Montag, 14. September 2015

Europa am Testfall


Stellt Iech emol vir, Där hätt e Noper mat engem grousse Gaart. Enges Dags kënnt hien op d`Iddi, eng grouss Party ze organiséieren. Hie lued alles an a mécht esouguer um Lokalsender Publizitéit.

An d`Leit kommen, no a no ëmmer méi, bis kee méi an de Gaart erageet. Lo klappt de Noper bei Iech an och nach aner Noperen un fir ze froen, eng Partie vu senge Gäscht bei Iech opzehuelen. Déi, déi nët esou begeeschtert sinn, erënnert hien un hier Solidaritéit. A well der nach ëmmer kommen, freet hien d`Polizei, d`Strooss ofzespären, fir datt keng weider Gäscht méi kënnen era kommen.

Dir mengt dat wier eng onwahrscheinlech Geschicht? Ma dann ersetzt emol de Gaart duerch Land an d`Strooss duerch Grenz, da sidd Dir ganz aktuell. Et ass genee dat, wat den Ament an Däitschland ofleeft.

Ët ass schonn eng egenaarteg Geschicht, déi do ofleeft. De Gastgeber Däitschland huet, ouni sech mat sengen Noperen, d.h. mat deenen aneren EU Memberen ofzeschwätzen, d`Werbetrommel  am Noen Osten geréiert; a Video-Botschaften huet Däitschland d`Virdeeler vum Liewen an der “Bunten Republik” nët nuren de Flüchtlingen, mee jidderengem, deen ët wollt héieren, ëm d’ Ouere geflätscht. Jo nët emol mat hiren egene “Länder” huet d`Mutti dat ofgeschwat. D`Leit sinn invitéiert ginn, ouni iergend wellech Formalitéiten, an de Schengen-Raum eran ze zéien. Et ass eng Autorisatioun vun engem eenzelne Staat d`Dublin Kriterien ze ëmgoen; d`Illegalitéit gouf souzesoen légaliséiert.

Ungarn huet do nët matgemaach a seng Grenzen fir eraus a Richtung Däitschland zougemaach, well d’Ungar, no den aktuell gültege Richtlinnen, d`Flüchtlinge musse registréieren. Dat gouf vun däitscher Säit aus veruerteelt. Paradoxerweis ass Éisteräich vun deene nämmlechten Däitsche kritiséiert ginn, wéi d’Land séng Grenzen fir Flüchtlingen Richtung Däitschland opgemaach huet. Dobäi ass ower vergiess ginn, datt déi däitsch Grenzen Richtung Schweden, fir déi, déi dohinner weider zéie wéilten, genee esou op woren. Dat huet nees eng Kéier den Dänen nët gefall, an si hunn hir Südgrenzen hirersäits zou gemaach, wat nees eng Kéier an Däitschland zu Protester gefouert huet.

Et gëtt een de Verdacht nët lass, wéi wann Däitschland d`Ruder fest an d`Hand wëllt kréien an all déi aner no hirer Päif danze missten. Ët schéint hinnen egal ze sinn, datt wa si all hir Diere grouss opräissen, domat nët nure beweisen, datt se nët méi ganz dicht sinn, mee och nach bereet sinn, alles opzehuelen, wat sech esou virstellt. Vill vun deenen, déi d`Openthaltsrecht an Däitschland fuerderen, stinn do ouni Pabeieren a behaapten Syrer ze sinn. Schätzunge no si 25% vun hinnen aus Nordafrika an erwaarden sech eng privilegiéiert a sécher Behandlung als Krichsflüchtling. No Dublin II sollt fir si nuren déi sougenannten Abschiebehaft sécher sinn. Mee wat zielt fir Däitschland schonn esou eng Fatz Pabeier, wann se hiren Interessi entgéint steet. An iwwerdeems sinn, no Aussoe vun der IS, 4000 Dschihadisten mat ageschleust ginn a laachen sech an d` Fäischtchen iwwer déi blöd Kāfir (Ongleeweg). Mir setzen de Geheimdéngscht an, fir datt kee “Gotteszaldot”, deen aus dem Krich erëmkënnt, eis op de Flughäfen duerch  d`Lappe geet, a schleisen se op der anerer Säit zu Dausenden onbemierkt eran.

Zu wat fir Denkphantasmen déi aktuell, onkontroléierbar Situatioun féiert, weisen d`Iwwerleeungen am Zesummenhang vun der EU-Sëtzung vun den Bannen- a Justizministeren. Eise Premier Bettel huet eng “Neutraliséierung”  vun den Ausgaben virgeschloen, déi d`Flüchtlingsproblematik betreffen. Domat  kéint verhënnert ginn, dat d`Maastricht-Kriterien iwwerschratt ginn. Den “EU-Premier” JCJ ënnerstëtzt dee Virschlag an hänkt sech un den Telefon, fir och nach anerer dofir ze begeeschteren. Etiketteschwindel am Numm vun der “political correctness” nennt een dat. Wann ech méi Geld ausginn wéi ech hunn, da maachen ech Schold. Kee vun eis kann iergend eng Schold “neutraliséieren”, och wa se fir e gudden Zweck gemaach gouf. A wann d`Flüchtlingskris geléist ass – wa se jee nach eng Kéier geléist ka ginn – dann ass eng déck Schold do, déi bezuelt muss ginn, ob neutraliséiert oder nët.

“Dublin ist nicht tot, wir dürfen Dublin nicht über Bord werfen, bevor wir einen neuen Mechanismus haben. Wir dürfen aber auch das Schengen-Abkommen nicht aufs Spiel setzen. Zeitlich begrenzte Ausnahmen müssen unter bestimmten Bedingungen möglich sein, aber wir dürfen nicht am Prinzip rütteln. Schengen stellt die größte Errungenschaft der Union dar.” Dat sinn d`Wierder vun eisem Bausseminister Asselborn (LW-Interview 14.09.2015). Ech bewonnere säin Optimismus! “Dublin” gëtt ignoréiert a “Schengen” läit am Koma a gëtt nure kënschtlech um Liewe gehal. Dat federalt Europa offenbart sech als Loftnummer, well wann ët drop ukënnt, dach all Land fir d`éischt no sengen Interesse kuckt. Ët gëtt Zäit, datt eis Europa-Politiker a Politologen ufänke, méi kleng, verdaulech Bréidercher ze baken. Begrueft Maastricht, Dublin asw! Europa als Unioun kann nuren da bestoen, wann eestëmmeg Kriterie festgeluecht ginn, déi och Krisefäll virgesinn (a mer haten deeër jo scho genuch, fir datt mer dorauser eppes konnte bäiléieren) an och den Austrëtt aus der Unioun regelen. Verstéiss géint dës Regele musse sanktionéiert ginn, egal wien ët trëfft. Wann all Staate gläich behandelt ginn an eng gläich Wichtegkeet kréien, da kann dat Europa nach eng Chance hunn. Här Asselborn, ech versichen och optimistesch ze bleiwen (wat mer zur Zäit ower nët esou einfach fält), ower, wéi Dir gesidd, an enger anerer Richtung wéi Dir!

Dienstag, 8. September 2015

Gréng Logik

Am “Nordstad Magazin” ass en Artikel ze fannen iwwer dat neit Gebai vun der Dikrecher Forstverwaltung. Ënnert dem Titel “Ein Neubau setzt nachhaltige Massstäbe: AUF NATUR GEBAUT” kënne mer liese, wat un deem neie Gebai am Agank vun Dikrech an der Avenue de la Gare sou besonnesch ass. Elo solle mer gewise kréien, wéi een nohalteg baue kann, woubäi een ower gläich seng Bedenken huet, wann een dat villt Holz gesäit, dat d`Face dekoréiert – niewebäi bemierkt: iwwer Geschmack léisst sech bekanntlech ganz gutt streiden.

Eis Illusiounen iwwer d`Réalisatioun vun engem Eegenheem mat der nämmlechter Technik kréie mer ower schonn an der Aleedung vum Artikel geholl. 11 Milliounen huet dee Bau kascht an de finanziellen Aspekt stoung nët am Virdergrond, heescht ët an dem Magazin. De Staat huet ët jo, an de Prinzip “nicht kleckern, sondern klotzen” schéint bei esou Gebaier éischt Bedingung ze sinn. Wéivill Leit gëtt ët nach an eisem Ländchen, bei deenen nët de finanziellen Aspekt eng éischt Gei bei all Plange vun engem Haischen spillt? Woumat d`Virbildfunktioun vun dësem Gebai fir dee normale Stierflechen scho verpasst wier.

Mee loosse mer weider analyséieren. “Bei dem modernen Bürogebäude handelt es sich nämlech um ein so genanntes Plusenergiehaus.” Mir ginn da beléiert, datt an dëser Immobilie méi Energie “erzeugt” gëtt, wéi verbraucht gëtt. Do konnt ech nure stauen! Wat Physiker, Ingenieuren a soss Fachleit an der ganzer Welt bis elo nët fäerdeg bréngen, dat hu se zu Dikrech vis-à-vis vun der Gare realiséiert: d`Produktioun vun Energie. Oder sollt un der Saach mam Dikrecher Iesel  ....

Den Dikrecher an och all deenen aneren, déi nach un den Energie-Kleesche gleewen hei nach eemol an Erënnerung geruff, wat een an deenen éischte Stonne vum Physiksunterrëcht léiert: Energie kann een nët produzéieren, mee nure verwandelen. Mee vläicht wollten déi Dikrecher eis ganz genëschelt verstoppen, wou déi Energie hierkënnt, déi se an hirem Gebai ausnotzen (d.h. an aner Energie verwandelen). E groussen Deel kënnt aus der Sauer: d`Sauer gëtt gekillt! Wa jiddereen dat géing maachen, kéinte mer vläicht an Zukunft am Summer op der Sauer Schlittschung lafen. Ma do géing dee gréngen Amtsschimmel ower ganz kräfteg wieren. Also och dës genial Iddi ass nët fir den normale Stierflechen zu gebrauchen. Dat gëtt souwisou schonn kloer, wann een dat Bildchen betruecht, wat den Artikel op dëser Plaz am Artikel illustréiert: e Raum, dee sécher de ganze Keller vum Gebai ausmécht, gefëllt mat Kesselen, Schaltschief, Pompelen an déck isoléiert Réier kräiz a queesch. Wat den Entretien an d` Revisioun vun dëser Anlag kascht, dat kréie mer nët verroden. Mee zu Dikrech op der Liberatiounsplaz steet jo de Goldiesel; do brauche mer keng Käschte méi ze scheien.

Ganz rustikal geet ët dann hir bei der Explikatioun iwwer déi phantastesch Holzfassad (phantastesch aus der Siicht vun de Spannen a soss Gedéiesch, dat sech an deene villen Zwëscheraim wäert installéieren, ower och phantastesch fir den Usträicher, deen do lukrativ Opträg  op sech zoukomme gesäit, wann dat Holz ëmmer erëm nei gepinselt muss ginn; dat nennt een iwweregens nohalteg Aarbechtbeschafung). Hei léiere mer, datt mat deem Holz de Klima geschützt gëtt. Ech héieren nuren, datt ëmmer nees Leit protokolléiert ginn, wa se e Bam ëmleeën, ouni de Seege vun engem gréngen Uewerguru dofir ze hunn. Déi Dikrecher Forstverwaltung huet d`Léisung parat: hänkt de Bam un d`Face – Dir kënnt en dofir a Brieder zerleeën – an Dir hutt erëm eng ganz Partie CO2 neutraliséiert. Datt déi vill Beem, déi zu Dikrech un der Face hänken, keen CO2 méi aus der Loft eraus filteren, an datt ët Joren an esouguer Jorzéngten dauert, bis déi Beem, déi an d`Plaz geplanzt ginn, erëm déi nämlech Filterwierkung hunn, datt schéint deene Verantwortlechen entgaange ze sinn, oder ower se halen eis fir esou domm, datt mer hinnen hir skuril Theorie ofkafen.  

Zu gudder läscht erfuere mer dann, datt ët 4 Joer gedauert huet fir dat Gebai fäerdeg ze stellen – kee Wonner mat all deem klimarettende Gedäerms, dat huet missen ënnerbruecht ginn! Mee d`Bauhäre prognostizéieren elo schonn hirer Konstruktioun eng laang Liewensdauer, an domat eng grouss Nohaltegkeet, jo esouguer e bemierkenswäerte Moossstaf un Nohaltegkeet. A wann s de nët gees... soen ech als Lëtzebuerger dorop.

Loosst mech ower nach méi genee op verschidden ugesprachen Aspekter agoen.

Fir d`éischt e pur Gedanken iwwer dat sougenannte Plusenergiehaus, eng Steigerung vun deem ominéisen Null-Energiehaus, dat haut schonn muenchem zoukënftege Bauhär de Schwees op d`Stier dreift, wann hien un d`Käschten denkt. Sou en Haus ass nuren dat, wat ët virgëtt, wann ët ouni iergend e Problem vum Netz getrennt kéint ginn, an dat definitiv. Dat ass ower eendeiteg nët de Fall. All déi Haiser brauchen ëmmer erëm vu baussen elektresch Energie. Dat ass ëmmer dann de Fall, wann d`Sonn nët schéint. Den Hoke bei der Saach ass deen, datt dann och bei all deenen aneren héichsophistikéierte Gebaier d`Luuchten (an och nach aner Saachen) ausginn, wann nët elektresch Energie zougefouert gëtt. A wann dann och nach keen anstännege Wand bléist, da géife mer ganz domm aus der Wäsch kucke, wann nët eent vun deene Kraftwierker, déi mer esougär verdäiwelen, eis dee Stroum géing liwweren. Op der aner Säit produzéieren all déi Gebaier zu gewëssen Zäite Stroum deen se nët brauchen. Deen ass de Netzbedreiwer verflicht ofzekafen, an dat zu Spëtzepräisser, och wa keen e brauch. An Däitschland si se schonn esou wäit, datt se d`Ausland bezuelen, wann déi hiren zäitweilegen Iwwerschoss ofhuelen. D`Käschten dovunner droen all Keefer vun elektrescher Energie. Eng verréckte Geschicht, wa mer bedenken, datt andauernd konventionell Kraftwierker musse prett stoen – souzesoen ënner Damp – fir bei all déck Wollek anzesprangen an dann an de Pausen primär Energiedréier (Kuelen, Ueleg, Gas) onnëtzerweis verfeiere mussen!

Da soll och emol e Wuert gesot ginn iwwer de Gebrauch vun Holz zu Heizzwecker. Et ass eng Tatsaach, déi een nët ofstreide kann, datt bei all Verbrennung vun Heizmëttelen CO2 entsteet – och bei Holz. Well dat ower nët an déi gréng Doktrin passt, gëtt den Holz-CO2 souzesoe geadelt: d`Holz verbrennt – nom Green-Speach – CO2-neutral. Wann CO2  entsteet an de Klima sollt schiedegen – wat bis haut nach nët bewisen ass – da gëllt dat, egal ob Holz oder Ueleg verbrennt. Eis Natur hëlt CO2 op fir dorauser Blatmass an Holzmass  ze produzéieren a freet dobäi nët, wou dee Kuelendioxid  hir kënnt. Dee gréngen Ausdrock “CO2-neutral” ass soss näischt wéi Etiketteschwindel. Et duerf een esouguer doriwwer spekuléieren, ob d`Verbrenne vun Holz nët méi e groussen Afloss op d`CO2-Bilanz huet wéi d`Verbrennung vun anere fossile Brennstoffer: all Bam, dee verbrannt gëtt, ka kee Kuelendioxid méi ophuelen, dat heescht neutraliséieren. An domat ass de gréngen Dogma vun der Holzverbrennung “ad absurdum” gefouert – wéi sou vill vun deene gréngen Theorien. Fazit: opgepasst bei allem, wou “Gréng” drop steet.

Samstag, 5. September 2015

Asylpolitik ënnert der Lupp


An dësen Deeg, ufanks September 2015, geet e Bild duerch d`ganz Welt. Ët weist e Flüchtlingskand, dat dout un enger türkescher Plage läit, erdronk um Wee aus dem Misère. Dëst Bild ka keen onberéiert loossen. Ech sinn ower esou king ze behaapten, datt grat dat den Zweck vu senger Verëffentlechung wor: et soll de Bléck op en aktuellen Thema fixéieren: de Flüchtlingsdrama. ...an ët lenkt eis of vun deenen aneren ronn 30.000 Kanner, déi all Dag (!) op dëser Welt den Dout fannen duerch vermeidbar Krankheeten, Honger an Duuscht, oder duerch Krichsawierkung, zum Deel als Kannerzaldoten.

All Dag klappe Mënschen aus ënnerschiddlechste Länner, zum Deel och mat Kanner, un eis Dieren, fir hei Hëllef ze fannen. Mënschen an Nout verdéngen eist Matleed; Matleed duerf eis ower nët blann maache fir d`Fakten, déi dës Mënschen bei eis gefouert hunn a fir d`Astellung, déi vill vun dëse Mënsche géintiwwer  deenen hunn, déi hinnen hëllefen.

Liichtfankeg bezeechne mer se als “Flüchtlinge”. E groussen Deel ass dat ower guer nët. Nom Artikel 1A  vun der Genfer Flüchtlingskonventioun ass e Flüchtling eng Persoun, déi "aus der begründeten Furcht vor Verfolgung wegen ihrer Rasse, Religion, Nationalität, Zugehörigkeit zu einer bestimmten sozialen Gruppe oder wegen ihrer politischen Überzeugung sich außerhalb des Landes befindet, dessen Staatsangehörigkeit sie besitzt, und den Schutz dieses Landes nicht in Anspruch nehmen kann oder wegen dieser Befürchtungen nicht in Anspruch nehmen will." Dat gëllt z.B. fir Mënschen déi aus Syrien, aus dem Afghanistan oder aus verschiddene Regioune südlech vun der Sahara kommen. Hinne soll eis voll Solidaritéit gehéieren.

All déi aner si keng Flüchtlinge mee illegal Awanderer, a sou gi se och a villen aneren EU-Länner bezeechent. Fir zu Lëtzebuerg anzewandere gëtt ët eng vu Gesetzer a Reglementer festgeluegte Prozedur. Dës Prozedur gëllt fir all nët EU-Bierger. Wien d`Bedingungen erfëllt an déi virgeschriwwe Pabeieren erareecht, kritt d`Erlaabnis anzereesen. Jiddereen, deen dës Prozedur nët duerchleeft an trotzdem era kënnt, ass illegal hei! Ët ass d`Aufgab vum Staat, d`Anhale vu Gesetzer ze kontrolléieren a bei Verstouss dogéint virzegoen.

Lo kann een argumentéieren, ët géing dëse Mënsche schlecht an hirem Land goen; ech kéint duergéint hale, datt ët nach vill méi Mënsche schlecht geet an datt mir se nët all kënne bei eis ophuelen. Dat ass alles richteg, mee ët trëfft nët de Kär vun dem Problem. Mat eiser Asylpolitik – déi nuren zum Deel dat ass, wat se vir gëtt, well e Wirtschafts”flüchtling” huet keen Urecht op Asyl – peche mer nuren eng Plooschter op de Kriibs, fir datt mir en nët méi gesinn. Wa mer d`Ursaach vun deem Exodus nët bekämpfen, kréie mer den Exodus selwer och nët an de Grëff. An hei ass d`Politik gefuerdert! Amplaz iwwert déi hierzefalen, déi d`Asylpolitik kritiséieren, sollen déi politesch Verantwortlech sech virrangeg mat den Ursaache vun deem Problem befaassen. Mat Sécherheet maachen se dat nët gär, well se wëssen, datt grad déi Politik, déi se bis elo bedriwwen hunn, um Ursprong vun deenen aktuelle Problemer stinn.

Beispiller gefälleg? Ët gëtt der méi, wéi ët deene Verantwortleche léif ass. Hei nuren e puer.

-        Fräihandelsofkommes mat verschiddenen zentralafrikanesche Länner erlaben eiser Liewensmëttelindustrie Wueren ouni Taxen an dës Länner z`exportéieren. Sou ginn z.B. Héngerräschter (wat Räscht bleift, wann Hamen a Broscht an Europa zu Geld gemaach gi sinn) zu Spottpräisser um afrikanesche Maart ugebueden; Hénger aus lokale Ziichtereien sinn nët méi konkurrenzfäeg an d`Ziichter mussen hir Betriber zoumaachen an d`Personal entloossen.

-        An de Länner um Haar vun Afrika ginn d`Baueren vun hire Felder an aus hiren Dierfer verjot, well grouss Multiën do am grousse Mooss Mais ubauen, fir Europa Biodiesel ze verkafen, ouni deen mer jo anscheinend de Klima nët rette kënnen. Wat, oder besser wien hei nët ze retten ass, dat läit op der Hand: déi, déi esou mënscheveruechtend Geschäfter iwwerhaapt eréischt méiglech maachen.

-        An deene nämmlechte Länner sinn ONGen, gestäipt mat fetten EU-Subventiounen ënnerwee, fir deenen “dommen Agebuerenen” ze weisen, datt si mat hirer primitiver Liewensféierung jo guer nët glécklech kënne sinn. Si ginn an neien “Dierfer”, déi éischter Ghettoë sinn, zesummegepercht an op Käschte vun Europa sou laang verwinnt, bis se ganz vergiess hunn, wéi glécklech si viru Joren an hirem Dierfchen an an hirer selwer gebauten Hitt woren. Eng Grupp vun hinnen huet elo eng klimatiséiert Sportshal gefuerdert, fir Rugby ze spillen. Viru wéinege Joren  si se mat vill Freed op enger stëpseger Duerfplaz engem Ball nogerannt an hu sech keng Gedanken iwwert dat Wuert “klimatiséiert” gemaach.

-        Wien vun eise Politiker huet sech schonn emol doriwwer Gedanke gemeet, wat geschitt, wa mer mat alle Mëttele versichen, en Exportiwwerschoss ze erwirtschaften? Si si sech bewosst, datt all Euro, deen deen Iwwerschoss ausmécht, iergendwou als Defizit opdaucht? Wéi éierlech sinn dann déi Tréinen, déi mer verdrécken, wa mer vum Aarmut an deene Länner héieren, déi Defizit “erwirtschaft” hunn? Wiem bréngt ët eppes, wa mer Aarmut exportéieren, déi Aarm ënner gréisste Geforen an Entbirungen bei eis komme loossen, fir hinnen hei dann mat Almosen grousshäerzeg ënnert d`Äerm ze gräifen.

-        Wéi hypokritesch muss e Politiker sinn, dee mat groussem Pathos d`Krichsaffer am Noen Osten an a Nordafrika bedauert, wann e weess, datt säi Land massiv Waffen an déi Regioun liwwert. E Waffenembargo gëtt dobäi ganz elegant ëmschëfft, andeem een säi Krichsgeschier un de Katar verkeeft.

-        Wat sinn déi Biller wäert, déi mer iwwert d`Rettungsaktiounen am Mëttelmier mat grousser Regelméissegkeet an de Medien ze gesi kréien, wa mer d`Realitéit méi genee ënnert d`Lupp huelen: D`Zuel vun de Leit, déi erdronk sinn ass vu 500 (2012) iwwer 700 (2013) op bal 3.000 (2014) an 3.250 (Jan.-Aug. 2015) erop gaang. D`Rettungsaktiounen hunn de Schlepper nach méi Client`en  zougefouert, well d`Aussiicht op Rettung bei Schëffsbroch an den Ae vun de Migrante méi grouss ginn ass.

Wat feelt, ass eng Hëllef op der Plaz. Hei e pur Suggestiounen:

-        Eng nohalteg (d`Politker benotzen den Ausdrock jo sou gär) Entwecklungshëllef, déi grad dann zum droe kënnt, wann d`Hëllef ophält: Kompetenzvermëttlung a Sozialiséierung sinn onëmgänglech Schrëtt fir dës Mënschen zu Selbstännegkeet an hire Länner ze féieren. 

-        En definitive Stopp vu Waffeliwwerungen nët nueren a Kriselänner, mee och an all Länner, déi mat dëse Länner sympathiséieren.

-        Fair Handelsofkommes mat Länner aus der drëtter Welt, déi dëse Länner d`Méiglechkeet ginn, hir Produkter zu faire Präisser ze verkafen an z`exportéieren a mat dësem Geld héichwäerteg Produkter (an nët nuren ofgesuckelt Héngerschanken) aus eise Länner z`importéieren.

-        Behandele vum Migratiounsproblem do, vu wou d`Migranten hirkommen. En EU-Büro an all Land, aus dem Migranten ze erwaarde sinn (a wann dat an deem Land nët méiglech ass, dann ower esou no wéi méiglech bei senger Heemecht op sengem viraussiichtlechen Migratiounswee); hei kéinten Demanden fir Awanderung an d`EU verbindlech behandelt ginn, an deem Sënn, datt ët jidderengem misst kloer sinn, datt en Awanderen ouni Autorisatioun aus dem Heemechtsbüro vollkommen sënnlos wier. Spéitstens ower virun der geféierlecher Rees iwwer d`Mir misst dës Selektioun duerchgefouert ginn. Dëst géing all Schlepper säi mënscheveruechtend Handwierk leeën.

-        Nach e Wuert zu den Immigranten aus dem Balken. Aussoe vu Frënn, déi ech an där Regioun hunn, si kloer an eenheetlech. Ët si grad déi Leit, déi an eise Länner no Aarbecht siche kommen, déi bei hinnen am meeschte vermësst ginn. Si hunn déi Ausbildung, déi dréngend erfuerdert ass, fir hir Industrie opzebauen. Jiddereen, dee fortleeft, mécht de Misère am Balkan nach méi grouss.

Bei all deenen, déi nei an eist Land kommen, misst eng Saach ganz kloer sinn: mir sinn tolerant, mee d`Grenze vun dëser Toleranz si gesat vun eiser Verfassung a vun eise Gesetzer. Dëst misst all Asylant an all Immigrant wëssen a sech dozou schrëftlech verflichten, dëst Land, seng Gesetzer, seng Leit mat hirer Kultur ze respektéieren. Hie misst sech dësweidere bewosst sinn, datt wann hie sech nët u seng Verflichtung hält, hien onwiderrufflech ausgewise gëtt. Parallelgesetzer fir bestëmmte Gruppe vu Leit (z.B. Scharia) sinn absolut net acceptabel. D`Grenze vun engem Land sinn definéiert als dee Beräich, an deem d`Gesetzer vun deem Land – a soss keng aner – fir all Mënsch voll Gültegkeet hunn. Wien dat nët kann unhuelen, muss sech eng aner Plaz sichen.

Duerfir zum Schluss e Gedanken. Ech wënsche mer vu Politik a Medien eng objektiv Betruechtung an Duerstellung vun der Situatioun. Ët ass kengem gedingt, wa mer, genee esou wéi am Virfeld vum Referendum, d`Land erëm a Gudder a Schlechter andeelen. Et ass Manipulatioun, wa mer nuren déi Noriichte verbreeden an déi Biller weisen, déi déi positiv Säit vun dësen aktuelle Völkerwanderungen ervirhiewen. Ët ass een kee Rassist an och kee Faschist, oder wat ët soss nach fir wéineg schmeechelhaft Bezeechnunge gëtt, wann ee sech eeschtlech Suergen iwwer d`Zukunft vum Land a vun Immigranten mécht an dobäi zu anere Schlussfolgerunge kënnt wéi de Main Stream, dee sech – wéi beim Referendum op drastesch Manéier bewisen huet – ganz dacks wäit vun der Meenung vum Vollek läit.

Donnerstag, 3. September 2015

Demokratie - verkéiert


Fir dat ominéist Summerlach ze fëllen, huet eng bekannte Lëtzebuerger Dageszeitung Leit aus Politik a Gesellschaft Froe gestallt, déi no eegenen Angaben nët ëmmer “bierernst” woren. An dach loossen d`Äntwerte munches erkennen. Sou huet eng Äntwert vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm mech dach eng Iddi irritéiert.

Op d`Fro, ob si léiwer op der Säit vun der Regierung oder Oppositioun an der Chamber séiz huet si geäntwert: “In der Regierung zu sein bietet mehr Gestaltungsmöglichkeiten. Für Abgeordnete aber kann Opposition mitunter interessanter sein, weil man frei denken kann. Man muss nicht zwingend dem Pfad der Regierungsmitglieder folgen.”

Besonnesch dee läschte Saz huet ët a sech. Am Ëmkéierschluss bedeit hien, datt een  als Vertrieder vun enger Regierungspartei der Regierung ëmmer Recht gi muss. (Da kéinte mer déi 30+ Vertrieder vun de Regierungsparteie jo getréischt duerch een eenzege “Jo-Soer” ersetzen.) Dës Erkenntnis kréien ech ower mam baschte Wëlle mat menger Virstellung vu Parlamentarismus no lëtzebuerger Modell nët op eng Rei bruecht.

Viru laange Joren hunn ech an engem Fach, dat sech deemools “Instruction Civique” genannt huet, geléiert, wéi d`Kräfteverhältnis mat dem Demokratie-Versteesdemech geregelt ass, fir datt d`Mënschen un der Spëtzt vum Land kee Muechtmëssbrauch kéinte bedreiwen. Ech hunn erfuer, datt Lëtzebuerg eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie ass. Ech hunn héieren, datt dat Wuert Demokratie aus dem Griichesche kéim an “Herrschaft vum Vollek” géing bedeiten. Déi dräi grouss Institutioune goufen eis erkläert, déi legislativ (d`Parlament), déi exekutiv (d`Regierung) an déi juristesch (d`Geriichter). Eise Proff huet eis dat gutt erkläert an ët ass eis nët schwéier gefall ze verstoen, datt mat dësem System d`Parlament d`Regierung géing mat der Ausféierung vun de Gesetzer beoptragen a kontrolléieren, a wann ët muss sinn, zeréckpäifen.

Dës Muechtopdeelung tëschent dräi Instanzen ass ower am Laf vun de Joren uerg ënnert d`Rieder geroden. Wéi wäit mer komm sinn, dat weist eis déi memorabel Chamberssëtzung bei deeër de Premier souzesoen d`Chamber opgeléist huet, an domat niewebäi séi Versteesdemech vun Demokratie offe geluecht huet. E Member vun der Regierung, déi vun der Chamber mat der Ausféierung vun hire Gesetzer beoptraagt ginn ass, léist dës Chamber, déi jo d`Vollek vertrëtt – mir näischt, dir näischt – einfach op, nom Motto, dat Vollek gefält mer nët, ech hätt gären en anert.

 D`Madam Adehm dierf sech tréischten, si denkt nëmmen an deem nämmlechte Schema wéi vill vun eise Politiker: eemol un der Muecht, da kann ech maache wéi ët mir gefält. Meng Leit musse “Jo” soen. Sou kënne si sech munnech Ieselzechkeeten  erlaben an eegen exotesch Iddien a Fakte verwandelen. Si gi gestäipt vun hire Parteien, vertrueden duerch hir Deputéiert, déi jo schéi brav hier Zoustëmmung ginn, well se soss bei deene nächste Walen nët méi op der Lëscht stinn.

Hei ginn Strukturen, déi Demokratie garantéiere sollen, mëssbraucht, fir eegen Interessi, déi vun enger Partei oder Organisatioun duerchzedrécken. Um Pabeier si mer eng parlamentaresch Demokratie, de facto si mer ower enger presidialer  Demokratie – mam Premier als President – vill méi no. Et ass nuren  e klengen Trouscht festzestellen, datt ët a munchen aneren parlamentareschen Demokratie nët vill anescht leeft (wéi z.B. an Däitschland, wou ower e weidert Organ, d`Bundesverfassungsgeriicht, a ville Fäll nach eng Korrektur erméiglecht).

Ech wënsche mer Politiker mat Zivilcourage; Politiker déi hiert gewielten Amt an domat hir Verantwortung géintiwwer hire Wieler eescht huelen; Politiker déi bereet sinn, do wou hir Stëmm zielt, géint de “Main Stream” unzegoen an de Stigma vum Populismus nët fäeerten. Ech wënsche mer eng Chamber, a virun allem Vertrieder vu Majoritéitsparteien, déi och emol der Regierung den Diks riichten a kloer maachen, datt an enger Demokratie d`Muecht vun Ënnen, dem Vollek a senge Vertrieder, legitiméiert ass, an nët vun Uewen, vun de Ministeren, déi jo am Fong geholl nët méi sinn wéi Direkteren (sou goufen si soss och mol genannt) vu Ministèren. Ech wënsche mer e Land, wou de Wëlle vum Vollek nët nuren um Waldag gehéiert gëtt.