Et vergeet
kaum een Dag, op deem nët iwwert Medien d ‘Diskussioun iwwer Homosexualitéit
Schlagzeile mécht. Déi läscht Noriichten aus Afrika weisen eis, datt déi
Diskussioun och an anere Kulturkreeser gefouert gëtt.
Ech
perséinlech sinn der Meenung, datt jidder Mënsch d ‘Fräiheet huet zu senger
sexueller Ausriichtung. Dat sinn d ‘Regelen vun der Demokratie an un déi hu mir
eis all ze halen, op mer déi sexuell Ausriichtung fir gutt fannen oder nët.
Déi
Demokratie gëtt mir ower och d ‘Fräiheet meng Meenung iwwer déi Ausriichtung ze
soen, op dat mengem Géintiwwer gefält oder nët! Sech géigesäiteg d ’Recht op
fräi Meenungsäusserung zouzegestoen nennt een Toleranz.
Jidder
Mënsch huet d ’Recht, eng aner Liewensform, déi him nët gefält, als schlecht
unzegesinn. Dat gëllt, op ech en Hetero oder en Homo sinn. Déi Meenung duerf
ech offen an all Diskussiounsronn vu mer ginn, ouni datt ech duer wéinst eng
Phobie zougeuerdent kréien.
Leider
erlieft een ët a leschter Zäit ëmmer méi dacks, datt een als Heterosexuellen zu
engem “Homophobist” gemaach gëtt, wann ee fest zu senger Iwwerzeegung steet a
versicht mat Argumenter sech ze rechtfertegen. Et ass een en Erzkonservativen,
e Fundamentalist, en Onbeléierbaren, a munnech Mol souguer e Faschist, wann een
un der traditioneller Famill (Mann a Fra mat Kanner) fest hält a sech géint de
Status vu Famill an d ’Adoptiounsrecht vun Homo-Kopplen ausschwätzt. Eng
franséisch Ministesch huet gemengt, déi “archaesch” Form vu Famill wier
iwwerlieft. Dat ass hier Meenung. Meng Meenung ass, datt déi Form vun
Zesummeliewen wéi se besteet zanter datt ët Mënsche gëtt – archaesch kënnt aus dem griicheschen a
bedeit: vun Ufank unn – déi bescht Form ass. Si eleng huet d ’Iwwerliewen an de
Wuesstem vun der Mënschheet garantéiert, si stoung um Ufank vun alle Forme vu
sozialem Zesummeliewen, vun der Groussfamill iwwer d ’Duerfgemeinschaft bis zum
Staat.
Jiddereen
huet d ’Recht, dës Astellung nët mat mir ze deelen. Jiddereen huet och d ’Recht
dat an der Ëffentlechkeet ze soen, sou wéi ech et maachen. Ech kann ower nët
mat averstane sinn mat der Aggressivitéit an dem Exklusivitéitsusproch, mat
deem Protagoniste vun enger neier Homogesellschaft un d ’Wierk ginn. D
‘Neutralitéit vun eise Medien huet scho ganz staark ënnert dem Afloss vun enger
Homolobby gelidden an d ‘Stëmmung géint déi, déi sech duergéint wieren, gëtt
ëmmer méi aggressiv.
Ech wëll
hei virun enger fataler Feelentwécklung warnen. Nach ass ët nët ze spéit fir
eng sachlech Diskussioun ze féieren, déi nët déi perséinlech Interessien a
Wënsch an de Mëttelpunkt stellt, mee d ‘ Wuel vun der ganzer Gesellschaft, den
Erwuessenen, onofhängeg vun hirer sexueller Orientéierung, an de Kanner.
A grad bei
de Kanner gëlt ët mat Vernunft an ouni eesäiteger Indoktrinatioun
virzegoen. Hei sollt en
Unterechtspobeier aus Däitschland eis ze denke ginn. D ‘Gewerkschaft Erziehung
und Wissenschaft (no eegenen Aussoen: Die GEW ist ... die mit Abstand größte
gewerkschaftliche Interessenvertretung für alle Beschäftigten im Bildungswesen.)
huet am Zesummenhang mat der Homodiskussioun a Baden-Württemberg Unterrechtsvirlagen erausbruecht zum Thema “Lesbische und schwule Lebensweisen - ein
Thema für die Schule “. Op d ’mannst am Titel si se éierlech: sexuell
Erzéiung begräift nure méi d ‘Homosexualitéit.
Aus der
ganzer “Publikation für Lehrer/Innen”
hei just een Auszuch mat engem Froekatalog fir eng 7. Klass.
Der heterosexuelle Fragebogen
1 Woher glaubst du,
kommt deine Heterosexualität?
2 Wann und warum
hast du dich entschlossen, heterosexuell zu sein?
3 Ist es möglich,
dass deine Heterosexualität nur eine Phase ist und dass du diese Phase
überwinden wirst?
4 Ist es möglich,
dass deine Heterosexualität von einer neurotischen Angst vor Menschen des
gleichen Geschlechtes kommt?
5 Wissen deine
Eltern, dass du heterosexuell bist? Wissen es Deine Freundinnen und Freunde?
Wie haben sie reagiert?
6 Eine ungleich
starke Mehrheit der Kinderbelästiger ist heterosexuell. Kannst Du es
verantworten, deine Kinder heterosexuellen Lehrer/innen auszusetzen?
7 Was machen Männer
und Frauen denn eigentlich im Bett zusammen? Wie können sie wirklich wissen,
wie sie sich gegenseitig befriedigen können, wo sie doch anatomisch so
unterschiedlich sind?
8 Obwohl die Gesellschaft
die Ehe so stark unterstützt, steigt die Scheidungsraten immer mehr. Warum gibt
es so wenige langjährige, stabile Beziehungen unter Heterosexuellen?
9 Laut Statistik
kommen Geschlechtskrankheiten bei Lesben am wenigsten vor. Ist es daher für Frauen
wirklich sinnvoll, eine heterosexuelle Lebensweise zu führen und so das Risiko
von Geschlechtskrankheiten und Schwangerschaft einzugehen?
10 In Anbetracht
der Übervölkerung stellt sich folgende Frage: Wie könnte die Menschheit
überleben, wenn alle heterosexuell wären?
11 Es scheint sehr
wenige glückliche Heterosexuelle zu geben; aber es wurden Verfahren entwickelt,
die es dir möglich machen könnten, dich zu ändern, falls du es wirklich willst.
Hast du schon einmal in Betracht gezogen, eine Elektroschocktherapie zu machen?
12 Möchtest du,
dass dein Kind heterosexuell ist, obwohl du die Probleme kennst, mit denen es
konfrontiert würde?
Dat muss ee
wierklech zwee Mol liese, fir sech bewosst ze ginn, wourëm ët hei wierklech
geet: nët méi d’ Heterosexualitéit ass de Normalfall, mee d’ Homosexualitéit.
Hei geet ët nët ëm Opklärung iwwer déi verschidde Forme vu Sexualitéit, mee
ganz einfach iwwer d’ Ëmerzéiung zur Homosexualitéit. Hei gëtt eng geféierlech
Heterophobie bei deene gepriedegt, déi am empfänglechsten dofir sinn.
Et sollt
een dës Froen am Detail ënnersiche fir sech vun der perfider Indoktrinatioun ze
iwwerzeegen.
Fro 1: Hei
kritt dat 13-joer aalt Kand scho ganz subtil vermëttelt, datt seng
Heterosexualitéit eng Folleg vun iergend engem Virgang/Erliefnes ass an a sech
nët normal ass.
Fro 2: Wat
soll e Kand vun 13 Joer duerop äntweren. Ech wéisst haut mat 68 Joer nach keng
Äntwert drop, well ech ganz einfach esou op d ‘Welt komm sinn.
Fro 3: Hei
gëtt gehandelt nom Motto: dat ass nët esou schlëmm, wann s de elo Hetero bass;
dat wäert och erlaanscht goen a mär kënnen dir dobäi hëllefen.
Fro 4:
Ofgesinn dovun, datt ee mat 13 Joer kaum eppes mat “neurotescher Angst” unzefänke weess, gëtt hei d ‘Richtung scho
genee festgeluecht: Wien Hetero ass brauch Hëllef well hien e psychesche
Problem huet.
Fro 5: Elo
sollen also déi Kanner sech “outen” virun der Famill an de Frënn! Wa se näischt
mam Ausdrock “neurotescher Angst” an
der Fro 4 ufänke konnten, da wëssen se ët bestëmmt no hirem “Outing”!
Fro 6: Wann
d ‘Homo’en 10% vun der Bevëlkerung ausmaachen, da wier ët nure normal, wa si
och méi e geringe Prozentsaatz bei de Kannerbelästeger géingen ausmaachen. Wa
mer ower op déi rezent Berichter zeréckkucken (Skandaler an der kathoulescher
Kierch an an däitschen Internater), da muss ee ganz staark Zweiflen un där
Behaaptung umellen. Et ass zousätzlech genee esou falsch eng allgemeng
Panikmaacherei erop ze beschwieren, op Léierpersonal heterosexuell oder
homosexuell ass.
Fro 7:
Dovunner ofgesinn, datt an der ganzer Diskussioun de Begrëff “Léift” op d ‘Bett
reduzéiert gëtt, ass et aarmséileg z ‘ënnerstellen, datt eng heterosexuell
Koppel, déi sech gären huet (!), sech nët am Bett géinge verstoen. Och am Bett
kann ee matenee schwätzen!
Fro 8: Datt
vill Koppelen haut nët méi zesumme bleiwen, huet kaum eppes mat hirer sexueller
Astellung ze dinn, wéi mat hiren ënnerschiddlechen Opfaassungen, nët nuren am
Bett. Am Iwweregen halen och vill Homoen et nët bis un den Dout mateneen aus!
Fro 9:
Firwat gëtt hei nure vu Lesben an nët vu Schwulen geschwat? D ‘Äntwert ass ganz
einfach: déi Schwul hunn däitlech méi Geschlechtskrankheeten opzeweise wéi d
‘Heteroen. A firwat gëtt bei der heiter Fro nët iwwert den Aids geschwat? Dat
ass dach wierklech kee Staatsgeheimnis méi, datt grad ënner Homoen den Aids e
grousse Problem ass. Niewebäi bemierkt muss ee sech d ‘Fro stelle wéi e kranke
Geescht hanner esou enger Fro stécht, wou Geschlechtskrankheete mat
Schwangerschaft an engem Otemzug genannt ginn.
Fro 10:
Géigefro: a wéi sollt eise Sozialsystem iwwerliewe, wéi sollt eis Gesellschaft
iwwerliewe, wa se all homosexuell wieren?
Fro 11: Hei
gëtt d ‘Kaaz aus dem Sak gelooss. Hetrosexualitéit ass eng Krankheet! Wann een
ëffentlech behaapt, Homosexualitéit kéint ënner Ëmstänn geheelt ginn, dann ass
een automatesch e reliéise Fundamentalist. Hei bidde Pädagogen (?) Kanner eng
Heelung vun hierer Heterosexualitéit duerch Elektroschock un ... an erhiewen
sech domat zu Fundamentaliste vun hirer Relioun: der Homorelioun.
Fro 12: Lo
suerge mer also scho vir: wann se selwer bis Kanner kréien (wien erkläert
hinnen da wéi se als Homo’en dat maache sollen?), da sollen se vu vir eran
dofir suergen, datt d ‘Kanner sech zu Homo’en entwéckelen.
Ass dat
wierklech déi Welt, op déi mer zougoe wëllen? Et gëtt Zäit, héich Zäit datt mer
eis seriéis Gedanke maachen iwwer d ‘Zukunft vun eiser Gesellschaft, iwwert
Erzéiung vun eise Kanner an iwwert e gesong Mateneeliewe vun alle Mënschen.
Dir hutt scho matkritt, datt dëse Froebou entlarvend soll sinn? Et si jo genee déi Froen, déi Homo- a bisexuell leit stänneg gefroot ginn, wann se sech "outen". Mä ausserhalb vun sengem ursprünglechen Kontext klengt en natierlech schéin no homosexueller (wisou eigentlech ni bisexuell?) Verschwörung.
AntwortenLöschenDee Froebou ass leider NËT esou provokativ geduecht, wéi Dir dat mengt; et ass en Detail aus engem Virschlag vun der däitscher Pädagogegewerkschaft, deen zu groussen Deeler aus engem ähnleche Programmvirschlag aus den USA iwwerholl ginn ass. Déi ganz “Publikation für Lehrer/Innen” kënn Dir um Internetsite vun der GEW downloaden an Iech dovunner iwwerzeegen. Et geet hei nët ëm eng “Verschwörung”, mee ëm eng Indoktrinatioun. Firwat dat an där Publikatioun nuren aus der Siicht vun den Homsexuellen, an nët de Bi- Trans- an anere Sexuelle geschitt, dat muss Dir d`Autore vun der GEW froen.
Löschen