Eng vun de läschten Aktiounen vun eiser Chamber am vergaangene Joer wor ët, de Wee fir
eis Regierung fräizemaachen, Palästina als e Staat unzeerkennen. Als Bedingung
wor, dës Unerkennung ze deklaréieren, wann dee richtege Moment komm wier fir
dës Aktioun. Wann een den Äifer gesäit, mat deem eisen Ausseminister sech
hannert d`Palästineser stellt, dann dierf een der Usiicht sinn, datt hie
geschwënn wäert de “richtege Moment” erkannt hunn.
Ech fannen ët ower paradox, wa sech do
beméit gëtt, Palästina als Land unzeerkennen, wou bis haut weder d`Hamas nach
d`Fatah bereet ass, Israel hirersäits als Staat unzeerkennen. Dobäi wor Lëtzebuerg
een vun deenen 33 Staten vu 56, déi den 29. November 1947 dem UN-Deelungsplang
zougestëmmt hunn, deen ët erlaabt huet, datt de 14. Mee 1984, nom Enn vum
britesche Mandat, Israel seng Souveränitéit ausgeruff huet. Nach deen nämmlechten
Dag hunn d`”Palästinenser” mat hiren arabesche Frënn déi jonk Natioun ugegraff,
mam Zil Israel ze zerstéieren an
d`Judden an d`Mir ze dreiwen. (Ech hu “Palästinenser” a Gänseféissercher gesat,
well ët deemools dat “palästinensescht Vollek” nach nët gouf! Dee Begrëff gouf
eréischt 1964 erfonnt.) Dat ass, wéi mer all wëssen, nët gelongen.
Mee dat Zil ass ower ni aus den Ae verluer gaang an d`Hamas huet d’Zerstéierung vun alle
Judden nach haut an hirer Grondsaatzerklärung stoen. De facto also wëlle mer
eng Bevëlkerungsgrupp als Staat unerkennen, déi als éischt Zil huet, den
Nopeschstaat ze zerstéieren. Do muss emol ee mer erklären, wat dat zur “Friedensfindung”
ka bäidroen.
Ech wëll an deem Zesummenhang op en Artikel
hiweisen, deen aus der Fieder vun engem palästinensesche Geléierte staamt.
Vläicht kann dëse realistesche Mann muncherengem
zu enger iwwerraschender “Wahrheitsfindung” verhëllefen.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen