Viru kuerzem konnt een op RTL d`Meenung vum
Paul Kremer zum Walrecht fir Auslänner lauschteren. (http://www.rtl.lu/meenung/607577.html).
Ech ka mech där Positioun nuren zu 100% uschléissen, wëll ower elei nach e puer
zousätzlech Iwwerleeungen an d`Gespréich bréngen. Iwwer deen aarmséilege
Versuch vun der Regierong mam Begrëff “Awunnerwalrecht” deen “diskriminéierende” Begrëff “Auslänner” aus der Schosslinn ze
huelen, huet de Fernand Kartheiser schonn op sengem Blog (http://fkartheiser.lu/?p=4977)
geäntwert. Ech wëll elei op verschidden aner Argumenter vun de Vertrieder vum “Auslännerwalrecht”
agoen.
Et héiert een ëmmer erëm, datt ët Apartheid
wier, d`Ausslänner nët wielen ze loossen. Dat Argument läit nun ower total dernieft.
Apartheid bezeechent een dat, wat a Süd-Afrika am 20. Jorhonnert d`politescht
Liewe bestëmmt huet. Hei huet eng zougewandert wäiss Bevölkerungsgrupp
déi agebueren (also am Land gebueren) schwaarz Bevölkerungsgrupp
ënnerdréckt. Ët wor also eng Rassendiskriminéierung vun nët einheimesche
Wäissen iwwer einheimesch Schwaarzer, déi an hirem eegene Land näischt méi ze
soen haten. Wien do Parallele mat Lëtzebuerg gesäit muss beim Optiker
passéieren.
Genee esou falsch ass ët, d`Ausschléisse
vun Auslänner bei den nationale Walen als Diskriminatioun ze bezeechnen. All
Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, si fräiwëlleg bei eis komm, mat dem
Wëssen, datt, wa si op eng komplett Integratioun géinge verzichten, d.h. also
d`lëtzebuerger Nationalitéit nët géingen unhuele, si vun de Parlamentswalen
ausgeschloss wieren. Si hunn aus wat fir Grënn och ëmmer drop verzicht, sech z`integréieren;
si wëllen eis Sproch nët léieren, si feieren hir national Fester, hu keng Anung
vun eiser Geschicht a brauchen no 20 Joer am Land nach ëmmer eng Landkaart, fir
ze gesinn wou Veiane läit. Si sinn a bleiwen Auslänner. Als Auslänner hu si bei
eis nët manner Rechter wéi a bal alle Länner vun eiser Äerd, mat deem Virdeel,
datt si no relativ kuerzer Zäit d`lëtzebuerger Nationalitéit unhuele kënnen,
ouni d`Nationalitéit vun hirer Ofstamung opzeginn (fir mech bleift ët trotzdem e
Rätsel, wéi een z.B. gläichzäiteg Lëtzebuerger a Fransous ka sinn an domadder
d`national Parlamenter an zwee Länner ka matbestëmmen; ass dat keng
Diskriminéierung vun all deenen, déi nueren an engem Land wiele kënnen?).
D`Verdeedeger vum Auslännerwalrecht bréngen
hir Argumenter gären esou eriwwer, wéi wann eis aktuell Situatioun eis vis-à-vis
vun eise Noperen an e schlecht Liicht géing stellen. Si soen ët nët, well ët absolut
falsch wier, mee si maachen eis gleewen, wéi wann d`Auslännerwalrecht op der
ganzer Welt verbreet wier. Dat ass ower absolut nët de Fall. Vum Vatikan
ofgesinn hunn d`Auslänner nach an 2 (zwee!) Länner d`Recht, bei nationale Wale
matzemaachen. Dat eent ass den Uruguay, e kommunistesch gefouerte Staat a
Südamerika, dat kaum Zouwanderung verzeechent. Dat anert ass Neiséiland, e Land
wat vill “Aussteiger” unzitt. Fir a Neiséiland anzewanderen ass nët esou
einfach. En éischte Critère ass d`Beherrsche vun der Sprooch! Mee donieft gëtt
ët nach eng Abberzuel vu Bedingungen, déi jiddereen däerf am Internet nokucken (http://www.newzealandshores.com/new-zealand-visas/permanent-residency
oder http://www.immigration.govt.nz/
). Wien ënnert deene Bedingunge nach wëllt awanderen, ass am Häerz schonn e
Neiséilänner. Nieft dësen zwee Länner gëtt ët nach Länner, déi a bi-lateralen
Ofkommes deene jeeweilegen Auslänner aus deem anere Land d`Nationalwalrecht
zougestinn. Ët sinn dat Länner, déi duerch hir gemeinsam Geschicht aus der
Kolonialzäit resp. der Zäit vum Commenwealth nach méi enk matenee verbonne sinn
(z.B. Portugal a Brasilien; England, Wales, Schottland a Nordirland).
“Wien hei Steiere bezilt, soll och hei
wiele kënne goen.” Dat Argument gëtt och ëmmer erëm ervir bruecht. Dee
logeschen Ëmkéierschloss wier: wie keng Steiere bezilt duerf nët wiele goen (Aarbechtsloser,
Hausfraen, Studenten, kannerräich Familljen, Aarbechter mat geréngem Akommes
asw.) D`Recht wielen ze goe baséiert ower nët op eisem finanzielle Beitrag zu
dësem Staat, mee eis Zougehéieregkeet,
eis gemeinsam Identitéit! D`Argument vun de Steieren hippt op alle Säiten.
Gëlt dat fir jiddereen, deen hei Steiere bezilt oder ass do e Minimum
virgesinn? Kréie Vereenegungen a Firmen, déi hei Steiere bezuelen, och national
Stëmmen? Wéi ass ët mat deene, déi all Woch e pur Mol am Land tanken (z.B. Camionneuren)
ouni hei ze wunnen an ze schaffen, ower ganz dacks méi Steieren (Accisesteier)
bezuelen, wéi e Letzebuerger? Heescht dat, datt d`Frontalieren och eist nationaalt
Parlament matbestëmme kënnen?
Wann een am Ausland doriwwer schwätzt, datt
bei eis d`Walrecht vun Auslänner diskutéiert gëtt, da muss een dat zwee Mol
soen, well d`Leit mengen, si hätte falsch verstan. Et ka kee sech virstellen
datt ët och nuren ee Land gëtt, wou d`Auslänner matbestëmmen duerfen iwwert déi
national Politik. Ët freet ee sech wierklech, wat d`Ursaach ass zu dësem
Schrëtt. Wëlle mer villäicht och doranner erëm méi europäesch wéi de Rescht vun
Europa sinn an dat federalt Europa bei eis ausprobéieren?
Nach eng Iwwerleeung zum Schluss. Ganz
dacks si mir am Ausland bei Frënn op Besuch; genee esou dacks hu mer och Leit
bei eis zu Gaascht. Als Gäscht si mir ët gewinnt, eis eiser Gaaschtfamill
unzepassen; genee esou verhalen Gäscht sech bei eis. Ech hunn ët nach ni
erlieft, datt mär als Gaascht oder eis Gäscht versicht hätten, sech an
d`Organisatioun vun der Gaaschtfamill anzemëschen. Sou lieft jiddereen am
Respekt vir den aneren.