(2.
Den Afloss vun dem
Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft)
·
Entwécklung vun der Sprooch
Et sollt een nët iwwersinn, datt zwou vun eise
wichtegste Sproochen, Däitsch an Englesch, grad duerch den Afloss vu
chrëschtleche Bibeliwwersetzer eng eenheetlech Schrëftform kruten. D`Sprooch
vum Luther huet déi ongezielten däitsch Lokaldialekter zu enger allgemeng
verständlecher (dem Volk aufs Maul
schauen) Ëmgangssprooch gemaach an
hat domadder och en Afloss op dat Lëtzebuergesch, wat mer haut an eisem Ländche
schwätzen. Dem William Tyndale seng englesch Bibeliwwersetzung aus dem 16.
Jorhonnert fënnt een haut nach erëm an der bekannter King James Iwwersetzung.
Ower och haut nach sinn ët grad chrëschtlech
Missionären, déi am Optrag vu Bibelgesellschaften oder dem Wicliffe Institut fir
Minoritéiten iwwert d`ganz Welt Sproocheschrëften ausschaffen an d`Leit liesen
a schreiwe léieren. Millioune vu Mënschen an eiser Zäit konnten esou viir
d`éischt an hierem Liewen hir Sprooch liesen.
·
Musik
Et ass de Poopst Gregor den Éischten, deem mer
de Grondprinzip vun der Musiknotatioun ze verdanken hunn. Hien huet zur
Entwécklung vun der Aacht-Nouten-Oktav bäigedroen an den ënnerschiddlechen
Toundaueren spezifesch Symboler
zougeuerdent.
De Guido vun Arezzo, en italienesche
Mönch, huet am 11. Jorhonnert wuel dee
bedeitendste Fortschrëtt an der schrëftlecher Duerstellung vu musikalesche
Wierker ervir bruecht. Hien huet duerch
säi Linne-System den Terzofstand, wéi mer en haut nach kennen, däitlech gemeet. Säi 4-Linne-System fanne mer
haut nach am Gregorianesche Gesank erëm. Hien huet och den Nouten déi
laténgesch Bezeechnung ginn, déi mir haut nach benotzen: do (ursprénglech ut) – re – mi ...
D`Aarbecht vum Guido vun Arezzo huet ët
eréischt erméiglecht, datt grouss Musekskompositiounen zu Pabeier konnte
bruecht ginn. Ganz vill vun deene Kompositioune ginn op chrëschtlech Musiker
zeréck. Sou sinn an der Kierch eng ganz Rei vun neie Museksformen entstan.
e Motet huet als eng Aart Sprochgesang säin
Urspronk an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis fonnt. Aus dem Motet ass an der
Kierch vun England den Anthem entstan. Och de Madrigal, deen ee kéint als
gesonge Gedicht charakteriséieren, huet säin Urspronk an der Chouermusik vun de
grousse Kathedralen. De Palestrina, deen honnerte vu chrëschtleche
Kompositioune geschriwwen huet, wor ee vun de prominente Vertrieder vun dëser
Museksaart. En Oratorium (aus dem Laténgeschen: Oratorius = Gebiet) ass
meeschtens e gesonge bibleschen Text.
Ganz bekannt ass de “Messias” vum Händel an dem Haydn seng “Sieben letzten
Worte Jesu am Kreuz”. Och d`Symphonie huet hir Wuerzelen an der Kierch. Den
Giovanni Gabrieli, Organist an der Markuskierch zu Venedeg, huet mat senger
“Sacrae symphoniae” de Grondsteen fir all weider symphonesch Wierker geluecht.
Wann ee vu grousse Komponiste schwätzt, da
kënnt ee laanscht zwee nët erlaanscht: de Johann Sebastian Bach an de Georg
Friedrich Händel, déi bal all Wierk mat dräi Buschtawen signéiert hunn – SDG
(Soli Deo Gloria). Och vill aner grouss Komponisten hunn ëmmer nees ob biblesch
Themen zeréckgegraff als Theme fir hir Kompositioun.
Zu eiser Zäit begeeschtere sech vill Leit fir
de “Gospel”. Déi meescht si sech ower nët bewosst, datt “Gospel” dat englescht Wuert
fir “Evangelium” ass. Dës Aart huet sech aus dem Gesank vu schwaarze Sklaven an
den USA entwéckelt an ass haut nach Zeie vun der Kraaft an dem Trouscht deen
d`Sklaven an der Botschaft vun der Bibel
fonnt hunn.
·
Literatur
Wat d`Konscht vum Schreiwen ugeet, sou
stiechen an eiser Zäit wuel zwee engleschsproocheg Schrëftsteller ervir: den J.R.R. Tolkien mat
“The Lord of the Rings” an den C.S. Lewis mat “The Lion, the Witch and the
Wardrobe”. Déi zwee Wierker hunn als Grondthema d`Botschaft vum Neien
Testament, déi op eng allegoresch Manéier duergestallt gëtt. E Mann, wéi de
russesche Schrëftsteller Fjodor Dostojewski, en déifgleewegen orthodoxe
Chrëscht, huet a Romaner wie “Schuld und Sühne” oder “Die Gebrüder Kamarasow”
ëmmer erëm säi Glawen afléisse gelooss.
Als Klassiker vun der Weltliteratur muss een
och onbedingt “Ben Hur” vum Lewis Wallace oder “Onkel Toms Hütte” vum Harriet
Beecher Stowe opzielen, zwee Wierker, déi hier iwwerzeegend Aussokraaft am
echten, déiwe Glawe vun hiren Autore fënnt. De Frënn vum Thriller dierft nët
onbekannt sinn, datt een vun de renomméiertste Vertrieder vun hirem Genre de
John Grisham ass, dee ganz offen zu sengem Glawe steet.
Da sollt een och nach de japanesche Novellist
Endo Shusaku ernimmen. De japanesche Katholik ass a sengen Erzielungen
“Schweigen” a “Samurai” op d`Problematik vun de Chrëschten a sengem Land
agaang. Hie krut fir säi Wierken héchst Auszeechnungen a Japan. Sou krut hien
1978 dee renoméierten Yomiuri-Literaturpräis fir seng Biographie “Die Geburt
Christi”.
·
Molerei an Architektur
Ech erlabe mer, dës zwee Gebidder an engem
Otemzuch ze nennen. Wann een duerch déi beandrockend Kierchegebaier trëppelt,
da weess een nët, iwwer wat een am meeschte staune muss: déi imposant Architektur
vun deene Joerhonnerten alen Gebailechkeeten oder déi wonnerbar bildlech
Duerstellunge vu bibleschen Zeenen. Ob Sixtinesch Kapell oder Péitersdoum, ob
Kathedral vu Chartres oder Notre Dame vu Paräis, si all sinn Zeie vun der
Kreativitéit vu geniale Kënschtler, vun deenen déi meescht hiren Engagement fir
hiert Wierk an hirem Glawe fonnt hunn.
Lo muss een d`Tatsaach, datt hei en enorm
héije finanziellen Opwand bedriwwe gouf, fir dës Gebailechkeeten opzeriichten,
nët gutt heeschen - dat maachen och ech
nët. Et ass ower nët ze leegnen, datt Architektur, Molerei an och Bildhauerei
duerch d`Opträg vun der Kierch en enormen Opschwong erlieft hunn.
·
Naturwëssenschaften
Wann och munchereen vun de Chrëschte mengt, si
géinge nach un eng flach Äerd gleewen, da muss een drop hi weisen, datt ët grad
Chrëschte waren, déi eis Äerd an de richtege Kontext vum Sonnesystem gesat
hunn. Schon am Buch Hiob, engem vun den
eelste Bicher aus der Bibel, steet: Hien
(Gott)... hängt d`Äerd iwwert dem Näischt op. Hei geet nët riets vun enger
flaacher Äerd, déi an engem onendleche Mier schwëmmt.
De Nikolaus
Kopernikus, Doumhär zu Frauenburg (haut Frombork am Norde vu Polen), huet am
Joer 1543 a sengem Haaptwierk “De revolutionibus orbium coelestium” dat
heliozentrescht Weltbild beschriwwen (Helios = Sonn ass den Zentrum vum
Planetesystem). Wann de Kopernikus nach der Meenung wor, datt d`Planete sech op
Kreesbunne bewege géingen, sou huet de Johannes
Kepler, evangeleschen Theolog, Philosoph, Mathematiker, Physiker, 60 Joer
méi spéit dat Weltbild präzis
beschriwwen: Elliptesch Bunnen an ënnerschiddlech Geschwindegkeet huet hien mat
den zwee Kepleresche Gesetzer a sengem Wierk “Astronomia Nova” beschriwwen. Och
um Gebidd vun der Optik an der Mathematik huet de Kepler revolutionär
Entdeckunge gemaach. En huet och eng Zännrad-Pompel erfonnt, där hire Prinzip
haut nach an eisen Autoen als Uelegpompel ugewannt gëtt.
(Gëtt weidergefouert)
Sou richteg verstinn ech net, wouhinn dat heiten eigentlech féire soll.
AntwortenLöschenDass iwwer laang Zäit vill Leit, déi mat der Kierch affiliéiert woeren, zur Kultur bäigedroen hunn, läit jo u sech op der Hand: Wie soss hat schon Zäit dozou, an d'Souen derfir? Secher net de klenge Bauer, deen de ganzen Dag fir seng Kuuscht huet misse wudderen.
Dat ass awer absolut keen Indice derfir, dass Relioun oder Kierch eppes sennvolles wier, oder irgendeng Protectioun zergudd huet, oder souguer an irgendenger Form e Gottesbeweis.
Här Guddebour,
LöschenDir hutt ganz Recht, wann Dir behaapt, dat wat ech schreiwe wier kee Gottesbeweis. Dee kann ech Iech och nët liwweren. Geeschteg Astellung huet eppes mat Glawen ze dinn, well ee Gott no wëssenschaftleche Moossstief nët beweise kann, ... genee esou wéi een dat fir d`Nëtexistenz vu Gott behaapte kann. Och Dir kënnt mir nët beweisen, datt Gott nët existéiert, mee Dir gleeft ganz einfach dorunner. Mir sinn also allen zwéin gleeweg Mënschen, just mir gleewen eppes aneschtes.
Ech wëll a mengem Artikel einfach noweisen, datt Chrëschten (ech hu nët vu Kierch als Institutioun a vu Religioun geschwat) eppes Sënnvolles an eisem Kulturkrees geleescht hunn. Dat musst Dir einfach zouginn, och wann dat nët an Äert antiklerikalt Weltbild passt!
Dir hutt sécher a mengem Artikel och nach keen Hiweis doropper fonnt, datt ech eng besonnesch “Protectioun” fir d^Kierch gefuerdert hunn. Eis Konstitutioun garantéiert ower all Mënsch Reliounsfräiheet (d.h. nët d`Fräiheet vu Relioun!). Domat huet all Mënsch d`Recht op Protectioun, de sougenannten Ongleewegen genee esou wéi de Gleewegen, dee sech nët duerch de Kakao muss zéie loosse, well hie gleeweg ass.
Ech muss allerdéngs staunen iwwert Är Argumentatioun, firwat all déi Mënschen, déi ech opgezielt hunn, eppes Sënnvolles geschafen hunn: well se Geld an Zäit haten. Wann Dir wierklech déi Meenung vertried, da bliedert emol an engem Boulevards-Bliedchen. Do kritt Dir demonstréiert, wéi déi mat Geld an Zäit zum groussen Deel hier Zäit verplemperen fir Geld lass ze ginn oder erëm neies ze ergatteren. Fir eppes Sënnvolles ze maachen muss een eng aner Astellung hunn géintiwwer der Gesellschaft, et muss ee Freed drun hunn eppes Neies ze schafen oder senge Matbierger ze dingen. Oder sidd Dir wierklech der Meenung datt Leit wéi Dunant oder Nightingale, Michelangelo oder Händel, Kepler oder Newton wierklech nuren aus Langweil gewierkt hunn? Da kéint ech mer jo nure vun Häerze wënschen, datt erëm vill méi Leit sech géinge langweilen ...
Zum Gottesbeweis u sech: d'Netexistenz ass d'0-Behaaptung, déi muss u sech net bewisse ginn. Wann ech en eidelt Glas op den Desch stellen, da muss ech net beweisen, dass et eidel ass. Deen, dee behaapt, dass Wäin dra wier, obwuel et komplett eidel ausgesäit, dee muss beweisen. An deem Senn zeechent sech den Atheismus net duerch de Glawen un d'Net-Existenz aus, mee eben duerch den Net-Glawen un d'Existenz. Wichtegen Ennerscheed - an sou woer och dem Dawkins seng Remark aus Äerem éischten Artikel ze verstoen.
AntwortenLöschenSou gesinn ass den Atheismus grad sou vill eng Relioun wéi keng-Timbere-sammelen en Hobby ass.
Wat den Pourcentage vu Chreschten bei Äeren Helden ugeet, dee léisst sech einfach erklären: et gouf deemols jo soss näischt. E bessche vergläichbar ass et mat der Tatsaach, dass et bal keng Fraen an Äerer Lescht ginn: Fraen woeren deemols an der Gesellschaft net vertrueden. Et get net dowéinst kee weibleche Pendant zum Michelangelo, well Fraen net hätte mole kennen, mee well se net engagéiert gi wieren. Aus deemselwechte Grond gett et keen atheistesche Pendant zum Michelangelo.
Wuel gesot - ech well kengem ofspriechen, dass en aus sengem Glawen eraus gudd handele kann. Mee de Punkt ass einfach, dass de Glawen keng Bedingung ass, fir gudd ze handelen.
An haut, wou Chrescht sinn keng Konditioun méi ass (genausou wéi et keng Konditioun méi ass, Mann ze sinn), stellt sech eraus, dass déi mannsten Artisten, Philosophen, Wessenschaftler a soss Leit, déi d'Welt besser maachen, Chreschten sinn (prozentual e gudd Steck manner wéi an der allgemenger Bevölkerung).
Wat dann d'Fro opwierft: wéi grouss woer den negativen Effekt vun der Kierch op d'Entwecklung vun der Menschheet? Wéivill weider wiere mer haut ouni 2000 Joer Chreschtentum?
Här Guddebour,
LöschenÄr 0-Behaaptung ass fir mech en 0-Argument. Si ka jo nuren da richteg sinn, wann d`Existenz vun allem, wat mir nët gesinn, ausgeschloss ass. Dat géif also nieft all Gefiller och déi fir eis onsiichtbar physikalesch a chemesch Phänomener gëllen: elktromagnetesch Wellen (X-, α-, β-, ϒ-Stralen, infrarout an ultraviolett Liicht, elektresche Stroum, “Radio”-Wellen asw), Magnéitfelder, Quarks an aner ultrawinzeg Bauelementer vum Atom. De Richard Dawkins versteet sécherlech seng Remark nët esou, wéi Dir se interpretéiert. Säi Bus-Slogan “There`s probably no God” ass op däitsche Bussen iwwersat ginn mat “Es gibt mit an Sicherheit grenzender Wahrscheinlichkeit keinen Gott” (Erfirsträichung vu mir). Et fällt op, datt am Däitschen iwwer d ‘Halschecht vun de Wierder benotzt ginn fir d`Behaaptung, datt ët kee Gott gëtt, ze relativéieren. Si verroden, datt bei där Postuléierung vill “Verdrängungsleeschtung” bruecht muss ginn. An deem Sënn bleift “Nët-Gleewen” e Glawensakt – och wann Dir nët domat averstane sidd.
Ët ass richteg, datt an der Vergaangenheet nët vill Fraen um kreative Plang vertruede sinn. Vergiessen däerfe mer allerdéngs nët, datt grad do, wou ët drëms gung, d`Grondlage vun der Kreativitéit ze schafen, d`Fraen eng wesentlech Roll gespillt hun: am Beräich vun der Pädagigik. Mee kucke mer emol an d`Géigewaart an iwwer d`Grenze vun eiser dach chrëschtlech geprägte Gesellschaft eraus. Wat fir eng Roll spillen dann an der atheistescher Welt d`Fraen. Zielt mer emol all déi Fraen op, déi ët an atheistesche Regimer zu grousser Bekanntheet bruecht hunn: an der Sowjetunioun an de State vum Warschauer Pakt, a China, am Vietnam, Laos an am Kambodscha asw. Hier Aufgab wor Kanner kréien (am bäschte Bouwen) an de Stoot maachen. An esou ass et nach haut, zu Zäiten wou bei äis Frae per Quoteregelung op Chefposte katapultéiert ginn, a ville Länner nët besser ginn. Wat dierfe Fraen dann haut nach am atheistesche Nord-Korea maachen, wéi hierem “Gott Kim” hier Referenzen z`erweisen.
Weider da wëll ech nach emol festhalen – obwuel dat a mengem Artikel däitlech erausgestrach ass - , datt nët nure Chrëschte Guddes maachen, mee datt och Chrëschte Guddes maachen, wéi dat a villen Online Komentaren ëmmer erëm iwwerhieflech ofgestridde gëtt. (Och Dir loosst Iech zu enger Behaaptung hiräissen: An haut ... stellt sech eraus, dass déi mannsten Artisten, Philosophen, Wessenschaftler a soss Leit, déi d'Welt besser maachen, Chreschten sinn (prozentual e gudd Steck manner wéi an der allgemenger Bevölkerung). Do sidd Dir mir e kloere Beweis schëlleg!)
Op Äer läscht hypothetesch Fro hunn ech nuren eng Äntwert: “Kapprëselen”. Zitt Iech emol d`Lëscht vun alle Nobel-Lauréaten op d`Long a kuckt Iech un, a wat fir engem kulturellen Ëmfeld si opgewuess sinn, resp. gewierkt hunn. Da wäert Dir feststelle, datt d`Atheiste nach eng grouss “Bréngschold” hunn.
An deem Sënn nach schéi Päischtfeierdeeg (iwweregens; wat feiert Dir eigentlech?)