Sou ass e Leitartikel iwwerschriwwen, deen haut
(14.01.2015) op Tageblatt online verëffentlecht ginn ass. Wéi sou dacks an
deene läschten Deeg muss Pegida an d`Terroraktioune vu Paräis duerhalen, fir
eng skuril Siicht vun der Fräiheet breet ze trëppelen.
Dem Här F. Wagner, aus deem senger Fieder
dësen Artikel staamt, genéiert sech nët fir sengen iwwerhieflechen Aussoen
duerch d`Uwende vum “Pluralis Majestatis”
als absolut hinzestellen . Sou betount hien: “... wir können Ihnen hier
kurz und präzise erklären, was heilig ist: nämlich NICHTS! Nichts ist heilig.
Nichts ist tabu. Und ALLES darf karikiert werden.” Dat erkläert hien dem Imam
vu Mamer, deen ët gewot huet, eng aner Meenung iwwert dee Sujet ze hunn a proposéiert
huet mat de Vertrieder aus anere Reliounen doriwwer ze schwätzen.Fir d`éischt zum Thema Karikatur. Eng Karikatur stellt Persounen oder Situatioune bewosst iwwerspëtzt duer; si ka lächerlech maachen oder ukloen. Ech hu keng Definitioun fonnt, déi erlaabt, datt eng Karikatur ka beleidegen. Bis elo huet een ët nët néideg gehat duerch iergend eng Zensurmoossnam ze reglementéieren. Leit mat Manéieren hunn hir Matbierger mat Respekt behandelt – och wa si se op Mängel a Feeler higewisen hunn.
Wann een als neutrale Nokuckert
d`Reaktioune vu ville Politiker an dem gréissten Deel vun der Press iwwer
Pegida registréiert, da kann een nët iwwersinn, datt “Respekt” zu engem
Friemwuert mutéiert ass. Vun “Unanständige” bis “Scheissnazi” wor alles
drënner, nët ze vergiessen déi intelligent Ausdréck vum Schreiwer vun dem Tageblatt-Leitartikel:
“Brunzköpfe ... Kretins ... Bornierte”. Wéi bornéiert muss ee sinn, fir sech
esou iwwert d`Meenung vun anere Leit z`erhiewen, grad dann wann een nët hierer
Meenung ass! Wann d`Recht op eng aner Meenung nët respektéiert gëtt (dat huet
näischt domat ze dinn, dat ee mat där Meenung averstan ass!), mee wann dat
Recht mat Nidderjäitzen, Verleumden a Lächerlechmaachen bekämpft gëtt, dann ass
dat en Zeeche vun deem schlechte Gesondheetszoustand vun der Gesellschaft.
Dann zur Ausso “NICHTS ... ist heilig”,
absolut näischt; duerop pocht den F. Wagner. Duerfir schreift hien ët a grousse
Buschtawen. Onofhängeg dovun, datt fir gleeweg Leit hire Gott helleg ass, gëtt
et fir all Mënsch Persounen, déi fir hien helleg sinn. Wann den Här
Wagner dat nët versteet, da soll hie sech emol virstelle, wat seng Reaktioun wier,
wann ech déi Mënschen, déi hie gären huet, ganz onhelleg duerch Beleidegung op
d`Schëpp géing huelen. Wann hien domat kee Problem huet, dann huet e wierklech
e Problem!
“Die Würde des Menschen ist unantastbar.”
Dësen einfachen an awer bedeitungsvolle Saz steet am Däitsche Grondgesetz. Ët
bedeit nët manner, wéi datt all Diskriminéierung, Beleidegung, Erofmaachen a
Meenungsënnerdréckung z`ënnerloossen ass. Vläicht mécht den Här Wagner sech
emol doriwwer Gedanken, éiert hien déi nächste Kéier de Griffel an de Grapp
hëlt.