Freitag, 5. Dezember 2014

Eng aner Siicht

Dësen Artikel wëll ech Iech nët virenthalen. Aus där Siicht kréie mer ët an eise Medien nët gewisen.

http://tinyurl.com/ne5bbu8

Montag, 10. November 2014

Eng grouss Erausfuerderung fir d`Land


Lëtzebuerg steet den Ament ganz staark am Fokus vun der internationaler Press. Geschëlt ass dësen Ëmstand der Aart a Weis wéi Lëtzebuerg mat groussen internationale finanzkräftege Firmen ëmgeet wat d`Steieren ubelaangt. Vun eise Politiker, egal wéi se politesch agestallt sinn, kréie mer verséchert, datt alles am Respekt vu nationalen an internationale Gesetzer erfollegt ass. Ët ass ze hoffen, datt dat wierklech de Fall ass, soss kéint ët eis alleguer un de Portmonni goen.
Datt mir als Lëtzebuerger zum Land sollen halen, dat fannen ech an der Rei. Dat gëllt fir gutt ewéi fir schlecht Zäiten. Mat gemëschte Gefiller verfollegen ech allerdéngs dee Spagat, dee vu munche Politiker vollzu gëtt, wann ët dorëms geet, déi dubios Finanzgeschäfter ze rechtfertegen. Do gëtt vun “Tricker” geschwat, wéi wann eis Politiker nët gewousst hätten, ëm wat fir Tricker ët sech géing handelen, hu si dach grad duerch lëtzebuergesch Gesetzer a Reglementer dës onduerchsiichteg Firmegeflechter erméiglecht. An dat Argument, datt och esou Saachen an aner Länner geschéien hëlleft eis elo guer nët weider.
Ët geet mer éischter ëm dee moraleschen Aspekt. Den Apostel Paulus schreift a sengem éischte Bréif un d`Korinther: “Alles ass erlaabt, ower nët alles déngt deem Gudden. Alles ass erlaabt, ower nët alles baut op.” Wa mer (Lëtzebuerg) nët géint e Gesetz verstouss hunn, ka keen eis hei veruerteelen. An dach hu mer eis a villen Hisiichte schëlleg gemeet.
-        Wéivill Milliarden sinn anere Länner verluer gaang, well mir mat individuell ausgehandelte Steiersätz Firmen heihinner gelackelt hunn. Mer reegen eis sécherlech zu Recht op, wa mer vum 1. Januar un an Däitschland Stroossentaxe musse bezuelen, fannen ët ower gläichzäiteg an der Rei, wa mer dem däitsche Fiskus Steiermilliarde virun der Nues ewech gebotzt hunn.
 
-        Mer bekloen eis, datt d`Schéier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi grouss gëtt, erlaben ët ower op der anerer Säit, datt d`Groussaktionäre vu grousse Multien sech un onverdingten Dividenden nach méi beräicheren.

-        Mer weisen eis iwweraus grousshäerzeg géintiwwer Firmen, déi Millioune Gewënner verbuchen, sinn ower onbaarmhäerzeg géintiwwer lëtzebuerger Familljen a Firmen. Déi kréie keng “Tricken” ugebuede fir der Steierlaascht z`entgoen.

 E Beispill zum läschte Punkt gefälleg? Déi däitsch Firma “e.on” huet iwwer hier Duechterfirma “Dutchdelta” 130 Milliounen € Gewënn duerch Zënsakommes gemeet. Op déi 130 Milliounen hu se grad emol 1575 € Steiere bezuelt. Dat entsprécht engem Steiersaatz vun 0,0012%! Ët ass mer e Veräin bekannt, deen am Joer 2013 Recetten an Héicht vun 18.000 € hat. Dës Recette woren ausschliisslech Spenden, déi integral (!) benotzt goufe fir e Kannerheem an Indonesien z`ënnerstëtzen. E Gewënn ass nët gemeet ginn. Zum Schluss vum Joer woren 145 € an der Keess. De Fiskus verlaangt dovunner 3000 € Steieren. E Veräin, deen op bénévoler  Basis Tsunamiaffer ënnerstëtzt bezilt duebel esou vill Steier wéi de Grousskonzern “e.on”. Steiergerechtegkeet gesäit sécherlech anescht aus!

Vläicht maachen eis Politiker sech emol eeschtlech Gedanken iwwer moralesch Wäerter, déi se solle vertrieden. Ech invitéiren all déi Verantwortlech a Chamber a Gouvernement, dat wat elo geschitt ass och als eng Chance ze gesinn, nämlech d`Méiglechkeet vun engem neien Ufank – engem propperen. Iwwersiichtlech Steiergesetzer, ausgewien a gerecht Taxen an Transfertleeschtungen. Ech wor laang Jore stolz op mäi Land, wou Mënschen duerch hiren Know How, duerch Asaz a Fläiss  hir Kuuscht éierlech verdéngt hunn an all zesummen um Opbau vum Land matgedroen hunn. Haut schummen ech mech am Ausland ze soen, ech wier Lëtzebuerger.

Sonntag, 5. Oktober 2014

Moralesche Niddergang

(1. Deel)


Ech weess, datt nët jidderengem dat wäert groussaarteg gefalen, wat en elo hei liest. Mee op d`Gefor hinn, datt déi, déi fir hir Astellung vun all Mënsch Toleranz ouni Grenzen afuerderen, mech ouni déi geréngste Spur vun Toleranz hirersäits elo verbal fäerdeg wëlle maachen, hei dann elo trotzdem meng Usiicht.
  1. Zur Ofdreiwung
Eist Ofdreiwungsgesetz gëtt alt erëm eng Kéier verwässert, oder – fir ët politesch korrekt auszedrécken – liberaliséiert. Wéi esou dacks kréie mer da gesot, ët misst der Realitéit ugepasst ginn. Ech sinn, nët nure wat dësen Thema ugeet, der naiver Meenung, datt d`Réalitéit sech nom Gesetz ze riichten huet, an nët ëmgekéiert. Mee dat sief emol elo op der Säit gelooss fir dee Problem do ze diskutéieren. En Opmaacher am Stern huet am Joer 1971 der Diskussioun zur Ofdreiwung e neie Schwonk ginn: “Ich habe abgetrieben.” Sou hunn an der däitscher Boulevards-Illustréierter 374 Fraen “zouginn” an domat bekannt, datt si géint dat bestehend Gesetz verstouss hunn. (Spéider koum eraus (http://tinyurl.com/mx4mwph) datt e groussen Deel vun dëse Fraen nët ofgedriwwen hat, mee sech dozou bewege gelooss huet, sécherlech encouragéiert duerch eng entspriechend Finanzsprëtz, ze behaapten, eng Ofdreiwung gemaach ze hunn.) Hiert Haaptargument wor: “Mein Bauch gehört mir!” Vläicht wier dat mat der Ofdreiwung nët esou liicht gefall, wa se anatomesch méi genee gesot hätte: “Meine Gebärmutter gehört mir!” Hei geet ët ëm en Organ, wat alle Fraen eegen ass, wat aus enger Fra eng Mamm mécht, wa si e Kand “gebiert”.


Fir d`éischt gouf ët eng “Indikatiounléisung”. De Noweis vu sexueller Gewalt oder d`Erwaarde vun engem behënnerte Kand hunn eng Ofdreiwung erméiglecht. Duerno gouf d`”Fristeléisung” legaliséiert, well ët jo och nach aner Ursaache ginn, z.B. dee Lastiksbegrëff vu “sozialer Indikatioun”, fir e Kand viru senger Gebuert ëmzebréngen. (Lo stinn erëm muncherengem d`Hoer zu Bierg, wann en “ëmbrénge” liest. Ma wann ech eppes dout maache, wat lieft, da maachen ech futte (Déier) oder ech bréngen ëm (Mënsch).) Ech verstinn, datt eng Fra an enger schwiereger Situatioun ass, wa se e Kand erwaart no enger Vergewaltegung oder mat enger geféierlecher Krankheet. Mee dat wat an hier eruwiisst ass e Mënsch. Dat wat een ofdreift ass beileiwe nët nuren eng Knupp Fleesch (http://tinyurl.com/obt3l2x) All Kand, dat op d`Welt kënnt, huet seng eege Wäerter! Am 15. Jorhonnert huet en dichtege Notär zu Florenz sech u senger Sklavin vergraff. Si gouf schwanger, huet e Jong op d`Welt gesat an hien Leonardo genannt. Hie gouf dee wuel genialste Wëssenschaftler, deen d`Welt kennt: de Leoardo da Vinci. Am Joer 1174 huet zu Bonn eng Fra, déi d`Schwindsucht hat, e Bouf op d`Welt gesat, obwuel d`Dokteren hier un d`Häerz geluecht hate, keng Kanner ze kréien. De Bouf ass weltbekannt ënnert dem Numm Ludwig van Beethoven. Nët jiddereen gëtt e Genie, mee dat huet näischt domat ze dinn, ob d`Kand gewollt oder nët gewollt ass. All Kand soll seng Chance kréien.
Erstaunlech ass ët, datt d`Diskussioun iwwer Folge vun enger Ofdreiwung bei der Fra an deene seelenste Fäll thematiséiert gëtt. Et duerf een nët iwwersinn, datt vill Fraen hiert Liewe laang un de séilesche Folgen ze leiden hunn; an dat wäert an Zoukonft nach méi dacks de Fall sinn, well déi obligatoresch Berodung jo soll ofgeschaf ginn.


Wann déi aktuell Fuerderunge vun de Protagoniste vun der Ofdreiwung gestëmmt sinn, wäerten se sech gläich erëm un den Dësch setze fir dee nächste Schrëtt virzebereeden. Dir gleeft dat nët? Abee, zwee Dokteren, deen een aus Australien an deen aneren aus Kanada hu viru kuerzem fir eng “postnatal abortion”, also eng Ofdreiwung NO der Gebuert plädéiert, mam Argument, dës Kanner hätte nach keng Perséinlechkeet. Wat eng pervers Gesellschaft, déi deen, deen eng jonk Kaz an engem Ämer Waasser ersäift, an de Schlagzeile vun de Medien uprangert a virun de Riichter schleeft an de Muerd un ongebuerene Kanner legaliséiert!
Wéi schéi wier ët, wa mer eis un dëser Usiicht kéinten orientéieren: Den Dout stellt ee fest, wann d`Häerz ophält mat schloen. Firwat stellt een d`Liewe nët fest, wann d`Häerz ufänkt mat schloen.


Deel 2 (Famill a Bestiednes) an Deel 3 (Euthanasie) kommen no.

Mittwoch, 1. Oktober 2014

Gréng Politik


„Green is beautyful“, sou ass e Slogan vun der grénger Bewegung. Wann een an den Ufanksjoeren vun dëser Bewegung gemengt huet erkennen ze kënnen, datt ët sech ëm e gutt Zesummespill vu Mënsch a Natur géing handelen, sou muss een haut feststellen, datt ët ëmmer méi ëm en Duerchsetze vun enger Ideologie geet, bei deeër de Mënsch ëmmer méi d`Roll vum Béisen zougeschoustert kritt. Mat der Deklaratioun vun der “Klima-Erwäermung” koum dee groussen Duerchbroch: de Mënsch ass un allem Iwwel Schold duerch den CO2-Ausstouss. D`Kuelendioxid-Reduktioun gëtt ewéi en hellege Gral iwwert all Aktioune gehal an näischt huet méi eng grouss Prioritéit wéi d`Verréngerung vun dësem schicksalsträchte Gas, dee jo schon an der enormer Quantitéit vun 0,04% derbäi ass, dës Äerd a kiirzter Zäit onbewunnbar ze maachen. Fir dat ze verhënneren sinn all Affer gutt genuch: finanzieller an esou guer mënschlecher! Beispiller gefälleg?

Virun e puer Deeg huet déi däitsch Ëmweltministesch Barabara Hendricks um Klimagipfel zu New York deklaréiert, datt Däitschland keng Kuelekraaftwierker an Afrika méi géing subventionéieren. Wann d`Ursaach déi schlecht finanziell Situatioun vun Däitschland wier, da misst een eis Nopere jo bedaueren. Neen, d`Ursaach ass den CO2. Weltwäit stierwen all Joer geschate knapp 5 Millioune Leit well se aus Mangel un ugepassten Energiequellen hir Moolzechten op oppenem Feier zoubereede mussen. Vläicht gesäit d`Madame Hendricks ët als e positive Beitrag zu der Iwwerbevëlkerung vun der Äerd. Ët ass op jidder Fall e Beweis, wéi asozial gréng Gedankegäng kënne sinn. Ët weist ganz kloer, datt ët hir nët ëm d`Wuel vun de Mënschen an Afrika geet, mee ëm her Anti-CO2-Ideologie. An d`Ëmwelt gëtt domat och emol nach nët geschützt, well e neit Kuelekraaftwierk mat moderne Filteren verbrennt d`Kuel wesentlech méi propper wéi all déi kleng Feieren, bei deenen Kou- a Kaméilfläpp an nach aner Gedräcks verbrannt gëtt.

En anert Beispill gefälleg? E Bam muss geschützt ginn an all perséinlech Interessi mussen virum  “Interessi” vum Bam zeréckstoen.  Wien emol en Haus wollt bauen op eng Plaz wou schon e Bam steet, oder e Bam grad virun enger Garagenafahrt stoen hat, weess vu wat ech schwätzen. Wann der ower eng Vulleschredder, Pardon e Wandrad wëllt opstellen, da muss all Natur zeréck wäichen. Bei eisen däitsche Noperen ginn ëmmer méi gigantesch Wandrieder ...an de Bësch gesat. Duerfir mussen Hektare Bësch ëmgeluecht ginn an de Buedem mat Makadam  a Betong versigelt ginn. Dozou huet eng gréng Landes-Ëmweltministesch gemengt, si hätte souwisou schon zevill Bësch.

A wéi ass ët bei äis? Vum Biotope-Kadaster, dee muncherengem Bauer weist, datt hien säi Land vun elo un nët méi esou däerf beakeren, wéi dat schon zanter Generatioune geschitt ass, hu mer all matkritt. Hei méi e rezent Beispill. Eis Ëmweltministesch Carole Dieschburg huet eng Étude iwwer den Tanktourismus an Optrag ginn mam Zil, dësen Tanktourismus anzedämmen an esou d`CO2-Bilanz vu Lëtzebuerg ze verbesseren. Wa si dësen Tourismus kann ënnerbannen, da geléngt hier dat ganz sécher, mee mat wat fir Niewewierkungen? Fir dat erauszefanne brauch ee keng deier Étuden, mee mat e bësse gesonde Mënscheverstand fënnt een dat selwer eraus.

-        Well mer d`Auslänner nët kënnen drun hënneren, hei zu Lëtzebuerg ze tanken, muss dat iwwert de Präis geschéien; dat heescht mer mussen eis dem Präisniveau vun eisen Noperen upassen – am bäschten deem deiersten! Da verzichten se fräiwëlleg op en Trip iwwer d`Grenz no Lëtzebuerg.

-        D`Leit tanke well se Benzin brauchen, och d`Auslänner. Dat wat also hei manner getankt gëtt, gëtt bei eise Nopere méi getankt. Den CO2-Ausstouss bleift genee deen nämmlechten. (mee eis Statistike gi besser: manner CO2-Ausstouss zu Lëtzebuerg)

-        Déi hei nët méi tanken, kafen och nët méi an den Tank-Shopen an. Och do ginn dem Land ganz vill Suen laanscht d`Nues (bréngt awer besser Statistiken: manner Alkohol- an Tubakkonsum zu Lëtzebuerg)

-        Well op eise Grenzen manner getankt a verkaf gëtt, mussen eng Parti Tank-Shopen zou maachen an d`Personal entloossen.

-        Well de Benzin méi deier gëtt, geet d`Kaafkraaft vun de Lëtzebuerger erof.

Mee alles dat ass deene Gréngen egal, wa mer nuren dee béise Kuelendioxid domat bei eis am Land reduzéiert kréien. Wann dat geschitt, kann ech eiser blo-rout-GRÉNGER Regierung d`Nohaltegkeet bescheinegen: un deem wat eisem Staat duerch déi Moossnam un Einname verluere geet an nach zousätzlech kascht (méi Aarbechstloser), wäerte mär an eis Kanner nach laang knaen.

Sonntag, 28. September 2014

5 Milliounen Euro fir d`IPCC -"Klimaretter"!!!


Virun enger knapper Woch si mer duerch d`Press gewuer ginn, datt Lëtzebuerg erëm 5 Milliounen Euro an d`Klimadëppe bäigesteiert huet (http://tinyurl.com/phe2fzv) an datt mer och weider bereet sinn, kräfteg finanziell matzehëllefen, deen onsäglechen CO2-Ausstouss ze reduzéieren. Ech ka mech nët erënneren, datt dëst d'Thema vun enger Debatt an der Chamber wor. Mee dat soll hei nët diskutéiert ginn.
Ët geet mer drëm emol erëm eng generell Klimadebatt op héchstem Niveau unzereegen, an deeër och neutral (!) Expert`en ze Wuert kommen. Ët dierft dach och eise Regirungsparteie nët verbuerge bliwwe sinn, datt den Temperaturniveau zanter iwwer 15Joer stabil bliwwen ass, obwuel den CO2 an deem nämmlechten Zäitraum gläichméisseg geklommen ass. Déi Grafik hei weist eis den Temperaturverlaf an Däitschland fir déi läscht 25 Joer am Vergläich zum CO2-Verlaf an deem nämmlechten Zäitraum (schwaarz ass d`Mëtteltemperatur am nämlechten Zäitraum):


D`Wäerter si vum "Deutschen Wetterdienst" (DWD). Elo kann ee vläicht argumentéiren, dat wier Däitschland, mee déi global Temperatur géif dat nët bestätegen. Hei als Vergläich dee "weltwäiten Temperaturverlaf" vun 1998  bis 2008.
 

Och dës Grafike weisen zanter 1999, also zanter 15 Joer, absolut keng Tendenz no uewen, mee éischter no ënnen unn. Dës Tatsaach huet esougur deen héige Klimarot vun der UNO, den IPCC, missen a séngem läschte Rapport virun e puer Méint unerkennen. Verzweifelt sichen se zanterhier no Erklärunge fir daat, waat nët däerf sinn an hiere Prognosen integral widdersprëcht: e quasi Stëllstand vun dem Temperaturverlaf, wou dach dee "geféierlechen" CO2-Gehalt monter klëmmt. Datt den Afloss vum Kuelendioxid op d`Äerdtemperatur nët deen ass, deen si ugeholl hunn, wëllen se ower nët zouginn. Schliisslech weess elo bal all Mënsch, datt den COeise gréisste Feind ass an d`Produktioun vun deem "geféierleche" Gas ka bestrooft ginn (honni soit qui mal y pense!).

Vläicht an deem Zesummenhang emol e puer Kloerstellungen, déi wichteg sinn, wann een eng Klimadebatt sachlech wëllt féieren.

Klima: et ass eng statistesch Zesummefaassung vun alle Wiederpänomener (Temperatur, Loftdrock, Nidderschléi, Wand asw.) während enger Period vun 30 Joer. Ët gëtt kee globale Klima, ët gëtt nuere regional Klima`en. D`Klima ännert andauernd, well d`Wieder och ëmmer ännert - Gott sei Dank. Wann ee géint d`Klimaännerung wëllt ugoen, da kann ee mat genee esou vill Erfolleg rechne, wéi wann ee géint d`Zäit wéilt ugoen. D`Klima ass e statistesche Wäert, also eng Zesummefaassung, vun deem wat Vergaangenheet ass. Wien de Klima wëll änneren, versicht d`Vergaangenheet ze änneren.

Globaltemperatur: ët ass, wéi wann een d`Temperatur vun alle Patienten aus engem Spidol géing zesummerechnen, duerch d`Zuel vun de Patienten deelen an aus dem Resultat op de Gesondheetszoustand vun alle Patiente géing schléissen. All Mënsch weess, datt dat eng Eefällegkeet ass. Genee dat maache mer ower wa mer d`Globaltemperatur bestëmmen. Temperature kann een nët einfach addéieren; daat sollt all Schüler an enger 9. Klass wëssen. Sinn eis IPCC-Prophete schons éischter ofgetrueden? D`Temperatur kann een nueren am Zesummenhang mam Medium a mat der Mass betruechten. Wann d`Temperatur iwwert enger begrenzter Waasserfläch ëm 1 Grad klëmmt, kann daat nët kompenséiert ginn vun engem Réckgank vun der Temperatur vun 1 Grad iwwert enger genau esou grousser Buedemfläch, well de Wärmeinhalt vum Waasser wesentlech méi grouss ginn ass, wéi dee vum Buedem gefall ass. Deen eenzege verléissleche Wäert  fir eng wëssenschaftlech Analys wier de globale Wärmeinhalt, ma deen ass onméiglech ze bestëmmen, well duerfir Millioune Miessunge gläichzäiteg a gläichméissg verdeelt iwwer d`Äerd gemaach misste ginn.

CO2: ët ass e Gas ouni Geroch, Geschmaach an och ouni Fuerf; en ass och nët gëfteg. Säin Undeel un der Otemloft bedréit 0,04%; dat sinn déi berüchtegt 400 ppm (parts per million = Deeler op eng Millioun), déi zu eiser Zäit all Joer ëm weider 0,00025% klammen. Dee Kuelendioxid ootme mer mat all Otemzug an (0,04%), an dann 5% aus. Dorunner ass nach kee gestuerwen, och nët un der "Kuelesaier" am Béier, Schampes an an dem Limonad! CO2 ass de Grondbausteen vun all Vegetatioun. Ënnert dem Afloss vum Sonneliicht gëtt an de Planzen den CO2 zu de Bestanddeeler vun der Flora ëmgewandelt. Ouni CO2 keng Planzen, ouni Planze kee Liewen, d.h. ouni CO2 kee Liewen. Méi en héijen Kuelendioxid-Gehalt kann nueren dozou bäidroen, datt d`Felder méi bréngen, d`Bëscher méi gring ginn an eng nei Vegetatioun an Drëschegebidder entsteet.

Iwwersaierung vum Mier: D`Mier huet e pH-Wäert vun ongeféier 8; ët ass also relativ staark ...basesch! Eppes wat basesch ass, kann nët iwwersaieren, d.h. nach méi sauer ginn. Duerfir muss ët fir d`éischt emol neutral ginn, d.h. säi pH-Wert muss op 7 erofgoen. Duerfir muss den CO2-Gehalt vum Mier ëm dat 10-facht wuessen! Dat géif de Mënsch nët emol fäerdeg bréngen, wa mer all CO2 , deen a fossile Brennstoffer gelagert ass, total an d`Mier géingen offéieren. Wien eng "Klimaerwäermung" gläichzäiteg mat enger Iwwersaierung vum Mier priedegt, vergësst (bewosst?) de Réckkopplungseffekt: gëtt d`Mier méi waarm, dann trëtt CO2 aus dem Mier aus!

Ët wir nach eng ganz Parti ze soen iwwer déi Horrorszenarien, mat deene mer Dag fir Dag konfrontéiert ginn an déi eis solle bléien, wa mer nët séier d`Kuelendioxidschrauf zoudréien (d`Meir soll klammen, d`Wiederextremer zouhuelen, d`Gletscheren ofschmëlzen an déi aarm Äisbiren zu Gronn goe well se keen Äis mëi hunn). Mee doriwwer vläicht eng aner Kéier.

Deene Leit, déi iwwer eist (!) Geld entscheeden, wollt ech grad emol un d`Häerz leeën, sech Gedanken driwwer ze maachen, op ët nët besser wier vun enger Finanzsprëtz fir den IPCC ofzegesinn (wéi z.B. Australien a Kanada dat schons maachen), an dat Geld, wa mer ët schon nët selwer wëlle benotzen, anere vill méi wichtegen Aktiounen zoukommen ze loossen. Déi 5 Milliounen, déi mer dëser Deeg zu New York hänke gelooss hunn, hätte sëcherlech vill méi Mënschen d`Liewe gerett, wa mer se fir de Kampf géint d`Ebola agesaat hätten.

Mittwoch, 17. September 2014

UNICEF – United Nations Children Fund – mat Akzent op FUND!


Viru kuerzem konnt een op der TV  Reportage gesinn, déi d`Zoustänn a Kambodschanesche Weesenheemer gewisen hunn. Et woren Haiser, bei deenen ët haaptsächlech drëm geet, fräiwëlleg Hëllefspersonal – virun allem Studenten, déi dësen Job unhuelen an dobäi och nach bezuelen (!), an der Meenung eng gutt Saach z`ënnerstëtzen – auszenotzen an d`Touristen ëm Spenden ubiedelen.

Donieft gëtt ët ower och nach aner Heemer. D`FCOP, eng chrëschtlech Organisatioun, ënnerhält ongeféier 100 Heemer iwwert d`ganzt Land verspreet mat ëm déi 3000 Kanner. Dës Kanner gi vun ca 700 Wittfrae betreit. Domadder ass esouwuel de Kanner, wéi de Fraen, déi keng sozial Leeschtung vum Staat erwaarde kënnen, gedingt. Mir hu selwer d`läscht Joer e puer vun deenen Haiser besicht a wore begeeschtert vun der gudder Aarbecht, déi do geleescht gouf. D`Kanner si gutt betreit a sichtbar zefridde mat deem Liewe, wat hinnen do gebuede gëtt. Hire Liewensstandard entsprécht deem vun der Majoritéit vun de Kanner. Jiddereen kann e Bléck an déi chrëschtlech geleeten Haiser op hirer Internetsäit wäerfen (http://fcopi.org/church-homes/). D`Aarbecht déi do geleescht gëtt, ass vum Kambodschanesche Staat esou héich agestuuft, datt se virun 2 Joer déi Verantwortlech ausgezeechent hunn fir déi bescht Heemer am Land.

Dee nämmlechte Kambodschanesche Staat dreet elo dës Heemer zou ze maachen, wann nët folgend Bedingungen agehale ginn:
      -        Méi héich Pai fir d`Staffmembren (déi sech nach ni iwwer hier Paie beklot hunn!)
      -        Zwou amplaz eng Schouluniform an zwou Garniture Gezei
      -        Eng modern Kichen
      -        Fir all Bett eng Schaumstoffmatratz
      -        E modernt Buedzëmmer

Dat sinn alles Saachen, déi ët och nët an der Duerchschnëttsfamill am Kambodscha gëtt. Zum Deel sinn déi Heemer esouguer an Uertschaften, wou ët nach kee Stroum a keng Waasserleitunge gëtt. Hei gëtt d`Waasser an all (!) Haus mat Handpompelen erbäi gepompelt. Déi gewënschte Schaumstoffmatrate géifen an deem fiichte Klima schonn no kuerzer Zäit muuschteg ginn. Weider kräiden se nach un, datt an den Heemer och Nëtweesekanner sinn. Dat si Kanner, déi vum Stroossestrëch erof gerett gi sinn, oder déi vun den Elteren erausgeheit gi sinn, well se Geld kaschten an nach nët kënne schaffe goen.

Et géif iwwerraschen wa Kambodschanesch Ministeren dat nët wéissten an datt ët hinne nët bewosst wier, datt 90% vun alle Kambodschaner esou oder méi schlecht géinge liewe wéi dës Heemkanner! Mee dës Fuerderunge kommen och nët vun hinnen. Si sinn ënnert dem Drock vun der ...UNICEF entstan! Dës UN Organisatioun dreet mat der Sträichung vu Subsider un dëst aarmt Land, wa se hier onméiglech Fuerderungen nët duerchsetzen. Dobäi geet ët der UNICEF nët ëm d`Zoustänn an den FCOP-Heemer, well soss hätte si scho längst gefuerdert, déi onwierdeg “Touriste-Weesenheemer” zou ze maachen. Et ass der UNICEF en Dar am Aa, datt an den FCOP-Heemer d`Kanner chrëschtlech erzu ginn. Wat de Kambodschanesche Staat nët stéiert, ass der UNICEF ower zuwidder. Ët ass hinne léiwer, wann dës Kanner aus hirer betreiter Struktur, an där se kënne bis zum Schoulofschluss bleiwen (si kréien esou guer Universitéitsstudien erméiglecht!), erëm eraus op d`Strooss mussen.  

D`Behuele vun der UNICEF ass de Combel vun der Hypocrisie! Anstatt déi bestoend a gutt funktionéierend  Strukturen finanziell z`ënnerstëtzen, soll dat wat gutt funktionéiert huet, zerstéiert ginn. An duerfir ginn all Joer Fräiwëlleger aus der ganzer Welt ëm Chrëschtdag (do stéiert dee chrëschtleche Gedanken si nët!) mobiliséiert, fir iwwer Kaarteverkaf a Spenden d`Keesen vun der aarmer UNICEF ze fëllen. Mat deem Geld gëtt virun allem versicht, déi politesch Agenda vun der UNICEF duerchzezéien. D`UNICEF wor fir mech schonns laang suspekt; lo ass se ganz ënnenduerch!

Freitag, 5. September 2014

60 Geschlechter !!??


Muncherengem ass haut (05.09.2014) op der Internetsäit rtl.lu en Artikel an d`Ae gefall: Nei Funktiounen an de Choix tëscht 60 Geschlechter. E Bléck op de Kalenner weist, neen, et ass nët den éischten Abrëll an d`Fuesent steet och nët virun der Dir. Neen, et ass batteren Eescht. Wien  den Drang verspiert, sech op Facebook ze “outen”, ka sech elo zu engem vun deene 60 verschiddene Geschlechter bekennen. Ech wor bis elo der Meenung (a sinn ët och nach weiderhin!), datt e kuerze Bléck an d`ënnescht Box géing duergoen, fir tëschent engem vun zwee Geschlechter kënnen ze ënnerscheeden. Ech zielen domat sécher zu deenen Onverbesserlechen, déi ët nach ëmmer Eescht huele mat der Ausso vun der Bibel: (Buch Genesis 1. Kap. Vers 27) “A Gott huet de Mënsch ... geschafen; an hien huet se geschafen als Mann a Fra.” Fräi nom Klaus Wowereit gief ech deem unhänken: “An dat ass gutt esou!” Ech si mer bewosst, datt ët Leit gëtt, déi Problemer mat hirem Geschlecht hunn (si ginn als Transgender bezeechent), oder ower Leit, déi op Gronn vun Feelbildung vun hire Geschlechtsorganer nët eendeiteg als Mann oder Fra kënne bezeechent ginn (Intersexuell). Et freet ee sech ower, wou dat soll hi féieren, wa jiddereen seng sexuell Ausriichtung no “Lust und Laune” ännere kann. Dat huet näischt méi mat Fräiheet ze dinn!

An deem Zesummenhang wëll ech e Buch empfielen, dat dësen Thema ganz kloer beliicht an op d`Geforen opmierksam mécht, déi dës Entwécklung  mat sech bréngt:

 Gabriele Kuby: Die globale sexuelle Revolution; fe-medienverlags GmbH; D-88353 Kißlegg.

ISBN 978-3-86375-032-3

Den Ënnertitel “Zerstörung der Freiheit im Namen der Freiheit” léisst unhuelen, datt déi ganz sexuell Revolutioun nët ouni Geforen ass.

Donnerstag, 21. August 2014

Fir e gerechte Fridden am Noen Osten.


Wann ee sech dës Ausso wierklech zu Häerzen hëlt, dann huet een a läschter Zäit sécherlech genug ze dinn. Sou duecht ech op jidder Fall, wéi ech mer an Erënnerung geruff hunn, wat an deem Deel vun eisem Globus déi vergaange Méint a Joren d`Haaptschlagzeile vun eise Medien ausgemeet hunn an och nach ausmaachen:
-        Deen grujheleche Biergerkrich a Syrien mat Honnertdausende vun Doudeger a Milliounen op der Flucht;
-        Dat mënscheveruechtend Optriede vun den Terroriste vun IS, déi alles nidder metzele, wat nët honnertprozenteg an hire Schema passt;
-        Déi scheinbar onléislech Situatioun tëschent Israel an der Hamas;
-        D`Beschränkung vun de Mënscherechter  an d`Aspäre vu kritesche Journalisten an engem Land, dat munchereen schonn an der EU gesäit – der Türkei;
-        D`Verfolgung vu Chrëschten an alle Länner, wou den Islam un der Muecht ass; asw
Ëmsou méi wor ech erstaunt festzestellen, datt dee Veräin – Comité nennt e sech – deen de “Gerechte Fridden am Noen Osten” a sengem Numm dréit (Comité pour une paix juste au Proche- Orient = CPJPO), sou wéineg Präsenz weist. Ech hu mech op hir Internet Säit gegoogelt, fir ze kucken, op ech do eppes iwwersinn hätt. Do sinn ech eppes Besseres beléiert ginn.
Fir unzefänken hunn ech festgestallt, datt anscheinend Länner wéi de Libanon, Syrien, Türkei, Iran, Irak a Jordanien nët am Noen Oste leien (mäi Geographie`s Proff wor do anerer Meenung). Hei geet ët nuren ëm Israel a Palästina. Déi ongezielten Doudeger déisäits vum Jordan an dem Golan si keng Beméiunge wäert.
Ech hu mer erlaabt, eng Rei markant Aussoe vun dem CPJPO erauszeplécken:
-          La politique d’Israël est la vraie responsable de la mort des trois jeunes
An zwou Zeile gëtt den Dout vun 3 jonken Israelie matgedeelt a bedauert, an a 7 Zeile gëtt Israel dofir verantwortlech gemeet. 
 
-          punition militaire de la population de Gaza 
-          bombarder tout un peuple
Iwwer zweedausend Rakéiten aus dem Gaza op nët militäresch Zieler an Israel; eleng iwwer 180 Rakéiten an nët emol 24 Stonnen zanter dem Brieche vun der Wafferou duerch d`Hamas –Stand 20.08.14 um 22:00 Auer – ginn nët ernimmt! 
 
-          violence quotidienne à laquelle sont soumise les palestiniens,
E groussen Deel vun de Palestinenser, déi an Israel liewen, wëlle léiwer an Israel bleiwen, och wann ët e palästinensesche Staat gëtt. 

-          d’Kalbliddechkeet mat déer eng Besatzungsarméi  honnerten vun Zivilisten, honnerten vu Kanner, ganz Famillen mat modernsten Präzisiounswaffen embruecht huet  
Hei ass ët ubruecht, déi Thematik méi genee ze beliichten.

Éischtens feieren d`Hamas vill vun hire Rakéiten vu Plazen of, wou Zivilbevëlkerung an direkter Noperschaft wunnt: Wunnvéirel, Schoule, Moscheeën, Spideeler. Vum 8. Juli bis de 5. August huet d`Hamas 3360 Rakéiten ofgeféiert; 2303 sinn op israeleschem Terrain opgeschloen, eng Parti hunn am Gaza Schued ugeriicht, esou wéi déi Rakéit, déi an engem Spidol ageschloen huet a séier als Ugrëff vun den Israeli deklaréiert gouf. Vun de Rakéiten, déi an Israel ageschloen sinn, sinn der 260 aus Schoulen, 127 vu Kierfechter, 160 vu reliéisen Ariichtungen a 50 aus Spideeler ofgeféiert ginn. D`Argument, ët géing keng aner Plaze ginn ka jidderee selwer widderleeën, wann e sech bei Googlemaps de Gaza aus der Satellitteperspektiv ukuckt. Et gëtt räichlech Plaze wou keng Gebaier stinn.

Zweetens warnt d`israelesch Arméi virun dem Ugrëff mat Flugziedelen, Telefonsuriff, SMS a Warnschëss. D`Leit ginn ower vun der Hamas dru gehënnert, fir sech a Sécherheet ze bréngen, an dat zum Deel mat brutaler Gewalt fir als mënschlech Schutzschëlder ze dingen.

A wann drëttens Israel fir seng Ugrëff modernst Präzisounswaffe benotzt, da verhënnert ët domat grad, datt déi sougenannte Kollateralschied grouss ginn. 

-          Blokus vu Gaza an d’ Asperren (sic!) vun 2 Mio Leit
D`Gaza Sträif huet nët nuren eng Grenz mat Israel, mee och eng 14 km laang Grenz mat Egypten. Do ass de Grenziwwergank Rafah. Iwwer déi Grenz sinn (Stand 12. August) nuren e pur Camionen eragelooss ginn. Op der israelescher Grenz Kerem Shalom  sinn dogéint 2 772 Camione mat Hëllefsgidder (Medikamenter, Liewensmëttelen, frëscht Waasser asw) passéiert an dobäi vun der Hamas zum Deel nach beschoss ginn. Während Egypten seng Grenz fir all Hëllef zou gemaach huet, sinn zu Kerem Shalom tëschent dem 8. Juli an 8. August 169 Ambulanzen an de Gaza era gefuer, fir Palästinenser ze hëllefen. Iwwerdeems d`Egypter keen Dokter an de Gaza era gelooss hunn, sinn am Zäitraum vun 2 Wochen 38 Dokteren aus Israel an de Gaza komm. 

-          L’objectif de cette nouvelle guerre est de détruire le gouvernement d’unité nationale et toute solution politique au conflit pour continuer à s’accaparer les terres et les richesses de la Palestine.
Den 19. August hunn israelesch Sécherheetskräften 93 Hamas Membren a Judäa a Samaria verhaft.  Dës Leit haten e Putsch géint d`Fatah Regierung vum Mahmoud Abbas geplangt. Israel huet dem Abbas all Ënnerlagen iwwerginn. Dem Abbas säi Büro mellt, “datt dee Putschplang geféierlech wor an datt en eng eescht Gefor wor fir d`Eenheet  an d`Verbridderung vum palästinensesche Vollek.” Wann Israel dat wëlles hätt, wat de CPJPO behaapt, dann hätten se all Interessi dru gehat, de Putsch NËT ze verhënneren. Einfach lächerlech ass ët ze behaapten, datt Israel sech d`Land an d`Räichtümer vum Land wëll uneegnen. Wien sech och nuren e wéineg an der Geschicht vun der Regioun auskennt, weess, datt virun der Grënnung vum Staat Israel alles – biblesch geschwat –  “wüst und leer” wor. Mat vill Energie an Innovatiounsgeescht hunn israelesch Pionéier d`Wüst zu engem Land gemeet wou “Milch und Honig  fließt”. Vläicht ass ët an deem Zesummenhang interessant z`ernimmen, datt Israel, wéi ët de Gaza 2007 verlooss huet, eng gutt funktionéierend Gewächshausstruktur mat 2000 Zären hannerlooss huet. E Joer méi spéit, hate Palästinenser alles futti geschloen. 

-          la vente par Auchan de produits des colonies israéliennes
Ët gëtt wuel sécher keng méi kontraproduktiv Aktioun wéi de Boykott vun israelesche Produkter, wann een de Palästinenser hëllefe wëll. Wann israelesch Betriber méi lues mussen trëppelen well d`Exporter zeréck ginn, dann entloossen se fir d`éischt hir palästinensesch Mataarbechter. All Boykott vun Israel trëfft d`Palästinenser virun den Israelien.  

No all deene Betruechtunge muss eppes opfalen: ët geet beim CPJPO nët ëm d`Palästinenser, mee eleng GÉINT Israel. Wann ët hinne nämlech ëm d`Wuel vun de Palästinenser géing goen, da missten se mat alle Mëttelen dogéint protestéieren:

-          datt d`Hamas am Norde vun dem Gaza 20 jonk Palästinenser ouni Prozess standrechtlech erschoss huet wéinst Kollaboratioun mam Feind. Hiert Verbriechen: an hiren Handyen haten se israelesch SIM-Kaarten;

-          datt d`Hamas beim Bau vun hirem Tunnelsystem zum groussen Deel Kanner agesat huet. Déi Kanner, déi déidlech verongléckt sinn, goufen als Märtyrer ausgezeechent. Déi Erwuessen, déi beim Tunnelbau mat derbäi woren, si beim Ausbroch vum aktuelle Krich zum Deel erschoss ginn, fir datt se den Israelien nët kéinte verrode, wou den Tunnelsagank wier;

-          Datt déi nämlecht Hamas-Leit 40% vun hirem État an den Tunnelbau gestach hunn, Tunnellen, déi nët dem Schutz vun de Bewunner vum Gaaz dingen, mee fir terroristesch Iwwerfäll op Israelien geduecht sinn;

-          datt d`Hamas den israeleschen Zaldoten, déi Tunnelen inspizéiert hunn,  Kanner entgéint geschéckt hunn, déi mat Sprengstoff behaange woren, dee vun den Hamas Terroristen op Distanz gezünd gi sinn; d`Zaldote konnten hiert Liewe nure retten, andeem se d`Kanner aus der Distanz erschoss hunn, anerefalls wieren si mat de Kanner ëm d`Liewe komm;

-          datt a Jordanien déi vill Palästinenser (iwwer 40% vun der ganzer Bevëlkerung) vill manner Mënscherechter genéissen wéi all Palästinenser an Israel. An Israel hu se als israelesch Bierger aktiivt a passiivt Walrecht, a Jordanie näischt vu béidem.

-          datt Jordanien Palästinenser, déi aus Syrie fortlafe wëllen, mat Waffegewalt erëm zeréck dreift.
Ët kann an ët muss ee nët mat allen Aktioune vun Israel averstane sinn. Mee wien esou eesäiteg d`Schold ëmmer erëm bei Israel gesäit an d`Hamas, déi vun der EU als Terroristen-Organisatioun aklasséiert ass, als d`Affer duerstellt, verléiert seng Glafwierdegkeet a muss sech Gedanke maachen iwwert seng politesch Astellung, wann een eng Terrororganisatioun bedingungslos stäipt an déi eenzeg Demokratie an dem ganzen Noen-Osten verdäiwelt.

PS. An där Zäit, wou dësen Artikel zu Pabeier bruecht ginn ass, huet eng aner Noriicht nees eng Kéier e neit Liicht op déi aktuell Situatioun geworf. Déi arabesch Zeitung Al Hayat huet haut verëffentlecht, wat zum Ofbroch vun de Waffestëllstandsverhandlungen zu Kairo gefouert huet. Der arabescher Zeitung no huet den Emir Scheich Tamin Bin Hamad Thani aus dem Katar den Hamas-Chef Khaled Maschal opgefuerdert, d`Verhandlungen zum Platzen ze bréngen, well d`Verhandlunge vun Egypten an nët vum Katar gefouert goufen. Den Emir huet dem Hamas-Chef ze verstoe ginn, datt hie sech misst beméien, datt de Katar zum Vermëttler misst ginn, soss misst den Hamas-Chef de Katar verloossen. Et muss dobäi gesot ginn, datt den Khaled Maschal seng Hamas-Terroristen aus enger nobeler Prunkvilla zu Doha am Katar leet. Gutt behitt vun enger ganzer Arméi u Leibwächter lieft den Hamas-Chef hei ewéi e Prënz, iwwerdeems seng “Zaldoten” sech de Paradäis mat 7 Jofferen versichen ze verdéngen. Wann de Khaled Maschal selwer u seng  villverspriechend  Theologie géing gleewen, misst hie jo deen éischten un der Front sinn, amplaz sech knapp 2000 km hannert der Front feig ze verstoppen.

Donnerstag, 31. Juli 2014

Eng Knupp Fleesch?


Dësen Extrait aus dem Buch “Lebenslinie: Warum ich keine Abtreibungsklinik mehr leite”, schwätzt iwwer der Abby Johnson hir Erfahrunge mat der Ofdreiwung. D`Buch ass erausginn vum SUV, Augsburg. Ech loossen dëse Bericht  onkommentéiert, esou datt jiddereen sech selwer seng Gedanken doriwwer ka maachen.

D`Abby Johnson wor Direkterin vun enger amerikanescher Ofdreiwungsklinik, huet ower ni un enger Ofdreiwung mussen deelhuelen, bis si enges Daags fir eng aner Mataarbechterin huet missen asprangen. Um Ultraschall konnt si mat verfollegen wat sech an der Gebärmutter ofgespillt huet:

“Das Bild war komplett. Ich konnte das vollständige, perfekte Profil eines Babys sehen... <Dreizehn Wochen>, hörte ich  die Schwester sagen ... Die Kanüle, ... die am Ausgang des Saugschlauches befestigt ist, war in den Uterus eingeführt worden und näherte sich dem Baby ... Zuerst schien das Baby die Kanüle nicht zu bemerken ... die nächste Bewegung war die plötzliche Bewegung eines kleinen Füßchens, als das Baby anfing, heftig zu treten, so als ob es versuchen wollte, sich von dem sich an ihm festsetzenden Eindringling wegzubewegen. Als die Kanüle hineingepresst wurde, begann das Baby zu kämpfen, es drehte und wand sich heftig.” Dann wurde die Absaugmaschine angestellt und “der kleine Körper brach zusammen und begann vor meinen Augen in der Kanüle zu verschwinden. Das Letzte, was ich sah, war eine feine, perfekt geformte Wirbelsäule, wie sie in die Kanüle gesaugt wurde. Dann war alles weg.”

Wierklech nuren eng Knupp Fleesch?

Dienstag, 22. Juli 2014

Bildungsstau am Norden

Stellungnam vum ADR Norden


Dat ass wuel deen eenzege Begrëff, mat deem een d`Situatioun am Sekundarunterrecht am Norde ka beschreiwen. D`Gemauschels ëm de Standuert vun der neier Akerbauschoul ass nuren d`Spëtzt vum Äisbierg. Jorelaang Planungen, dann Verwäerfe vun de Pläng an nei Plangen duerchféire asw., dat huet näischt mat nohalteger Planung ze dinn – dat eenzegt, wat nohalteg wierkt, dat ass de Bildungsstau bei eise Kanner a Jugendlechen.

Als Beispill soll eis den Technesche Lycée vun Ettelbréck dingen. Zanter dem Ufank leeft dës Schoul ëmmer erëm an der Entwecklung der Zuel vun de Schüler hannendran. Wat 1946 an de Schoulsäll vun der Ettelbrécker Primärschoul mat 175 Schüler ugefaangen huet, ass 1952 an en eegent Gebai “op der Bréck” gewiesselt. Vun 188 Schüler (1955)  iwwer 262 (1956) ass d`Schülerzuel 1967 op 403 geklommen. D`Gebai wor natiirlech erëm ze kleng, an esou goufen d`Klassen op dräi Gebaier verdeelt: nieft dem Haus “op der Bréck” goufen ët Klassen an der aler Molkerei an an der Maarthal.

1968 ass dunn ugefaange ginn e neit Gebai an der Salentiny Avenue ze bauen op engem Terrain, deen 1963 kaf ginn ass. Am Schouljoer 1969/70 ass déi nei Schoul a Betrib geholl ginn mat 567 Schüler fir schonn erëm 4 Joer méi spéit ze kleng ze sinn fir 983 Schüler. 1975 ass en neie Flillek un d`Schoul ugebaut ginn, dofir hunn ower 2 Haiser an der Waarkener Strooss misse wäichen. Zäitweileg huet de Keller missen duerhale fir Schoul ze halen.

Wéi sollt ët anescht sinn: Ufanks de 90er Joren wor d`Schoul erëm ze kleng. Op d`Méiglechkeet, dee neie Flillek mat engem zweete Stack ze vergréisseren an en dobäi op déi nämmlecht Héicht wéi dat “aalt” Gebai ze bréngen, huet misse verzicht ginn. Ursaach: dee neie Flillek ass nët stabil genuch fir nach en zweete Stack drop ze bauen. Et blouf dunn nach déi provisoresch Léisung vu Container. Dofir ass d`Parkplaz vun der Schoul, déi souwisou och schonn ze kleng war, zum Deel benotzt ginn an d`Personal huet hier Autoe missen an de Pausenhaff stellen. Well d`Container ze no bei der Waarkener Strooss stoungen, hu missen 3 Haiser do opkaf ginn, déi zënter 20 Joer eidel stinn. Et ass näischt méi ausdauernd wéi Provisorien; duerfir stinn haut, 20 Joer méi spéit d`Container nach ëmmer do an d`Schoul ass – wie soll ët wonneren – nach ëmmer ze kleng. Zanter 20 Joer gëtt versprach, geplangt, verworf, getréischt asw. Déi Schüler, déi virun 20 Joer an enger iwwerfëllter Schoul erzielt kruten, ët géif eng nei Schoul gebaut ginn, schécken haut hir Kanner an déi nämmlecht Schoul.

Fir de Problem ze léisen, ass 2007 de Nordstad-Lycée opgemaach ginn. Wann ee geduecht hätt, elo géing sech no enger Plaz emkuckt ginn, wou Wuesstem méiglech ass, dann hat ee sech gëiert. Op Dikrech tëschent dat neit Gebai vun dem Klassesche Lycée an der Hotel Schoul ass déi nei Schoul era gezwonge ginn. Nët nuren, datt domat d`Méiglechkeet verspillt gouf, de Nordstad-Lycée ze vergréisseren, mee ët huet een deenen zwou anere Schoulen d`Méiglechkeet geholl, hir Gebaier gläichfalls ze erweideren.

De Nordstad-Lycée ass an der Tëschenzäit ...ze kleng an d`Schüler sinn nach op zwee aner Gebaier verdeelt.

Elo steet de Bau vun der Militärschoul un. Geplangt ass se zu Ettelbréck an der Waarkener Strooss op déi Plaz, wou déi dräi Haiser zanter 20 Joer eidel stinn. Si soll mam Lycée Technique zesummeschaffen. Eng weider Schoul op eng Plaz, wou de Raum fir Säll an och Parkplazen ëmmer méi enk gëtt. Mee mer bauen alt emol, obwuel nach ëmmer kee weess, op de Lycée Technique op der nämmlechter Plaz bleift, wou d`Akerbauschoul hikënnt a wat mat der aler Akerbauschoul geschitt. Och d`Fro nom Standuert vun der Schoul fir Fleegeberuffer ass nach nët beäntwert.

Dat ass nuren ee Beispill, mat wat fir engem Interessi d`Planung vun de Schoul-Gebailechkeeten virgeholl gëtt. Wann een d`Planung vun de Gebaier mat der demografescher Situatioun am Norde vergläicht, da kënnt een nët derlaanscht festzestellen, datt d`Zuel vun de Kanner, déi dës Schoulen eng Kéier besiche wäerten, schonn beim Plange bekannt woren an d`Schoule vu vireran ze kleng woren. Beispill Planung an Entwécklung tëschent 1968 an 1973. An deem Zäitraum ass d`Zuel vun de Schüler zu Ettelbréck am LT vu 567 op 983 geklommen. Dat hätt schonn beim Bau, deen 1968 ugefaange ginn ass, misse berücksichtegt ginn, well all déi Kanner woren zu deem Zäitpunkt schonn an der Primärschoul. Dat wor ower nët de Fall, mam Resultat, datt 4 Joer nom Ofschloss vum Bau d`Schoul schonn erëm ze kleng war.

De Norden ass kloer am Nodeel, wann ët ëm nei Schoule geet. Wann am Zentrum eng Schoul gebraucht gëtt, da brauch ët nët vill Zäit fir e neit Gebai dohinner ze stellen. Am Norden dauert d`Plange ganz dacks Jorzéngten,  wann dann iwwerhaapt eppes geschitt.

Un der Situatioun ännert och déi läscht Décisioun vum Ministerrot näischt. Am Géigendeel ët beweist, datt d`Konzeptlosegkeet  ëmmer méi konkret Formen unhëlt. D`Akerbauschoul, op der Knupp iwwer dem Lycée an der Hotelschoul, ouni eng ugepasste Stroosseninfrastruktur kann och mat engem neie Bussystem, dem “Mettis”, nët zur Verbesserung vun der Verkéierssituatioun bäidroen. Wann een dann och nach berücksichtegt, datt de “Mettis” seng eege Spur soll kréien, déi sougenannte Fisselsbréck (Foussgängerbréck!) nei muss gebaut ginn, fir datt de Bus se ka benotzen fir duerno duerch e Wunnvéierel ze fueren, an dann nach eng Vëlospist derbäi muss kommen (parallel zu deene Pisten, déi scho bestinn), dann duerf een sech eeschtlech Gedanken iwwer de Chaos maachen, deen dann tëschent Ettelbréck an Dikrech Dag fir Dag um Menü steet.

An dann deen neie Nordstad-Lycée op Ierpeldeng, dem Bild no, wat op der Pressekonferenz gewise ginn ass, direkt niewent d`Haus vun der ALA. Hei gëtt der ALA d`Méiglechkeet geholl, sech z`erweideren. Gläichzäiteg mussen d`Schülerbussen all duerch den Zentrum vun Ierpeldeng fueren, fir iwwer eng vill ze schmuel Strooss bei déi nei Schoul ze kommen.

Mat deem neie Nordstad-Lycée hu mer dann zwee Technesch Lycéeën op nët emol 2 km Loftlinn vuneneen. Wann ët ëm d`Schüler géing goen, da wier en technesche Lycée am Raum Housen-Maarnech wuel wesentlech méi nëtzlech.

An der Tëschenzäit duerfen d`Leit aus dem LT zu Ettelbréck, d`Schüler wéi d`Personal hier Hoffnungen, aus hiren agëengte Verhältnesser erauszekommen, nees op “St. Nimmerleinstag” erausschiben...  mee doranner hu se jo schonn Übung!

Am Norden besteet e Bildungs-Stau um Niveau vun der Infratruktur, ower och um Niveau vun der Organisatioun.

Ëmmer erëm kënnt ët vir, datt Jongen oder Meedercher aus dem héije Norden bis an d`Stad Lëtzebuerg oder souguer an de Minett musse fueren, fir dee Beruff ze léieren, deen hire Wënsch entsprécht. D`Argument ass zimlech ëmmer dat nämmlecht: ët sinn nët genuch Schüler do fir déi Klass. Wann d`Schüler dës laang Rees nët wëllen op sech huelen, mussen se en anere Beruff léieren. Et sollt een emol versichen, e Schüler vun Esch-Uelzecht op Clierf ze schécken, fir do an d`Schoul ze goen. Dat géif e Skandal ginn. An ëmgekéierter Richtung déi nämmlecht Distanz zeréckleeën fir an d`Schoul ze goen, gëtt ower als vertrietbar ugesinn.

Et muss zum Standard ginn, datt am Norden Grondqualifikatiounen (Haaptberuffer am Bau an an der Industrie) ugebueden an och geléiert musse ginn, onofhängeg vun den Intressenten! Et duerf nët sinn, datt Schüler de Beruff musse wiesselen, well an enger raisonabeler Distanz zu sengem Wunnuert keng entspriechend Schouloffer zer Verfügung steet. D`Argument, datt dat ze deier gëtt, duerf hei nët gëllen. Den J.F. Kennedy huet op d`Fro, wat méi deier wier wéi d`Schoul, geäntwert: “Keng Schoul”! Hien huet dat Wuert “Nohalteg” nach nët kannt, mee hie wousst seng Bedeitung wesentlech besser, wéi all déi, déi haut mat der Nohaltegkeet dorueter hauséire ginn.

Fir dem Bildungsstau am Norden en Enn ze setzen fuert d`ADR Norden:

®    Eng nohalteg, der demografescher Situatioun ugepasste Planung vun de Gebailechkeeten fir de Sekundarunterrecht;

®    Méiglechkeeten fir d`Schoul ze vergréisseren beim Plangen mat ze berücksichtegen;

®    Eng gudd Erreechbarkeet vun de Schoulen mam ëffentlechen Transport;

®    Eng däitlech Trennung vu Wunn- a Schoulvéierel;

®    E garantéiert Angebot un Ausbildungsklassen fir déi wichtegst Beruffer am Handwierk, am Handel an an der Administratioun.

D`Kanner an déi Jugendlech sinn genee esou vill wäert wéi hir Kollegen aus dem Zentrum an dem Süden. Si hunn duerfir och d`Recht op déi nämmlecht Qualitéit vun Ausbildung!

“Lëtzebuerg besser plangen”, ënnert deem Motto huet eis Regierung  am Juni hir “Plans sectoriels” virgeluecht. Hei kréie mer den Androck vermëttelt, datt am Wunnengsbau, an der Landschafts(ver)Planung, am Transport an an den Industriezonen mat System virgaange gëtt. D`Schoule sinn als Plan sectoriel komplett iwwergaang ginn, obwuel si mat all deenen anere Pläng vernetzt misste sinn. Wéi kann ee Wunnengsbau plangen, Landschafte verplangen, Transportwiesen zukunftsgeriicht organiséiren an Industriezonen nei grënnen, wann een nët weess, wou Dausende vu Kanner a Jugendlecher eng Plaz hunn, fir op d `Zukunft virbereet ze ginn. Wie beim Plange vun der Zukunft d`Kanner an d`Jugend vernoléissegt, baut d`Zunkunft op Sand amplaz op Fiels!

Krich an der Gaza-Sträif


De Gaza-Konflikt liwwert an alle Noriichtesendungen an dësen Deeg déi Haaptschlagzeilen. D`Hamas an Israel si sech erëm op ganz tragesch Manéier an d`Hoer geroden an op béide Säite sinn Doudecher ze bekloen. Politiker schwätze vun engem asymetresche Krich a mengen domat d`Tatsaach, datt eng technesch héich ausstafféiert Arméi hemmungslos géint en hoffnungslos ënnerleeëne Feind virgeet. A wann een déi tragesch Biller kuckt a Berichter direkt vun der Front liest, da kënnt ee bal nët derlaanscht, där Aschätzung zouzestëmmen.

Et kënnt een nët derlaanscht, wann een d`Berichter vun eise Medien onkritesch schléckt an d`Noriichte vun de Journaliste genee wéi d`Kommentaren dozou onkritesch ophëlt, fir sech seng Meenung ze bilden. Wann een ower kritesch nolauschtert a kuckt, sech versicht weider ze informéieren (dat kann ee ganz gutt, wann een nuren elementaarst Kenntnisser am Ëmgang mam Internet huet), wann een dat mécht, da stellt ee ganz séier fest, datt bei wäitem nët alles esou ka geschléckt ginn, wéi eis d`“Main Stream Medien” dat verkafe wëllen. Da stelle mer ganz geschwënn fest, datt eng asymetresch Noriichtenvermëttelung dee Krich mat sengem Hannergronn ganz uerg verzerrt.

Beispiller gefälleg? Hei nuren e pur.

Den 20. Juli huet am “heute-journal” beim ZDF de Michael Lüders, ZDF Nahost-Experte, eis erkläert,  wéi dee Krich entstan ass: “Es wurden 3 israelische Jugendliche entführt und ermordet und dann begann der Krieg gegen die Hamas.” Wann deen Expert do nët ënnert Amnesie ze leiden huet, dann dierft een sech erwaarden, datt en déi Virgäng, déi zwou Wochen zeréck leien, dach e bësse besser an Erënnerung hätt. Déi Aart, wéi hien eis de Mord un deenen 3 Israeli mat dem Krich a Verbindung bréngt (an engem Saz w.e.gl!), soll eis ganz kloer ze verstoe ginn: D`Israeli hunn ugefaang! Datt radikal Israeli (och där gëtt ët leider) e jonge Palestinenser ëmbruecht hunn, an duerno d`Hamas ugefaangen huet, mat Kassam Rakéiten Israel unzegräifen – also d`Hamas mat militäreschen Aktiounen ugefaangen huet – dat ass hei ënnerschloe ginn.  

Den Deutschland Radio huet a senge Noriichte matgedeelt, datt déi Wafferou, déi vun der UNO ausgeruff gouf, schon erëm no e pur Minutte gebrach gouf. Et eriwweregt sech dovun ze schwätzen wien erëm ugefaangen huet mat schéissen, huet de Noriichtespriecher gemengt an eis virenthalen, datt et d`Hamas wor, fir munchereen bei der Meenung ze loossen, datt et d`Israeli woren.

E Minister huet gemengt, d`Hamas hätt näischt ze dinn mat deenen Terroristen, déi Kassam Rakéiten op Israel schéissen. Här Minister, d`Hamas ass och vun der EU juristesch als Terrororganisatioun definéiert ginn an ët ass d`Hamas, déi Israel bombardéiert an nët iergend wellech anonym Fanatiker.

Vläicht géing dee Minister mat sengen europäesche Kollegen emol gutt drun doen, ze kucke wat mat deene ville Millioune geschitt, déi mer bestänneg an d`Gaza Sträif iwwerweisen:

·         Do finanzéiere mer den Drock vu Schoulbicher, wou d`Kanner vu kleng u geléiert ginn, all Judden dout ze maachen.

·         Do sponsore mer den Hamas Televisiounskanal, op deem Kanner a Poppen sech géigesäiteg erzielen, firwat a wéi een Judde soll dout maachen.

·         Do hëllefe mer beim Bau vun engem sophistikéierten Tunnelsystem, an deem couragéiert Hamas Bossen sech beim israeleschen Ugrëff kënne verkrauchen an duerch déi se Terroristen op israelescht Land schmuggele kënnen.

·         Do hëllefe mer, den Elteren vu Selbstmordattentäter, déi an “heldenhaften” Aktiounen onschëllege Mënschen d`Liewen geholl hunn, eng bedeitend Prime auszebezuelen, als Unerkennung fir déi Liewensastellung déi se hire Kanner mat op de Wee ginn hunn.

Munnech Noriichte kréie mer guer nët ze héieren. Si kéinte jo dem gudde Ruff vun der Hamas schueden. Z.B. déi, datt de 17. Juli an enger Schoul am Gaza d`UNRWA, d`UNO-Hëllefsorganisatioun fir Palästinensesch Flüchtlingen, 20 Kassam Rakéiten entdeckt huet, déi vun der Hamas do verstoppt woren. Dat wor och weider nët schlëmm fir d`Hamas. D`UNO huet der Hamas de béise Fanger gemaach an dunn ... hinnen d`Rakéiten zeréck ginn.

Oder wësst Der eppes vun der Noriicht, déi de 14. Juli op der libanesescher Televisioun gelaf ass? Do sot de fréiere Chefredakter vun der arabescher Zeitung A-Quds Al-Arabi, den Abd Al-Bari Atwan, datt déi arabesch Staatscheffen am Noen Osten dofir bieden, datt Israel endlech mat der Hamas ee für alle Mol Schluss mecht. „Se verstinn all, datt d`Hamas eng Terrororganisatioun ass an ënnerstëtzen insgeheim d`Ugrëffer vun Israel an der  Gazasträif“, sot den Atwan. Fält ët da kengem op hei an deem politesch korrekte Westeuropa, datt all déi aner arabesch Länner sech verdächteg roueg hale, wou et dach ëm hir palästinensesch Bridder geet? A wisou maachen d`Ägypter hier Grenz zum Gaza nët op, fir de Leit d`Flucht op de Sinai ze erméiglechen?

An nach eppes. Mir beméien eis, nach emol politesch korrekt, d`Konfrontatioun tëschent de Palästinenser an den Israeli zu engem reng politesche Gefecht ze maachen. Op enger (verbuedener) anti-israelescher Demonstratioun zu Paräis gouf per Megaphon opgeruff: “Jot d`Judden a maacht se dout!” an ëmmer erëm gouf “Allahu akbar” gejaut. Zu Bréissel hun e pur dausend Leit demonstréiert a geruff “maacht d`Judden dout” an “d`Judden an de Gas”. Zu Berlin stounge jugendlech Demonstranten virun der Synagog an hu gebrëllt: “ Jude, Jude, feiges Schwein. Komm heraus und kämpf allein!” Déi Judden, déi hei an Europa liewen hunn näischt mam Krich am Gaza Sträifen ze dinn. An dach si si op ville Plazen hires Liewes nët méi sécher, an dat well se Judde sinn. Déi fanatesch Mosleme féiere Krich géint Judden. A mir maache, wéi wann näischt geschitt wier. Bliedert dräi véirels Jorhonnert an ärem Geschichtsbuch zeréck, da léiert Der zu wat datt ët féiert, wann een an där Situatioun d`Aen zou mécht.

D`Zuel vun deenen, déi Israel wéinst hirer Politik kritiséieren a veruerteelen ass gewalteg. Mee ech hunn nach vu kengem eng réaliséierbar Propositioun héieren, déi Fridden an déi Regioun ka bréngen. Der Hamas hiert décidéiert Zil ass ët, Israel ze zerstéieren. Sou laang déi politesch korrekt Europäer dës Terroriste weider ënnerstëtzen, wäerten si sech op hirem Wee bestätegt fillen.

Montag, 23. Juni 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (6. Deel)


Schlussfolgerung.

 
All déi Beispiller, déi bis elo opgezielt goufen, beweisen, datt Wëssenschaft a Glawen nët an engem Widdersproch stinn. Grad am Géigendeel, munchereen vun de Wëssenschaftler huet Grousses geschafen duerch d`Kraaft déi hien am Glawe fonnt huet. D`Wëssen iwwer Naturgesetzer steet nët am Widdersproch zum Glawen, mee alles wat mer u Gesetzméissegkeete an un Uerdnong an der Natur entdecken, kann als en Hiweis op d`Wierke vun engem Schöpfer erkannt ginn.  Sou wéi all Bild op d`Existenz vun engem Moler hin deit, sou deit d`Schöpfung op de Schöpfer hin. Dee bekannten däitsche Physiker an Nobel-Präisträger Werner Karl Heisenberg (1901-1975) huet dat esou ausgedréckt: „Déi éischt Schlupp aus dem Becher vun de Wëssenschaften mécht athéistesch. Mee um Fong vum Becher waart Gott.“ An de Max Planck (1858-1947), wéi den Heisenberg Physiker a Nobelpräis-Lauréat, huet festgestallt: „Wëssenschaft a Glawe si keng Géigesätz, am Géigendeel si ergänzen sech a brauchen een deen aneren.“
 

3.       Visioun vun enger Gesellschaft ouni Glawen.
 

Fir et nach eng Kéier kloer ze stellen: ët geet mer nët ëm d`Verdeedegong vun Institutiounen, déi sech Kierch nennen, nach vun deem wat am Numm vun deenen Institutioune verkënnegt gëtt. Ët geet mer ëm e Plaidoyer vum Chrëscht a sengem biblesche Glawen am Kontext mat den Erausfuerderunge vun eiser Zäit.
 

De Chrëscht baut seng moralesch Grondsätz haaptsächlech op zwee Bibeltexter op:
    2. Buch vum Moses (Buch Exodus genannt) Kapitel 20, Versen 1 bis 17: déi 10 Geboter
    Markusevangelium Kapitel 12, Versen 30 an 31: Gesetz vun der Nächsteléift.

Fir ët einfach ze maachen hei nach eemol am Zäitraffer, wat do gefuerdert gëtt um tëschemënschleche Nivo:
    du solls deng Elteren éieren;
    du solls keen ermuerden;
    du solls nët friem goen;
    du solls nët klauen;
    du solls nët léien;
    du solls nët jalous sinn op déi aner  an net no deem sengem Hab a Gutt truechten;
    du solls däin Nächsten esou gären hu wéi dech selwer.

Dëse Katalog war déi moralesch Grondlag vun de Chrëschten zanter dem Ufank vun eiser Zäitrechnung. Et wor ower och d`Grondlag vun alle Gesetzgebungen an der westlecher Welt.
 

Déi moralesch Richtlinne woren esou fest an onwandelbar wéi déi moralesch Instanz, déi dohannert steet: Gott. Déi sougenannten Zäit vun der Opklärong huet en Ëmdenke bei enger Parti Leit bruecht. Si wollten hir Fräiheet an nët méi engem Gott ënnerstoen. Si hu Gott an hirem Liewen ofgeschaf, a mat Gott och seng moralesch Ufuerderungen. Wann de Moralgeber ewechfält, gëtt ët keng Basis méi fir Moral. Datt ët ouni iergendwellech Basis nët geet wor séier kloer. Am Joer vun der Franséischer Revolutioun, 1789, huet den englesche Jurist an Opklärongsphilosoph Jeremy Bentham (1748-1832) säi Buch „Introduction to the Principles of Morals an d' Legislation“ verëffentlecht. Hei huet hien seng utilitaristesch Ethik verkënnegt. Si berout op dem Prinzip vun deem gréisste Gléck fir déi gréisst Zuel (greatest-happiness-principle).  D`Idealbild vum Utilitarismus bedeit de maximale Genoss fir eng maximal Zuel vu Persounen.  Wat op den éischte Bléck guer nët esou schlecht kléngt (z.B. Verdeelung vu Ressourcen op vill Leit amplaz Unheefe vu Räichtum a wéinegen Hänn) kann ower ganz séier zum Damoklesschwäert ginn. Wien hätt dann nach de Fuerscher Johann Westhauser aus der Riesending-Schachthöhle gerett, wann nët Honnerte vu Retter zäitweis hiert Liewen op d`Spill gesat hätten fir dee Verongléckten rëm un d`Dagesliicht ze bréngen? Wien géif dann nach d`Betreiung vun enger kranker Persoun iwwerhuelen, wa si 24 Stonnen op 24 misst ëmsuergt ginn? A wann ee mat den Organer vun enger Persoun d`Liewe vun dräi anere kéint retten, wie muss sech da „fräiwëlleg“ higinn?
 

Ouni Gott gëtt d`Moral duerch Majoritéitsbeschloss définéiert. Den amerikaneschen Theolog a Philosoph Francis Schaeffer (1912-1984) huet dat als „Willkür vun de 51 Prozent“ beschriwwen.  D`Moralvirstellonge sinn déi vun der Majoritéit oder dem Stäerksten. Den däitsche Philosoph Robert Spaemann (*1927) bezeechent d´Folge vun enger Moral durch mënschlech Bestëmmong als „Verblendungsfall vum Zäitgeescht vun haut“. Dräi Verblendungsfäll huet hien definéiert: Euthanasie, Ofdreiwong an d`gesetzlech Verankerung vun der Homosexualitéit.
 

An deenen dräi Fäll wäerte mer feststellen – an zum Deel gesi mer dat schonns haut – datt déi Grenzen, déi mer eis per Gesetz ginn, op kuerz oder laang erëm méi wäit gestach ginn. Dat bezeechne mer dann politesch korrekt als „Liberaliséierung“ oder och nach Upassung un d`Gesellschaft.
 

A engem skandinavesche Land, wann ech mech nët ieren wor ët Schweden, wor viru Joren en intressante Versuch gelaf – ganz ongewollt! D`Autoritéiten hu festgestallt, datt op de Landstroossen d`Autoen am Schnëtt 10 km/h méi séier gefuer sinn ewéi déi festgeluechten Héchstvitess. Si hunn duerops hin d`Héchstvitess ëm 10 km/h eropgesat … fir festzestellen, datt d`Autoen hirersäits och erëm 10 km/h méi séier gefuer sinn.
 

Dëst einfacht Beispill weist eis, datt d`Upasse vun de Gesetzer a moralescher Hisiicht nët nuren e Schoss no hannen ass, mee direkt e ganzen Däiwelskrees alaut!
 

Déi Wäerter, déi Gott eis ginn huet, sinn onverännerbar. Wat virun 2000 Joer Lige wor, ass et och nach haut; wat virun 2000 Joer Muerd wor, ass ët genee esou nach haut. Deen déi Wäerter opweecht, schaaft e Somp, an deem hien enges Dags riskéiert, selwer ze Gronn ze goen, wann hien a sengen alen Deeg wirtschaftlech nët méi tragbar ass an „ofgesprëtzt“ gëtt. Dat wënschen ech kengem an duerfir ass ët Zäit, héich Zäit (!), fir eis op Wäerter zeréck ze besënnen, déi d`Dignitéit vun ALL Mënsch respektéieren, déi Ongebueren, genee esou wéi déi onheelbar Krank an déi Aal.