Mittwoch, 14. Januar 2015

“Nichts ist heilig”


Sou ass e Leitartikel iwwerschriwwen, deen haut (14.01.2015) op Tageblatt online verëffentlecht ginn ass. Wéi sou dacks an deene läschten Deeg muss Pegida an d`Terroraktioune vu Paräis duerhalen, fir eng skuril Siicht vun der Fräiheet breet ze trëppelen.
Dem Här F. Wagner, aus deem senger Fieder dësen Artikel staamt, genéiert sech nët fir sengen iwwerhieflechen Aussoen duerch d`Uwende vum “Pluralis Majestatis” als absolut hinzestellen . Sou betount hien: “... wir können Ihnen hier kurz und präzise erklären, was heilig ist: nämlich NICHTS! Nichts ist heilig. Nichts ist tabu. Und ALLES darf karikiert werden.” Dat erkläert hien dem Imam vu Mamer, deen ët gewot huet, eng aner Meenung iwwert dee Sujet ze hunn a proposéiert huet mat de Vertrieder aus anere Reliounen doriwwer ze schwätzen.

Fir d`éischt zum Thema Karikatur. Eng Karikatur stellt Persounen oder Situatioune bewosst iwwerspëtzt duer; si ka lächerlech maachen oder ukloen. Ech hu keng Definitioun fonnt, déi erlaabt, datt eng Karikatur ka beleidegen. Bis elo huet een ët nët néideg gehat duerch iergend eng Zensurmoossnam  ze reglementéieren. Leit mat Manéieren hunn hir Matbierger mat Respekt behandelt – och wa si se op Mängel a Feeler higewisen hunn.

Wann een als neutrale Nokuckert d`Reaktioune vu ville Politiker an dem gréissten Deel vun der Press iwwer Pegida registréiert, da kann een nët iwwersinn, datt “Respekt” zu engem Friemwuert mutéiert ass. Vun “Unanständige” bis “Scheissnazi” wor alles drënner, nët ze vergiessen déi intelligent Ausdréck vum Schreiwer vun dem Tageblatt-Leitartikel: “Brunzköpfe ... Kretins ... Bornierte”. Wéi bornéiert muss ee sinn, fir sech esou iwwert d`Meenung vun anere Leit z`erhiewen, grad dann wann een nët hierer Meenung ass! Wann d`Recht op eng aner Meenung nët respektéiert gëtt (dat huet näischt domat ze dinn, dat ee mat där Meenung averstan ass!), mee wann dat Recht mat Nidderjäitzen, Verleumden a Lächerlechmaachen bekämpft gëtt, dann ass dat en Zeeche vun deem schlechte Gesondheetszoustand vun der Gesellschaft.
Dann zur Ausso “NICHTS ... ist heilig”, absolut näischt; duerop pocht den F. Wagner. Duerfir schreift hien ët a grousse Buschtawen. Onofhängeg dovun, datt fir gleeweg Leit hire Gott helleg ass, gëtt et fir all Mënsch Persounen, déi fir hien helleg sinn. Wann den Här Wagner dat nët versteet, da soll hie sech emol virstelle, wat seng Reaktioun wier, wann ech déi Mënschen, déi hie gären huet, ganz onhelleg duerch Beleidegung op d`Schëpp géing huelen. Wann hien domat kee Problem huet, dann huet e wierklech e Problem!

“Die Würde des Menschen ist unantastbar.” Dësen einfachen an awer bedeitungsvolle Saz steet am Däitsche Grondgesetz. Ët bedeit nët manner, wéi datt all Diskriminéierung, Beleidegung, Erofmaachen a Meenungsënnerdréckung z`ënnerloossen ass. Vläicht mécht den Här Wagner sech emol doriwwer Gedanken, éiert hien déi nächste Kéier de Griffel an de Grapp hëlt.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen