Wann ee sech dës Ausso wierklech zu Häerzen
hëlt, dann huet een a läschter Zäit sécherlech genug ze dinn. Sou duecht ech op
jidder Fall, wéi ech mer an Erënnerung geruff hunn, wat an deem Deel vun eisem
Globus déi vergaange Méint a Joren d`Haaptschlagzeile vun eise Medien ausgemeet
hunn an och nach ausmaachen:
-
Deen grujheleche Biergerkrich a
Syrien mat Honnertdausende vun Doudeger a Milliounen op der Flucht;
-
Dat mënscheveruechtend Optriede
vun den Terroriste vun IS, déi alles nidder metzele, wat nët honnertprozenteg
an hire Schema passt;
-
Déi scheinbar onléislech
Situatioun tëschent Israel an der Hamas;
-
D`Beschränkung vun de
Mënscherechter an d`Aspäre vu kritesche
Journalisten an engem Land, dat munchereen schonn an der EU gesäit – der Türkei;
-
D`Verfolgung vu Chrëschten an
alle Länner, wou den Islam un der Muecht ass; asw
Ëmsou méi wor ech erstaunt festzestellen,
datt dee Veräin – Comité nennt e sech – deen de “Gerechte Fridden am Noen Osten”
a sengem Numm dréit (Comité pour une paix juste au Proche- Orient = CPJPO), sou
wéineg Präsenz weist. Ech hu mech op hir Internet Säit gegoogelt, fir ze
kucken, op ech do eppes iwwersinn hätt. Do sinn ech eppes Besseres beléiert
ginn.
Fir unzefänken hunn ech festgestallt, datt
anscheinend Länner wéi de Libanon, Syrien, Türkei, Iran, Irak a Jordanien nët
am Noen Oste leien (mäi Geographie`s Proff wor do anerer Meenung). Hei geet ët
nuren ëm Israel a Palästina. Déi ongezielten Doudeger déisäits vum Jordan an
dem Golan si keng Beméiunge wäert.
Ech hu mer erlaabt, eng Rei markant Aussoe vun
dem CPJPO erauszeplécken:
-
La politique d’Israël est la vraie responsable de la mort des trois
jeunes
An zwou Zeile gëtt den Dout vun 3 jonken Israelie matgedeelt a bedauert,
an a 7 Zeile gëtt Israel dofir verantwortlech gemeet.
-
punition militaire de la population de Gaza
-
bombarder tout un peuple
Iwwer zweedausend Rakéiten aus dem Gaza op nët militäresch Zieler an
Israel; eleng iwwer 180 Rakéiten an nët emol 24 Stonnen zanter dem Brieche vun
der Wafferou duerch d`Hamas –Stand 20.08.14 um 22:00 Auer – ginn nët ernimmt!
-
violence quotidienne à laquelle sont soumise les palestiniens,
E groussen Deel vun de Palestinenser, déi an Israel liewen, wëlle
léiwer an Israel bleiwen, och wann ët e palästinensesche Staat gëtt.
-
d’Kalbliddechkeet mat déer eng Besatzungsarméi honnerten vun Zivilisten, honnerten vu
Kanner, ganz Famillen mat modernsten Präzisiounswaffen embruecht huet
Hei ass ët ubruecht, déi Thematik méi genee ze beliichten.
Éischtens feieren d`Hamas vill vun hire Rakéiten vu Plazen of, wou Zivilbevëlkerung
an direkter Noperschaft wunnt: Wunnvéirel, Schoule, Moscheeën, Spideeler. Vum
8. Juli bis de 5. August huet d`Hamas 3360 Rakéiten ofgeféiert; 2303 sinn op
israeleschem Terrain opgeschloen, eng Parti hunn am Gaza Schued ugeriicht, esou
wéi déi Rakéit, déi an engem Spidol ageschloen huet a séier als Ugrëff vun den
Israeli deklaréiert gouf. Vun de Rakéiten, déi an Israel ageschloen sinn, sinn
der 260 aus Schoulen, 127 vu Kierfechter, 160 vu reliéisen Ariichtungen a 50
aus Spideeler ofgeféiert ginn. D`Argument, ët géing keng aner Plaze ginn ka
jidderee selwer widderleeën, wann e sech bei Googlemaps de Gaza aus der Satellitteperspektiv
ukuckt. Et gëtt räichlech Plaze wou keng Gebaier stinn.
Zweetens warnt d`israelesch Arméi virun dem Ugrëff mat Flugziedelen,
Telefonsuriff, SMS a Warnschëss. D`Leit ginn ower vun der Hamas dru gehënnert,
fir sech a Sécherheet ze bréngen, an dat zum Deel mat brutaler Gewalt fir als
mënschlech Schutzschëlder ze dingen.
A wann drëttens Israel fir seng Ugrëff modernst Präzisounswaffe benotzt,
da verhënnert ët domat grad, datt déi sougenannte Kollateralschied grouss ginn.
-
Blokus vu Gaza an d’ Asperren (sic!) vun 2 Mio Leit
D`Gaza Sträif huet nët nuren eng Grenz mat Israel, mee och eng 14 km
laang Grenz mat Egypten. Do ass de Grenziwwergank Rafah. Iwwer déi Grenz sinn
(Stand 12. August) nuren e pur Camionen eragelooss ginn. Op der israelescher Grenz
Kerem Shalom sinn dogéint 2 772 Camione mat
Hëllefsgidder (Medikamenter, Liewensmëttelen, frëscht Waasser asw) passéiert an
dobäi vun der Hamas zum Deel nach beschoss ginn. Während Egypten seng Grenz fir
all Hëllef zou gemaach huet, sinn zu Kerem Shalom tëschent dem 8. Juli an 8.
August 169 Ambulanzen an de Gaza era gefuer, fir Palästinenser ze hëllefen.
Iwwerdeems d`Egypter keen Dokter an de Gaza era gelooss hunn, sinn am Zäitraum
vun 2 Wochen 38 Dokteren aus Israel an de Gaza komm.
-
L’objectif de cette nouvelle guerre est de détruire le gouvernement
d’unité nationale et toute solution politique au conflit pour continuer à
s’accaparer les terres et les richesses de la Palestine.
Den 19. August hunn israelesch Sécherheetskräften 93 Hamas Membren a
Judäa a Samaria verhaft. Dës Leit haten
e Putsch géint d`Fatah Regierung vum Mahmoud Abbas geplangt. Israel huet dem
Abbas all Ënnerlagen iwwerginn. Dem Abbas säi Büro mellt, “datt dee Putschplang
geféierlech wor an datt en eng eescht Gefor wor fir d`Eenheet an d`Verbridderung vum palästinensesche Vollek.”
Wann Israel dat wëlles hätt, wat de CPJPO behaapt, dann hätten se all Interessi
dru gehat, de Putsch NËT ze verhënneren. Einfach lächerlech ass ët ze
behaapten, datt Israel sech d`Land an d`Räichtümer vum Land wëll uneegnen. Wien
sech och nuren e wéineg an der Geschicht vun der Regioun auskennt, weess, datt
virun der Grënnung vum Staat Israel alles – biblesch geschwat – “wüst und leer” wor. Mat vill Energie an
Innovatiounsgeescht hunn israelesch Pionéier d`Wüst zu engem Land gemeet wou “Milch
und Honig fließt”. Vläicht ass ët an
deem Zesummenhang interessant z`ernimmen, datt Israel, wéi ët de Gaza 2007 verlooss
huet, eng gutt funktionéierend Gewächshausstruktur mat 2000 Zären hannerlooss
huet. E Joer méi spéit, hate Palästinenser alles futti geschloen.
-
la vente par Auchan de produits des colonies israéliennes
Ët gëtt wuel sécher keng méi kontraproduktiv Aktioun wéi de Boykott
vun israelesche Produkter, wann een de Palästinenser hëllefe wëll. Wann
israelesch Betriber méi lues mussen trëppelen well d`Exporter zeréck ginn, dann
entloossen se fir d`éischt hir palästinensesch Mataarbechter. All Boykott vun
Israel trëfft d`Palästinenser virun den Israelien.
No all deene Betruechtunge muss eppes opfalen: ët geet beim CPJPO
nët ëm d`Palästinenser, mee eleng GÉINT Israel. Wann ët hinne nämlech ëm d`Wuel
vun de Palästinenser géing goen, da missten se mat alle Mëttelen dogéint protestéieren:
-
datt d`Hamas am Norde vun dem
Gaza 20 jonk Palästinenser ouni Prozess standrechtlech erschoss huet wéinst Kollaboratioun
mam Feind. Hiert Verbriechen: an hiren Handyen haten se israelesch SIM-Kaarten;
-
datt d`Hamas beim Bau vun hirem
Tunnelsystem zum groussen Deel Kanner agesat huet. Déi Kanner, déi déidlech verongléckt
sinn, goufen als Märtyrer ausgezeechent. Déi Erwuessen, déi beim Tunnelbau mat
derbäi woren, si beim Ausbroch vum aktuelle Krich zum Deel erschoss ginn, fir
datt se den Israelien nët kéinte verrode, wou den Tunnelsagank wier;
-
Datt déi nämlecht Hamas-Leit 40%
vun hirem État an den Tunnelbau gestach hunn, Tunnellen, déi nët dem Schutz vun
de Bewunner vum Gaaz dingen, mee fir terroristesch Iwwerfäll op Israelien
geduecht sinn;
-
datt d`Hamas den israeleschen Zaldoten,
déi Tunnelen inspizéiert hunn, Kanner
entgéint geschéckt hunn, déi mat Sprengstoff behaange woren, dee vun den Hamas
Terroristen op Distanz gezünd gi sinn; d`Zaldote konnten hiert Liewe nure
retten, andeem se d`Kanner aus der Distanz erschoss hunn, anerefalls wieren si mat
de Kanner ëm d`Liewe komm;
-
datt a Jordanien déi vill
Palästinenser (iwwer 40% vun der ganzer Bevëlkerung) vill manner Mënscherechter
genéissen wéi all Palästinenser an Israel. An Israel hu se als israelesch
Bierger aktiivt a passiivt Walrecht, a Jordanie näischt vu béidem.
-
datt Jordanien Palästinenser,
déi aus Syrie fortlafe wëllen, mat Waffegewalt erëm zeréck dreift.
Ët kann an ët muss ee nët mat allen
Aktioune vun Israel averstane sinn. Mee wien esou eesäiteg d`Schold ëmmer erëm
bei Israel gesäit an d`Hamas, déi vun der EU als Terroristen-Organisatioun
aklasséiert ass, als d`Affer duerstellt, verléiert seng Glafwierdegkeet a muss
sech Gedanke maachen iwwert seng politesch Astellung, wann een eng
Terrororganisatioun bedingungslos stäipt an déi eenzeg Demokratie an dem ganzen
Noen-Osten verdäiwelt.
PS. An där Zäit, wou dësen Artikel zu Pabeier
bruecht ginn ass, huet eng aner Noriicht nees eng Kéier e neit Liicht op déi
aktuell Situatioun geworf. Déi arabesch Zeitung Al Hayat huet haut verëffentlecht,
wat zum Ofbroch vun de Waffestëllstandsverhandlungen zu Kairo gefouert huet. Der
arabescher Zeitung no huet den Emir Scheich Tamin Bin Hamad Thani aus dem Katar
den Hamas-Chef Khaled Maschal opgefuerdert, d`Verhandlungen zum Platzen ze bréngen,
well d`Verhandlunge vun Egypten an nët vum Katar gefouert goufen. Den Emir huet
dem Hamas-Chef ze verstoe ginn, datt hie sech misst beméien, datt de Katar zum
Vermëttler misst ginn, soss misst den Hamas-Chef de Katar verloossen. Et muss
dobäi gesot ginn, datt den Khaled Maschal seng Hamas-Terroristen aus enger
nobeler Prunkvilla zu Doha am Katar leet. Gutt behitt vun enger ganzer Arméi u
Leibwächter lieft den Hamas-Chef hei ewéi e Prënz, iwwerdeems seng “Zaldoten”
sech de Paradäis mat 7 Jofferen versichen ze verdéngen. Wann de Khaled Maschal selwer
u seng villverspriechend Theologie géing gleewen, misst hie jo deen
éischten un der Front sinn, amplaz sech knapp 2000 km hannert der Front feig ze
verstoppen.