Ech weess, datt nët jidderengem dat wäert groussaarteg gefalen, wat en elo hei liest. Mee op d`Gefor hinn, datt déi, déi fir hir Astellung vun all Mënsch Toleranz ouni Grenzen afuerderen, mech ouni déi geréngste Spur vun Toleranz hirersäits elo verbal fäerdeg wëlle maachen, hei dann elo trotzdem meng Usiicht.
- Zur Ofdreiwung
Fir d`éischt gouf ët eng “Indikatiounléisung”.
De Noweis vu sexueller Gewalt oder d`Erwaarde vun engem behënnerte Kand hunn eng
Ofdreiwung erméiglecht. Duerno gouf d`”Fristeléisung” legaliséiert, well ët jo
och nach aner Ursaache ginn, z.B. dee Lastiksbegrëff vu “sozialer Indikatioun”,
fir e Kand viru senger Gebuert ëmzebréngen. (Lo stinn erëm muncherengem d`Hoer
zu Bierg, wann en “ëmbrénge” liest. Ma wann ech eppes dout maache, wat lieft,
da maachen ech futte (Déier) oder ech bréngen ëm (Mënsch).) Ech verstinn, datt
eng Fra an enger schwiereger Situatioun ass, wa se e Kand erwaart no enger
Vergewaltegung oder mat enger geféierlecher Krankheet. Mee dat wat an hier eruwiisst
ass e Mënsch. Dat wat een ofdreift ass beileiwe nët nuren eng Knupp Fleesch (http://tinyurl.com/obt3l2x) All Kand,
dat op d`Welt kënnt, huet seng eege Wäerter! Am 15. Jorhonnert huet en dichtege
Notär zu Florenz sech u senger Sklavin vergraff. Si gouf schwanger, huet e Jong
op d`Welt gesat an hien Leonardo genannt. Hie gouf dee wuel genialste
Wëssenschaftler, deen d`Welt kennt: de Leoardo da Vinci. Am Joer 1174 huet zu
Bonn eng Fra, déi d`Schwindsucht hat, e Bouf op d`Welt gesat, obwuel d`Dokteren
hier un d`Häerz geluecht hate, keng Kanner ze kréien. De Bouf ass weltbekannt
ënnert dem Numm Ludwig van Beethoven. Nët jiddereen gëtt e Genie, mee dat huet
näischt domat ze dinn, ob d`Kand gewollt oder nët gewollt ass. All Kand soll
seng Chance kréien.
Erstaunlech ass ët, datt d`Diskussioun iwwer
Folge vun enger Ofdreiwung bei der Fra an deene seelenste Fäll thematiséiert
gëtt. Et duerf een nët iwwersinn, datt vill Fraen hiert Liewe laang un de
séilesche Folgen ze leiden hunn; an dat wäert an Zoukonft nach méi dacks de
Fall sinn, well déi obligatoresch Berodung jo soll ofgeschaf ginn.
Wann déi aktuell Fuerderunge vun de
Protagoniste vun der Ofdreiwung gestëmmt sinn, wäerten se sech gläich erëm un
den Dësch setze fir dee nächste Schrëtt virzebereeden. Dir gleeft dat nët? Abee,
zwee Dokteren, deen een aus Australien an deen aneren aus Kanada hu viru
kuerzem fir eng “postnatal abortion”, also eng Ofdreiwung NO der Gebuert plädéiert,
mam Argument, dës Kanner hätte nach keng Perséinlechkeet. Wat eng pervers
Gesellschaft, déi deen, deen eng jonk Kaz an engem Ämer Waasser ersäift, an de Schlagzeile
vun de Medien uprangert a virun de Riichter schleeft an de Muerd un ongebuerene
Kanner legaliséiert!
Wéi schéi wier ët, wa mer eis un dëser Usiicht
kéinten orientéieren: Den Dout stellt ee fest, wann d`Häerz ophält mat schloen.
Firwat stellt een d`Liewe nët fest, wann d`Häerz ufänkt mat schloen.Deel 2 (Famill a Bestiednes) an Deel 3 (Euthanasie) kommen no.
Ooch, dat mam Gefalen ass net sou weider tragesch ;)
AntwortenLöschenEch si jo emmer der Iwwerzeegung, dass dee Sujet deene gehéiert, déi et eppes ugeet: de Fraen. Soulang d'Frae kennen decidéieren, wéi se et gäeren hätten, sinn ech mat allem d'accord.
Ech als Mann hu jo schon e probat Mettel, fir Avortementer vu 'menge' 'Kanner' ze verhenneren.