Dienstag, 23. Juni 2015

Wandenergie – mee wat ass derhannert?


An engem Interview op RTL-Lëtzebuerg huet d`Ministesch Dieschbourg behaapt, datt bis 2016 20.000 bis 25.000 Stéit direkt u Wandrieder ugeschloss sinn. Ech hoffe fir déi Stéit, déi solle betraff sinn, datt dat nët de Fall ass. Ech wéilt op jidder Fall nët un engem Wandrad ugeschloss sinn. Hei ass meng Begrënnung.

Dee Stroum, dee vun de Wandrieder geliwwert gëtt, gëtt nët zu Onrecht vun de Fachleit als “Zappelstroum” bezeechent. Dat hänkt fir d`éischt emol dovun of, datt de Wand jo nët ëmmer mat konstanter Geschwëndegkeet bléist. Derbäi kënnt, datt d`Leeschtung vun engem Wandrad an der drëtter Potenz vun der Wandgeschwëndegkeet ofhänkt. Dat bedeit, wann de Wand nueren hallef esou staark bléist, fällt d`Leeschtung op ½ x ½ x ½ = ⅛ vun der ursprénglecher Leeschtung, oder wann ët vun engem zolitte Wand vu 50 km/h op douce Wand vu 5 km/h wiesselt, da bleift nach just eng Leeschtung vun 0,1% iwwereg. Fir déi 3 nei Wandrieder am Raum Kiemen-Heischend géing dat heeschen, dat hier Leeschtung vun 7 MW (wat theoretesch duergéing fir 1500 bis 3000 Stéit ze versuergen) op 700 W géing zeréck goen, grad emol genuch fir eng kleng Kaffismaschinn ze bedreiwen. Déi Grafik hei dokumentéiert, wéi d`Resultat vun de Wandrieder an Däitschland ausgesäit. Déi hellblo Fläch weist déi installéiert Leeschtung, déi donkelblo Zacken wat a Wierklechkeet eraus kënnt. Zu Lëtzebuerg gesäit d`Resultat nët besser aus, am Géigendeel; well doduerch datt an Däitschland d`Wandrieder iwwer eng vill méi grouss Fläch verdeelt sinn, ass d`Wandverdeelung méi ausgeglach.

 
Datt esou eng onzouverléisseg Energiequell nach weider Problemer no sech zitt, läit op der Hand! Et kann een d`Zuel vun de Wandrieder vergréisseren. Da gesäit dat wat vun der Natur nach iwwereg bleift esou aus:

 

 
...mee besser ass d`Resultat nët ginn, am Géigendeel. Wann nët e Minimum u Wand bléist – an dat während Deeg – da gëtt och vum 10-fachen u Wandrieder keng Energie geliwwert, well 10 x 0 ass nach ëmmer Null. Wann ower e staarke Wand bléist, dann hu mer en Iwwerschoss u sougenannter “erneierbarer Energie”, well mer eis verflichten, dëse Stroum ofzehuelen. Well dëse Stroum eng schlecht Qualitéit huet (och dat gëtt ët beim Stroum: onstabil a Spannung a Frequentz well vum Wand gesteiert) musse mer versichen dee Stroum am Ausland lass ze ginn, andeems mer nach bezuele, fir datt anerer en huelen. (Beispill: de 16. Februar 2014 huet Däitschland 629.662 Euro bezuelt fir iwwerflëssege Stroum aus Wand a Photovoltaik lass ze ginn, Stroum, deen se de Besëtzer vu Wandrieder a Solarelementer vertraglech gebonnen iwwert dem Handelspräis ofkaaft hunn. Zesummen huet deen däitsche Stroumclient op deem Weekend 290 Milliounen Euro bezuelt fir Stroum, dee kee gebraucht huet.)

Lo kënnt natierlech den Awand, mer kéinten déi Energie jo späicheren. Elektresch Energie léisst sech direkt nuren a Akkumulatoren (Batterien) späicheren. Verglach mat der gesamter technescher Entwécklung an deene leschten 100 Joer huet sech op deem Gebitt de Fortschrëtt a bescheidene Grenze bewegt. Mer sinn haut nach nët vill méi wäit wéi zur Zäit vum éischten Auto. Grenzen sinn eis zum groussen Deel duerch Naturgesetzer gesat, an de wiertschaftlechen Opwand ass esou grouss, datt esou Späichermedien sech nuren lokal begrenzt asetze loossen.

Eng Method, déi äifreg diskutéiert gëtt, an hei zu Lëtzebuerg beschtens bekannt ass, ass d`Späicherung vun Energie a Pompspäicherwierker. Loosse mer de Fall emol méi genee analyséieren (all déi Wäerter, déi elo opgezielt sinn, sinn Duerchschnëttswäerten, fir d`Rechnung iwwersiichtlech ze halen) .

-        D`Pompspäicherwierk SEO zu Veianen huet eng Maximal-Leeschtung am Turbinebetriib (Maschinnen 1 bis 11) vun 1296 MW.

-        Den Duerchschnëttleche pro Dag-Verbrauch un elektrescher Energie zu Lëtzebuerg läit bei 17 GWh. (Statec 2013: 6231 GWH)

-        Mat deene neie Wandrieder am Wandpark Kiemen-Heischent steet eis bei optimale Bedingungen (richteg Wandgeschwindegkeet) eng Leeschtung vu 65 MW zur Verfügung. Déi kéinten, ëmmer nach ënner optimale, gläichbleiwende Bedingungen, 1,56 GWh Energie pro Dag liwweren.

-        Wa mer 25% vun eisem Energiebedarf ( 17 x 0,25 = 4,25 GWH) duerch Wandrieder decke wéilten, bräichte mer ongeféier 2,74 Mol esou vill Wandrieder mat enger Gesamtleeschtung vun ca 177,8 MW

-        Bei engem Dag ouni Wand géingen eis 4 267,5 MWH Elektresch Energie feelen. Dat ass dat (4267,5/1296 = 2,6) 3,3-facht vun deem wat d`SEO eis zur Verfügung kéint stellen, d.h. no 7,3 Stonnen sinn d`Uewerbecken um Niklosbierg eidel.

Fazit: mir bräichten 2,74 Mol esou vill Wandrieder an nach zousätzlech 2,3 SEO-gläich Pompspäicherwierker fir nueren een Dag ouni Wand iwwer d`Ronnen ze kommen. Da musse mer nach bedenken, datt Wandanlagen eng “Auslaaschtung” vu 16 bis 22% hunn. Dat heescht, am Schnëtt liwweren se nuren deen Undeel un Energie (kuckt déi Graphik uewen am Artikel). Wa mer 20% viraussetzen heescht dat, datt mer 5 Mol esou vill Wandrieder brauchen, fir déi erfuerderlech Leeschtung ze liwweren. Mer bräichten also keng 54 an och keng 148, mee 740 Wandrieder fir iwwer de Wee vu Pompspäicheranlagen 25% vun deem momentane Verbrauch un elektrescher Energie mat Wandrieder ze liwweren. Dat heescht flächendeckend stéing am lëtzebuerger Land all 3,5 qkm e Wandrad!

Elo ka jidderee selwer versichen sech virzestellen, wéi d`Situatioun wier,

-        wa mer méi wéi 24 Stonne kee Wand hunn. Kuckt emol an der Graphik de Beitrag vun der Wandenergie am Juli-August 2010 oder am November 2011! Wien do op de Wand baut, kuckt ganz domm aus der Wäsch!

-        wa mer och nach fossil Brennstoffer duerch Wandenergie ersetze wéilten. Am Referenzjoer 2013 goufen Uelegprodukter mat enger Gesamtenergie vu knapp 32 000 GWh verbraucht; dat ass méi wéi dat 5-facht vun der Stroumproduktioun.

Op den Impakt vun der Wandenergie op Mënsch a Natur wëll ech an engem anere Beitrag agoen. Déi Fro, déi een sech elo awer scho ka stellen ass déi, ob mer eis Zukunft, wat d`Energieversuergung mat esou enger onsécherer  Energiequell ubelaangt, op d`Spill wëlle setzen.

 

 
 


 
Am Raum Buerschent (Wandpark Heischent-Kiemen) ginn 3 Wandrieder opgeriicht, déi engem ëmmer am Bléckfeld stinn, wann een op der Buerg d`Natur wëllt bewonneren. Zwee vun deene Rieder wäerten eng Héicht vun ca 184 m hunn. Hei ka jiddereen sech e Bild maachen, wat déi Rieder fir eng Héicht hunn. Am gläiche Moossstaf steet do den Ulmer Münster mat deem héchste Kierchtuerm vun der Welt, 161 m héich! Gehéiert deen eemolegen Ausbléck, deen een aus dem Buerschter Schlass huet, nët och zu eisem kulturelle Patrimoine?

Wann ët ëm d`Aplanzen vu “regenerativen” Energiequelle geet, dann ass e kritesche Geescht gefrot, an deen, Mme Dieschbourg, behaapt der jo ze hunn!

5 Kommentare:

  1. Dir kämpft hei och am iwwerdroenen Senn géint Wandmillen :)

    Als éischt emol ass erauszestellen, dass Däitschland et mettlerweil fierdegbrengt, e Véirel vu sengem Stroum aus erneierbaren Energien hierzestellen. Dat ass en impressionant Resultat dofir, dass een eréischt virun e puer Joer ugefaang huet, dat systematesch ze förderen. Länner wéi Spuenien, déi méi vum Wieder verwinnt sinn, packen et schon op d'Halschescht. Et geet also, onofhängeg vun Äere Rechnungen.

    Zweetens, dass Dir d'Vue op d'Wandrieder net schéi fannt, kann ech novollzéien. Ech perséinlech fannen se flott, mee dat ass Affaire de Gout. An douewe gesäit een der esoulues nawell vill. Mee kommt emol erof an d'Gutland, da kuckt Iech emol un, vun wéivill Plazen aus een Kettenuewe gesäit. Oder kuckt mol am Minette, wou d'Leit d'Geméis aus dem Gaart net dierfen huelen, well d'Twinerg drop gespaut huet. Do hun d'Leit dann eventuell eng aner Appréciatioun :)

    Infrastruktur fir eng modern Gesellschaft opriichtserhalen - an dozou gehéiert d'Stroumproduktioun - ass ni eppes schéins. Mee wann een duerch Wand/Waasser/Sonn kann den Dreck reduzéiren, deen Gas/Mazout/Kuelen/Uran verursaachen, ass dat en Nettogewenn. Ekologesch an ekonomesch.

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. Här Guddebour, Dir braucht Iech keng Suergen ze maachen. Ech si Realist a kämpfe weder géint déi reell Wandmille (déi kënne jo nët dofir, si follege just de physikalesche Gesetzer a weisen domat méi “Verstand”, wéi déi, déi se opgestallt hunn a mengen, si kéinten d`Naturgesetzer ignoréieren), nach géint déi, déi eis mat deene Wandrieder beglécken. Ech wëll nuren opklären iwwer d`Sënnlosegkeet vun deene Konstruktiounen. Dat ass mer allem Uschäin bei Iech nët gelongen .. mee wat nët ass, ka jo nach kommen, ët soll een d`Hoffnung ni op ginn.
      Wéi kënnt Dir behaapten, datt “Däitschland et mettlerweil fierdegbrengt, e Véirel vu sengem Stroum aus erneierbaren Energien hierzestellen”. Do erzielt Dir och nure weider, wat anerer Iech gesot hunn. Kuckt Iech emol déi éischt Grafik (EEX Windenergie) un a versicht ze verstoen, wéi esou en onstabile System ët soll fäerdeg bréngen, zum groussen Deel zu deene 25 % bäizedroen. Bei der Energieversuergung kënnt ët nët drop un, wat déi verschidde Systemer hei ans do liwweren (nach Lust und Wetterlaune), mee wéi wäit se zur Grondversuergung bäidroe kënnen. Wann ët hëlleft, da stellt Iech dat emol bildlech unhand vun engem Auto duer: e geet – nët wann Dir e braucht – mee wann z.B. grad de Wand bléist. A wann dat grad am Biergof ass, da braucht Dir dat u Bremsscheiwe wat der u Benzin spuert.
      “...systematesch ze förderen”, jo, dat maachen se wéi déi Grouss déi Säit vun der Musel. Frot emol déi Leit, déi déi “Förderung” all Mount mat hirer Stroumrechnung mat finanzéiere mussen (si nennen dat ganz elegant “Energieumlagen”, d.h. do fléisst d`Geld vum sougenannte klenge Mann staatlech gelenkt an deem décken Wandrieder-Bauhär seng Täschen), wat si dovunner halen. Däitschland ass an der Tëschenzäit Spëtzereider wat d`Stroumpräisser ubelaangt. An sou gëtt ët elo schonn e pur honnertdausend Stéit, déi hire Stroum nët méi bezuele kënnen. Dee grénge “Weess-alles-besser” Trittin hat emol gemengt, d`”Energiewende” géif keen méi deier ginn wéi eng Bull Glace. Hien hat vergiess derbäi ze soen, wéi grouss déi Bull wier.
      “Länner wéi Spuenien, déi méi vum Wieder verwinnt sinn, packen et schon op d'Halschescht. Et geet also, onofhängeg vun Äere Rechnungen.” Meng Rechnungen hu näischt mat Spuenien ze dinn, mee mat der Geldverschwendung beim Baue vun esou Anlagen zu Lëtzebuerg. Ech wëll nët weider op d`Energiesituatioun a Spuenien agoen, well déi ass nach laang nët esou grandiéis, wéi Dir ët mengt, weder um ekologeschen , nach um ekonomesche Plang.
      Datt Iech de Waasserdamp (mat 0,04% resp 400ppm CO2) vu Kettenuewen an de Rascht vun Twinberg nët gefalen, kann ech verstoen; dat mécht ower duerfir d`Verschandlung vun eiser Natur duerch Wandrieder nët wett. Iwweregens gëtt duerch e Wandrad nueren theoretesch CO2 agespuert. Well d`Wandrieder jo esou “zouverléisseg” sinn (kuckt nach eng kéier d`Grafik), musse parallel derzou eng grouss Zuel vun “Drecksschleideren” (Ueleg- a Gaskraaftwierker) am Leerlauf matlafen, fir all déi naturbedéngte Schwankungen opzefänken. D`Resultat dovunner, an domat kommen ech erëm op Äert Beispill Däitschland zeréck, ass keng Reduzéierung vum gesamt CO2 –Ausstouss, mee eng kontinuéierlech Steigerung. Mee wéi heescht ët am Land vun den Dichter an Denker: “Darüber schweigt des Sängers Höflichkeit”.

      Löschen
  2. Ech weess jo ni sou genau, ob Dir déi Saachen net wesst, oder ob der se einfach net well ernimmen. Dofir - et ginn hei: https://de.wikipedia.org/wiki/Erneuerbare_Energien interessant Informatiounen.

    Wat den 'onstabile System' ugeet, ass dat net relevant. Et gi ganz gudd Prognose fir Wand a Solar, déi an engem 24-48h-Zäitraum präzise genuch sinn. Deementspriechend kennen déi konventionell Zentralen nogeregelt ginn.

    Dass am Fall vun Däitschland de Stroumpräis esou eropgaangen ass, ass spezifesch fir Privatklienten de Fall. Do gett mat Subventiounen esou gespillt, dass et fir industriellklienten spottbelleg ass, dat mussen dei Privat matbezuelen.

    An 'am Leerlauf' leeft net méi vill mat. D'Kuelenzentrale laafen zum Deel fest duerch an de Stroum get an d'Ausland verkaaft.

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. Här Guddebour, nach eemol: kuckt Iech déi Grafik vun dem Leeschtungsverlaf vun de Wandrieder nach eemol objektiv un an da stellt Dir Iech vir, dat wier d`Leeschtungskurv vun engem Apparat, deen Iech doheem zu Dingschte stoe soll. Wann Dir mat Iech selwer éierlech sidd, da musst Dir zouginn, datt Dir nët emol wéilt, datt Är Kaffismaschinn esou en Zappelverhalen hätt. Ob Dir dat dann nach ëmmer “net relevant” fannt, bezweifelen ech ganz staark! Dee Wiederfräsch géing ech gäre gesinn, deen esou fantastesch Wiederprognosen erstelle kann, datt schonn all Sonn- a Wandschwankung bis 24 Stonnen am viraus an d`Computeren vun de konventionellen Zentralen aprogramméiert kënne ginn.
      Op der anerer Säit verstinn ech ower Är Onbekëmmertheet, mat der Dir Iech esou vir d`Wandrieder begeeschtert. Wann ee seng Weisheet eleng bei Wikipedia siche geet, da muss een sech bewosst sinn, datt een hei meeschtens nuren eng Säit vun der Medail ze gesi kritt. Wann do bis déi richteg “Fachleit” sech en Thema ënnert de Nol gerass hunn, da gi keng Géigenargumenter méi ugeholl. Et gëtt och nach aner Fachliteratur, an nawell besserer!
      Dat “Spill mat de Subventiounen”, wéi Dir ët nennt, hënnert munchereen nach roueg ze schlofe: dee bescheidene Bierger, dee seng Stroumrechnung nët méi bezuele kann, an de Fabrikshär, dee Stroumpräisser op sech zoukomme gesäit – där fantastescher Energiewend sief ët gedankt – datt hie seng Produktionshale geschwënn an d`Ausland plënnere muss, fir nach konkurenzfäheg ze bleiwen. De Stroum ass iwweregens zanter der E-Wend nët méi bëlleg ginn, mee méi deier, an dat fir jiddereen!
      Äre läschte Saz huet mech laache gedoen. Do verdénge mer eis gären den CO2-fräien Ökohimmel, an da produzéiere mer fläisseg Kuelestroum, dee mer dann un d`Ausland verkafe; d`Haaptsaach eise Stroum ass gréng (Ech befaasse mech elo zanter iwwer 50 Joer mat elektreschem Stroum an hunn an all deene Joren nach kee fuerwege Stroum begéint!). A wann déi da grad esou dichteg Zappelstroum produzéieren an hier Kuelewierker weider lafe loossen, wat maache mer dann?
      Vill Spaass beim Versuch, dee Problem – och um ekonomesche Plang – ze léisen. Dir kënnt jo mol bei Wikipedia kucken; déi hu bestëmmt erëm eng Schlau Äntwert parat!

      Löschen
  3. Dieser Kommentar wurde vom Autor entfernt.

    AntwortenLöschen