Samstag, 19. April 2014

Glawen oder "Neien Atheismus"? (2. Deel)



2.       Den Afloss vun dem Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft

De Chrëschtleche Glawen huet sech virun allem am griichesch-réimesche Kulturberäich ausgebreet. Mer schwätzen haut gäre vun der griichescher Staatsform als déi éischt Demokratie. Dobäi iwwersi mer ower ganz gär, datt eng Gesellschaft wéi se virun 2000 Joer existéiert huet, haut op gréisst Widderstänn géing stoussen.

Demokratesch huet deemools nure Fräiheet fir wéineg Mënsche bedeit. Zu Athen wore 50% vun den Awunner Sklaven, zu Roum nach ongeféier 25%. An dem Gesetz patrias potestas ass déi onbeschränkte Bestëmmungsgewalt vum Famillienoberhaupt, dem pater familias fest geluecht. Hien hat d`Recht de Mann fir seng Meedercher  erauszesichen, konnt iwwer d`Iwwerliewe vun neigebuerene Kanner bestëmmen an d`Doudesstrof iwwer seng Fra, wa se friem gaang ass, ausspriechen. Hien hat praktesch Gewalt iwwert seng ganz Famill, Fra, Kanner, Enkelkanner. Hie konnt sech vu senger Fra scheeden, wa si ouni Schleier an d`Ëffentlechkeet gaang ass. Seng Fra ower hat kee Scheedungsrecht; jo si hat nët emol d`Recht, sech an der Ëffentlechkeet ze äusseren; wa si hir Meenung zu eppes wollt ausdrécken, huet si hirem Mann dës matgedeelt, deen da fir si geschwat huet. Ofdreiwung a Kannermuerd wore – besonnesch bei Meedercher – gängeg Praktiken, a wie seng Kanner nët wollt ëmbréngen huet se einfach ausgesat oder als Sklave verkaf. All dat huet derzou gefouert, datt besonnesch wéineg Meedercher opgewuess sinn, déi dann och nach am Géigesaz zu de Jongen normalerweis nët liesen a schreiwe geléiert hunn. D`Prostitutioun gouf zu enger ëffentlecher Ugeleeënheet an d`Homosexualtéit huet sech  ëmmer méi  ausgebreet.

An esou enger Welt hunn d`Chrëschten gewierkt. Hir Botschaft wor nët d`Priedegt, mee hiert Liewen. De Mann huet sech mat där Fra bestuet, déi och hien gären hat. Si hunn am géigesäitege Respekt zesummegelieft an hir Kanner als e Geschenk Gottes gläichwäerteg erzunn. Scheedungsrecht wor duerch d`Hälleg Schrëft festgeluecht an huet kee vu béiden bevirdeelegt. Si hu Gläichberechtegung gelieft schons laang éier dat Wuert geschafe gouf. Si hate Respekt virun der Obregkeet a Baarmhäerzegkeet fir déi Mannerbemëttelt, wat am griichesch-réimesche Kulturraum nët d`Gewunnecht wor. Nobäi dräi Jorhonnerte laang goufe si verfollegt wéinst hirem Glawen a well si de Keeser nët als Gott ubiede wollten.

Wéi am Joer 313 de Keeser Konstantin gleeweg ginn ass an hien de chrëschtleche Glawen zur Staatsrelioun  erhuewen huet, huet fir d`Kierch en neien Zäitalter ugefaang: aus der Gemeinschaft vun alle Gleewegen ass eng Institutioun entstan.  Dat wor gewëss nët ëmmer vu Virdeel, mee huet ët ower erméiglecht, elo wou d`Chrëschten  och méi offen handele konnten, munnech positiv Ännerung an der Gesellschaft ze provozéieren. Sou ka behaapt ginn, datt den Augustinus vun Hippo (354-430) mat senge Wierker nët nuren de Glawenswee vu muncherengem geprägt huet, mee och déi philosophesch Denkrichtung am “Abendland” virginn huet. Seng Betounung op de Mënsch als Individuum steet am krasse Géigesaatz zur antiker Denkweis, wou de Mënsch nure säi Wäert als Deel vun der Gesellschaft hat (wat dozou gefouert huet, datt deen Eenzelnen nët vill Wäert hat).

Hei elo den Afloss vum chrëschtleche Glawen a verschidde Beräicher:

·         Gesetzer

Bis an dat 6. Jorhonnert eran wor dat réimescht Recht a Kraaft, eng konfus Mass vun ënnerschiddleche Bestëmmunge, Gesetzer, Uerteeler an aner Virschrëften. Ënnert der Autoritéit vum Byzantinesche Keeser Justinian I gouf de Corpus Iuris Civilis an d`Liewe geruff. Seng Basis waren, no den Aussoen vun den Autoren, d`gëttlech Geboter, déi d`Chrëschten an d`Judden ënnert dem Numm “10 Gebote” kennen. De Karel de Groussen huet 802 dee nämmlechte Schratt gemaach mat sengen Kapitularen, déi hien esou beschriwwen huet: Jiddereen soll ganz am Aklang mat Gottes Geboter liewen.

Déi zwee grouss Wierker stinn do als Grondlag vun allen ziville Gesetzgebungen a Westeuropa (Ausnam Britesch Gesetzer). De Bezuch op Gott steet a ville Lännerverfassungen an an der amerikanescher Onofhängegkeetserklärung dran.

·         Schoul

An der griichesch-réimescher Welt gouf ët wéineg Schoulen. Si ware fir d`Jongen vun de fräie Bierger. Sklavekanner a Meedercher woren nët zougelooss. Wéi d`Kierch institutionaliséiert gouf, huet dat sech geännert. Op ville Plaze si Kléischter gegrënnt ginn. Bal all Klouschter hat seng Schreifstuff (Scriptorium); hei goufen d`Bibel an och aner Bicher ofgeschriwwen. Sou si mat der Zäit iwwerall Bibliothéiken entstanen. Doduerch sinn dann och Schoulen an de Kléischter derbäi komm. Munch eng vun deene Schoulen huet sech spéider zu enger bedeitender Universitéit entwéckelt, déi haut nach uewen op der Lëscht vun deene prestigiéiste Unien vun der Welt steet. Schoulen nuren an de Kléischter goung ower nët duer. Duerfir huet de Karel de Groussen 797 Uerder ginn, datt an all Uertschaft de Priister soll Schoul halen, an datt all Kand fir näischt an déi Schoul kéint léiere kommen. Dat wor d`Gebuertsstonn vun eiser Grond- oder Primärschoul.

An deene meeschten héiere Schoule gouf – am Ufank nuere vun Theologen, well si eleng haten déi néideg Ausbildung – an 2 Sproochen geléiert: d`Lokalsprooch a Latäin, dat domat zur Austauschsprooch ënnert de gebilte Leit an Europa gouf. Bal iwwerall gouf en dueblen Zyklus ugebueden: den “Trivium” (Grammatik, Rhetorik an Dialektik, also Ausbildung a Liese, Schreiwen an Denken) an de “Quadrivium” (Arithmetik, Geometrie, Astronomie a Musik). Dat waren alles konfessionell Héichschoulen. Déi éischt fräi Héichschoul, also och fir Nët-Klouschter-Schüler gouf 1559 vum Reformator Jean Calvin zu Genf gegrënnt. Hei gouf nieft Wëssenschaft och klassesch an theologesch Humanistik geléiert.

Déi éischt héier Schoul zu Lëtzebuerg gouf 1603 vun de Jesuite gegrënnt. 

·         Sozial Institutiounen

Ënnert de Réimer wor ët nach normal, engem Kranken nët ze hëllefen. Hëllef wor en Zeeche vu Schwächt. Et wor du schons revolutionär, wéi d`Chrëschte sech – ugedriwwen duerch de Gedanke vun der Nächsteléift – ëm déi Krank gekëmmert hunn. Dat gouf nët ëmmer positiv gesinn: sou gouf de Benignus vun Dijon ermuert, well hien handikapéiert Kanner versuergt huet. Wuel goufen ët bei de Griichen an de Réimer Plaze, wou Kranker behandelt goufen (Aesculapia an Valetudinaria), mee si wore wuel nure fir déi ganz Räich an och fir verletzten Zaldote reservéiert.

Um 1. Konzil vun Nicaea ass all Bëschof opgefuerdert ginn an hire Stiet Hospizen opzemaachen. An hinnen, de sougenannten Xenodochia, sollen nët nuren déi Krank gefleegt ginn, mee och déi Aarm opgeholl ginn. 369 gouf den Ufank gemeet mat engem grousse Komplex zu Caesarea a Kappadokien. Hei huet de Basilius nët nuren en Hospiz fir Kranker an Aarmer gebaut, mee och nach Haiser fir Dokteren a Fleegepersonal,  Atelieren a Handwierkerschoulen. Hei gouf nët nure gesond gefleegt, mee och nach op e bessert Liewen dobausse virbereet. Ëmmer méi Spideeler goufe gebaut an an der Mëtt vum 16. Jorhonnert goufen ët eleng 37000 Benediktinerkléischter, an deenen déi Krank versuergt goufen! Onnëtz ze betounen, datt all déi Aarbecht, déi an deene verschiddenen Hospizen a Spideeler geleescht gouf, op fräiwëlleger Basis vu Chrëschten ausgefouert gouf. Nach bis spéit an d`20. Jorhonnert eran gouf en Haaptundeel vun der Aarbecht an de lëtzebuerger Spideeler a Kliniken vun Uerdensschwesteren geleescht.

De Fransous Philippe Pinel, e fréieren Theologiestudent, huet 1793 als éischten an Europa Therapie ouni Zwangsmoossnam fir Geeschtegkranker agefouert. Hie huet mat senger chrëschtlecher Grondastellung Weeër bereet fir d`Entwecklung vun der moderner Psychiatrie.

Nieft hirem  Asaz a festen Instituter hunn d`Chrëschten ower och Pionéierleeschtung um Feld vollbruecht. Sou gouf déi jonk Florence Nightingale duerch d`Aarbecht vum Lutheraner Theodor Fiedner ganz staark beandrockt. De Fiedner hat en Diakonissinnen Uerden gegrënnt, dee sech op d`Ausbildung vun Infirmièren spezialiséiert hat. D`Nightingale gouf bekannt duerch hiren Asaatz am Krim-Krich 1854, wou si verwonnten Zaldoten gefleegt, awer och encouragéiert a getréischt huet a fir si Bréiwer geschriwwen huet. Aus dem Krich erëm doheem huet si zu London eng Schoul fir Infirmièren opgemeet. Si war mat hirem Wësse ganz dacks de studéierte Medeziner viraus an huet sech nët gescheit, e Liewen als räich Lady an der englescher High Society ofzeleene fir a chrëschtlecher Nächsteléift deene Bedürftegsten zur Säit ze stoen.

En anere chrëschtleche Pionéier op deem Gebitt ass den Henri Dunand. 1859 wor hien Zeie vu schreckleche Verletzungen an der Schluecht vu Solferino. Hien wollt e Wee fannen fir esou Verletzten ze hëllefen. En huet nët noginn a sengen Ustrengungen a 5 Joer méi spéit huet hien mat Delegéierten aus 16 Länner d`Rout Kräiz gegrënnt. Säi Glawen huet hie bewegt,  d`Kräiz, Symbol vum Leiden a vun der Erléisung, zum Symbol vu sengem Wierk ze maachen.

(Gëtt weidergefouert)

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen