Mittwoch, 16. April 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (1. Deel)


Aféierung

Et ass nët z`iwwersinn, datt an deene leschte Joren d`Zuel vun de Leit, déi hire Glawen nach praktizéieren, ëmmer méi kleng gëtt. An engem demokratesche Stat läit deen Entscheet a jidderengem senger eegener Verantwortung a jiddereen huet d`Fräiheet nët ze gleewen oder dat ze gleewen, wat hie fir richteg fënnt. Zum richtege Versteesdemech vun Demokratie gehéiert och Toleranz géintiwwer deem anescht Gleewegen. A munche Medien a Kommentaren kommen d`Chrëschten – vun deene wëlle mer an dësem Artikel schwätzen – ganz schlecht ewech.  Et ass un der Zäit, fir déi Diskussioun emol eng Kéier fair an ouni falsch Emotiounen ze féieren. 

An engem éischte Kapitel wëlle mer eis mat der aktueller Diskussioun, déi jo bis elo zimlech eesäiteg zu Ongonschte vu gleewege Chrëschte gefouert gouf, beschäftegen. Am zweeten Deel gi mer dann op den Afloss vum Chrëschtentum op eis Gesellschaft an, fir dann ofschléissend eis Gedanken ze maachen iwwert eng Gesellschaft ouni chrëschtleche Glawen.

1.       D`Glawensdiskussioun an eiser postmoderner Gesellschaft

Fir d`éischt ass ët wichteg, datt een sech iwwer d`Begrëffer eens ass, déi an deeër Diskussioun ëmmer erëm falen. Hei zu Lëtzebuerg ginn d`Begrëffer Gleeweg, Chrëschten a Kierch ëmmer erëm an een Dëppe gehäit, ouni ze berücksichtegen, datt ët Chrëschte vun ënnerschiddlecher Denominatioun  gëtt: Katholiken, Anglikaner, Orthodoxer an déi grouss Palette vun de Protestanten. Dat duerf an der Diskussioun nët iwwersi ginn, och wann d`Zuel vun de Katholiken an eisem Land mindestens um Pabeier wesentlech méi grouss ass, wéi déi vun deenen anere Chrëschten. Och de Begrëff “Kierch” steet fir ënnerschiddlech Begrëffer. Niewent dem Gebai, an deem déi Gleeweg sech fir d`Gebied treffen, gëtt “Kierch” no der Bibel haaptsächlech benotzt fir d`Gesamtheet vun de Gleewegen. De Volleksmond mengt mat Kierch ower ganz dacks d`Organisation oder Institutioun. 

Fir géint d`Kierch resp. déi Gleeweg ze wiederen gräifen hier Kritiker haaptsächlech op zwee Instrumenter zeréck:

·         D`Stigmatiséirung mat Begrëffer, déi generell negativ behaft sinn ewéi: (erz)konservativ, fundamentalistesch, riets extrem, réckstänneg, wëssenschaftsfeindlech, intellektuell beschränkt asw.

An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi lénks-liberal gëtt, gëtt och deen ëmmer méi riets (konservativ, fundamentalistesch), dee seng Positioun bäibehält. Wat déi aktuell Entwécklung vun de Wäerter ubelaangt, sou wäerte mer am 3. Kapitel nach méi an den Detail goen.

Ech wëll hei ower op een Aspekt agoen, nämlech deen vun der intellektueller Beschränktheet.  Opdriww kruten d`Protagoniste vun dësem Argument virun allem vum Britt Richard Dawkins, Professer an Zoologie, theoretescher Biologie an Evolutiounsbiologie op der Universitéit vun Oxford. Seng Bicher “The God Delusion” (Der Gotteswahn) an “The Greatest Show on Earth: The Evidence of Evolution” (Die Schöpfungslüge: Warum Darwin Recht hätte) hunn hien zum bekannteste Vertrieder vum “Neien Atheismus” gemeet. Wann esou renomméiert Männer wéi de Dawkins a säi nët manner renoméierte Kolleg Stephen Hawking, briteschen theoretesche Physiker an Astrophysiker, déi Gleeweg zu Idioten oder Wahnsinnegen ofstempelt, da muss dat jo bal richteg sinn. Dobäi gëtt gären iwwersinn, datt parallel zu hinnen hiere Kolleg John Lennox, emeritéierte Mathematiksprofesser  an der nämmlechter Universitéit vun Oxford an ëffentlechen Debatten dem Dawkins seng These widderluecht huet. Seng Bicher “God`s Undertaker; Has Science Buried God?” (Hat die Wissenschaft Gott begraben?) an “God and Stephen Hawking: Whose Design is ist anyway?” (Stephen Hawking, das Universum und Gott) loossen dem Dawkins an dem Hawking hir Argumenter op ganz wackelege Féiss stoen.

Intressant ass ët, e Bléck op eng medial vill beuechte Campagne  vum Dawkins ze geheien. Am Joer 2008 huet hien e Bus op den Wee geschéckt fir seng Usiicht ënner d`Leit ze bréngen. Mam Slogan: “There`s probably no God” huet de Bus an alle wichtege Stied vun der britescher Insel Halt gemeet, eng Aktioun, déi duerno och nach an enger Partie anere Länner duerchgefouert gouf. An deene 5 Wierder “Et gëtt wahrscheinlech kee Gott” féiert ee Wuert déi ganz Campagne “ad absurdum”: wahrscheinlech. Doduerch gëtt déi ganz Ausso relativéiert. Datt dat Wuert do steet kann nuren zwee Grënn hunn: entweder de Dawkins ass selwer guer nët esou sécher, datt seng Behaaptung stëmmt oder hie ka seng Behaaptung nët beweisen; vläicht ass och béides de Fall! Wann dat ower de Fall ass, da ginn dem Dawkins seng Theorien zu engem ... Glawenssaatz! Hie weist, datt ët keng Weltanschauung gëtt ouni Glawen. Ech gleewen un d`Existenz vu Gott oder ech gleewen un d`Nëtexistenz vu Gott, oder ower ët ass mer egal op Gott existéiert an ech gleewen, datt dat keng Folgen huet. Kee vun deenen dräi ka seng Usiicht beweisen.

Hei stinn zwéin exzellent Wëssenschaftler sech géintiwwer; deen een gleeft un Existenz vu Gott, deen anere gleeft un d`Nëtexistenz vu Gott ... a si beweisen domat, datt Glawen a Wëssenschaft sech nët ausschléissen. Am nächste Kapitel wäerte mer nach Bekanntschaft mat muenchem gleewege Wëssenschaftler maachen.

·         En zweet Argument géint de Glawen ass d`Geschicht vun der Institutioun Kierch, déi munch bluddeg Spueren hannerlooss huet. Et muss hei ganz offe gesot ginn, datt déi Verbriechen, déi am Numm vun der Kierch begaange gi sinn, sief en ët d`Kräizzich, d`Inquisitioun, d`Hexeprozesser nët z`entschëllege sinn. Um Ursprong vun all deenen Aktioune stounge Mënschen, déi sech wuel Chrëschte genannt hunn, mee Meile wäit vun deem ewech waren, wéi een als Chrëscht soll handelen. Senge Jénger huet Jesus zwee Haaptgeboter mat op de Wee ginn: Du solls Gott gären hunn, an du solls däi Nächsten esou gären hunn wéi dech selwer (Markusevangelium 12,30-31). Ech kann d`Institutioun Kierch veruerteele fir dat wat se gemeet huet, ech kann ower déi grouss Mass vu reell gleewege Chrëschten, d`Kierch am Sënn vu Jesus, nët an dës Verantwortung drängen. Dat ass déi eng Säit vun der Mënz.

Elo déi aner Säit. Rational schlussfolgernd Postmodernisten schléissen doraus, datt Glawe schlecht an also Atheismus gudd ass. Mat hiren Argumenter schéisse si sech selwer an de Knéi! Am vergaangene Jorhonnert sinn mindestens 100 Millioune Mënschen um Altor vum Atheismus geaffert ginn. Lenin , Stalin a Konsorten, Mao Zedong, Pol Pot an d`Rout Khmer, Ho Chi Minh, Nicolae Ceausescu an nach vill anerer hunn am Numm vun engem kommunistesch geprägten Atheismus gehandelt a gemord. An Nordkorea sinn a ginn nach weider Massenhiriichtunge vun der atheistescher Kim-Dynastie duerchgefouert. Wien d`Chrëschtentum ofleent wéinst senger bluddeger Vergaangenheet, muss aus deene nämlechte Grënn och den Atheismus ofleenen, wann e nach glafwierdeg wëllt sinn.

(Gëtt weidergefouert)

 

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen