Nee, keng Angscht! Ech wëll nët méi op
d`Polemik vum sougenannten Demokratiedefiz agoen, deen zum Referendum vum 7. Juni
gefouert huet. Ët geet mer hei ëm e wierklechen Demokratiedefizit an eisem
Walsystem.
Eis Chamberswalen fanne geméiss eiser
Verfassung Art 51 statt. Ënnert Ziffer (5) ass festgehal: “Les
députés sont élus sur la base du suffrage universel pur et simple, au scrutin
de liste, suivant les règles de la représentation proportionnelle, conformément
au principe du plus petit quotient électoral et suivant les règles à déterminer
par la loi.” Dëst Gesetz vum 31. Juli 1924 resp. 3. September 1963 bestëmmt
an dem Art. 136 bis 138 d`Berechnung vun den Deputéierten vun deene
verschiddenen Parteien.
E Walgesetz soll bewierken, datt eng
Chamber, déi d`Vollek vertrëtt, demokratesch zesumme gesat soll sinn. Dat
bedeit zweeërlee:
1.
Ët solle méiglechst vill Wieler
duerch en Deputéierten an der Chamber vertruede sinn.
2.
Ët soll d`Verdelung vun de
Chamberssëtzer méiglechst genee der Verdeelung vun de Stëmmen un déi eenzel
Parteien entspriechen.
Selbstverständlech geet dat bei 60
Deputéierten, déi iwwer 200.000 Wieler vertrieden, nuren op ongeféier. Dat soll
ower nët verhënneren, datt ee soll versichen, déi Method ze fannen, déi dem
Demokratie-Versteesdemech am nooste kënnt.
Ech hunn an deem Sënn d`Resultater vun
deene leschte Chamberswalen vun 2013 mol méi genee ënnert d’ Lupp geholl.
Tabell 1: Nët berücksichtegt Stëmmen resp.
Wieler an den eenzelne Bezierker
|
Norden
|
Osten
|
Zentrum
|
Süden
|
Land
|
Nët berücksichtegt Stëmmen
(kee Sëtz)
|
52040
|
32623
|
52371
|
113370
|
|
Prozentsaz vun nët berücksichtegte Stëmmen
|
16,36 %
|
16,78 %
|
4,8 %
|
6,78%
|
|
Héchst nët berücksichtegt Stëmme vun enger eenzelner
Partei
|
20246
|
16901
|
29631
|
50676
|
|
Prozentsaz vun dëser Partei
|
6,36 %
|
8,69 %
|
2,71 %
|
3,01 %
|
|
Onberücksichtegt Wieler (1)
|
5782
|
4660
|
2944
|
4929
|
18315
|
Prozentsaz vun den nët berücksichtegte Wieler
|
15,5 %
|
16,1 %
|
5,2 %
|
6,1 %
|
9,0 %
|
(1)
Dës Zuel gouf berechent ënnert
der Viraussetzung, datt all Wieler seng voll Stëmmenzuel verdeelt huet.
Eis Verfassung ordonnéiert:
«Art.
10bis. (1)
Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi.
D`Tabell 1 weist eng kloer Violatioun vun
der Verfassung: nët all Lëtzebuerger si gläich virum Walgesetz. Säin Impakt
hänkt of vu sengem Wunnuert. Wunnt hien am Zentrum oder am Süden, dann ass seng
Chance praktesch 3 Mol méi grouss, datt säi Choix berücksichtegt gëtt, wéi wann
hien am Oste wunnt.
Wann 9 % vun de Wieler beim Verdeele vun de
Chambers-Mandater nët berücksichtegt ginn, da musse mer vun engem däitlechen
Demokratiedefizit schwätzen.
Wat géing ët bréngen, wa mer nuren een
eenzege Walbezierk hätten? Ech hunn duerfir d`Bezierker héichgerechent an deem ech bei all Bezierk
d`Stëmmen duerch d`Sëtzer vun dem Bezierk gedeelt a mat 60 multiplizéiert hunn.
(Sécherlech gëtt dat nuren en approximatiivt Resultat, well duerch Panachéieren
eng Partie Stëmmen op aner Parteie
géinge falen; d`Resultat weist eis awer, wat fir en Ënnerscheed dat géigeniwwer
der Opdeelung a Bezierker kéint ginn.)
Tabell 2: Stëmmeverdeelung bei engem
eenzege Bezierk
|
Landes-Stëmmen
|
Sëtz aktuell
|
Sëtz bei engem Bezierk
|
Idealzuel vu Sëtzer
|
Ofwäichung bei 4 Bezierker
|
Ofwäichung bei engem Bezierk
|
déi Lénk
|
503305
|
2
|
2
|
2,68
|
-25,37 %
|
-25,37 %
|
ADR
|
764390
|
3
|
4
|
4,07
|
-26,29 %
|
-1,72 %
|
KPl
|
161928
|
0
|
0
|
0,86
|
-100,00 %
|
-100,00 %
|
DP
|
2149830
|
13
|
12
|
11,45
|
13,57 %
|
4,83 %
|
Piraten
|
333205
|
0
|
1
|
1,77
|
-100,00 %
|
-43,63 %
|
déi Gréng
|
1162433
|
6
|
6
|
6,19
|
-3,06 %
|
-3,06 %
|
LSAP
|
2164952
|
13
|
12
|
11,53
|
12,78 %
|
4,10 %
|
CSV
|
3837264
|
23
|
22
|
20,43
|
12,57 %
|
7,68 %
|
PID
|
191785
|
0
|
1
|
1,02
|
-100,00 %
|
-2,07 %
|
a.
Zwou Partien, déi rechneresch méi
wéi ee Sëtz ze gutt haten, hunn deen och kritt.
b.
Den Ënnerscheed zu der
Idealzuel vu Sëtzer ass kloer reduzéiert. Vun 8 Parteien, déi iwwer 10 Prozent
Ënnerscheed opweisen, sinn der nach 3 bliwwen.
Ee Schwaachpunkt huet déi Auszielmethod
ëmmer nach: déi dräi grouss Parteien hunn alleguerten méi Sëtz, wéi hinnen
idealerweis géingen zoustoen, während all déi aner Parteie manner Sëtz hunn.
Wann all Bierger gläich Rechter virun der Verfassung hunn, da sollte mer
versichen, eng Method ze fannen, bei där dat och an där Hisiicht de Fall wär.
Déi Berechnungsmethod, déi bis elo zu
Lëtzebuerg praktizéiert gëtt, ass vum Belsch d`Hondt ausgeschafft ginn a vum Schwäizer
Hagenbach-Bischoff an déi Form bruecht ginn, wéi mir se zu Lëtzebuerg
praktizéieren.
Duernieft gëtt ët nach haaptsächlech zwou
aner Methoden: eng no Hare/Niemeyer (H-N) an eng no Sainte-Laguë (S-L).
(Explikatiounen um Enn vum Text)
Tabell 3: Vergläich vun der Sëtzverdeelung aktuell
– ee Walbezierk – Method H-N – Method S-L
Sëtz ideal
|
Sëtz aktuell
|
Ofwäichung
|
Sëtz 1
WBzk
|
Ofwäichung
|
Sëtz no
|
Ofwäichung
|
Sëtz no
|
Ofwäichung
|
|
|
%
|
%
|
H-N
|
%
|
S-L
|
%
|
|||
déi Lénk
|
2,68
|
2
|
-25,37
|
2
|
-25,37
|
3
|
11,95
|
3
|
11,95
|
ADR
|
4,07
|
3
|
-26,29
|
4
|
-1,72
|
4
|
-1,72
|
4
|
-1,72
|
KPl
|
0,86
|
0
|
-100,00
|
0
|
-100,00
|
1
|
15,98
|
1
|
15,98
|
DP
|
11,45
|
13
|
13,57
|
12
|
4,83
|
11
|
-3,90
|
11
|
-3,90
|
Piraten
|
1,77
|
0
|
-100,00
|
1
|
-43,63
|
2
|
12,73
|
2
|
12,73
|
déi gréing
|
6,19
|
6
|
-3,06
|
6
|
-3,06
|
6
|
-3,06
|
6
|
-3,06
|
LSAP
|
11,53
|
13
|
12,78
|
12
|
4,10
|
12
|
4,10
|
12
|
4,10
|
CSV
|
20,43
|
23
|
12,57
|
22
|
7,68
|
20
|
-2,11
|
20
|
-2,11
|
PID
|
1,02
|
0
|
-100,00
|
1
|
-2,07
|
1
|
-2,07
|
1
|
-2,07
|
Wa mer d`Verrechnung no Hare/Niemeyer mam
Idealresultat vergläichen, da stelle mer fest,
datt
a.
3 Parteien vis-à-vis vun der
aktueller Berechnung mat engem eenzege Walbezierk deen nämmlechten Ënnerscheed
opweisen a
b.
all déi aner Parteien méi e
klengen Ënnerscheed zu der Idealsëtzzuel hunn.
D`Method no Hare/Niemeyer bei engem eenzege
Walbezierk weist also ganz kloer méi en däitlechen Trend zu enger
Sëtzverdeelung, déi der Stëmmeverdeelung
vill besser entsprécht.
Wa mer wierklech den Demokratiedefizit ugoe
wëllen, da muss hei den Hiewel ugesat ginn, well den Defizit op eng rechneresch
Method zeréck ze feieren ass. Dozou kënnt datt d`Opdeelung vum Land a 4
Bezierker nët méi den Ufuerderungen entsprécht. Se staamt aus der Zäit, wou
d`Mobilitéit an d`Kommunikatioun bei wäitem nach nët esou entwéckelt woren, wéi
dat haut de Fall ass.
Et wier ze hoffen, datt eis Politik de
Courage huet, fir dësen Thema opzegräifen an dem Art. 10bis dat richtegt
Gewiicht ze ginn.
Erklärung
Bei Hare/Niemeyer ginn d`Sëtz an zwee
Schrëtt berechent. D`Direktsëtz berechnen sech aus Gesamtsëtz x Parteistëmmen /
Gesamtstëmmen. Dëst Resultat gëtt no ënne gerënnt a weist d`Direktmandater.
D`Räschtmandater gi bestëmmt an der Reiefolleg vun den Nokommastellen.
Méi opwenneg ass d`Method no Sainte-Laguë.
Hei ginn d`Stëmmenzuele vun alle Parteien duerch eng Zuele-Rei (0,5 – 1,5 – 2,5
– 3,5 ... ) dividéiert an dann d`Mandater an der Reiefolleg vun deene esou
entstanene Resultater bestëmmt. Wann ee
Splitterparteie wëllt ausschléissen kann een dat, doduerch, datt een deen
éischten Divisor 0,5 duerch ee méi groussen ersetzt, z.B. 0,7. Mat 0,85 als
éischten Divisor wier z.B. d`KP nët an d`Chamber komm.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen