Montag, 23. Juni 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (6. Deel)


Schlussfolgerung.

 
All déi Beispiller, déi bis elo opgezielt goufen, beweisen, datt Wëssenschaft a Glawen nët an engem Widdersproch stinn. Grad am Géigendeel, munchereen vun de Wëssenschaftler huet Grousses geschafen duerch d`Kraaft déi hien am Glawe fonnt huet. D`Wëssen iwwer Naturgesetzer steet nët am Widdersproch zum Glawen, mee alles wat mer u Gesetzméissegkeete an un Uerdnong an der Natur entdecken, kann als en Hiweis op d`Wierke vun engem Schöpfer erkannt ginn.  Sou wéi all Bild op d`Existenz vun engem Moler hin deit, sou deit d`Schöpfung op de Schöpfer hin. Dee bekannten däitsche Physiker an Nobel-Präisträger Werner Karl Heisenberg (1901-1975) huet dat esou ausgedréckt: „Déi éischt Schlupp aus dem Becher vun de Wëssenschaften mécht athéistesch. Mee um Fong vum Becher waart Gott.“ An de Max Planck (1858-1947), wéi den Heisenberg Physiker a Nobelpräis-Lauréat, huet festgestallt: „Wëssenschaft a Glawe si keng Géigesätz, am Géigendeel si ergänzen sech a brauchen een deen aneren.“
 

3.       Visioun vun enger Gesellschaft ouni Glawen.
 

Fir et nach eng Kéier kloer ze stellen: ët geet mer nët ëm d`Verdeedegong vun Institutiounen, déi sech Kierch nennen, nach vun deem wat am Numm vun deenen Institutioune verkënnegt gëtt. Ët geet mer ëm e Plaidoyer vum Chrëscht a sengem biblesche Glawen am Kontext mat den Erausfuerderunge vun eiser Zäit.
 

De Chrëscht baut seng moralesch Grondsätz haaptsächlech op zwee Bibeltexter op:
    2. Buch vum Moses (Buch Exodus genannt) Kapitel 20, Versen 1 bis 17: déi 10 Geboter
    Markusevangelium Kapitel 12, Versen 30 an 31: Gesetz vun der Nächsteléift.

Fir ët einfach ze maachen hei nach eemol am Zäitraffer, wat do gefuerdert gëtt um tëschemënschleche Nivo:
    du solls deng Elteren éieren;
    du solls keen ermuerden;
    du solls nët friem goen;
    du solls nët klauen;
    du solls nët léien;
    du solls nët jalous sinn op déi aner  an net no deem sengem Hab a Gutt truechten;
    du solls däin Nächsten esou gären hu wéi dech selwer.

Dëse Katalog war déi moralesch Grondlag vun de Chrëschten zanter dem Ufank vun eiser Zäitrechnung. Et wor ower och d`Grondlag vun alle Gesetzgebungen an der westlecher Welt.
 

Déi moralesch Richtlinne woren esou fest an onwandelbar wéi déi moralesch Instanz, déi dohannert steet: Gott. Déi sougenannten Zäit vun der Opklärong huet en Ëmdenke bei enger Parti Leit bruecht. Si wollten hir Fräiheet an nët méi engem Gott ënnerstoen. Si hu Gott an hirem Liewen ofgeschaf, a mat Gott och seng moralesch Ufuerderungen. Wann de Moralgeber ewechfält, gëtt ët keng Basis méi fir Moral. Datt ët ouni iergendwellech Basis nët geet wor séier kloer. Am Joer vun der Franséischer Revolutioun, 1789, huet den englesche Jurist an Opklärongsphilosoph Jeremy Bentham (1748-1832) säi Buch „Introduction to the Principles of Morals an d' Legislation“ verëffentlecht. Hei huet hien seng utilitaristesch Ethik verkënnegt. Si berout op dem Prinzip vun deem gréisste Gléck fir déi gréisst Zuel (greatest-happiness-principle).  D`Idealbild vum Utilitarismus bedeit de maximale Genoss fir eng maximal Zuel vu Persounen.  Wat op den éischte Bléck guer nët esou schlecht kléngt (z.B. Verdeelung vu Ressourcen op vill Leit amplaz Unheefe vu Räichtum a wéinegen Hänn) kann ower ganz séier zum Damoklesschwäert ginn. Wien hätt dann nach de Fuerscher Johann Westhauser aus der Riesending-Schachthöhle gerett, wann nët Honnerte vu Retter zäitweis hiert Liewen op d`Spill gesat hätten fir dee Verongléckten rëm un d`Dagesliicht ze bréngen? Wien géif dann nach d`Betreiung vun enger kranker Persoun iwwerhuelen, wa si 24 Stonnen op 24 misst ëmsuergt ginn? A wann ee mat den Organer vun enger Persoun d`Liewe vun dräi anere kéint retten, wie muss sech da „fräiwëlleg“ higinn?
 

Ouni Gott gëtt d`Moral duerch Majoritéitsbeschloss définéiert. Den amerikaneschen Theolog a Philosoph Francis Schaeffer (1912-1984) huet dat als „Willkür vun de 51 Prozent“ beschriwwen.  D`Moralvirstellonge sinn déi vun der Majoritéit oder dem Stäerksten. Den däitsche Philosoph Robert Spaemann (*1927) bezeechent d´Folge vun enger Moral durch mënschlech Bestëmmong als „Verblendungsfall vum Zäitgeescht vun haut“. Dräi Verblendungsfäll huet hien definéiert: Euthanasie, Ofdreiwong an d`gesetzlech Verankerung vun der Homosexualitéit.
 

An deenen dräi Fäll wäerte mer feststellen – an zum Deel gesi mer dat schonns haut – datt déi Grenzen, déi mer eis per Gesetz ginn, op kuerz oder laang erëm méi wäit gestach ginn. Dat bezeechne mer dann politesch korrekt als „Liberaliséierung“ oder och nach Upassung un d`Gesellschaft.
 

A engem skandinavesche Land, wann ech mech nët ieren wor ët Schweden, wor viru Joren en intressante Versuch gelaf – ganz ongewollt! D`Autoritéiten hu festgestallt, datt op de Landstroossen d`Autoen am Schnëtt 10 km/h méi séier gefuer sinn ewéi déi festgeluechten Héchstvitess. Si hunn duerops hin d`Héchstvitess ëm 10 km/h eropgesat … fir festzestellen, datt d`Autoen hirersäits och erëm 10 km/h méi séier gefuer sinn.
 

Dëst einfacht Beispill weist eis, datt d`Upasse vun de Gesetzer a moralescher Hisiicht nët nuren e Schoss no hannen ass, mee direkt e ganzen Däiwelskrees alaut!
 

Déi Wäerter, déi Gott eis ginn huet, sinn onverännerbar. Wat virun 2000 Joer Lige wor, ass et och nach haut; wat virun 2000 Joer Muerd wor, ass ët genee esou nach haut. Deen déi Wäerter opweecht, schaaft e Somp, an deem hien enges Dags riskéiert, selwer ze Gronn ze goen, wann hien a sengen alen Deeg wirtschaftlech nët méi tragbar ass an „ofgesprëtzt“ gëtt. Dat wënschen ech kengem an duerfir ass ët Zäit, héich Zäit (!), fir eis op Wäerter zeréck ze besënnen, déi d`Dignitéit vun ALL Mënsch respektéieren, déi Ongebueren, genee esou wéi déi onheelbar Krank an déi Aal.

 

Sonntag, 22. Juni 2014

Boko Haram zu Lëtzebuerg !?


An enger „Carte Blanche“ op RTL huet viru kuerzem de L. Schlechter eng “Le Mans-Kéier” geholl, fir vu Boko Haram Terroristen op d`Verhale vu Gleewegen am Westen ze schlussfolgeren. D`Wäerter vu Boko Haram si geféierlech; Boko Haram ass eng reliéis Grupp; also sinn all reliéis Gruppe geféierlech.

Ech weess nët, wéi geféierlech Philosophe sinn; mee geféierlech si se op jidder Fall, wa si ët mat der Wourecht nët esou genee huelen. Dat ass nämlech de Fall, wann een nuren hallef Wourechte verkënnegt, an dat ewech léisst, wat engem nët esou genee a seng philosophesch Iwwerleeunge passt.

Sou behaapt de Lambert Schlechter, déi grondleeënd Texter vun der Amerikanescher Verfassung hätte kee Bezug op iergendeng Relioun: (Zitat Schlechter)

„Ons heiteg fräiheetlech Demokratien an egalitär Gesellschaftssystemer foussen op Gedanken, déi sech an enger bal dräidausendjäreger Geeschtesgeschicht entwéckelt hunn, fir sech an enger Rei vu grondleeënden Texter ze verankeren, zu deenen d’amerikanesch Onofhängegkeetserklärung gehéiert, souwéi d’franséisch Déclaration des droits du citoyen a virun allem d‘Allgemeng Mënscherechtserklärung vun 1948.

An dësen Texter gëtt et kee Bezuch op iergendeng Relioun, kee Moment gi si verankert an enger Transzendenz.“

Vläicht verwiesselt de Schlechter d`amerikanesch Onofhängegkeetserklärung mat der Verfassung. Ofgesinn vun der Schlussformel vun der amerikanescher Verfassung  „..done in Convention by the Unanimous Consent of the States present the Seventeenth Day of September in the Year of our Lord one thousand seven hundred and Eighty seven“ wier seng Behaaptung net falsch. En ënnerschléit dobäi ower ganz bewosst, datt bei deem ganzen Entstehungsprozess vun de Vereenegte Staten de Glawen eng ganz wesentlech Roll gespillt huet.

Et fänkt un mat den éischte Kongressdebatten am Joer 1774 zu Philadelphia an der „Carpenter`s Hall“.  D`Delegéiert aus den 13 Grënnerstaaten hunn de Virschlag vum Tom Cushing, Massachusetts, ugeholl, hir Sitzung mat engem Gebiet unzefänken. Op Ureegung vum Samuel Adams, Boston, huet de Paschtouer Duché mat engem méi laange Gebiet, dat d`Delegéiert ganz déif beréiert huet, de Kongress op gemeet. Den Duché gouf dueropshin zum Kongress Geeschtlechen ernannt – eng Institutioun, déi och haut nach ganz aktiv am Kongress ass.

Déi Kraaft an dee Geescht vun Eenheet, deen d`Vertrieder vun de Staten am Gebiet fonnt hunn, huet se motivéiert op hirem zweete Kongress 1775 en Nationale Dag vun „Demütegung, Faaschten a Gebiet“ fir d`ganz Natioun ze deklaréieren.

1778 dunn huet de Kongress, nodeems England an enger entscheedender Schluecht geschloe gouf, den nationale „Thanksgiving“ ausgeruff, op Initiativ nach eemol vum Samuel Adams.  Domat ass eng Traditioun gestart ginn, déi bis haut hiren Impakt op déi ganz Natioun nach net verlueren huet.  Zanter dem President G. Washington gëtt deen Nationale „Thanksgiving“ all Joer mat enger spezieller „Thanksgiving Proclamatioun“ agelaut. 

Wann och d`amerikanesch Konstitutioun kee gréissere Bezug op Gott hëllt, sou ass hir Onofhängekeetsdeklaratioun ëmsou méi kloer. De 4. Juli 1776 hunn d`Delegéiert, ënnert hinnen de Benjamin Franklin an déi spéider Presidenten John Adams an Thomas Jefferson dat Dokument ënnerschriwen, dat an amerikaneschen Häerzer vill méi en héije Stellewäert huet wéi d`Konstitutioun

„When in the Course of human events, it becomes necessary for one people to dissolve the political bands which have connected them with another, and to assume among the powers of the earth, the separate and equal station to which the Laws of Nature and of Nature's God entitle them, a decent respect to the opinions of mankind requires that they should declare the causes which impel them to the separation.

We hold these truths to be self-evident, that all men are created equal, that they are endowed by their Creator with certain unalienable Rights, that among these are Life, Liberty and the pursuit of Happiness. ….

We, therefore, the Representatives of the united States of America, in General Congress, Assembled, appealing to the Supreme Judge of the world for the rectitude of our intentions, do, in the Name, and by Authority of the good People of these Colonies, solemnly publish and declare, That these united Colonies are, and of Right ought to be Free and Independent States …“

Wien elo nach behaapt, déi grondlegend Texter vun dem amerikanesche Vollek hätte kee Bezug op reliéis Wäerter, dee liest wuel nueren déi Textdeeler, déi a säi philosophesche Modell era passen.

Et sollt een dann och nach ernimmen, datt zanter 1953 all Joer ufanks Februar zu Washington den „National Prayer Breakfast“ organiséiert gëtt, un deem iwwer 3000 Gäscht deelhuelen a wou traditionell vun Ufank un den Amerikanesche President mat derbäi ass.

De Schlechter warnt, datt een d`Geféierlechkeet vun der kathoulescher Kierch net an eisem Enseignement duerf vergiessen. Ech sinn och fir eng Verbesserung vun eisem Enseignement: éischtens sollt een am Geschichtsunterrecht och emol iwwer de grousse Pull kucken; dann zille mer nämlech keng Philosophe méi erun, déi nuren e rudimentäert Wësse vun de Kannerjore vun den USA hunn, an zweetens sollt een am Philosophiesunterrecht op d`Geforen vu bewosste Falschinformatiounen hiweisen.

Sonntag, 8. Juni 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (5. Deel)


(2.    Den Afloss vun dem Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft)

 

·         Naturwëssenschaften (3)

Wann och munchereen vun de Chrëschte mengt, si géinge nach un eng flach Äerd gleewen, da muss een drop hi weisen, datt ët grad Chrëschte waren, déi eis Äerd an de richtege Kontext vum Sonnesystem gesat hunn.  Schon am Buch Hiob, engem vun den eelste Bicher aus der Bibel, steet: Hien (Gott)... hängt d`Äerd iwwert dem Näischt op. Hei geet nët riets vun enger flaacher Äerd, déi an engem onendleche Mier schwëmmt.

De Nikolaus Kopernikus, Doumhär zu Frauenburg (haut Frombork am Norde vu Polen), huet am Joer 1543 a sengem Haaptwierk “De revolutionibus orbium coelestium” dat heliozentrescht Weltbild beschriwwen (Helios = Sonn ass den Zentrum vum Planetesystem). Wann de Kopernikus nach der Meenung wor, datt d`Planete sech op Kreesbunne bewege géingen, sou huet de Johannes Kepler, evangeleschen Theolog, Philosoph, Mathematiker, Physiker, 60 Joer méi spéit dat Weltbild präzis beschriwwen: Elliptesch Bunnen an ënnerschiddlech Geschwindegkeet huet hien mat den zwee Kepleresche Gesetzer a sengem Wierk “Astronomia Nova” beschriwwen. Och um Gebidd vun der Optik an der Mathematik huet de Kepler revolutionär Entdeckunge gemaach. En huet och eng Zännrad-Pompel erfonnt, där hire Prinzip haut nach an eisen Autoen als Uelegpompel ugewannt gëtt.

 Déi experimental Naturwëssenschaften, déi d`Grondlag vun all eisen technesche Fortschrëtter duerstellt, huet hieren Ursprong beim Francis Bacon (1562-1626). Hie wor deen éischten, deen geziilt experimentéiert, wëssenschaftlech Resultater ausgewäert huet an duerno de Beweis vun der Korrektheet vun de Resultater experimentell beluecht huet. Seng wëssenschaftlech Fuerschung huet hien nët dovunner ofgehalen, fir donieft sech der Theologie hinzeginn an Ofhandlungen iwwer d`Psalmen an d`Gebiet ze schreiwen.

Am Beräich vun der Mathematik kënnt een nët laanscht de Blaise Pascal (1623-1662). Nieft de Gesetzer an der Hydrostatik an Hydrodynamik (de “Pascal” gëtt haut als Eenheet vum Drock benotzt) huet hien d`Grondlage vum Differentialrechnen an dem Probabilitéitsrechne geluecht. Grad esou bekannt dierft och seng Iwwerleeung zum Glawen un deen ee Gott sinn: “Wann s de gleefs an et ass richteg, hues de alles gewonnen; wann et falsch ass, hues de näischt verluer. Wann s de nët gleefs an et ass richteg, hues de näischt gewonnen; wann et falsch ass, hues de alles verluer.” 

Onbedéngt nieft dem Blaise muss een den Isaac Newton (1642-1727) ervirsträichen. Nieft de Gesetzer vun der Gravitéit (haut dréit d`Kraaft international d`Eenheet “Newton”) huet säi Fuersche grouss Fortschrëtter an der Mathematik an an der astronomescher Physik bruecht. Hie selwer huet säin theologescht Wierken ower nach méi héich ageuerdent. Hien huet geschriwwen: “Do ass ee Wiesen, dat alles gemaach huet, deen alles a senger Muecht huet a virun deem mir also solle Respekt hunn. ... Gott herrscht onsiichtbar iwwer dës Welt an hien huet eis opgedroen, hien ze luewen (worship) a soss keen anere Gott. ... hien huet Jesus Christus, eisen Erléiser, vun den Doudegen operstoe gelooss...”.

Zur nämmlechter Zäit huet de Gottfried Leibnitz (1646-1716) gelieft. Seng Entwécklung vun dem Differentialrechnen wor vun immenser Bedeitung fir all weider Fuerschung um Gebitt vun der Physik. Fir hien wore Glawen a Wëssenschaft gutt iwwereneen ze bréngen. Hien huet d`Bibel  als autoritärt  Wuert Gottes unerkannt.

De Robert Boyle (1627-1691), deen den Zesummenhang tëschent Gasdrock a Gasvolumen ermëttelt huet – dat Gesetz dréit haut nach säi Numm – wor als Laiepriedeger nieft senger Fuerschungsaarbecht aktiv. Hien huet theologesch Schrëfte verfaasst an d`Aarbecht vun de Bibeliwwersetzer finanziell ënnerstëtzt. De Robert Boyle, deen och nach als Papp vun der Chimie gëllt ass och nach de Grënner vun der Royal Society (of London), der renoméiertster wëssenschaftlech Gesellschaft.

An der Elektrotechnik huet all Fachmann all Dag mat dräi Begrëffer ze dinn: Volt, Ampère an Ohm. Si sti fir dräi grouss, gleeweg Pionéier vun hirem Fach: den Alessandro Volta (1745-1827), Entdecker vun der Elektrizitéit an der Batterie (“Ech schumme mech nët fir d`Evangelium; et soll gutt Fruucht bréngen”); den André Ampère (1775-1827), Grondlagefuerscher (“Eent vun den iwwerzeegendsten Beweiser fir d`Existenz vu Gott ass déi wonnerbar Harmonie vum Weltraum  an d`Tatsaach[RK1] [RK2] , wéi  d`Liewen alles geliwwert kritt fir kënnen z existéieren”) an den anere Grondlagefuerscher Georg Simon Ohm (1787-1854). Hien huet säin éischte Band vu sengem Wierk “Molekularphysik” ofgeschloss mat de Wierder: “Et wäerte nach aner Wierker nokomme, wa Gott mer d`Deeg duerfir schenkt”.

En anere Gigant an Elektrotechnik-Fuerschung  ass de Michael Faraday (1791-1867). Haut ass hie speziell bekannt fir de Käfeg vum Faraday, deen eis virun elektreschen Entladunge schützt. Hien huet als éischte Flësseggas hirgestallt an de Generator entworf. Hien huet aktiv enger klenger Chrëschteversammlung ugehéiert, all Dag d`Bibel gelies an e bedeitende Beitrag vu sengem Akommes deenen Aarme gespent, deenen hien och ganz dacks perséinlech gehollef huet. Haut fanne mer hien erëm an der Eenheet Farad bei der Dimensionéierung vu Kondensatoren.

De James Clerk Maxwell (1831-1879), huet Zesummenhäng tëschent elektreschem Stroum a Magnetismus erfuerscht; hien huet festgestallt datt magnéitesch an elektresch Felder sech mat Liichtgeschwëndegkeet verbreeden. D`Gréisst vum magnéitesche Feld gëtt haut a Maxwell ausgedréckt. Hien hat en déift Vertrauen op Gott, wéi dës Wieder bezeien: “Gott, ët ass nët meng Suerg ob ech liewen oder stierwen. Dech gären ze hunn an Dir dingen ass mäin Undeel ...”.

An der Physik kënnt een dann och nët laanscht e weidere Begrëff: Kelvin. Hie steet zur Éier vum Lord W.T. Kelvin (1824-1927). De Begrënner vun der Thermodynamik huet och déi absolut Temperaturskala festgeluecht (Kelvin-Skala), bei där 0°K den absolute Nullpunkt duerstellt. Fir hie wor de chrëschtleche Glawen an d`Wëssenschaften am héchste Grad kompatibel. Hie gëtt mat dëser Ausso zitéiert: “Wann s de fest genuch nodenks wäert d`Wëssenschaft dech léieren u Gott ze gleewen”.

Nieft dem Boyle sollen ower nach aner Spezialisten an der Chimie ernimmt ginn. Do ass fir d`éischt den Joseph Priestley (1733-1844), deen de Sauerstoff a verschidden aner chemesch Verbindungen entdeckt huet (ënner anerem de Lachgas). An engem Schreiwes u franséisch Politiker a Philosophen huet hie geschriwwen: “D`Sécherheet, datt Christus vun den Doudegen operstanen ass, gëtt evident duerch Behuele vun sengen Apostelen an de Wonner, déi se a sengem Numm bewierkt hunn.”

 Antoine Lavoisier (1743-1794). Hien huet bewisen, datt fir all Verbrennung Sauerstoff noutwenneg ass. Hien huet och d`Gesetz vum Erhalen vun der Energie formuléiert: et ka keng Energie geschafen a keng zerstéiert ginn. Hien ass als bekennende Chrëscht während der Franséischer Revolutioun ënnert der Guillotine gestuerwen.

De John Dalton (1766-1844), en déifgleewegen Quäker, gëtt als Papp vun der Atom-Theorie bezeechent. Hien huet als éischten d`Atomgewiicht vu verschiddenen Elementer bestëmmt. Säin Interessegebidd  wor wäit gespaant. Sou huet hien och d`Fuerweblannheet erausfonnt; si gëtt nach ëmmer als Daltonismus bezeechent.

Als en aussergewéinlecht Talent muss een den George Washington Carver (ca1864-1943) ernimmen. Als Kand vu Sklaven huet hie sech bis zum gréisste Spezialist vum Ubau a vun der Verwendung vu Kakuetten entwéckelt. Seng Fuerschung huet d`Kultur vun dëser Noss op alle Gebidder revolutionéiert. Hie gouf 1939 mam Roosevelt Uerden ausgezeechent. An der Laudatio ass de Carver esou beschriwwe ginn “... an Demut ëmmer d`Féierung vu Gott gesicht huet.”  A sengem Buch “Men of Science – Men of God” huet den Henry Morris de Carver als en “eeschten a bescheidene Chrëscht” gekennzeechent, dee “ni géif zécken, sech zum Gott vun der Bibel ze bekennen an Him all seng Fäegkeeten an Erfolleger géing verdanken.”

Loosse mer zum Schluss vun eiser Betruechtung iwwert den Afloss vun chrëschtleche Wëssenschaftler dee Beräich nët vergiessen, mat deem mir all iergendwéi an iergend wéini a Verbindung kommen: d`Medizin.

De Bekannsten ënner hinnen all ass wuel de Louis Pasteur (1822-1895). Hien huet d`Bakterien entdeckt an hier Wierkung op de Kierper. D`Konserwéirung vu Liewensmëttel duerch Pasteuriséieren  ass haut all Mënsch geleefeg , de Pasteur huet eis op dee Wee bruecht. “Wat ech méi gleewen, wat mäi Glawen ëmmer méi deem vum Bretonesche Bauer gläicht.” Op sengem Doudebett huet hie mat enger Hand d`Hand vu senger Fra a mat der anerer Hand d`Kräiz gehal.

D`Fundament vun der moderner Chirurgie huet den James Simpson (1811-1870) geluecht. Dee Schottesche Gynäkolog huet de Chloroform entdeckt. Engem Frënn huet hien uvertraut, datt nët de Chloroform seng gréisst Entdeckung wor, mee datt hien  “e sëndege Mënsch wier an datt Jesus säin Erléiser wier.”

D`Geschicht vun der Chirurgie gëtt geleefeg an zwou Perioden opgedeelt: déi Zäit virum Lister, an déi Zäit duerno. De Joseph Lister (1827-1912) huet als éischten antiseptesch Methoden bei der Krankebehandlung entwéckelt. Seng Methoden hunn d`Stierffäll bei Operatiounen dramatesch erofgesat. De Lister, en englesche Quäker wor eegenen Aussoe no “gleeweg un déi fundamental Aussoe vum Chrëschtentum.”

(Gëtt weidergefouert)


 

Sonntag, 1. Juni 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (4. Deel)


 

(2.    Den Afloss vun dem Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft)
 

·         Entwécklung vun der Sprooch

Et sollt een nët iwwersinn, datt zwou vun eise wichtegste Sproochen, Däitsch an Englesch, grad duerch den Afloss vu chrëschtleche Bibeliwwersetzer eng eenheetlech Schrëftform kruten. D`Sprooch vum Luther huet déi ongezielten däitsch Lokaldialekter zu enger allgemeng verständlecher (dem Volk aufs Maul schauen)  Ëmgangssprooch gemaach an hat domadder och en Afloss op dat Lëtzebuergesch, wat mer haut an eisem Ländche schwätzen. Dem William Tyndale seng englesch Bibeliwwersetzung aus dem 16. Jorhonnert fënnt een haut nach erëm an der bekannter King James Iwwersetzung.

Ower och haut nach sinn ët grad chrëschtlech Missionären, déi am Optrag vu Bibelgesellschaften oder dem Wicliffe Institut fir Minoritéiten iwwert d`ganz Welt Sproocheschrëften ausschaffen an d`Leit liesen a schreiwe léieren. Millioune vu Mënschen an eiser Zäit konnten esou viir d`éischt an hierem Liewen hir Sprooch liesen.

·         Musik

Et ass de Poopst Gregor den Éischten, deem mer de Grondprinzip vun der Musiknotatioun ze verdanken hunn. Hien huet zur Entwécklung vun der Aacht-Nouten-Oktav bäigedroen an den ënnerschiddlechen Toundaueren   spezifesch Symboler zougeuerdent.

De Guido vun Arezzo, en italienesche Mönch,  huet am 11. Jorhonnert wuel dee bedeitendste Fortschrëtt an der schrëftlecher Duerstellung vu musikalesche Wierker ervir bruecht.  Hien huet duerch säi Linne-System den Terzofstand, wéi mer en haut nach kennen,  däitlech gemeet. Säi 4-Linne-System fanne mer haut nach am Gregorianesche Gesank erëm. Hien huet och den Nouten déi laténgesch Bezeechnung ginn, déi mir haut nach benotzen: do (ursprénglech ut) – re – mi ...

D`Aarbecht vum Guido vun Arezzo huet ët eréischt erméiglecht, datt grouss Musekskompositiounen zu Pabeier konnte bruecht ginn. Ganz vill vun deene Kompositioune ginn op chrëschtlech Musiker zeréck. Sou sinn an der Kierch eng ganz Rei vun neie Museksformen entstan.

e Motet huet als eng Aart Sprochgesang säin Urspronk an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis fonnt. Aus dem Motet ass an der Kierch vun England den Anthem entstan. Och de Madrigal, deen ee kéint als gesonge Gedicht charakteriséieren, huet säin Urspronk an der Chouermusik vun de grousse Kathedralen. De Palestrina, deen honnerte vu chrëschtleche Kompositioune geschriwwen huet, wor ee vun de prominente Vertrieder vun dëser Museksaart. En Oratorium (aus dem Laténgeschen: Oratorius = Gebiet) ass meeschtens e gesonge bibleschen  Text. Ganz bekannt ass de “Messias” vum Händel an dem Haydn seng “Sieben letzten Worte Jesu am Kreuz”. Och d`Symphonie huet hir Wuerzelen an der Kierch. Den Giovanni Gabrieli, Organist an der Markuskierch zu Venedeg, huet mat senger “Sacrae symphoniae” de Grondsteen fir all weider symphonesch Wierker geluecht.

Wann ee vu grousse Komponiste schwätzt, da kënnt ee laanscht zwee nët erlaanscht: de Johann Sebastian Bach an de Georg Friedrich Händel, déi bal all Wierk mat dräi Buschtawen signéiert hunn – SDG (Soli Deo Gloria). Och vill aner grouss Komponisten hunn ëmmer nees ob biblesch Themen zeréckgegraff als Theme fir hir Kompositioun.

Zu eiser Zäit begeeschtere sech vill Leit fir de “Gospel”. Déi meescht si sech ower nët bewosst, datt “Gospel” dat englescht Wuert fir “Evangelium” ass. Dës Aart huet sech aus dem Gesank vu schwaarze Sklaven an den USA entwéckelt an ass haut nach Zeie vun der Kraaft an dem Trouscht deen d`Sklaven an der Botschaft vun der Bibel  fonnt hunn.

·         Literatur

Wat d`Konscht vum Schreiwen ugeet, sou stiechen an eiser Zäit wuel zwee engleschsproocheg  Schrëftsteller ervir: den J.R.R. Tolkien mat “The Lord of the Rings” an den C.S. Lewis mat “The Lion, the Witch and the Wardrobe”. Déi zwee Wierker hunn als Grondthema d`Botschaft vum Neien Testament, déi op eng allegoresch Manéier duergestallt gëtt. E Mann, wéi de russesche Schrëftsteller Fjodor Dostojewski, en déifgleewegen orthodoxe Chrëscht, huet a Romaner wie “Schuld und Sühne” oder “Die Gebrüder Kamarasow” ëmmer erëm säi Glawen afléisse gelooss.

Als Klassiker vun der Weltliteratur muss een och onbedingt “Ben Hur” vum Lewis Wallace oder “Onkel Toms Hütte” vum Harriet Beecher Stowe opzielen, zwee Wierker, déi hier iwwerzeegend Aussokraaft am echten, déiwe Glawe vun hiren Autore fënnt. De Frënn vum Thriller dierft nët onbekannt sinn, datt een vun de renomméiertste Vertrieder vun hirem Genre de John Grisham ass, dee ganz offen zu sengem Glawe steet.

Da sollt een och nach de japanesche Novellist Endo Shusaku ernimmen. De japanesche Katholik ass a sengen Erzielungen “Schweigen” a “Samurai” op d`Problematik vun de Chrëschten a sengem Land agaang. Hie krut fir säi Wierken héchst Auszeechnungen a Japan. Sou krut hien 1978 dee renoméierten Yomiuri-Literaturpräis fir seng Biographie “Die Geburt Christi”.

·         Molerei an Architektur

Ech erlabe mer, dës zwee Gebidder an engem Otemzuch ze nennen. Wann een duerch déi beandrockend Kierchegebaier trëppelt, da weess een nët, iwwer wat een am meeschte staune muss: déi imposant Architektur vun deene Joerhonnerten alen Gebailechkeeten oder déi wonnerbar bildlech Duerstellunge vu bibleschen Zeenen. Ob Sixtinesch Kapell oder Péitersdoum, ob Kathedral vu Chartres oder Notre Dame vu Paräis, si all sinn Zeie vun der Kreativitéit vu geniale Kënschtler, vun deenen déi meescht hiren Engagement fir hiert Wierk an hirem Glawe fonnt hunn.

Lo muss een d`Tatsaach, datt hei en enorm héije finanziellen Opwand bedriwwe gouf, fir dës Gebailechkeeten opzeriichten, nët gutt heeschen  - dat maachen och ech nët. Et ass ower nët ze leegnen, datt Architektur, Molerei an och Bildhauerei duerch d`Opträg vun der Kierch en enormen Opschwong erlieft hunn.

·         Naturwëssenschaften

Wann och munchereen vun de Chrëschte mengt, si géinge nach un eng flach Äerd gleewen, da muss een drop hi weisen, datt ët grad Chrëschte waren, déi eis Äerd an de richtege Kontext vum Sonnesystem gesat hunn.  Schon am Buch Hiob, engem vun den eelste Bicher aus der Bibel, steet: Hien (Gott)... hängt d`Äerd iwwert dem Näischt op. Hei geet nët riets vun enger flaacher Äerd, déi an engem onendleche Mier schwëmmt.

De Nikolaus Kopernikus, Doumhär zu Frauenburg (haut Frombork am Norde vu Polen), huet am Joer 1543 a sengem Haaptwierk “De revolutionibus orbium coelestium” dat heliozentrescht Weltbild beschriwwen (Helios = Sonn ass den Zentrum vum Planetesystem). Wann de Kopernikus nach der Meenung wor, datt d`Planete sech op Kreesbunne bewege géingen, sou huet de Johannes Kepler, evangeleschen Theolog, Philosoph, Mathematiker, Physiker, 60 Joer méi spéit dat Weltbild präzis beschriwwen: Elliptesch Bunnen an ënnerschiddlech Geschwindegkeet huet hien mat den zwee Kepleresche Gesetzer a sengem Wierk “Astronomia Nova” beschriwwen. Och um Gebidd vun der Optik an der Mathematik huet de Kepler revolutionär Entdeckunge gemaach. En huet och eng Zännrad-Pompel erfonnt, där hire Prinzip haut nach an eisen Autoen als Uelegpompel ugewannt gëtt.

  (Gëtt weidergefouert)