(2.
Den Afloss vun dem
Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft)
·
Sklaverei
Schon zu bibleschen Zäiten haten d`Chrëschten
eng aner Astellung géintiwwer der Sklaverei. Wuel hu si d`Sklaven opgefuerdert,
hire Meeschteren ze follegen (z.B. Epheser Bréif 6,5), si selwer hun d`Sklaven
ower als gläichwäerteg Mënsche gesinn (z.B. 1. Korintherbréif 12,13). E ganzt
Buch aus dem Neien Testament (Bréif un de Philemon) beschreift d`Beméiunge vum
Paulus, de Sklav Onesimus, dee vu sengem Meeschter fortgelaf wor, als fräie
Mënsch bei saïn ale Meeschter zeréck ze féieren.
An den USA war ët de Quäker Anthony Benezet,
deen sech als éischten géint déi deemoleg Form vu Sklaverei agesat huet. A
verschiddene Schrëften huet hien am 18. Joerhonnert d`Situatioun vun de Sklave
beschriwwen. Zu Philadelphia huet hien eng Schoul fir schwaarz Kanner gegrënnt
an kuerz duerno mat der “Society for the
Relief of Free Negroes Unlawfully Held in Bondage” déi éischt Gesellschaft
gegrënnt, déi sech mam Sklaveproblem befaasst huet. Et kann een hien zu Recht
als de Begrënner vun der Anti-Sklave-Bewegong bezeechnen. De Methodist John
Wesley huet sech duerch d`Initiativ vum Benezet encouragéiert gespiert an sech
am Joer 1774 a senger Schrëft “Thoughts
about Slavery” zum Verdeedeger vun
de Sklaven an zum Ukléier vun de Sklavenhaler
gemeet.
An Europa sinn ët besonnesch zwee chrëschtlech
Männer, déi sech beim Kampf géint d`Sklaverei ervir gedunn hunn. Et sinn dat de
John Newton (1725-1807) an de William Wilberforce (1759-1833), déi an England
eng joerelaange Campagne gefouert hunn. De Newton wor selwer a senge jonke Joeren
als Schëffskapitän beschäfteg, Sklaven aus Afrika op d`Sklavenhandelsplazen ze
féieren. No senger Bekéierung huet hie sech komplett géint d`Sklavegeschäft
gekéiert. Als Anglikanesche Paschtouer huet hien seng ganz Energie agesat, fir
fir d`Fräiheet vun de Sklaven ze kämpfen. De Newton, deem mer dat Lidd “Amazing Grace” verdanken, huet spéider
de Wilberforce ëmmer erëm a sengen Ustrengunge géint Sklaverei ënnerstëtzt. Den
evangelesche Chrëscht huet sech als Member vum Englesche Parlament als Leeder
vun den Abolitionisten géint Sklaventum agesat. E laange Kampf huet hien och
kierperlech ëmmer erëm geschwächt, mee hien huet nët noginn. No 26 Joer
onermiddlechem Asaz ass hien den 29 Juli 1833 gestuerwen, 3 Deeg nodeem den “Slavery Abolition Act” a Kraaft getruede
war.
·
Rassendiskriminéierung
Et soll elei drun erënnert ginn, datt ët
apaart Chrëschte woren, déi de gewaltfräie Kampf géint d`Apaartheet ugereegt an
och ugefouert hunn.
A Südafrika stécht do ganz besonnesch den anglikanesche
Bëschof Desmond Mpilo Tutu ervir. No de Protester vu Soweto (1976) huet hie
sech fir e wirtschaftleche Boykott vu Südafrika staark gemeet. Ëmmer erëm huet
hien zu friddleche Protestmärsch opgeruff, éier 20 Joer méi spéit
d`Rassendiskriminéierung iwwerwonne wor.
An den USA steet eng kleng, bescheide
Chrëschtin um Ufank vun dem laangen, awer erfollegräiche Kampf géint
d`Rassendiskriminéierung. Zu Montgomery/Alabama huet déi jonk schwaarz Fra Rosa
Parks, midd no engem laangen Aarbechtsdag, hir Plaz am Bus nët fir e Wäissen
opginn. Déi gleeweg Chrëschtin, déi spéider bekannt huet, d`Kraaft zu deem
perséinleche Boykott hätt si an hirem Glawe fonnt, gouf verhaft an zu enger
Strof veruerteelt. Duerop ass e Boykott géintiwwer der Busgesellschaft
ausgeruff ginn, an e jonke Baptistepastor ass un d`Spëtzt vun der Bewegung
geruff ginn. Säin Numm ass haut an der ganzer Welt bekannt als Synonym fir
gewaltfräie Protest: Dr. Martin Luther King Jr. Ouni besonne Mënsche vu Glawen
wieren d`Vereenegt Staten mat Sécherheet an e Biergerkrich geroden.
Onermiddlech hu si zu Fridden an Nächsteléift opgeruff. De Martin Luther King
ass de 4. Abrëll 1968 duerch d ‘Kugelen vun engem aarmséilege Mäerder
gestuerwen, fir als e nationalen Held bis haut an den Häerzer vu ville Mënsche
weider ze liewen.
·
Chrëschten am Krich an a Krisegebidder
Och wann ee bekloe muss, datt am Zesummenhang
mam 2. Weltkrich grouss Deeler vun der Kierch mat ville vun hire Vertrieder
allze séier op den Nazi-Zuch opgespronge sinn, sou muss een trotz allem
zouginn, datt – nieft deene ongezielten Affer un der Front – vill Chrëschten hiert d`Liewe riskéiert an
och zum Deel verluer hunn am Kampf géint de Naziregime. D`Roll vun der “Bekennender Kierch” gëtt leider an deem
Kontext ze séier iwwersinn. Et sief duerfir hei nueren u säi prominenteste
Vertrieder erënnert. Den Dietrich Bonhoeffer, e luthereschen Theolog huet a
Priedegt a Schrëft sech nët gescheit, déi ongeschminkte Wourecht ze erklären.
Ëmmer nees gouf hie verhaft a gefoltert, e krutt Ried- a Schreifverbuet. Dat
huet hien nët dru gehënnert, weider den Nazirégime unzegräifen. Hien huet ët
ofgeleent, an d`USA auszewanderen, fir kuerz duerno nees verhaft ze ginn. Hien
ass den 9. Abrëll 1945 am KZ Flossenbürg erhaange ginn. Leit wéi den Bonhoeffer,
déi sech offe géint den Hitler gestallt hunn, oder wéi de Franziskaner Pater
Maximilian Kolbe, déi hiert Liewen heldenhaft fir anerer ginn hunn, hunn déi
Aufgab erfëllt, zu deenen Chrëschten am Krich opgeruff sinn: sech fir
d`Wourecht an d`Recht vun all Mënsch op Fridden a Fräiheet anzesetzen.
Zu esou Helden duerf een och de kathoulesche
Priister a Bëschof vu San Cristobal/Mexiko (Asaatz géint d`Ënnerdréckung vun de
Maya, den Urbewunner vu Mexico) derbäi zielen, grad esou wéi den Dom Hélder
Câmara, Äerzbëschof vun Olinda a Recife/Brasilien (Kämpfer fir Mënscherechter a
géint den Terror vun der Militärdiktatur a Brasilien), oder och nach den Oscar
Arnulfo Romero, Äerzbëschof vu San Salvador (Kämpfer géint den Aarmut,
d`Ënnerdréckung, d`Folter an d`sozial Ongerechtegkeet a sengem Land), deen
während enger Mass um Altor erschoss gouf.
Si all stiechen ervir, well si Leit mat Numm a
Rang woren. Mee an hirem Kampf si si ënnerstëtzt gi vun ongezielten anere
Chrëschten, vun deenen der vill hiert Liewe gelooss hunn fir eng gerecht Saach.
·
Naturschutz
Wann ët fir Chrëschten eigentlech normal misst
sinn, sech fir de Schutz vun der Natur anzesetzen, well se jo domatt Gott, deen
dat geschafen huet, d`Éier ginn, gëtt ower och eng Part bemierkenswäert
chrëschtlech Perséinlechkeeten, déi mer haut ouni ze Zécken als bedeitend
Naturschützer géinge bezeechnen.
Ganz uewe steet do mat Sécherheet de Franz vun
Assisi, deen nët nuren duerch säi Sonnegesank
gären als heemleche Patréiner vun de Naturschützer ugesi gëtt.
Méi e moderne Vertrieder vum Naturschutz ass
sécherlech de Nikephorus vu Chios. Hie wor e Klouschterbrudder op der klenger
griichescher Insel Chios. Enn 18.-Ufank 19. Joerhonnert huet hie sech am
Klouschter em déi jonk Beem gekëmmert. Duerch hien goufen Chios, wou bis dohin
nuren Sträicher gewuess sinn, ëmmer méi Beem geplanzt, am Ufank vun him selwer,
duerno vun de Bewunner, déi vum Klouschter d`Beem zer Verfügung gestallt
kruten.
Säi Géigestéck wor zur nämlechter Zäit an
Pennsylvania de Missionär John Chapman (haut nach a Kannergeschichten als
Johnny Appelseed erëmzefannen), deen a groussen Deeler vu Pennsylvania, Ohio,
Indiana an Illinois onermiddlech Äppelbeem geplanzt huet.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen