An enger „Carte Blanche“ op RTL huet viru
kuerzem de L. Schlechter eng “Le Mans-Kéier” geholl, fir vu Boko Haram
Terroristen op d`Verhale vu Gleewegen am Westen ze schlussfolgeren. D`Wäerter
vu Boko Haram si geféierlech; Boko Haram ass eng reliéis Grupp; also sinn all
reliéis Gruppe geféierlech.
Ech weess nët, wéi geféierlech Philosophe sinn;
mee geféierlech si se op jidder Fall, wa si ët mat der Wourecht nët esou genee
huelen. Dat ass nämlech de Fall, wann een nuren hallef Wourechte verkënnegt, an
dat ewech léisst, wat engem nët esou genee a seng philosophesch Iwwerleeunge
passt.
Sou behaapt de Lambert Schlechter, déi grondleeënd
Texter vun der Amerikanescher Verfassung hätte kee Bezug op iergendeng Relioun:
(Zitat Schlechter)
„Ons
heiteg fräiheetlech Demokratien an egalitär Gesellschaftssystemer foussen op
Gedanken, déi sech an enger bal dräidausendjäreger Geeschtesgeschicht
entwéckelt hunn, fir sech an enger Rei vu grondleeënden Texter ze verankeren,
zu deenen d’amerikanesch Onofhängegkeetserklärung gehéiert, souwéi d’franséisch
Déclaration des droits du citoyen a virun allem d‘Allgemeng
Mënscherechtserklärung vun 1948.
An
dësen Texter gëtt et kee Bezuch op iergendeng Relioun, kee Moment gi si
verankert an enger Transzendenz.“
Vläicht verwiesselt de Schlechter d`amerikanesch
Onofhängegkeetserklärung mat der Verfassung. Ofgesinn vun der Schlussformel vun
der amerikanescher Verfassung „..done in Convention by the Unanimous Consent
of the States present the Seventeenth Day of September in the Year of our Lord one thousand seven
hundred and Eighty seven“ wier seng Behaaptung net falsch. En ënnerschléit
dobäi ower ganz bewosst, datt bei deem ganzen Entstehungsprozess vun de
Vereenegte Staten de Glawen eng ganz wesentlech Roll gespillt huet.
Et fänkt un mat den éischte Kongressdebatten
am Joer 1774 zu Philadelphia an der „Carpenter`s Hall“. D`Delegéiert aus den 13 Grënnerstaaten hunn
de Virschlag vum Tom Cushing, Massachusetts, ugeholl, hir Sitzung mat engem
Gebiet unzefänken. Op Ureegung vum Samuel Adams, Boston, huet de Paschtouer
Duché mat engem méi laange Gebiet, dat d`Delegéiert ganz déif beréiert huet, de
Kongress op gemeet. Den Duché gouf dueropshin zum Kongress Geeschtlechen
ernannt – eng Institutioun, déi och haut nach ganz aktiv am Kongress ass.
Déi Kraaft an dee Geescht vun Eenheet, deen
d`Vertrieder vun de Staten am Gebiet fonnt hunn, huet se motivéiert op hirem
zweete Kongress 1775 en Nationale Dag vun „Demütegung, Faaschten a Gebiet“ fir
d`ganz Natioun ze deklaréieren.
1778 dunn huet de Kongress, nodeems England
an enger entscheedender Schluecht geschloe gouf, den nationale „Thanksgiving“
ausgeruff, op Initiativ nach eemol vum Samuel Adams. Domat ass eng Traditioun gestart ginn, déi
bis haut hiren Impakt op déi ganz Natioun nach net verlueren huet. Zanter dem President G. Washington gëtt deen
Nationale „Thanksgiving“ all Joer mat enger spezieller „Thanksgiving Proclamatioun“
agelaut.
Wann och d`amerikanesch Konstitutioun kee
gréissere Bezug op Gott hëllt, sou ass hir Onofhängekeetsdeklaratioun ëmsou méi
kloer. De 4. Juli 1776 hunn d`Delegéiert, ënnert hinnen de Benjamin Franklin an
déi spéider Presidenten John Adams an Thomas Jefferson dat Dokument
ënnerschriwen, dat an amerikaneschen Häerzer vill méi en héije Stellewäert huet
wéi d`Konstitutioun
„When
in the Course of human events, it becomes necessary for one people to dissolve
the political bands which have connected them with another, and to assume among
the powers of the earth, the separate and equal station to which the Laws of
Nature and of Nature's God entitle
them, a decent respect to the opinions of mankind requires that they should
declare the causes which impel them to the separation.
We
hold these truths to be self-evident, that all men are created equal, that they
are endowed by their Creator with
certain unalienable Rights, that among these are Life, Liberty and the pursuit
of Happiness. ….
We,
therefore, the Representatives of the united States of America, in General
Congress, Assembled, appealing to the
Supreme Judge of the world for the rectitude of our intentions, do, in the
Name, and by Authority of the good People of these Colonies, solemnly publish
and declare, That these united Colonies are, and of Right ought to be Free and
Independent States …“
Wien elo nach behaapt, déi grondlegend
Texter vun dem amerikanesche Vollek hätte kee Bezug op reliéis Wäerter, dee
liest wuel nueren déi Textdeeler, déi a säi philosophesche Modell era passen.
Et sollt een dann och nach ernimmen, datt
zanter 1953 all Joer ufanks Februar zu Washington den „National Prayer
Breakfast“ organiséiert gëtt, un deem iwwer 3000 Gäscht deelhuelen a wou
traditionell vun Ufank un den Amerikanesche President mat derbäi ass.
De Schlechter warnt, datt een d`Geféierlechkeet
vun der kathoulescher Kierch net an eisem Enseignement duerf vergiessen. Ech
sinn och fir eng Verbesserung vun eisem Enseignement: éischtens sollt een am
Geschichtsunterrecht och emol iwwer de grousse Pull kucken; dann zille mer nämlech
keng Philosophe méi erun, déi nuren e rudimentäert Wësse vun de Kannerjore vun
den USA hunn, an zweetens sollt een am Philosophiesunterrecht op d`Geforen vu
bewosste Falschinformatiounen hiweisen.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen