Samstag, 3. Januar 2015

Moralesche Niddergang (2)


2.  Famill a Bestiednes


Nodeem déi éischt Schwulen- an déi éischt Lesbe-Koppel bestued sinn an eis Regierungsparteien eent vun hiren Haaptziler konkretiséiere konnten, ass ët Zäit, sech iwwert gesellschaftlech Ännerung Gedanken ze maachen. Ech hu meng Bedenken, wat d`Folge vun dem Homobestiednes ubelaangt. Aus menger Siicht gesinn ech 3 méi oder wéineger grouss Problemer op eis duerkommen.
a.       D`Bewäertung vun der traditioneller Famill, d.h. baséiert op dem Bestiednes vun engem Mann mat enger Fra. A praktesch alle Kulturen steet dës Konfiguratioun am Mëttelpunkt vun der Gesellschaft – verschiddentlech mat der Variatioun vun e pur Frae mat engem Mann oder, méi seelen, vun e pur Männer mat enger Fra. Si ass d`Gronbedingung fir de Fortbëstand  oder d`Weiderentwécklung vun der Gesellschaft. D`Weiderexistenz vun der mënschlecher Rass ass nure garantéiert duerch d`Vereenegung vun engem Mann mat enger Fra, onofhängeg vun alle postmoderne, genderistesche Phantasien. Eng opgeschlosse Familljepolitik muss déi traditionell Famill ganz uewen op hirem Aktiounsplang stoen hunn. Dat huet näischt mat Konservatismus an Hinterwäldertum ze dinn, mee ass ganz kloer zukunftsorientéiert. Eng Familljeministesch, déi deklaréiert, “keng natalistesch Politik” bedreiwen ze wëllen, ass a mengen Ae kloer op der falscher Plaz.

Der traditioneller Konstellatioun 1Mann-1 Fra gehéiert an der Familljepolitik ganz eendeiteg di éischt Prioritéit! Si steet als eenzegaarteg do, well si als eenzeg vu sech aus reproduzéierbar ass. Wann aner Partnerschaften legaliséiert solle ginn, da soll dat méiglech sinn, wann d`Vollek dat esou wëllt an ët moralesch vertrietbar ass. Déi exklusiv Positioun vun der traditioneller Famill muss awer ëmmer eng exklusiv bleiwen a vun der Gesellschaft prioritär (!) ënnerstëtzt ginn. 

b.      D`Legaliséierung vun dem Homobestiednes huet dëser Aart vu Partnerschaft Virdeeler bruecht – an domat aner Aarte vu Partnerschaft diskriminéiert.  Vill Mënschen liewen an enger Partnerschaft zesummen, gläichgeschlechtlech oder och nët. Si deelen d`Wunneng an d`Flichten am Haus, verbréngen hir Zäit zesummen a sinn ee fir deen aneren do, a gudde wéi a manner gudde Stonnen. Just d`Bett deelen se nët. Sollte si nët och déi nämlech Rechter hunn wéi déi, déi sech als Homo “outen”?

Oder wéi ass ët mat dem Wittmann an der Wittfra, déi sech fonnt hunn a sech gären hunn. Ass ët wierklech an der Rei, wa si a “wilder Ehe” zesumme liewe mussen, fir nët nach méi benodeelegt ze ginn duerch de Verloscht vun Deeler vun hirer Rent. Wier ët nët ubruecht, grad hinnen – an ët gëtt der ëmmer méi – d`Méiglechkeet unzebidden, sech ze bestueden ouni datt dat hinnen e finanzielle Nodeel bréngt. 

c.       D`Homobestiednes ass eng éischt Etapp um Wee zu weideren onorthodoxe Forme vum Zesummeliewen. D`Partnerschaft zu 3 a méi Persounen ass nët méi wäit. Neen, d`Phantasie geet nët mat mer doduerch, mee ech kucke, wat esou an der sougenannter ziviliséierter Welt geschitt a kommen aus dem Staune nët méi eraus. An England huet en Trio vun dräi Frae sech d`Recht geriichtlech erkämpft, sech mateneen ze bestueden. Ob d`Queen doriwwer “amused” wor ass nët aus de Noriichten ervirgaangen – ech wor ët op jidder Fall nët. Wéini déi nächst “Multi-Partnerschaft” (hei kann ee jo nët méi vun enger Koppel schwätzen) ofgeseent gëtt ass nure nach eng Fro vun der Zäit. Vläicht sinn ët dann 3 Männer oder 2 Männer mat enger Fra oder 2 Frae mat engem Mann, oder firwat net 4 Persounen a 5 verschiddene Variatiounen. D`Polygamie steet virun der Dier a mär wäerten se era loossen.

An Däitschland huet den nationalen Ethik-Rot zu enger weiderer Etapp opgeruff. Hien huet den Autoritéite geroden, enger Koppel vu Brudder a Schwëster d`Bestiednes  ze erlaben ... obwuel déi zwee schonn zwee Kanner zesummen hunn – allen zwee geeschteg behënnert.  

Ech kann do nure nach soen: eis Zivilisatioun ass am gaang dat Graf auszeschëppen, an där se selwer wäert begruewe ginn!

1 Kommentar:

  1. Ech gesinn - net iwwerraschend - déi Geschicht vill méi relax.

    Zu Äere Punkten:

    a - Sech bestueden a Kanner kréien sinn verschidde Saachen. Net all Koppel bestued sech, an net all bestuedten oder net bestuedte Koppel kritt Kanner. De fait, dass sech lo och Koppele bestuede kennen, déi biologesch keng Kanner kenne kréien, ännert jo näischt dorunner. Et gett d'Adoptioun, fir déi, déi dat wellen, ob se hetero oder homo sinn. Ech sinn dermatt d'accord, fir d'Kanner ze förderen, sief dat duerch gratis Crechen, duerch congé parental, oder Kannergeld. Mee Mariage a Kanner hunn scho laang net méi direkt eppes mateneen ze dinn.

    b - wie sech bestuede well, dierf dat lo maachen. Ob een dofir mateneen an d'Bett geet oder net, ass net relevant, an gett net kontrolléiert. Dat ass jo och bei engem Hetero ni e Critère gewiescht (oder ass de Buergermeeschter bei Iech kontrolléire komm?). A wien als Wittfra esou frou mat senger Witwerent ass, dass en sech net well bestueden fir déi net ze verléiren, kann dat jo och si loossen.

    c - Onorthodox Partnerschaften u sech sinn jo net schlemm. Menger Meenung no get dat zu 3, 4 oder méi nemme ganz selten eppes. Zu 2 ass et jo schon heiandsdo komplizéiert genuch. Ech mengen ganz reell net, dass een zu 3 oder méi op d'laang Weil eens gett. Mee wann e Besoin bestoen sollt - firwat net e PACS fir 3+ opmaachen?

    Am Fong geholl ass näischt Opregendes geschitt. D'Bestiedness ass an eiser Gesellschaft e Kontrakt, mat deem e Responsabilitéiten an Usprech géintiwwert dem Partner huet, an deen eng ganz rei Legalitéiten regelt. Bis elo woer dee Kontrakt op fir déi 90 oder 95% vun de Leit, déi hetero sinn, an elo ass een eben och fir déi 5% oder sou, déi sech als homo identifizéiren, op. Net jiddfereen wäert sech bestueden, net all Bestiedness wäert halen, an net an all Bestiedness wäerten et Kanner ginn - an net all Kanner hunn Elteren déi bestued sinn. D'Leit wäerten sech zum Deel aus finanziellen oder aneren Interessi bestueden, an zum Deel genau dowéint net bestueden, wéi schon Äert Beispill vun der Wittfra.

    Kee kritt eppes ewechgeholl, mee e puer Leit kréien eppes derbäi. An dat ass eng gudd Saach.

    AntwortenLöschen