH) duerch Wandrieder decke wéilten, bräichte mer ongeféier 2,74 Mol esou vill Wandrieder mat enger Gesamtleeschtung vun ca 177,8 MW

-        Bei engem Dag ouni Wand géingen eis 4 267,5 MWH Elektresch Energie feelen. Dat ass dat (4267,5/1296 = 2,6) 3,3-facht vun deem wat d`SEO eis zur Verfügung kéint stellen, d.h. no 7,3 Stonnen sinn d`Uewerbecken um Niklosbierg eidel.

Fazit: mir bräichten 2,74 Mol esou vill Wandrieder an nach zousätzlech 2,3 SEO-gläich Pompspäicherwierker fir nueren een Dag ouni Wand iwwer d`Ronnen ze kommen. Da musse mer nach bedenken, datt Wandanlagen eng “Auslaaschtung” vu 16 bis 22% hunn. Dat heescht, am Schnëtt liwweren se nuren deen Undeel un Energie (kuckt déi Graphik uewen am Artikel). Wa mer 20% viraussetzen heescht dat, datt mer 5 Mol esou vill Wandrieder brauchen, fir déi erfuerderlech Leeschtung ze liwweren. Mer bräichten also keng 54 an och keng 148, mee 740 Wandrieder fir iwwer de Wee vu Pompspäicheranlagen 25% vun deem momentane Verbrauch un elektrescher Energie mat Wandrieder ze liwweren. Dat heescht flächendeckend stéing am lëtzebuerger Land all 3,5 qkm e Wandrad!

Elo ka jidderee selwer versichen sech virzestellen, wéi d`Situatioun wier,

-        wa mer méi wéi 24 Stonne kee Wand hunn. Kuckt emol an der Graphik de Beitrag vun der Wandenergie am Juli-August 2010 oder am November 2011! Wien do op de Wand baut, kuckt ganz domm aus der Wäsch!

-        wa mer och nach fossil Brennstoffer duerch Wandenergie ersetze wéilten. Am Referenzjoer 2013 goufen Uelegprodukter mat enger Gesamtenergie vu knapp 32 000 GWh verbraucht; dat ass méi wéi dat 5-facht vun der Stroumproduktioun.

Op den Impakt vun der Wandenergie op Mënsch a Natur wëll ech an engem anere Beitrag agoen. Déi Fro, déi een sech elo awer scho ka stellen ass déi, ob mer eis Zukunft, wat d`Energieversuergung mat esou enger onsécherer  Energiequell ubelaangt, op d`Spill wëlle setzen.

 

 
 


 
Am Raum Buerschent (Wandpark Heischent-Kiemen) ginn 3 Wandrieder opgeriicht, déi engem ëmmer am Bléckfeld stinn, wann een op der Buerg d`Natur wëllt bewonneren. Zwee vun deene Rieder wäerten eng Héicht vun ca 184 m hunn. Hei ka jiddereen sech e Bild maachen, wat déi Rieder fir eng Héicht hunn. Am gläiche Moossstaf steet do den Ulmer Münster mat deem héchste Kierchtuerm vun der Welt, 161 m héich! Gehéiert deen eemolegen Ausbléck, deen een aus dem Buerschter Schlass huet, nët och zu eisem kulturelle Patrimoine?

Wann ët ëm d`Aplanzen vu “regenerativen” Energiequelle geet, dann ass e kritesche Geescht gefrot, an deen, Mme Dieschbourg, behaapt der jo ze hunn!

Bemierkungen zur “Klimarelioun”


Nodeems ech eis “Klimaministesch” um Radio héieren hunn iwwer de “Klimawandel” schwätzen, drängt ët mech, e pur grondsätzlech Bemierkungen zu deem Thema ze maachen.

Fir unzefänke loosse mer emol de Begrëff Klima méi kloer maachen.

Klima ass eng statistesch Gréisst, déi d` Wiederereegnësser fir eng begrenzte Regioun iwwer e willkürlech festgeluechten Zäitraum vun 30 Joer beschreift. E begräift nieft der Temperatur och nach Wäerter wéi Wandgeschwindegkeet, Nidderschléi, Loftfiichtegkeet asw. Dorauser kann ee schléissen:

·         D`Klima gëtt also weder méi waarm, nach méi kal; just Temperature klammen oder falen.

·         E globale Klima gëtt ët nët! Wien e bëssen an der Schoul opgepasst huet weess, datt mer d`Welt a Klimazonen agedeelt hunn. Dës Zonen ënnerscheede sech duerch däitlech Ënnerscheeder am Klima.

·         De Klima wor nach ni konstant op dëser Welt. Wann dat jee de Fall wier, da bräichte mer de Begrëff Klima guer nët méi, well wann de Klima sech nët ännert, huet d`Wieder sech och nët geännert. Da géife mer och nët méi vu Klimazone, mee vu Wiederzone schwätzen. De Klimawandel ass also eng Tatsaach, e Phenomen, deen onofhängeg vum Mënsch –  zanter dass d`Äerd ëm d`Sonn dréit – do ass an nët ze verhënneren ass.

Wat de Begrëff Temperatur ubelaangt, sou ginn och do munnech Eefällegkeete verzaapt, ugefaang mam Begrëff Globaltemperatur. Ët géing kengem Dokter afalen, de Gesondheetszoustand vu senge Patienten opgronn vun der Duerchschnëtts-Temperatur vun hinnen ze bestëmmen. Temperaturen kann een nët einfach zesummenzielen an dann d`Moyenne ausrechnen. Schëtt emol eng Kasseroll gliddegt Waasser an eng Bidde voll äiskalem Waasser. Do weess jiddereen, datt d`Waasser an der Bidden duerno kaum méi waarm ginn ass. D`Erwäermung vun der Äerd kéinte mer beschtefalls unhand vum “Wärmegehalt” vun der ganzer Äerd bestëmmen. Déi Miessung ass ower esou komplex, datt keen dee Wäert och nuren ongeféier bestëmme kéint. Wann ee mat 2° Ziler dorueter jongléiert soll een déi Fakten nët aus dem Bléckfeld verléieren.

Datt de Kimawandel statt fënnt, dat wësse mer alleguerten”, mengt d`Mme Dieschbourg. Dat wësse mer, zanter de Mënsch d`Wieder observéiert. Et sinn Äiszäite ginn – dat woren déi Periode vun deene grousse Völkerwanderungen a fierchterleche Krankheeten. Et gouf och besser Zäiten, wéi z.B. de mëttelalterleche Klimaoptimum; deemools hu se Wäin a Schottland geziicht a Weess a Grönland. All Mënsch huet sech gefreet iwwer déi zwee Grad, déi se deemools méi hate wéi haut a se hu nët dru geduecht, e Katastrophenszenario doraus ze maachen.

Datt mer dës Kéier nees esou en Optimum erliewe gleewen ech nët. Och dee läschten IPCC (dat ass déi vun der UNO initiéiert Organisatioun, déi aus all waarme Koufascht eng Erwärmung vum ganze Globus eraus interpretéiert) Bericht konnt nët verstoppen, datt déi sougenannte “Globaltemperatur” an deene läschte 16 bis 17 Joer nët méi geklommen ass, an dat ganz entgéint hiren deieren an héich sophistikéierte Prognosen.


 
International si mer eis scho laang nët méi eens (entgéint deem, wat d`Mme Ministesch behaapt), datt mer mussen handelen. An Australien z.B. hu se dat fest gestallt a sinn aus dem Klimapakt ausgetrueden. Mee vun esou Fakte erzielen eis déi gréng Politiker nët gären, well de Klimawandel ass e lukratiivt Geschäft. Frot emol de “Klima-Missionär” a “Friddens-Nobelpräis-Lauréat”  Al Gore, wéi e Gewënn säin Asaz mat sengem Film (deen an England wéinst de Fälschungen, op déi seng Behaaptungen opbauen, an de Schoule verbueden ass!) him bruecht huet.

A wéi dacks hu mer schonn héieren, datt d`Naturkatastrophen  sech wäerten heefen. D`Tatsaach, datt eis Medien d`Katastrophen ueter d`Welt praktesch live  an d`Stuff heem liwweren ännert näischt un der Realitéit: D`Zuel vun de Naturkatastrophen ass réckleefeg, hei um Beispill vun den Zyklonen am Raum Nord-West-Pazifik.


Ëmmer méi kriteschen Observateuren fält et op, datt d`Prognose vun de Klimagaukler nët opgaange sinn. Beispiller gefälleg? Hei nuren e pur:

-        30. 6. 1989 (N. Brown, Ëmweltfunktionär vun der UNO): wa bis d`Joer 2000 näischt geschitt an d`Erwäermung nët gestoppt gëtt, wäerte ganz Völker duerch d`Klamme vum Mieresspigel verschwonne sinn.

-        2007 (UNO): mer hunn nach héchstens 8 Joer Zäit fir eng Erwäermung vu méi wéi 2 Grad ze vermeiden.

-        2007 (R. Pachauri, Eisebunn-Ingenieur an éischte President vum IPCC): Wann näischt virun 2012 geschitt, dann ass ët ze spéit.

-        13. 5. 2014 (L. Fabius, franz. Ausseminister). Mer hunn nach 500 Deeg (!!) Zäit, fir e Klimachaos ze verhënneren. Do kënnt d`Klimakonferenz vu Paräis schonn zwee Méint ze spéit.

-        Dezember 2014, Klimakonferenz Kopenhagen (E. May, Kanadesch Chefin vun de Gréngen): eis bleiwe keng Jorzéngte méi, mee just nach Stonnen fir eppes géint de Klimawandel ze maachen. Den UK-Premier Gordon Brown huet ganz konkret vu 50 Deeg geschwat. 

Mee bei esou Aussoen handelen hir Auteuren nom Adenauer-Prinzip: “Was kümmert mich mein Geschwätz von gestern.” Mme Dieschbourg, dir sot, dir wiert an engem kriteschen Haus opgewuess. Vläicht huelt der emol d`Behaaptunge vun de Klimapropheten kritesch ënner d`Lupp.

Nach eng läscht Bemierkung. Déi Gréng schwätze vum CO2, wéi wann ët sech dobäi ëm eent vun deene geféierlechste Gëftstoffer iwwerhaapt géing handelen. Munchereen strieft esouguer eng CO2 fräi Ëmwelt un. Et ass ganz einfach: eng Ëmwelt ouni Kuelendioxid ass eng Doudewelt! De Kuelendioxid ass den “Treibstoff” vun der Natur – ouni CO2 keng Natur a kee Mënsch, och kee Gréngen! Ouni CO2 keng Planz, kee Weess an och keng Millen, Mme Dieschbourg!

An engem zweete Blog wäert ech op d`Wandrieder-Euphorie agoen a weisen, datt do vill Wand gemeet gëtt, ower wéineg dohannert ass.