http://tinyurl.com/ne5bbu8
Freitag, 5. Dezember 2014
Eng aner Siicht
Dësen Artikel wëll ech Iech nët virenthalen. Aus där Siicht kréie mer ët an eise Medien nët gewisen.
http://tinyurl.com/ne5bbu8
http://tinyurl.com/ne5bbu8
Montag, 10. November 2014
Eng grouss Erausfuerderung fir d`Land
Lëtzebuerg steet den Ament ganz staark am
Fokus vun der internationaler Press. Geschëlt ass dësen Ëmstand der Aart a Weis
wéi Lëtzebuerg mat groussen internationale finanzkräftege Firmen ëmgeet wat d`Steieren
ubelaangt. Vun eise Politiker, egal wéi se politesch agestallt sinn, kréie mer verséchert,
datt alles am Respekt vu nationalen an internationale Gesetzer erfollegt ass.
Ët ass ze hoffen, datt dat wierklech de Fall ass, soss kéint ët eis alleguer un
de Portmonni goen.
Datt mir als Lëtzebuerger zum Land sollen
halen, dat fannen ech an der Rei. Dat gëllt fir gutt ewéi fir schlecht Zäiten. Mat
gemëschte Gefiller verfollegen ech allerdéngs dee Spagat, dee vu munche Politiker
vollzu gëtt, wann ët dorëms geet, déi dubios Finanzgeschäfter ze rechtfertegen.
Do gëtt vun “Tricker” geschwat, wéi wann eis Politiker nët gewousst hätten, ëm
wat fir Tricker ët sech géing handelen, hu si dach grad duerch lëtzebuergesch
Gesetzer a Reglementer dës onduerchsiichteg Firmegeflechter erméiglecht. An dat
Argument, datt och esou Saachen an aner Länner geschéien hëlleft eis elo guer
nët weider.
Ët geet mer éischter ëm dee moraleschen
Aspekt. Den Apostel Paulus schreift a sengem éischte Bréif un d`Korinther: “Alles
ass erlaabt, ower nët alles déngt deem Gudden. Alles ass erlaabt, ower nët
alles baut op.” Wa mer (Lëtzebuerg) nët géint e Gesetz verstouss hunn, ka keen
eis hei veruerteelen. An dach hu mer eis a villen Hisiichte schëlleg gemeet.
-
Wéivill Milliarden sinn anere
Länner verluer gaang, well mir mat individuell ausgehandelte Steiersätz Firmen
heihinner gelackelt hunn. Mer reegen eis sécherlech zu Recht op, wa mer vum 1.
Januar un an Däitschland Stroossentaxe musse bezuelen, fannen ët ower
gläichzäiteg an der Rei, wa mer dem däitsche Fiskus Steiermilliarde virun der Nues
ewech gebotzt hunn.
-
Mer bekloen eis, datt d`Schéier
tëschent Aarm a Räich ëmmer méi grouss gëtt, erlaben ët ower op der anerer Säit,
datt d`Groussaktionäre vu grousse Multien sech un onverdingten Dividenden nach
méi beräicheren.
-
Mer weisen eis iwweraus
grousshäerzeg géintiwwer Firmen, déi Millioune Gewënner verbuchen, sinn ower onbaarmhäerzeg
géintiwwer lëtzebuerger Familljen a Firmen. Déi kréie keng “Tricken” ugebuede
fir der Steierlaascht z`entgoen.
Vläicht maachen eis Politiker sech emol eeschtlech Gedanken iwwer
moralesch Wäerter, déi se solle vertrieden. Ech invitéiren all déi
Verantwortlech a Chamber a Gouvernement, dat wat elo geschitt ass och als eng
Chance ze gesinn, nämlech d`Méiglechkeet vun engem neien Ufank – engem propperen.
Iwwersiichtlech Steiergesetzer, ausgewien a gerecht Taxen an
Transfertleeschtungen. Ech wor laang Jore stolz op mäi Land, wou Mënschen duerch
hiren Know How, duerch Asaz a Fläiss hir
Kuuscht éierlech verdéngt hunn an all zesummen um Opbau vum Land matgedroen
hunn. Haut schummen ech mech am Ausland ze soen, ech wier Lëtzebuerger.
Sonntag, 5. Oktober 2014
Moralesche Niddergang
(1. Deel)
Ech weess, datt nët jidderengem dat wäert groussaarteg gefalen, wat en elo hei liest. Mee op d`Gefor hinn, datt déi, déi fir hir Astellung vun all Mënsch Toleranz ouni Grenzen afuerderen, mech ouni déi geréngste Spur vun Toleranz hirersäits elo verbal fäerdeg wëlle maachen, hei dann elo trotzdem meng Usiicht.
Deel 2 (Famill a Bestiednes) an Deel 3 (Euthanasie) kommen no.
Ech weess, datt nët jidderengem dat wäert groussaarteg gefalen, wat en elo hei liest. Mee op d`Gefor hinn, datt déi, déi fir hir Astellung vun all Mënsch Toleranz ouni Grenzen afuerderen, mech ouni déi geréngste Spur vun Toleranz hirersäits elo verbal fäerdeg wëlle maachen, hei dann elo trotzdem meng Usiicht.
- Zur Ofdreiwung
Fir d`éischt gouf ët eng “Indikatiounléisung”.
De Noweis vu sexueller Gewalt oder d`Erwaarde vun engem behënnerte Kand hunn eng
Ofdreiwung erméiglecht. Duerno gouf d`”Fristeléisung” legaliséiert, well ët jo
och nach aner Ursaache ginn, z.B. dee Lastiksbegrëff vu “sozialer Indikatioun”,
fir e Kand viru senger Gebuert ëmzebréngen. (Lo stinn erëm muncherengem d`Hoer
zu Bierg, wann en “ëmbrénge” liest. Ma wann ech eppes dout maache, wat lieft,
da maachen ech futte (Déier) oder ech bréngen ëm (Mënsch).) Ech verstinn, datt
eng Fra an enger schwiereger Situatioun ass, wa se e Kand erwaart no enger
Vergewaltegung oder mat enger geféierlecher Krankheet. Mee dat wat an hier eruwiisst
ass e Mënsch. Dat wat een ofdreift ass beileiwe nët nuren eng Knupp Fleesch (http://tinyurl.com/obt3l2x) All Kand,
dat op d`Welt kënnt, huet seng eege Wäerter! Am 15. Jorhonnert huet en dichtege
Notär zu Florenz sech u senger Sklavin vergraff. Si gouf schwanger, huet e Jong
op d`Welt gesat an hien Leonardo genannt. Hie gouf dee wuel genialste
Wëssenschaftler, deen d`Welt kennt: de Leoardo da Vinci. Am Joer 1174 huet zu
Bonn eng Fra, déi d`Schwindsucht hat, e Bouf op d`Welt gesat, obwuel d`Dokteren
hier un d`Häerz geluecht hate, keng Kanner ze kréien. De Bouf ass weltbekannt
ënnert dem Numm Ludwig van Beethoven. Nët jiddereen gëtt e Genie, mee dat huet
näischt domat ze dinn, ob d`Kand gewollt oder nët gewollt ass. All Kand soll
seng Chance kréien.
Erstaunlech ass ët, datt d`Diskussioun iwwer
Folge vun enger Ofdreiwung bei der Fra an deene seelenste Fäll thematiséiert
gëtt. Et duerf een nët iwwersinn, datt vill Fraen hiert Liewe laang un de
séilesche Folgen ze leiden hunn; an dat wäert an Zoukonft nach méi dacks de
Fall sinn, well déi obligatoresch Berodung jo soll ofgeschaf ginn.
Wann déi aktuell Fuerderunge vun de
Protagoniste vun der Ofdreiwung gestëmmt sinn, wäerten se sech gläich erëm un
den Dësch setze fir dee nächste Schrëtt virzebereeden. Dir gleeft dat nët? Abee,
zwee Dokteren, deen een aus Australien an deen aneren aus Kanada hu viru
kuerzem fir eng “postnatal abortion”, also eng Ofdreiwung NO der Gebuert plädéiert,
mam Argument, dës Kanner hätte nach keng Perséinlechkeet. Wat eng pervers
Gesellschaft, déi deen, deen eng jonk Kaz an engem Ämer Waasser ersäift, an de Schlagzeile
vun de Medien uprangert a virun de Riichter schleeft an de Muerd un ongebuerene
Kanner legaliséiert!
Wéi schéi wier ët, wa mer eis un dëser Usiicht
kéinten orientéieren: Den Dout stellt ee fest, wann d`Häerz ophält mat schloen.
Firwat stellt een d`Liewe nët fest, wann d`Häerz ufänkt mat schloen.Deel 2 (Famill a Bestiednes) an Deel 3 (Euthanasie) kommen no.
Mittwoch, 1. Oktober 2014
Gréng Politik
„Green
is beautyful“, sou ass e Slogan vun der grénger Bewegung. Wann een an den Ufanksjoeren
vun dëser Bewegung gemengt huet erkennen ze kënnen, datt ët sech ëm e gutt Zesummespill
vu Mënsch a Natur géing handelen, sou muss een haut feststellen, datt ët ëmmer
méi ëm en Duerchsetze vun enger Ideologie geet, bei deeër de Mënsch ëmmer méi
d`Roll vum Béisen zougeschoustert kritt. Mat der Deklaratioun vun der “Klima-Erwäermung”
koum dee groussen Duerchbroch: de Mënsch ass un allem Iwwel Schold duerch den
CO2-Ausstouss. D`Kuelendioxid-Reduktioun gëtt ewéi
en hellege Gral iwwert all Aktioune gehal an näischt huet méi eng grouss
Prioritéit wéi d`Verréngerung vun dësem schicksalsträchte Gas, dee jo schon an
der enormer Quantitéit vun 0,04% derbäi ass, dës Äerd a kiirzter Zäit onbewunnbar
ze maachen. Fir dat ze verhënneren sinn all Affer gutt genuch: finanzieller an
esou guer mënschlecher! Beispiller gefälleg?
Virun e puer Deeg huet déi däitsch Ëmweltministesch
Barabara Hendricks um Klimagipfel zu New York deklaréiert, datt Däitschland
keng Kuelekraaftwierker an Afrika méi géing subventionéieren. Wann d`Ursaach
déi schlecht finanziell Situatioun vun Däitschland wier, da misst een eis
Nopere jo bedaueren. Neen, d`Ursaach ass den CO2.
Weltwäit stierwen all Joer geschate knapp 5 Millioune Leit well se aus Mangel
un ugepassten Energiequellen hir Moolzechten op oppenem Feier zoubereede mussen.
Vläicht gesäit d`Madame Hendricks ët als e positive Beitrag zu der
Iwwerbevëlkerung vun der Äerd. Ët ass op jidder Fall e Beweis, wéi asozial gréng
Gedankegäng kënne sinn. Ët weist ganz kloer, datt ët hir nët ëm d`Wuel vun de
Mënschen an Afrika geet, mee ëm her Anti-CO2-Ideologie. An d`Ëmwelt gëtt domat
och emol nach nët geschützt, well e neit Kuelekraaftwierk mat moderne Filteren
verbrennt d`Kuel wesentlech méi propper wéi all déi kleng Feieren, bei deenen
Kou- a Kaméilfläpp an nach aner Gedräcks verbrannt gëtt.
En anert Beispill gefälleg? E Bam muss geschützt ginn
an all perséinlech Interessi mussen virum “Interessi” vum Bam zeréckstoen. Wien emol en Haus wollt bauen op eng Plaz wou
schon e Bam steet, oder e Bam grad virun enger Garagenafahrt stoen hat, weess
vu wat ech schwätzen. Wann der ower eng Vulleschredder, Pardon e Wandrad wëllt
opstellen, da muss all Natur zeréck wäichen. Bei eisen däitsche Noperen ginn
ëmmer méi gigantesch Wandrieder ...an de Bësch gesat. Duerfir mussen Hektare
Bësch ëmgeluecht ginn an de Buedem mat Makadam a Betong versigelt ginn. Dozou huet eng gréng
Landes-Ëmweltministesch gemengt, si hätte souwisou schon zevill Bësch.
A wéi ass ët bei äis? Vum Biotope-Kadaster, dee
muncherengem Bauer weist, datt hien säi Land vun elo un nët méi esou däerf
beakeren, wéi dat schon zanter Generatioune geschitt ass, hu mer all matkritt.
Hei méi e rezent Beispill. Eis Ëmweltministesch Carole Dieschburg huet eng Étude
iwwer den Tanktourismus an Optrag ginn mam Zil, dësen Tanktourismus anzedämmen
an esou d`CO2-Bilanz vu Lëtzebuerg ze
verbesseren. Wa si dësen Tourismus kann ënnerbannen, da geléngt hier dat ganz sécher,
mee mat wat fir Niewewierkungen? Fir dat erauszefanne brauch ee keng deier Étuden,
mee mat e bësse gesonde Mënscheverstand fënnt een dat selwer eraus.
-
Well mer d`Auslänner nët kënnen
drun hënneren, hei zu Lëtzebuerg ze tanken, muss dat iwwert de Präis geschéien;
dat heescht mer mussen eis dem Präisniveau vun eisen Noperen upassen – am bäschten
deem deiersten! Da verzichten se fräiwëlleg op en Trip iwwer d`Grenz no Lëtzebuerg.
-
D`Leit tanke well se Benzin
brauchen, och d`Auslänner. Dat wat also hei manner getankt gëtt, gëtt bei eise
Nopere méi getankt. Den CO2-Ausstouss
bleift genee deen nämmlechten. (mee eis Statistike gi besser: manner CO2-Ausstouss
zu Lëtzebuerg)
-
Déi hei nët méi tanken, kafen och
nët méi an den Tank-Shopen an. Och do ginn dem Land ganz vill Suen laanscht
d`Nues (bréngt awer besser Statistiken: manner Alkohol- an Tubakkonsum zu
Lëtzebuerg)
-
Well op eise Grenzen manner getankt
a verkaf gëtt, mussen eng Parti Tank-Shopen zou maachen an d`Personal
entloossen.
-
Well de Benzin méi deier gëtt, geet
d`Kaafkraaft vun de Lëtzebuerger erof.
Mee alles dat ass deene Gréngen egal, wa mer nuren dee
béise Kuelendioxid domat bei eis am Land reduzéiert kréien. Wann dat geschitt,
kann ech eiser blo-rout-GRÉNGER Regierung d`Nohaltegkeet bescheinegen: un deem wat eisem Staat
duerch déi Moossnam un Einname verluere geet an nach zousätzlech kascht (méi
Aarbechstloser), wäerte mär an eis Kanner nach laang knaen.
Sonntag, 28. September 2014
5 Milliounen Euro fir d`IPCC -"Klimaretter"!!!
Ët geet mer drëm emol erëm eng generell Klimadebatt op héchstem Niveau unzereegen, an deeër och neutral (!) Expert`en ze Wuert kommen. Ët dierft dach och eise Regirungsparteie nët verbuerge bliwwe sinn, datt den Temperaturniveau zanter iwwer 15Joer stabil bliwwen ass, obwuel den CO2 an deem nämmlechten Zäitraum gläichméisseg geklommen ass. Déi Grafik hei weist eis den Temperaturverlaf an Däitschland fir déi läscht 25 Joer am Vergläich zum CO2-Verlaf an deem nämmlechten Zäitraum (schwaarz ass d`Mëtteltemperatur am nämlechten Zäitraum):
D`Wäerter si vum "Deutschen Wetterdienst" (DWD). Elo kann ee vläicht argumentéiren, dat wier Däitschland, mee déi global Temperatur géif dat nët bestätegen. Hei als Vergläich dee "weltwäiten Temperaturverlaf" vun 1998 bis 2008.
Och dës Grafike weisen zanter 1999, also zanter 15 Joer, absolut keng Tendenz no uewen, mee éischter no ënnen unn. Dës Tatsaach huet esougur deen héige Klimarot vun der UNO, den IPCC, missen a séngem läschte Rapport virun e puer Méint unerkennen. Verzweifelt sichen se zanterhier no Erklärunge fir daat, waat nët däerf sinn an hiere Prognosen integral widdersprëcht: e quasi Stëllstand vun dem Temperaturverlaf, wou dach dee "geféierlechen" CO2-Gehalt monter klëmmt. Datt den Afloss vum Kuelendioxid op d`Äerdtemperatur nët deen ass, deen si ugeholl hunn, wëllen se ower nët zouginn. Schliisslech weess elo bal all Mënsch, datt den CO2 eise gréisste Feind ass an d`Produktioun vun deem "geféierleche" Gas ka bestrooft ginn (honni soit qui mal y pense!).
Vläicht an deem Zesummenhang emol e puer Kloerstellungen, déi wichteg sinn, wann een eng Klimadebatt sachlech wëllt féieren.
Klima: et ass eng statistesch Zesummefaassung vun alle Wiederpänomener (Temperatur, Loftdrock, Nidderschléi, Wand asw.) während enger Period vun 30 Joer. Ët gëtt kee globale Klima, ët gëtt nuere regional Klima`en. D`Klima ännert andauernd, well d`Wieder och ëmmer ännert - Gott sei Dank. Wann ee géint d`Klimaännerung wëllt ugoen, da kann ee mat genee esou vill Erfolleg rechne, wéi wann ee géint d`Zäit wéilt ugoen. D`Klima ass e statistesche Wäert, also eng Zesummefaassung, vun deem wat Vergaangenheet ass. Wien de Klima wëll änneren, versicht d`Vergaangenheet ze änneren.
Globaltemperatur: ët ass, wéi wann een d`Temperatur vun alle Patienten aus engem Spidol géing zesummerechnen, duerch d`Zuel vun de Patienten deelen an aus dem Resultat op de Gesondheetszoustand vun alle Patiente géing schléissen. All Mënsch weess, datt dat eng Eefällegkeet ass. Genee dat maache mer ower wa mer d`Globaltemperatur bestëmmen. Temperature kann een nët einfach addéieren; daat sollt all Schüler an enger 9. Klass wëssen. Sinn eis IPCC-Prophete schons éischter ofgetrueden? D`Temperatur kann een nueren am Zesummenhang mam Medium a mat der Mass betruechten. Wann d`Temperatur iwwert enger begrenzter Waasserfläch ëm 1 Grad klëmmt, kann daat nët kompenséiert ginn vun engem Réckgank vun der Temperatur vun 1 Grad iwwert enger genau esou grousser Buedemfläch, well de Wärmeinhalt vum Waasser wesentlech méi grouss ginn ass, wéi dee vum Buedem gefall ass. Deen eenzege verléissleche Wäert fir eng wëssenschaftlech Analys wier de globale Wärmeinhalt, ma deen ass onméiglech ze bestëmmen, well duerfir Millioune Miessunge gläichzäiteg a gläichméissg verdeelt iwwer d`Äerd gemaach misste ginn.
CO2: ët ass e Gas ouni Geroch, Geschmaach an och ouni Fuerf; en ass och nët gëfteg. Säin Undeel un der Otemloft bedréit 0,04%; dat sinn déi berüchtegt 400 ppm (parts per million = Deeler op eng Millioun), déi zu eiser Zäit all Joer ëm weider 0,00025% klammen. Dee Kuelendioxid ootme mer mat all Otemzug an (0,04%), an dann 5% aus. Dorunner ass nach kee gestuerwen, och nët un der "Kuelesaier" am Béier, Schampes an an dem Limonad! CO2 ass de Grondbausteen vun all Vegetatioun. Ënnert dem Afloss vum Sonneliicht gëtt an de Planzen den CO2 zu de Bestanddeeler vun der Flora ëmgewandelt. Ouni CO2 keng Planzen, ouni Planze kee Liewen, d.h. ouni CO2 kee Liewen. Méi en héijen Kuelendioxid-Gehalt kann nueren dozou bäidroen, datt d`Felder méi bréngen, d`Bëscher méi gring ginn an eng nei Vegetatioun an Drëschegebidder entsteet.
Iwwersaierung vum Mier: D`Mier huet e pH-Wäert vun ongeféier 8; ët ass also relativ staark ...basesch! Eppes wat basesch ass, kann nët iwwersaieren, d.h. nach méi sauer ginn. Duerfir muss ët fir d`éischt emol neutral ginn, d.h. säi pH-Wert muss op 7 erofgoen. Duerfir muss den CO2-Gehalt vum Mier ëm dat 10-facht wuessen! Dat géif de Mënsch nët emol fäerdeg bréngen, wa mer all CO2 , deen a fossile Brennstoffer gelagert ass, total an d`Mier géingen offéieren. Wien eng "Klimaerwäermung" gläichzäiteg mat enger Iwwersaierung vum Mier priedegt, vergësst (bewosst?) de Réckkopplungseffekt: gëtt d`Mier méi waarm, dann trëtt CO2 aus dem Mier aus!
Ët wir nach eng ganz Parti ze soen iwwer déi Horrorszenarien, mat deene mer Dag fir Dag konfrontéiert ginn an déi eis solle bléien, wa mer nët séier d`Kuelendioxidschrauf zoudréien (d`Meir soll klammen, d`Wiederextremer zouhuelen, d`Gletscheren ofschmëlzen an déi aarm Äisbiren zu Gronn goe well se keen Äis mëi hunn). Mee doriwwer vläicht eng aner Kéier.
Deene Leit, déi iwwer eist (!) Geld entscheeden, wollt ech grad emol un d`Häerz leeën, sech Gedanken driwwer ze maachen, op ët nët besser wier vun enger Finanzsprëtz fir den IPCC ofzegesinn (wéi z.B. Australien a Kanada dat schons maachen), an dat Geld, wa mer ët schon nët selwer wëlle benotzen, anere vill méi wichtegen Aktiounen zoukommen ze loossen. Déi 5 Milliounen, déi mer dëser Deeg zu New York hänke gelooss hunn, hätte sëcherlech vill méi Mënschen d`Liewe gerett, wa mer se fir de Kampf géint d`Ebola agesaat hätten.
Mittwoch, 17. September 2014
UNICEF – United Nations Children Fund – mat Akzent op FUND!
Viru kuerzem konnt een op der TV Reportage gesinn, déi d`Zoustänn a
Kambodschanesche Weesenheemer gewisen hunn. Et woren Haiser, bei deenen ët
haaptsächlech drëm geet, fräiwëlleg Hëllefspersonal – virun allem Studenten,
déi dësen Job unhuelen an dobäi och nach bezuelen (!), an der Meenung eng gutt
Saach z`ënnerstëtzen – auszenotzen an d`Touristen ëm Spenden ubiedelen.
Donieft gëtt ët ower och nach aner Heemer.
D`FCOP, eng chrëschtlech Organisatioun, ënnerhält ongeféier 100 Heemer iwwert
d`ganzt Land verspreet mat ëm déi 3000 Kanner. Dës Kanner gi vun ca 700
Wittfrae betreit. Domadder ass esouwuel de Kanner, wéi de Fraen, déi keng
sozial Leeschtung vum Staat erwaarde kënnen, gedingt. Mir hu selwer d`läscht
Joer e puer vun deenen Haiser besicht a wore begeeschtert vun der gudder
Aarbecht, déi do geleescht gouf. D`Kanner si gutt betreit a sichtbar zefridde
mat deem Liewe, wat hinnen do gebuede gëtt. Hire Liewensstandard entsprécht deem
vun der Majoritéit vun de Kanner. Jiddereen kann e Bléck an déi chrëschtlech
geleeten Haiser op hirer Internetsäit wäerfen (http://fcopi.org/church-homes/).
D`Aarbecht déi do geleescht gëtt, ass vum Kambodschanesche Staat esou héich
agestuuft, datt se virun 2 Joer déi Verantwortlech ausgezeechent hunn fir déi bescht
Heemer am Land.
Dee nämmlechte Kambodschanesche Staat dreet
elo dës Heemer zou ze maachen, wann nët folgend Bedingungen agehale ginn:
-
Méi héich Pai fir d`Staffmembren
(déi sech nach ni iwwer hier Paie beklot hunn!)- Zwou amplaz eng Schouluniform an zwou Garniture Gezei
- Eng modern Kichen
- Fir all Bett eng Schaumstoffmatratz
- E modernt Buedzëmmer
Dat sinn alles Saachen, déi ët och nët an
der Duerchschnëttsfamill am Kambodscha gëtt. Zum Deel sinn déi Heemer esouguer
an Uertschaften, wou ët nach kee Stroum a keng Waasserleitunge gëtt. Hei gëtt
d`Waasser an all (!) Haus mat Handpompelen erbäi gepompelt. Déi gewënschte
Schaumstoffmatrate géifen an deem fiichte Klima schonn no kuerzer Zäit
muuschteg ginn. Weider kräiden se nach un, datt an den Heemer och Nëtweesekanner
sinn. Dat si Kanner, déi vum Stroossestrëch erof gerett gi sinn, oder déi vun
den Elteren erausgeheit gi sinn, well se Geld kaschten an nach nët kënne
schaffe goen.
Et géif iwwerraschen wa Kambodschanesch
Ministeren dat nët wéissten an datt ët hinne nët bewosst wier, datt 90% vun
alle Kambodschaner esou oder méi schlecht géinge liewe wéi dës Heemkanner! Mee
dës Fuerderunge kommen och nët vun hinnen. Si sinn ënnert dem Drock vun der
...UNICEF entstan! Dës UN Organisatioun dreet mat der Sträichung vu Subsider un
dëst aarmt Land, wa se hier onméiglech Fuerderungen nët duerchsetzen. Dobäi
geet ët der UNICEF nët ëm d`Zoustänn an den FCOP-Heemer, well soss hätte si
scho längst gefuerdert, déi onwierdeg “Touriste-Weesenheemer” zou ze maachen.
Et ass der UNICEF en Dar am Aa, datt an den FCOP-Heemer d`Kanner chrëschtlech
erzu ginn. Wat de Kambodschanesche Staat nët stéiert, ass der UNICEF ower zuwidder.
Ët ass hinne léiwer, wann dës Kanner aus hirer betreiter Struktur, an där se
kënne bis zum Schoulofschluss bleiwen (si kréien esou guer Universitéitsstudien
erméiglecht!), erëm eraus op d`Strooss mussen.
D`Behuele vun der UNICEF ass de Combel vun
der Hypocrisie! Anstatt déi bestoend a gutt funktionéierend Strukturen finanziell z`ënnerstëtzen, soll dat
wat gutt funktionéiert huet, zerstéiert ginn. An duerfir ginn all Joer Fräiwëlleger
aus der ganzer Welt ëm Chrëschtdag (do stéiert dee chrëschtleche Gedanken si
nët!) mobiliséiert, fir iwwer Kaarteverkaf a Spenden d`Keesen vun der aarmer
UNICEF ze fëllen. Mat deem Geld gëtt virun allem versicht, déi politesch Agenda
vun der UNICEF duerchzezéien. D`UNICEF wor fir mech schonns laang suspekt; lo
ass se ganz ënnenduerch!
Freitag, 5. September 2014
60 Geschlechter !!??
Muncherengem ass haut (05.09.2014) op der
Internetsäit rtl.lu en Artikel an d`Ae gefall: Nei Funktiounen an de Choix
tëscht 60 Geschlechter. E Bléck op de Kalenner weist, neen, et ass nët
den éischten Abrëll an d`Fuesent steet och nët virun der Dir. Neen, et ass batteren
Eescht. Wien den Drang verspiert, sech
op Facebook ze “outen”, ka sech elo zu engem vun deene 60 verschiddene
Geschlechter bekennen. Ech wor bis elo der Meenung (a sinn ët och nach weiderhin!),
datt e kuerze Bléck an d`ënnescht Box géing duergoen, fir tëschent engem vun
zwee Geschlechter kënnen ze ënnerscheeden. Ech zielen domat sécher zu deenen
Onverbesserlechen, déi ët nach ëmmer Eescht huele mat der Ausso vun der Bibel: (Buch
Genesis 1. Kap. Vers 27) “A Gott huet de
Mënsch ... geschafen; an hien huet se geschafen als Mann a Fra.” Fräi nom Klaus Wowereit gief ech deem
unhänken: “An dat ass gutt esou!” Ech si mer bewosst, datt ët Leit gëtt, déi
Problemer mat hirem Geschlecht hunn (si ginn als Transgender bezeechent), oder
ower Leit, déi op Gronn vun Feelbildung vun hire Geschlechtsorganer nët eendeiteg
als Mann oder Fra kënne bezeechent ginn (Intersexuell). Et freet ee sech ower,
wou dat soll hi féieren, wa jiddereen seng sexuell Ausriichtung no “Lust und
Laune” ännere kann. Dat huet näischt méi mat Fräiheet ze dinn!
An deem Zesummenhang wëll ech e Buch
empfielen, dat dësen Thema ganz kloer beliicht an op d`Geforen opmierksam mécht,
déi dës Entwécklung mat sech bréngt:
Gabriele Kuby: Die globale
sexuelle Revolution; fe-medienverlags GmbH; D-88353 Kißlegg.
ISBN 978-3-86375-032-3
Den Ënnertitel “Zerstörung der Freiheit im Namen der Freiheit” léisst unhuelen,
datt déi ganz sexuell Revolutioun nët ouni Geforen ass.
Abonnieren
Posts (Atom)

