Montag, 13. Juli 2015

Demokratiedefizit


Nee, keng Angscht! Ech wëll nët méi op d`Polemik vum sougenannten Demokratiedefiz agoen, deen zum Referendum vum 7. Juni gefouert huet. Ët geet mer hei ëm e wierklechen Demokratiedefizit an eisem Walsystem.

Eis Chamberswalen fanne geméiss eiser Verfassung Art 51 statt. Ënnert Ziffer (5) ass festgehal:  “Les députés sont élus sur la base du suffrage universel pur et simple, au scrutin de liste, suivant les règles de la représentation proportionnelle, conformément au principe du plus petit quotient électoral et suivant les règles à déterminer par la loi.” Dëst Gesetz vum 31. Juli 1924 resp. 3. September 1963 bestëmmt an dem Art. 136 bis 138 d`Berechnung vun den Deputéierten vun deene verschiddenen Parteien.

E Walgesetz soll bewierken, datt eng Chamber, déi d`Vollek vertrëtt, demokratesch zesumme gesat soll sinn. Dat bedeit zweeërlee:

1.       Ët solle méiglechst vill Wieler duerch en Deputéierten an der Chamber vertruede sinn.

2.       Ët soll d`Verdelung vun de Chamberssëtzer méiglechst genee der Verdeelung vun de Stëmmen un déi eenzel Parteien entspriechen.

Selbstverständlech geet dat bei 60 Deputéierten, déi iwwer 200.000 Wieler vertrieden, nuren op ongeféier. Dat soll ower nët verhënneren, datt ee soll versichen, déi Method ze fannen, déi dem Demokratie-Versteesdemech am nooste kënnt.

Ech hunn an deem Sënn d`Resultater vun deene leschte Chamberswalen vun 2013 mol méi genee ënnert d’ Lupp  geholl.

Tabell 1: Nët berücksichtegt Stëmmen resp. Wieler an den eenzelne Bezierker

 
Norden
Osten
Zentrum
Süden
Land
Nët berücksichtegt Stëmmen
(kee Sëtz)
52040
32623
52371
113370
 
Prozentsaz vun nët berücksichtegte Stëmmen
16,36 %
16,78 %
4,8 %
6,78%
 
Héchst nët berücksichtegt Stëmme vun enger eenzelner Partei
20246
16901
29631
50676
 
Prozentsaz vun dëser Partei
 
6,36 %
8,69 %
2,71 %
3,01 %
 
Onberücksichtegt Wieler (1)
 
5782
4660
2944
4929
18315
Prozentsaz vun den nët berücksichtegte Wieler
15,5 %
16,1 %
5,2 %
6,1 %
9,0 %

(1)    Dës Zuel gouf berechent ënnert der Viraussetzung, datt all Wieler seng voll Stëmmenzuel verdeelt huet.

Eis Verfassung ordonnéiert:

«Art. 10bis. (1) Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi.

D`Tabell 1 weist eng kloer Violatioun vun der Verfassung: nët all Lëtzebuerger si gläich virum Walgesetz. Säin Impakt hänkt of vu sengem Wunnuert. Wunnt hien am Zentrum oder am Süden, dann ass seng Chance praktesch 3 Mol méi grouss, datt säi Choix berücksichtegt gëtt, wéi wann hien am Oste wunnt.

Wann 9 % vun de Wieler beim Verdeele vun de Chambers-Mandater nët berücksichtegt ginn, da musse mer vun engem däitlechen Demokratiedefizit schwätzen.

Wat géing ët bréngen, wa mer nuren een eenzege Walbezierk hätten? Ech hunn duerfir d`Bezierker  héichgerechent an deem ech bei all Bezierk d`Stëmmen duerch d`Sëtzer vun dem Bezierk gedeelt a mat 60 multiplizéiert hunn. (Sécherlech gëtt dat nuren en approximatiivt Resultat, well duerch Panachéieren eng Partie Stëmmen op  aner Parteie géinge falen; d`Resultat weist eis awer, wat fir en Ënnerscheed dat géigeniwwer der Opdeelung a Bezierker kéint ginn.)

Tabell 2: Stëmmeverdeelung bei engem eenzege Bezierk 

 
Landes-Stëmmen
Sëtz aktuell
Sëtz bei engem  Bezierk
Idealzuel vu Sëtzer
Ofwäichung bei 4 Bezierker
Ofwäichung bei engem Bezierk
déi Lénk
503305
2
2
2,68
-25,37 %
-25,37 %
ADR
764390
3
4
4,07
-26,29 %
-1,72 %
KPl
161928
0
0
0,86
-100,00 %
-100,00 %
DP
2149830
13
12
11,45
13,57 %
4,83 %
Piraten
333205
0
1
1,77
-100,00 %
-43,63 %
déi Gréng
1162433
6
6
6,19
-3,06 %
-3,06 %
LSAP
2164952
13
12
11,53
12,78 %
4,10 %
CSV
3837264
23
22
20,43
12,57 %
7,68 %
PID
191785
0
1
1,02
-100,00 %
-2,07 %

 
Dëse Vergläich weist, datt eng Reduzéierung op en eenzege Walbezierk schonn eng däitlech Verbesserung géing bréngen.

a.       Zwou Partien, déi rechneresch méi wéi ee Sëtz ze gutt haten, hunn deen och kritt.

b.      Den Ënnerscheed zu der Idealzuel vu Sëtzer ass kloer reduzéiert. Vun 8 Parteien, déi iwwer 10 Prozent Ënnerscheed opweisen, sinn der nach 3 bliwwen.

Ee Schwaachpunkt huet déi Auszielmethod ëmmer nach: déi dräi grouss Parteien hunn alleguerten méi Sëtz, wéi hinnen idealerweis géingen zoustoen, während all déi aner Parteie manner Sëtz hunn. Wann all Bierger gläich Rechter virun der Verfassung hunn, da sollte mer versichen, eng Method ze fannen, bei där  dat och an där Hisiicht de Fall wär.

Déi Berechnungsmethod, déi bis elo zu Lëtzebuerg praktizéiert gëtt, ass vum Belsch d`Hondt ausgeschafft ginn a vum Schwäizer Hagenbach-Bischoff an déi Form bruecht ginn, wéi mir se zu Lëtzebuerg praktizéieren.

Duernieft gëtt ët nach haaptsächlech zwou aner Methoden: eng no Hare/Niemeyer (H-N) an eng no Sainte-Laguë (S-L). (Explikatiounen um Enn vum Text)

Tabell 3: Vergläich vun der Sëtzverdeelung aktuell – ee Walbezierk – Method H-N – Method S-L  

Sëtz ideal
Sëtz aktuell
Ofwäichung
Sëtz  1 WBzk
Ofwäichung
Sëtz no
Ofwäichung
Sëtz no
Ofwäichung
 
%
%
H-N
%
S-L
%
déi Lénk
2,68
2
-25,37
2
-25,37
3
11,95
3
11,95
ADR
4,07
3
-26,29
4
-1,72
4
-1,72
4
-1,72
KPl
0,86
0
-100,00
0
-100,00
1
15,98
1
15,98
DP
11,45
13
13,57
12
4,83
11
-3,90
11
-3,90
Piraten
1,77
0
-100,00
1
-43,63
2
12,73
2
12,73
déi gréing
6,19
6
-3,06
6
-3,06
6
-3,06
6
-3,06
LSAP
11,53
13
12,78
12
4,10
12
4,10
12
4,10
CSV
20,43
23
12,57
22
7,68
20
-2,11
20
-2,11
PID
1,02
0
-100,00
1
-2,07
1
-2,07
1
-2,07

 
Déi zwou Methode brénge genee dat nämlecht Resultat. D`Verrechnung no H-N ass ower virzezéien, well se vill méi einfach ass wéi d`Method no S-L.

Wa mer d`Verrechnung no Hare/Niemeyer mam Idealresultat vergläichen, da stelle mer fest,  datt

a.       3 Parteien vis-à-vis vun der aktueller Berechnung mat engem eenzege Walbezierk deen nämmlechten Ënnerscheed opweisen a

b.      all déi aner Parteien méi e klengen Ënnerscheed zu der Idealsëtzzuel hunn.

D`Method no Hare/Niemeyer bei engem eenzege Walbezierk weist also ganz kloer méi en däitlechen Trend zu enger Sëtzverdeelung, déi der Stëmmeverdeelung  vill besser entsprécht.

Wa mer wierklech den Demokratiedefizit ugoe wëllen, da muss hei den Hiewel ugesat ginn, well den Defizit op eng rechneresch Method zeréck ze feieren ass. Dozou kënnt datt d`Opdeelung vum Land a 4 Bezierker nët méi den Ufuerderungen entsprécht. Se staamt aus der Zäit, wou d`Mobilitéit an d`Kommunikatioun bei wäitem nach nët esou entwéckelt woren, wéi dat haut de Fall ass.

Et wier ze hoffen, datt eis Politik de Courage huet, fir dësen Thema opzegräifen an dem Art. 10bis dat richtegt Gewiicht ze  ginn.

Erklärung

Bei Hare/Niemeyer ginn d`Sëtz an zwee Schrëtt berechent. D`Direktsëtz berechnen sech aus Gesamtsëtz x Parteistëmmen / Gesamtstëmmen. Dëst Resultat gëtt no ënne gerënnt a weist d`Direktmandater. D`Räschtmandater gi bestëmmt an der Reiefolleg vun den Nokommastellen.

Méi opwenneg ass d`Method no Sainte-Laguë. Hei ginn d`Stëmmenzuele vun alle Parteien duerch eng Zuele-Rei (0,5 – 1,5 – 2,5 – 3,5 ... ) dividéiert an dann d`Mandater an der Reiefolleg vun deene esou entstanene Resultater bestëmmt.  Wann ee Splitterparteie wëllt ausschléissen kann een dat, doduerch, datt een deen éischten Divisor 0,5 duerch ee méi groussen ersetzt, z.B. 0,7. Mat 0,85 als éischten Divisor wier z.B. d`KP nët an d`Chamber komm.

 

Dienstag, 23. Juni 2015

Wandenergie – mee wat ass derhannert?


An engem Interview op RTL-Lëtzebuerg huet d`Ministesch Dieschbourg behaapt, datt bis 2016 20.000 bis 25.000 Stéit direkt u Wandrieder ugeschloss sinn. Ech hoffe fir déi Stéit, déi solle betraff sinn, datt dat nët de Fall ass. Ech wéilt op jidder Fall nët un engem Wandrad ugeschloss sinn. Hei ass meng Begrënnung.

Dee Stroum, dee vun de Wandrieder geliwwert gëtt, gëtt nët zu Onrecht vun de Fachleit als “Zappelstroum” bezeechent. Dat hänkt fir d`éischt emol dovun of, datt de Wand jo nët ëmmer mat konstanter Geschwëndegkeet bléist. Derbäi kënnt, datt d`Leeschtung vun engem Wandrad an der drëtter Potenz vun der Wandgeschwëndegkeet ofhänkt. Dat bedeit, wann de Wand nueren hallef esou staark bléist, fällt d`Leeschtung op ½ x ½ x ½ = ⅛ vun der ursprénglecher Leeschtung, oder wann ët vun engem zolitte Wand vu 50 km/h op douce Wand vu 5 km/h wiesselt, da bleift nach just eng Leeschtung vun 0,1% iwwereg. Fir déi 3 nei Wandrieder am Raum Kiemen-Heischend géing dat heeschen, dat hier Leeschtung vun 7 MW (wat theoretesch duergéing fir 1500 bis 3000 Stéit ze versuergen) op 700 W géing zeréck goen, grad emol genuch fir eng kleng Kaffismaschinn ze bedreiwen. Déi Grafik hei dokumentéiert, wéi d`Resultat vun de Wandrieder an Däitschland ausgesäit. Déi hellblo Fläch weist déi installéiert Leeschtung, déi donkelblo Zacken wat a Wierklechkeet eraus kënnt. Zu Lëtzebuerg gesäit d`Resultat nët besser aus, am Géigendeel; well doduerch datt an Däitschland d`Wandrieder iwwer eng vill méi grouss Fläch verdeelt sinn, ass d`Wandverdeelung méi ausgeglach.

 
Datt esou eng onzouverléisseg Energiequell nach weider Problemer no sech zitt, läit op der Hand! Et kann een d`Zuel vun de Wandrieder vergréisseren. Da gesäit dat wat vun der Natur nach iwwereg bleift esou aus:

 

 
...mee besser ass d`Resultat nët ginn, am Géigendeel. Wann nët e Minimum u Wand bléist – an dat während Deeg – da gëtt och vum 10-fachen u Wandrieder keng Energie geliwwert, well 10 x 0 ass nach ëmmer Null. Wann ower e staarke Wand bléist, dann hu mer en Iwwerschoss u sougenannter “erneierbarer Energie”, well mer eis verflichten, dëse Stroum ofzehuelen. Well dëse Stroum eng schlecht Qualitéit huet (och dat gëtt ët beim Stroum: onstabil a Spannung a Frequentz well vum Wand gesteiert) musse mer versichen dee Stroum am Ausland lass ze ginn, andeems mer nach bezuele, fir datt anerer en huelen. (Beispill: de 16. Februar 2014 huet Däitschland 629.662 Euro bezuelt fir iwwerflëssege Stroum aus Wand a Photovoltaik lass ze ginn, Stroum, deen se de Besëtzer vu Wandrieder a Solarelementer vertraglech gebonnen iwwert dem Handelspräis ofkaaft hunn. Zesummen huet deen däitsche Stroumclient op deem Weekend 290 Milliounen Euro bezuelt fir Stroum, dee kee gebraucht huet.)

Lo kënnt natierlech den Awand, mer kéinten déi Energie jo späicheren. Elektresch Energie léisst sech direkt nuren a Akkumulatoren (Batterien) späicheren. Verglach mat der gesamter technescher Entwécklung an deene leschten 100 Joer huet sech op deem Gebitt de Fortschrëtt a bescheidene Grenze bewegt. Mer sinn haut nach nët vill méi wäit wéi zur Zäit vum éischten Auto. Grenzen sinn eis zum groussen Deel duerch Naturgesetzer gesat, an de wiertschaftlechen Opwand ass esou grouss, datt esou Späichermedien sech nuren lokal begrenzt asetze loossen.

Eng Method, déi äifreg diskutéiert gëtt, an hei zu Lëtzebuerg beschtens bekannt ass, ass d`Späicherung vun Energie a Pompspäicherwierker. Loosse mer de Fall emol méi genee analyséieren (all déi Wäerter, déi elo opgezielt sinn, sinn Duerchschnëttswäerten, fir d`Rechnung iwwersiichtlech ze halen) .

-        D`Pompspäicherwierk SEO zu Veianen huet eng Maximal-Leeschtung am Turbinebetriib (Maschinnen 1 bis 11) vun 1296 MW.

-        Den Duerchschnëttleche pro Dag-Verbrauch un elektrescher Energie zu Lëtzebuerg läit bei 17 GWh. (Statec 2013: 6231 GWH)

-        Mat deene neie Wandrieder am Wandpark Kiemen-Heischent steet eis bei optimale Bedingungen (richteg Wandgeschwindegkeet) eng Leeschtung vu 65 MW zur Verfügung. Déi kéinten, ëmmer nach ënner optimale, gläichbleiwende Bedingungen, 1,56 GWh Energie pro Dag liwweren.

-        Wa mer 25% vun eisem Energiebedarf ( 17 x 0,25 = 4,25 GWH) duerch Wandrieder decke wéilten, bräichte mer ongeféier 2,74 Mol esou vill Wandrieder mat enger Gesamtleeschtung vun ca 177,8 MW

-        Bei engem Dag ouni Wand géingen eis 4 267,5 MWH Elektresch Energie feelen. Dat ass dat (4267,5/1296 = 2,6) 3,3-facht vun deem wat d`SEO eis zur Verfügung kéint stellen, d.h. no 7,3 Stonnen sinn d`Uewerbecken um Niklosbierg eidel.

Fazit: mir bräichten 2,74 Mol esou vill Wandrieder an nach zousätzlech 2,3 SEO-gläich Pompspäicherwierker fir nueren een Dag ouni Wand iwwer d`Ronnen ze kommen. Da musse mer nach bedenken, datt Wandanlagen eng “Auslaaschtung” vu 16 bis 22% hunn. Dat heescht, am Schnëtt liwweren se nuren deen Undeel un Energie (kuckt déi Graphik uewen am Artikel). Wa mer 20% viraussetzen heescht dat, datt mer 5 Mol esou vill Wandrieder brauchen, fir déi erfuerderlech Leeschtung ze liwweren. Mer bräichten also keng 54 an och keng 148, mee 740 Wandrieder fir iwwer de Wee vu Pompspäicheranlagen 25% vun deem momentane Verbrauch un elektrescher Energie mat Wandrieder ze liwweren. Dat heescht flächendeckend stéing am lëtzebuerger Land all 3,5 qkm e Wandrad!

Elo ka jidderee selwer versichen sech virzestellen, wéi d`Situatioun wier,

-        wa mer méi wéi 24 Stonne kee Wand hunn. Kuckt emol an der Graphik de Beitrag vun der Wandenergie am Juli-August 2010 oder am November 2011! Wien do op de Wand baut, kuckt ganz domm aus der Wäsch!

-        wa mer och nach fossil Brennstoffer duerch Wandenergie ersetze wéilten. Am Referenzjoer 2013 goufen Uelegprodukter mat enger Gesamtenergie vu knapp 32 000 GWh verbraucht; dat ass méi wéi dat 5-facht vun der Stroumproduktioun.

Op den Impakt vun der Wandenergie op Mënsch a Natur wëll ech an engem anere Beitrag agoen. Déi Fro, déi een sech elo awer scho ka stellen ass déi, ob mer eis Zukunft, wat d`Energieversuergung mat esou enger onsécherer  Energiequell ubelaangt, op d`Spill wëlle setzen.

 

 
 


 
Am Raum Buerschent (Wandpark Heischent-Kiemen) ginn 3 Wandrieder opgeriicht, déi engem ëmmer am Bléckfeld stinn, wann een op der Buerg d`Natur wëllt bewonneren. Zwee vun deene Rieder wäerten eng Héicht vun ca 184 m hunn. Hei ka jiddereen sech e Bild maachen, wat déi Rieder fir eng Héicht hunn. Am gläiche Moossstaf steet do den Ulmer Münster mat deem héchste Kierchtuerm vun der Welt, 161 m héich! Gehéiert deen eemolegen Ausbléck, deen een aus dem Buerschter Schlass huet, nët och zu eisem kulturelle Patrimoine?

Wann ët ëm d`Aplanzen vu “regenerativen” Energiequelle geet, dann ass e kritesche Geescht gefrot, an deen, Mme Dieschbourg, behaapt der jo ze hunn!

Bemierkungen zur “Klimarelioun”


Nodeems ech eis “Klimaministesch” um Radio héieren hunn iwwer de “Klimawandel” schwätzen, drängt ët mech, e pur grondsätzlech Bemierkungen zu deem Thema ze maachen.

Fir unzefänke loosse mer emol de Begrëff Klima méi kloer maachen.

Klima ass eng statistesch Gréisst, déi d` Wiederereegnësser fir eng begrenzte Regioun iwwer e willkürlech festgeluechten Zäitraum vun 30 Joer beschreift. E begräift nieft der Temperatur och nach Wäerter wéi Wandgeschwindegkeet, Nidderschléi, Loftfiichtegkeet asw. Dorauser kann ee schléissen:

·         D`Klima gëtt also weder méi waarm, nach méi kal; just Temperature klammen oder falen.

·         E globale Klima gëtt ët nët! Wien e bëssen an der Schoul opgepasst huet weess, datt mer d`Welt a Klimazonen agedeelt hunn. Dës Zonen ënnerscheede sech duerch däitlech Ënnerscheeder am Klima.

·         De Klima wor nach ni konstant op dëser Welt. Wann dat jee de Fall wier, da bräichte mer de Begrëff Klima guer nët méi, well wann de Klima sech nët ännert, huet d`Wieder sech och nët geännert. Da géife mer och nët méi vu Klimazone, mee vu Wiederzone schwätzen. De Klimawandel ass also eng Tatsaach, e Phenomen, deen onofhängeg vum Mënsch –  zanter dass d`Äerd ëm d`Sonn dréit – do ass an nët ze verhënneren ass.

Wat de Begrëff Temperatur ubelaangt, sou ginn och do munnech Eefällegkeete verzaapt, ugefaang mam Begrëff Globaltemperatur. Ët géing kengem Dokter afalen, de Gesondheetszoustand vu senge Patienten opgronn vun der Duerchschnëtts-Temperatur vun hinnen ze bestëmmen. Temperaturen kann een nët einfach zesummenzielen an dann d`Moyenne ausrechnen. Schëtt emol eng Kasseroll gliddegt Waasser an eng Bidde voll äiskalem Waasser. Do weess jiddereen, datt d`Waasser an der Bidden duerno kaum méi waarm ginn ass. D`Erwäermung vun der Äerd kéinte mer beschtefalls unhand vum “Wärmegehalt” vun der ganzer Äerd bestëmmen. Déi Miessung ass ower esou komplex, datt keen dee Wäert och nuren ongeféier bestëmme kéint. Wann ee mat 2° Ziler dorueter jongléiert soll een déi Fakten nët aus dem Bléckfeld verléieren.

“Datt de Kimawandel statt fënnt, dat wësse mer alleguerten”, mengt d`Mme Dieschbourg. Dat wësse mer, zanter de Mënsch d`Wieder observéiert. Et sinn Äiszäite ginn – dat woren déi Periode vun deene grousse Völkerwanderungen a fierchterleche Krankheeten. Et gouf och besser Zäiten, wéi z.B. de mëttelalterleche Klimaoptimum; deemools hu se Wäin a Schottland geziicht a Weess a Grönland. All Mënsch huet sech gefreet iwwer déi zwee Grad, déi se deemools méi hate wéi haut a se hu nët dru geduecht, e Katastrophenszenario doraus ze maachen.

Datt mer dës Kéier nees esou en Optimum erliewe gleewen ech nët. Och dee läschten IPCC (dat ass déi vun der UNO initiéiert Organisatioun, déi aus all waarme Koufascht eng Erwärmung vum ganze Globus eraus interpretéiert) Bericht konnt nët verstoppen, datt déi sougenannte “Globaltemperatur” an deene läschte 16 bis 17 Joer nët méi geklommen ass, an dat ganz entgéint hiren deieren an héich sophistikéierte Prognosen.


 
International si mer eis scho laang nët méi eens (entgéint deem, wat d`Mme Ministesch behaapt), datt mer mussen handelen. An Australien z.B. hu se dat fest gestallt a sinn aus dem Klimapakt ausgetrueden. Mee vun esou Fakte erzielen eis déi gréng Politiker nët gären, well de Klimawandel ass e lukratiivt Geschäft. Frot emol de “Klima-Missionär” a “Friddens-Nobelpräis-Lauréat”  Al Gore, wéi e Gewënn säin Asaz mat sengem Film (deen an England wéinst de Fälschungen, op déi seng Behaaptungen opbauen, an de Schoule verbueden ass!) him bruecht huet.

A wéi dacks hu mer schonn héieren, datt d`Naturkatastrophen  sech wäerten heefen. D`Tatsaach, datt eis Medien d`Katastrophen ueter d`Welt praktesch live  an d`Stuff heem liwweren ännert näischt un der Realitéit: D`Zuel vun de Naturkatastrophen ass réckleefeg, hei um Beispill vun den Zyklonen am Raum Nord-West-Pazifik.


Ëmmer méi kriteschen Observateuren fält et op, datt d`Prognose vun de Klimagaukler nët opgaange sinn. Beispiller gefälleg? Hei nuren e pur:

-        30. 6. 1989 (N. Brown, Ëmweltfunktionär vun der UNO): wa bis d`Joer 2000 näischt geschitt an d`Erwäermung nët gestoppt gëtt, wäerte ganz Völker duerch d`Klamme vum Mieresspigel verschwonne sinn.

-        2007 (UNO): mer hunn nach héchstens 8 Joer Zäit fir eng Erwäermung vu méi wéi 2 Grad ze vermeiden.

-        2007 (R. Pachauri, Eisebunn-Ingenieur an éischte President vum IPCC): Wann näischt virun 2012 geschitt, dann ass ët ze spéit.

-        13. 5. 2014 (L. Fabius, franz. Ausseminister). Mer hunn nach 500 Deeg (!!) Zäit, fir e Klimachaos ze verhënneren. Do kënnt d`Klimakonferenz vu Paräis schonn zwee Méint ze spéit.

-        Dezember 2014, Klimakonferenz Kopenhagen (E. May, Kanadesch Chefin vun de Gréngen): eis bleiwe keng Jorzéngte méi, mee just nach Stonnen fir eppes géint de Klimawandel ze maachen. Den UK-Premier Gordon Brown huet ganz konkret vu 50 Deeg geschwat. 

Mee bei esou Aussoen handelen hir Auteuren nom Adenauer-Prinzip: “Was kümmert mich mein Geschwätz von gestern.” Mme Dieschbourg, dir sot, dir wiert an engem kriteschen Haus opgewuess. Vläicht huelt der emol d`Behaaptunge vun de Klimapropheten kritesch ënner d`Lupp.

Nach eng läscht Bemierkung. Déi Gréng schwätze vum CO2, wéi wann ët sech dobäi ëm eent vun deene geféierlechste Gëftstoffer iwwerhaapt géing handelen. Munchereen strieft esouguer eng CO2 fräi Ëmwelt un. Et ass ganz einfach: eng Ëmwelt ouni Kuelendioxid ass eng Doudewelt! De Kuelendioxid ass den “Treibstoff” vun der Natur – ouni CO2 keng Natur a kee Mënsch, och kee Gréngen! Ouni CO2 keng Planz, kee Weess an och keng Millen, Mme Dieschbourg!

An engem zweete Blog wäert ech op d`Wandrieder-Euphorie agoen a weisen, datt do vill Wand gemeet gëtt, ower wéineg dohannert ass.

Sonntag, 22. Februar 2015

Iwwer d`Walrecht zu Lëtzebuerg


Viru kuerzem konnt een op RTL d`Meenung vum Paul Kremer zum Walrecht fir Auslänner lauschteren. (http://www.rtl.lu/meenung/607577.html). Ech ka mech där Positioun nuren zu 100% uschléissen, wëll ower elei nach e puer zousätzlech Iwwerleeungen an d`Gespréich bréngen. Iwwer deen aarmséilege Versuch vun der Regierong mam Begrëff “Awunnerwalrecht”  deen “diskriminéierende”  Begrëff “Auslänner” aus der Schosslinn ze huelen, huet de Fernand Kartheiser schonn op sengem Blog (http://fkartheiser.lu/?p=4977) geäntwert. Ech wëll elei op verschidden aner Argumenter vun de Vertrieder vum “Auslännerwalrecht” agoen.

Et héiert een ëmmer erëm, datt ët Apartheid wier, d`Ausslänner nët wielen ze loossen. Dat Argument läit nun ower total dernieft. Apartheid bezeechent een dat, wat a Süd-Afrika am 20. Jorhonnert d`politescht Liewe bestëmmt huet. Hei huet eng zougewandert wäiss Bevölkerungsgrupp déi agebueren (also am Land gebueren) schwaarz Bevölkerungsgrupp ënnerdréckt. Ët wor also eng Rassendiskriminéierung vun nët einheimesche Wäissen iwwer einheimesch Schwaarzer, déi an hirem eegene Land näischt méi ze soen haten. Wien do Parallele mat Lëtzebuerg gesäit muss beim Optiker passéieren.

Genee esou falsch ass ët, d`Ausschléisse vun Auslänner bei den nationale Walen als Diskriminatioun ze bezeechnen. All Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, si fräiwëlleg bei eis komm, mat dem Wëssen, datt, wa si op eng komplett Integratioun géinge verzichten, d.h. also d`lëtzebuerger Nationalitéit nët géingen unhuele, si vun de Parlamentswalen ausgeschloss wieren. Si hunn aus wat fir Grënn och ëmmer drop verzicht, sech z`integréieren; si wëllen eis Sproch nët léieren, si feieren hir national Fester, hu keng Anung vun eiser Geschicht a brauchen no 20 Joer am Land nach ëmmer eng Landkaart, fir ze gesinn wou Veiane läit. Si sinn a bleiwen Auslänner. Als Auslänner hu si bei eis nët manner Rechter wéi a bal alle Länner vun eiser Äerd, mat deem Virdeel, datt si no relativ kuerzer Zäit d`lëtzebuerger Nationalitéit unhuele kënnen, ouni d`Nationalitéit vun hirer Ofstamung opzeginn (fir mech bleift ët trotzdem e Rätsel, wéi een z.B. gläichzäiteg Lëtzebuerger a Fransous ka sinn an domadder d`national Parlamenter an zwee Länner ka matbestëmmen; ass dat keng Diskriminéierung vun all deenen, déi nueren an engem Land wiele kënnen?).

D`Verdeedeger vum Auslännerwalrecht bréngen hir Argumenter gären esou eriwwer, wéi wann eis aktuell Situatioun eis vis-à-vis vun eise Noperen an e schlecht Liicht géing stellen. Si soen ët nët, well ët absolut falsch wier, mee si maachen eis gleewen, wéi wann d`Auslännerwalrecht op der ganzer Welt verbreet wier. Dat ass ower absolut nët de Fall. Vum Vatikan ofgesinn hunn d`Auslänner nach an 2 (zwee!) Länner d`Recht, bei nationale Wale matzemaachen. Dat eent ass den Uruguay, e kommunistesch gefouerte Staat a Südamerika, dat kaum Zouwanderung verzeechent. Dat anert ass Neiséiland, e Land wat vill “Aussteiger” unzitt. Fir a Neiséiland anzewanderen ass nët esou einfach. En éischte Critère ass d`Beherrsche vun der Sprooch! Mee donieft gëtt ët nach eng Abberzuel vu Bedingungen, déi jiddereen däerf am Internet nokucken (http://www.newzealandshores.com/new-zealand-visas/permanent-residency oder http://www.immigration.govt.nz/ ). Wien ënnert deene Bedingunge nach wëllt awanderen, ass am Häerz schonn e Neiséilänner. Nieft dësen zwee Länner gëtt ët nach Länner, déi a bi-lateralen Ofkommes deene jeeweilegen Auslänner aus deem anere Land d`Nationalwalrecht zougestinn. Ët sinn dat Länner, déi duerch hir gemeinsam Geschicht aus der Kolonialzäit resp. der Zäit vum Commenwealth nach méi enk matenee verbonne sinn (z.B. Portugal a Brasilien; England, Wales, Schottland a Nordirland).

“Wien hei Steiere bezilt, soll och hei wiele kënne goen.” Dat Argument gëtt och ëmmer erëm ervir bruecht. Dee logeschen Ëmkéierschloss wier: wie keng Steiere bezilt duerf nët wiele goen (Aarbechtsloser, Hausfraen, Studenten, kannerräich Familljen, Aarbechter mat geréngem Akommes asw.) D`Recht wielen ze goe baséiert ower nët op eisem finanzielle Beitrag zu dësem Staat, mee eis Zougehéieregkeet, eis gemeinsam Identitéit! D`Argument vun de Steieren hippt op alle Säiten. Gëlt dat fir jiddereen, deen hei Steiere bezilt oder ass do e Minimum virgesinn? Kréie Vereenegungen a Firmen, déi hei Steiere bezuelen, och national Stëmmen? Wéi ass ët mat deene, déi all Woch e pur Mol am Land tanken (z.B. Camionneuren) ouni hei ze wunnen an ze schaffen, ower ganz dacks méi Steieren (Accisesteier) bezuelen, wéi e Letzebuerger? Heescht dat, datt d`Frontalieren och eist nationaalt Parlament matbestëmme kënnen?

Wann een am Ausland doriwwer schwätzt, datt bei eis d`Walrecht vun Auslänner diskutéiert gëtt, da muss een dat zwee Mol soen, well d`Leit mengen, si hätte falsch verstan. Et ka kee sech virstellen datt ët och nuren ee Land gëtt, wou d`Auslänner matbestëmmen duerfen iwwert déi national Politik. Ët freet ee sech wierklech, wat d`Ursaach ass zu dësem Schrëtt. Wëlle mer villäicht och doranner erëm méi europäesch wéi de Rescht vun Europa sinn an dat federalt Europa bei eis ausprobéieren?

Nach eng Iwwerleeung zum Schluss. Ganz dacks si mir am Ausland bei Frënn op Besuch; genee esou dacks hu mer och Leit bei eis zu Gaascht. Als Gäscht si mir ët gewinnt, eis eiser Gaaschtfamill unzepassen; genee esou verhalen Gäscht sech bei eis. Ech hunn ët nach ni erlieft, datt mär als Gaascht oder eis Gäscht versicht hätten, sech an d`Organisatioun vun der Gaaschtfamill anzemëschen. Sou lieft jiddereen am Respekt vir den aneren.

Freitag, 6. Februar 2015

Äntwert op dem L. Schlechter seng Carte Blanche: Relioun a Gewalt: Wéi et am Buch steet


Här Schlechter,

Dir schreift an ärer Carte-Blanche vum 6. Februar, datt – sënngeméiss – d`Muslimen, d`Judden an d`Chrëschten eng postiv Opfaassung vun hirer Relioun hunn.  Dat nämlecht kann een ouni ze zécken och vun Iech behaapten. Dir sidd jo honnertprozenteg vun ärer agnostescher/atheistescher/nihilistescher (sicht Iech dat Richtegt eraus) Opfaassung iwwerzeegt. Anescht kann ech är Ausleeung nët verstoen.

Ët kéint een villes konteren wat Dir do schreift. Ech wëll mech ower op 2 Punkte beschränken. Iwwer den Islam an är Aussoen dozou wëll ech mech nët äusseren. Duerfir kennen ech en nët genuch an dat soll jo schliisslech de Musulmanen hier Aufgab sinn, dat duerchzeféieren.

Fir är Kritik um Chrëschtentum z`ënnermaueren zitéiert Dir Lukas 19,27: “Meng Feinden, déi net wëllen, dat ech hire Kinnik sinn, bréngt se heihin an erschlot se vru mengen Aen.” Et ass geféierlech, wann een eng Ausso aus hirem Zesummenhang eraus rappt an dorauser e globaalt Uerteel fir d`ganz Chrëschtenheet  fabrizéiert. Mee genee dat maacht Dir. Dëse Saz gëtt vu Jesus gesot am Zesummenhang mat engem Gläichnes, enger Parabel.  Jesus schwätzt ganz vill a Gläichnesser, fir datt mir besser solle verstoen. Wa Jesus vu sech gläichneshaft schwätz als de “Wee” , oder “d`Brout vum Liewen”, oder “d`Paart “, da géing ët kengem afalen, dëst wuertwiertlech ze huelen. Datt och déi Parabel, aus där Dir zitéiert, nët wuertwiertlech opzefaassen ass, ënnermauert Jesus selwer duerch en etlech, ganz wesentlech Aussoen. Ech zitéieren – nom Text vun der Luther-Bibel:

Lk 6,27 : Aber ich sage euch, die ihr zuhört: Liebet eure Feinde; tut denen wohl die euch hassen.

Lk 6,35 : Vielmehr liebet eure Feinde; tut wohl und leihet, dass ihr nichts dafür hoffet ...

Tëschent deenen 2 Aussoen steet nach e weidere Saz, deen ët och der Wäert ass, en emol a sengem Sënn genee ze analyséieren: Und wie ihr wollt, dass die Leute euch tun sollen, also tut ihnen gleich auch ihr. Dat ass an aller Kloerheet keen Opruff zu onfrëndlechem Handelen.

Mt 5,44 : Ich aber sage euch: Liebet eure Feinde; segnet, die euch fluchen; tut wohl denen, die euch hassen; bittet für die, so euch beleidigen und verfolgen.

Et wor Jesus, deen ëmmer erëm zur Gewaltlosegkeet opgeruff huet:

Mt 26,51-52: (wéi Jesus vun de Réimer gefaange gouf) Und siehe, einer aus denen, die mit Jesus waren, reckte die Hand aus und zog sein Schwert und schlug des Hohenpriesters Knecht und hieb ihm ein Ohr ab. Da sprach Jesus zu ihm: Stecke dein Schwert an seinen Ort! Denn wer das Schwert nimmt, der soll durchs Schwert umkommen.

Ët muss een dat Neit Testament schonn aus engem ganz enken Wénkel betruechten, vir a Jesus a Mënsch ze gesinn, deen zu Gewalt oprifft! Dir hutt dat Konschtstéck fäerdeg bruecht; mee dat ass beileiwe kee Beweis vu groussem analyteschem Virgoen.

Et ass äert Recht, esou wéi Dir an ärem läschte Saz schreift, mat Gott nët eens ze ginn. Mee Dir bleift de Beweis schëlleg, wéi Dir da mat enger Welt ouni Gott eens gitt. Oder sidd Dir der Iwwerzeegung, datt eng Welt ouni Gott eng besser ass. Da musst Dir mir emol dat mënscheveruechtend Handele vun de Gottesleegner Hitler, Lenin, Stalin, Mao Zedong, Ho Chi Minh, dem Pol Pot, dem Ceausescu, der Nordkoreanescher Dynastie Kim asw erklären. Si all hu sech keng Moral, keng Ethik vun iergend engem Gott virschreiwe gelooss. Si woren sech selwer Gewëssen – mam Resultat dat mer kennen; si hu bluddegst Spueren an der Geschicht hannerlooss. Nach haut steet e Kim un der Spëtzt vun engem Land, wou e Mënscheliewen näischt (jo: NÄISCHT!) wäert ass. Dat ass d`Resultat vun engem konsequent gelieften Atheismus. Oder wéi eng Äntwert hutt Dir als Philosoph derfir.

Wann Dir konsequent wiert, da misst Dir den Atheismus mat der nämmlechter Vehemenz ofleenen, wéi Dir d`Reliounen ofleent. Da stellt sech déi Fro, op déi ee just nach als Philosoph eng Äntwert afält: A wat bleift mer dann nach?

Ech wënschen Iech en erfollegräicht Nodenken. Vläicht hutt Dir d`Geleeënheet, fir an dem C.S. Lewis sengen theologesche Bicher ze liesen. Dëse groussen iresche Schrëftsteller a Philosoph huet sech och esou Froe gestallt. Hien huet seng Äntwert fonnt: de Glawen u Jesus ass dee richtegen!