Sonntag, 8. Juni 2014

Glawen oder „Neien Atheismus“? (5. Deel)


(2.    Den Afloss vun dem Chrëschtleche Glawen op d`Gesellschaft)

 

·         Naturwëssenschaften (3)

Wann och munchereen vun de Chrëschte mengt, si géinge nach un eng flach Äerd gleewen, da muss een drop hi weisen, datt ët grad Chrëschte waren, déi eis Äerd an de richtege Kontext vum Sonnesystem gesat hunn.  Schon am Buch Hiob, engem vun den eelste Bicher aus der Bibel, steet: Hien (Gott)... hängt d`Äerd iwwert dem Näischt op. Hei geet nët riets vun enger flaacher Äerd, déi an engem onendleche Mier schwëmmt.

De Nikolaus Kopernikus, Doumhär zu Frauenburg (haut Frombork am Norde vu Polen), huet am Joer 1543 a sengem Haaptwierk “De revolutionibus orbium coelestium” dat heliozentrescht Weltbild beschriwwen (Helios = Sonn ass den Zentrum vum Planetesystem). Wann de Kopernikus nach der Meenung wor, datt d`Planete sech op Kreesbunne bewege géingen, sou huet de Johannes Kepler, evangeleschen Theolog, Philosoph, Mathematiker, Physiker, 60 Joer méi spéit dat Weltbild präzis beschriwwen: Elliptesch Bunnen an ënnerschiddlech Geschwindegkeet huet hien mat den zwee Kepleresche Gesetzer a sengem Wierk “Astronomia Nova” beschriwwen. Och um Gebidd vun der Optik an der Mathematik huet de Kepler revolutionär Entdeckunge gemaach. En huet och eng Zännrad-Pompel erfonnt, där hire Prinzip haut nach an eisen Autoen als Uelegpompel ugewannt gëtt.

 Déi experimental Naturwëssenschaften, déi d`Grondlag vun all eisen technesche Fortschrëtter duerstellt, huet hieren Ursprong beim Francis Bacon (1562-1626). Hie wor deen éischten, deen geziilt experimentéiert, wëssenschaftlech Resultater ausgewäert huet an duerno de Beweis vun der Korrektheet vun de Resultater experimentell beluecht huet. Seng wëssenschaftlech Fuerschung huet hien nët dovunner ofgehalen, fir donieft sech der Theologie hinzeginn an Ofhandlungen iwwer d`Psalmen an d`Gebiet ze schreiwen.

Am Beräich vun der Mathematik kënnt een nët laanscht de Blaise Pascal (1623-1662). Nieft de Gesetzer an der Hydrostatik an Hydrodynamik (de “Pascal” gëtt haut als Eenheet vum Drock benotzt) huet hien d`Grondlage vum Differentialrechnen an dem Probabilitéitsrechne geluecht. Grad esou bekannt dierft och seng Iwwerleeung zum Glawen un deen ee Gott sinn: “Wann s de gleefs an et ass richteg, hues de alles gewonnen; wann et falsch ass, hues de näischt verluer. Wann s de nët gleefs an et ass richteg, hues de näischt gewonnen; wann et falsch ass, hues de alles verluer.” 

Onbedéngt nieft dem Blaise muss een den Isaac Newton (1642-1727) ervirsträichen. Nieft de Gesetzer vun der Gravitéit (haut dréit d`Kraaft international d`Eenheet “Newton”) huet säi Fuersche grouss Fortschrëtter an der Mathematik an an der astronomescher Physik bruecht. Hie selwer huet säin theologescht Wierken ower nach méi héich ageuerdent. Hien huet geschriwwen: “Do ass ee Wiesen, dat alles gemaach huet, deen alles a senger Muecht huet a virun deem mir also solle Respekt hunn. ... Gott herrscht onsiichtbar iwwer dës Welt an hien huet eis opgedroen, hien ze luewen (worship) a soss keen anere Gott. ... hien huet Jesus Christus, eisen Erléiser, vun den Doudegen operstoe gelooss...”.

Zur nämmlechter Zäit huet de Gottfried Leibnitz (1646-1716) gelieft. Seng Entwécklung vun dem Differentialrechnen wor vun immenser Bedeitung fir all weider Fuerschung um Gebitt vun der Physik. Fir hien wore Glawen a Wëssenschaft gutt iwwereneen ze bréngen. Hien huet d`Bibel  als autoritärt  Wuert Gottes unerkannt.

De Robert Boyle (1627-1691), deen den Zesummenhang tëschent Gasdrock a Gasvolumen ermëttelt huet – dat Gesetz dréit haut nach säi Numm – wor als Laiepriedeger nieft senger Fuerschungsaarbecht aktiv. Hien huet theologesch Schrëfte verfaasst an d`Aarbecht vun de Bibeliwwersetzer finanziell ënnerstëtzt. De Robert Boyle, deen och nach als Papp vun der Chimie gëllt ass och nach de Grënner vun der Royal Society (of London), der renoméiertster wëssenschaftlech Gesellschaft.

An der Elektrotechnik huet all Fachmann all Dag mat dräi Begrëffer ze dinn: Volt, Ampère an Ohm. Si sti fir dräi grouss, gleeweg Pionéier vun hirem Fach: den Alessandro Volta (1745-1827), Entdecker vun der Elektrizitéit an der Batterie (“Ech schumme mech nët fir d`Evangelium; et soll gutt Fruucht bréngen”); den André Ampère (1775-1827), Grondlagefuerscher (“Eent vun den iwwerzeegendsten Beweiser fir d`Existenz vu Gott ass déi wonnerbar Harmonie vum Weltraum  an d`Tatsaach[RK1] [RK2] , wéi  d`Liewen alles geliwwert kritt fir kënnen z existéieren”) an den anere Grondlagefuerscher Georg Simon Ohm (1787-1854). Hien huet säin éischte Band vu sengem Wierk “Molekularphysik” ofgeschloss mat de Wierder: “Et wäerte nach aner Wierker nokomme, wa Gott mer d`Deeg duerfir schenkt”.

En anere Gigant an Elektrotechnik-Fuerschung  ass de Michael Faraday (1791-1867). Haut ass hie speziell bekannt fir de Käfeg vum Faraday, deen eis virun elektreschen Entladunge schützt. Hien huet als éischte Flësseggas hirgestallt an de Generator entworf. Hien huet aktiv enger klenger Chrëschteversammlung ugehéiert, all Dag d`Bibel gelies an e bedeitende Beitrag vu sengem Akommes deenen Aarme gespent, deenen hien och ganz dacks perséinlech gehollef huet. Haut fanne mer hien erëm an der Eenheet Farad bei der Dimensionéierung vu Kondensatoren.

De James Clerk Maxwell (1831-1879), huet Zesummenhäng tëschent elektreschem Stroum a Magnetismus erfuerscht; hien huet festgestallt datt magnéitesch an elektresch Felder sech mat Liichtgeschwëndegkeet verbreeden. D`Gréisst vum magnéitesche Feld gëtt haut a Maxwell ausgedréckt. Hien hat en déift Vertrauen op Gott, wéi dës Wieder bezeien: “Gott, ët ass nët meng Suerg ob ech liewen oder stierwen. Dech gären ze hunn an Dir dingen ass mäin Undeel ...”.

An der Physik kënnt een dann och nët laanscht e weidere Begrëff: Kelvin. Hie steet zur Éier vum Lord W.T. Kelvin (1824-1927). De Begrënner vun der Thermodynamik huet och déi absolut Temperaturskala festgeluecht (Kelvin-Skala), bei där 0°K den absolute Nullpunkt duerstellt. Fir hie wor de chrëschtleche Glawen an d`Wëssenschaften am héchste Grad kompatibel. Hie gëtt mat dëser Ausso zitéiert: “Wann s de fest genuch nodenks wäert d`Wëssenschaft dech léieren u Gott ze gleewen”.

Nieft dem Boyle sollen ower nach aner Spezialisten an der Chimie ernimmt ginn. Do ass fir d`éischt den Joseph Priestley (1733-1844), deen de Sauerstoff a verschidden aner chemesch Verbindungen entdeckt huet (ënner anerem de Lachgas). An engem Schreiwes u franséisch Politiker a Philosophen huet hie geschriwwen: “D`Sécherheet, datt Christus vun den Doudegen operstanen ass, gëtt evident duerch Behuele vun sengen Apostelen an de Wonner, déi se a sengem Numm bewierkt hunn.”

 Antoine Lavoisier (1743-1794). Hien huet bewisen, datt fir all Verbrennung Sauerstoff noutwenneg ass. Hien huet och d`Gesetz vum Erhalen vun der Energie formuléiert: et ka keng Energie geschafen a keng zerstéiert ginn. Hien ass als bekennende Chrëscht während der Franséischer Revolutioun ënnert der Guillotine gestuerwen.

De John Dalton (1766-1844), en déifgleewegen Quäker, gëtt als Papp vun der Atom-Theorie bezeechent. Hien huet als éischten d`Atomgewiicht vu verschiddenen Elementer bestëmmt. Säin Interessegebidd  wor wäit gespaant. Sou huet hien och d`Fuerweblannheet erausfonnt; si gëtt nach ëmmer als Daltonismus bezeechent.

Als en aussergewéinlecht Talent muss een den George Washington Carver (ca1864-1943) ernimmen. Als Kand vu Sklaven huet hie sech bis zum gréisste Spezialist vum Ubau a vun der Verwendung vu Kakuetten entwéckelt. Seng Fuerschung huet d`Kultur vun dëser Noss op alle Gebidder revolutionéiert. Hie gouf 1939 mam Roosevelt Uerden ausgezeechent. An der Laudatio ass de Carver esou beschriwwe ginn “... an Demut ëmmer d`Féierung vu Gott gesicht huet.”  A sengem Buch “Men of Science – Men of God” huet den Henry Morris de Carver als en “eeschten a bescheidene Chrëscht” gekennzeechent, dee “ni géif zécken, sech zum Gott vun der Bibel ze bekennen an Him all seng Fäegkeeten an Erfolleger géing verdanken.”

Loosse mer zum Schluss vun eiser Betruechtung iwwert den Afloss vun chrëschtleche Wëssenschaftler dee Beräich nët vergiessen, mat deem mir all iergendwéi an iergend wéini a Verbindung kommen: d`Medizin.

De Bekannsten ënner hinnen all ass wuel de Louis Pasteur (1822-1895). Hien huet d`Bakterien entdeckt an hier Wierkung op de Kierper. D`Konserwéirung vu Liewensmëttel duerch Pasteuriséieren  ass haut all Mënsch geleefeg , de Pasteur huet eis op dee Wee bruecht. “Wat ech méi gleewen, wat mäi Glawen ëmmer méi deem vum Bretonesche Bauer gläicht.” Op sengem Doudebett huet hie mat enger Hand d`Hand vu senger Fra a mat der anerer Hand d`Kräiz gehal.

D`Fundament vun der moderner Chirurgie huet den James Simpson (1811-1870) geluecht. Dee Schottesche Gynäkolog huet de Chloroform entdeckt. Engem Frënn huet hien uvertraut, datt nët de Chloroform seng gréisst Entdeckung wor, mee datt hien  “e sëndege Mënsch wier an datt Jesus säin Erléiser wier.”

D`Geschicht vun der Chirurgie gëtt geleefeg an zwou Perioden opgedeelt: déi Zäit virum Lister, an déi Zäit duerno. De Joseph Lister (1827-1912) huet als éischten antiseptesch Methoden bei der Krankebehandlung entwéckelt. Seng Methoden hunn d`Stierffäll bei Operatiounen dramatesch erofgesat. De Lister, en englesche Quäker wor eegenen Aussoe no “gleeweg un déi fundamental Aussoe vum Chrëschtentum.”

(Gëtt weidergefouert)


 

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen