An engem Interview op RTL-Lëtzebuerg huet
d`Ministesch Dieschbourg behaapt, datt bis 2016 20.000 bis 25.000 Stéit direkt
u Wandrieder ugeschloss sinn. Ech hoffe fir déi Stéit, déi solle betraff sinn,
datt dat nët de Fall ass. Ech wéilt op jidder Fall nët un engem Wandrad
ugeschloss sinn. Hei ass meng Begrënnung.
Dee Stroum, dee vun de Wandrieder geliwwert
gëtt, gëtt nët zu Onrecht vun de Fachleit als “Zappelstroum” bezeechent. Dat
hänkt fir d`éischt emol dovun of, datt de Wand jo nët ëmmer mat konstanter
Geschwëndegkeet bléist. Derbäi kënnt, datt d`Leeschtung vun engem Wandrad an
der drëtter Potenz vun der Wandgeschwëndegkeet ofhänkt. Dat bedeit, wann de
Wand nueren hallef esou staark bléist, fällt d`Leeschtung op ½ x ½ x ½ = ⅛ vun
der ursprénglecher Leeschtung, oder wann ët vun engem zolitte Wand vu 50 km/h
op douce Wand vu 5 km/h wiesselt, da bleift nach just eng Leeschtung vun 0,1%
iwwereg. Fir déi 3 nei Wandrieder am Raum Kiemen-Heischend géing dat heeschen,
dat hier Leeschtung vun 7 MW (wat theoretesch duergéing fir 1500 bis 3000 Stéit
ze versuergen) op 700 W géing zeréck goen, grad emol genuch fir eng kleng
Kaffismaschinn ze bedreiwen. Déi Grafik hei dokumentéiert, wéi d`Resultat vun
de Wandrieder an Däitschland ausgesäit. Déi hellblo Fläch weist déi
installéiert Leeschtung, déi donkelblo Zacken wat a Wierklechkeet eraus kënnt.
Zu Lëtzebuerg gesäit d`Resultat nët besser aus, am Géigendeel; well doduerch
datt an Däitschland d`Wandrieder iwwer eng vill méi grouss Fläch verdeelt sinn,
ass d`Wandverdeelung méi ausgeglach.
Lo kënnt natierlech den Awand, mer kéinten
déi Energie jo späicheren. Elektresch Energie léisst sech direkt nuren a
Akkumulatoren (Batterien) späicheren. Verglach mat der gesamter technescher
Entwécklung an deene leschten 100 Joer huet sech op deem Gebitt de Fortschrëtt
a bescheidene Grenze bewegt. Mer sinn haut nach nët vill méi wäit wéi zur Zäit
vum éischten Auto. Grenzen sinn eis zum groussen Deel duerch Naturgesetzer
gesat, an de wiertschaftlechen Opwand ass esou grouss, datt esou Späichermedien
sech nuren lokal begrenzt asetze loossen.
Eng Method, déi äifreg diskutéiert gëtt, an
hei zu Lëtzebuerg beschtens bekannt ass, ass d`Späicherung vun Energie a
Pompspäicherwierker. Loosse mer de Fall emol méi genee analyséieren (all déi
Wäerter, déi elo opgezielt sinn, sinn Duerchschnëttswäerten, fir d`Rechnung
iwwersiichtlech ze halen) .
-
D`Pompspäicherwierk SEO zu
Veianen huet eng Maximal-Leeschtung am Turbinebetriib (Maschinnen 1 bis 11) vun
1296 MW.
-
Den Duerchschnëttleche pro Dag-Verbrauch
un elektrescher Energie zu Lëtzebuerg läit bei 17 GWh. (Statec 2013: 6231 GWH)
-
Mat deene neie Wandrieder am
Wandpark Kiemen-Heischent steet eis bei optimale Bedingungen (richteg
Wandgeschwindegkeet) eng Leeschtung vu 65 MW zur Verfügung. Déi kéinten, ëmmer
nach ënner optimale, gläichbleiwende Bedingungen, 1,56 GWh Energie pro Dag liwweren.
-
Wa mer 25% vun eisem
Energiebedarf ( 17 x 0,25 = 4,25 GWH) duerch Wandrieder decke wéilten, bräichte
mer ongeféier 2,74 Mol esou vill Wandrieder mat enger Gesamtleeschtung vun ca 177,8
MW
-
Bei engem Dag ouni Wand géingen
eis 4 267,5 MWH Elektresch Energie feelen. Dat ass dat (4267,5/1296 = 2,6) 3,3-facht
vun deem wat d`SEO eis zur Verfügung kéint stellen, d.h. no 7,3 Stonnen sinn
d`Uewerbecken um Niklosbierg eidel.
Fazit: mir bräichten 2,74 Mol esou vill
Wandrieder an nach zousätzlech 2,3 SEO-gläich Pompspäicherwierker fir nueren
een Dag ouni Wand iwwer d`Ronnen ze kommen. Da musse mer nach bedenken, datt
Wandanlagen eng “Auslaaschtung” vu 16 bis 22% hunn. Dat heescht, am Schnëtt
liwweren se nuren deen Undeel un Energie (kuckt déi Graphik uewen am Artikel).
Wa mer 20% viraussetzen heescht dat, datt mer 5 Mol esou vill Wandrieder
brauchen, fir déi erfuerderlech Leeschtung ze liwweren. Mer bräichten also keng
54 an och keng 148, mee 740 Wandrieder fir iwwer de Wee vu Pompspäicheranlagen
25% vun deem momentane Verbrauch un elektrescher Energie mat Wandrieder ze
liwweren. Dat heescht flächendeckend stéing am lëtzebuerger Land all 3,5 qkm e
Wandrad!
Elo ka jidderee selwer versichen sech
virzestellen, wéi d`Situatioun wier,
-
wa mer méi wéi 24 Stonne kee
Wand hunn. Kuckt emol an der Graphik de Beitrag vun der Wandenergie am
Juli-August 2010 oder am November 2011! Wien do op de Wand baut, kuckt ganz
domm aus der Wäsch!
-
wa mer och nach fossil Brennstoffer
duerch Wandenergie ersetze wéilten. Am Referenzjoer 2013 goufen Uelegprodukter
mat enger Gesamtenergie vu knapp 32 000 GWh verbraucht; dat ass méi wéi dat
5-facht vun der Stroumproduktioun.
Op den Impakt vun der Wandenergie op Mënsch
a Natur wëll ech an engem anere Beitrag agoen. Déi Fro, déi een sech elo awer
scho ka stellen ass déi, ob mer eis Zukunft, wat d`Energieversuergung mat esou
enger onsécherer Energiequell ubelaangt,
op d`Spill wëlle setzen.
Am Raum Buerschent (Wandpark Heischent-Kiemen) ginn 3 Wandrieder opgeriicht, déi engem ëmmer am Bléckfeld stinn, wann een op der Buerg d`Natur wëllt bewonneren. Zwee vun deene Rieder wäerten eng Héicht vun ca 184 m hunn. Hei ka jiddereen sech e Bild maachen, wat déi Rieder fir eng Héicht hunn. Am gläiche Moossstaf steet do den Ulmer Münster mat deem héchste Kierchtuerm vun der Welt, 161 m héich! Gehéiert deen eemolegen Ausbléck, deen een aus dem Buerschter Schlass huet, nët och zu eisem kulturelle Patrimoine?
Wann ët ëm d`Aplanzen vu “regenerativen”
Energiequelle geet, dann ass e kritesche Geescht gefrot, an deen, Mme
Dieschbourg, behaapt der jo ze hunn!