An dësen Deeg, ufanks September 2015, geet
e Bild duerch d`ganz Welt. Ët weist e Flüchtlingskand, dat dout un enger
türkescher Plage läit, erdronk um Wee aus dem Misère. Dëst Bild ka keen
onberéiert loossen. Ech sinn ower esou king ze behaapten, datt grat dat den
Zweck vu senger Verëffentlechung wor: et soll de Bléck op en aktuellen Thema
fixéieren: de Flüchtlingsdrama. ...an ët lenkt eis of vun deenen aneren ronn
30.000 Kanner, déi all Dag (!) op dëser Welt den Dout fannen duerch vermeidbar
Krankheeten, Honger an Duuscht, oder duerch Krichsawierkung, zum Deel als
Kannerzaldoten.
All Dag klappe Mënschen aus
ënnerschiddlechste Länner, zum Deel och mat Kanner, un eis Dieren, fir hei
Hëllef ze fannen. Mënschen an Nout verdéngen eist Matleed; Matleed duerf eis
ower nët blann maache fir d`Fakten, déi dës Mënschen bei eis gefouert hunn a
fir d`Astellung, déi vill vun dëse Mënsche géintiwwer deenen hunn, déi hinnen hëllefen.
Liichtfankeg bezeechne mer se als
“Flüchtlinge”. E groussen Deel ass dat ower guer nët. Nom Artikel 1A vun der Genfer Flüchtlingskonventioun ass e
Flüchtling eng Persoun, déi "aus der
begründeten Furcht vor Verfolgung wegen ihrer Rasse, Religion, Nationalität,
Zugehörigkeit zu einer bestimmten sozialen Gruppe oder wegen ihrer politischen
Überzeugung sich außerhalb des Landes befindet, dessen Staatsangehörigkeit sie
besitzt, und den Schutz dieses Landes nicht in Anspruch nehmen kann oder wegen
dieser Befürchtungen nicht in Anspruch nehmen will." Dat gëllt z.B.
fir Mënschen déi aus Syrien, aus dem Afghanistan oder aus verschiddene Regioune
südlech vun der Sahara kommen. Hinne soll eis voll Solidaritéit gehéieren.
All déi aner si keng Flüchtlinge mee
illegal Awanderer, a sou gi se och a villen aneren EU-Länner bezeechent. Fir zu
Lëtzebuerg anzewandere gëtt ët eng vu Gesetzer a Reglementer festgeluegte
Prozedur. Dës Prozedur gëllt fir all nët EU-Bierger. Wien d`Bedingungen erfëllt
an déi virgeschriwwe Pabeieren erareecht, kritt d`Erlaabnis anzereesen.
Jiddereen, deen dës Prozedur nët duerchleeft an trotzdem era kënnt, ass illegal
hei! Ët ass d`Aufgab vum Staat, d`Anhale vu Gesetzer ze kontrolléieren a bei
Verstouss dogéint virzegoen.
Lo kann een argumentéieren, ët géing dëse
Mënsche schlecht an hirem Land goen; ech kéint duergéint hale, datt ët nach
vill méi Mënsche schlecht geet an datt mir se nët all kënne bei eis ophuelen.
Dat ass alles richteg, mee ët trëfft nët de Kär vun dem Problem. Mat eiser
Asylpolitik – déi nuren zum Deel dat ass, wat se vir gëtt, well e
Wirtschafts”flüchtling” huet keen Urecht op Asyl – peche mer nuren eng
Plooschter op de Kriibs, fir datt mir en nët méi gesinn. Wa mer d`Ursaach vun
deem Exodus nët bekämpfen, kréie mer den Exodus selwer och nët an de Grëff. An
hei ass d`Politik gefuerdert! Amplaz iwwert déi hierzefalen, déi d`Asylpolitik
kritiséieren, sollen déi politesch Verantwortlech sech virrangeg mat den
Ursaache vun deem Problem befaassen. Mat Sécherheet maachen se dat nët gär,
well se wëssen, datt grad déi Politik, déi se bis elo bedriwwen hunn, um
Ursprong vun deenen aktuelle Problemer stinn.
Beispiller gefälleg? Ët gëtt der méi, wéi
ët deene Verantwortleche léif ass. Hei nuren e puer.
-
Fräihandelsofkommes mat
verschiddenen zentralafrikanesche Länner erlaben eiser Liewensmëttelindustrie
Wueren ouni Taxen an dës Länner z`exportéieren. Sou ginn z.B. Héngerräschter
(wat Räscht bleift, wann Hamen a Broscht an Europa zu Geld gemaach gi sinn) zu
Spottpräisser um afrikanesche Maart ugebueden; Hénger aus lokale Ziichtereien
sinn nët méi konkurrenzfäeg an d`Ziichter mussen hir Betriber zoumaachen an d`Personal
entloossen.
-
An de Länner um Haar vun Afrika
ginn d`Baueren vun hire Felder an aus hiren Dierfer verjot, well grouss Multiën
do am grousse Mooss Mais ubauen, fir Europa Biodiesel ze verkafen, ouni deen
mer jo anscheinend de Klima nët rette kënnen. Wat, oder besser wien hei nët ze
retten ass, dat läit op der Hand: déi, déi esou mënscheveruechtend Geschäfter
iwwerhaapt eréischt méiglech maachen.
-
An deene nämmlechte Länner sinn
ONGen, gestäipt mat fetten EU-Subventiounen ënnerwee, fir deenen “dommen Agebuerenen”
ze weisen, datt si mat hirer primitiver Liewensféierung jo guer nët glécklech
kënne sinn. Si ginn an neien “Dierfer”, déi éischter Ghettoë sinn,
zesummegepercht an op Käschte vun Europa sou laang verwinnt, bis se ganz
vergiess hunn, wéi glécklech si viru Joren an hirem Dierfchen an an hirer
selwer gebauten Hitt woren. Eng Grupp vun hinnen huet elo eng klimatiséiert
Sportshal gefuerdert, fir Rugby ze spillen. Viru wéinege Joren si se mat vill Freed op enger stëpseger
Duerfplaz engem Ball nogerannt an hu sech keng Gedanken iwwert dat Wuert
“klimatiséiert” gemaach.
-
Wien vun eise Politiker huet
sech schonn emol doriwwer Gedanke gemeet, wat geschitt, wa mer mat alle Mëttele
versichen, en Exportiwwerschoss ze erwirtschaften? Si si sech bewosst, datt all
Euro, deen deen Iwwerschoss ausmécht, iergendwou als Defizit opdaucht? Wéi
éierlech sinn dann déi Tréinen, déi mer verdrécken, wa mer vum Aarmut an deene
Länner héieren, déi Defizit “erwirtschaft” hunn? Wiem bréngt ët eppes, wa mer
Aarmut exportéieren, déi Aarm ënner gréisste Geforen an Entbirungen bei eis
komme loossen, fir hinnen hei dann mat Almosen grousshäerzeg ënnert d`Äerm ze gräifen.
-
Wéi hypokritesch muss e Politiker
sinn, dee mat groussem Pathos d`Krichsaffer am Noen Osten an a Nordafrika
bedauert, wann e weess, datt säi Land massiv Waffen an déi Regioun liwwert. E
Waffenembargo gëtt dobäi ganz elegant ëmschëfft, andeem een säi Krichsgeschier
un de Katar verkeeft.
-
Wat sinn déi Biller wäert, déi
mer iwwert d`Rettungsaktiounen am Mëttelmier mat grousser Regelméissegkeet an
de Medien ze gesi kréien, wa mer d`Realitéit méi genee ënnert d`Lupp huelen:
D`Zuel vun de Leit, déi erdronk sinn ass vu 500 (2012) iwwer 700 (2013) op bal
3.000 (2014) an 3.250 (Jan.-Aug. 2015) erop gaang. D`Rettungsaktiounen hunn de
Schlepper nach méi Client`en
zougefouert, well d`Aussiicht op Rettung bei Schëffsbroch an den Ae vun
de Migrante méi grouss ginn ass.
Wat feelt, ass eng Hëllef op der Plaz. Hei
e pur Suggestiounen:
-
Eng nohalteg (d`Politker
benotzen den Ausdrock jo sou gär) Entwecklungshëllef, déi grad dann zum droe
kënnt, wann d`Hëllef ophält: Kompetenzvermëttlung a Sozialiséierung sinn
onëmgänglech Schrëtt fir dës Mënschen zu Selbstännegkeet an hire Länner ze
féieren.
-
En definitive Stopp vu
Waffeliwwerungen nët nueren a Kriselänner, mee och an all Länner, déi mat dëse
Länner sympathiséieren.
-
Fair Handelsofkommes mat Länner
aus der drëtter Welt, déi dëse Länner d`Méiglechkeet ginn, hir Produkter zu
faire Präisser ze verkafen an z`exportéieren a mat dësem Geld héichwäerteg
Produkter (an nët nuren ofgesuckelt Héngerschanken) aus eise Länner
z`importéieren.
-
Behandele vum
Migratiounsproblem do, vu wou d`Migranten hirkommen. En EU-Büro an all Land,
aus dem Migranten ze erwaarde sinn (a wann dat an deem Land nët méiglech ass,
dann ower esou no wéi méiglech bei senger Heemecht op sengem viraussiichtlechen
Migratiounswee); hei kéinten Demanden fir Awanderung an d`EU verbindlech
behandelt ginn, an deem Sënn, datt ët jidderengem misst kloer sinn, datt en
Awanderen ouni Autorisatioun aus dem Heemechtsbüro vollkommen sënnlos wier.
Spéitstens ower virun der geféierlecher Rees iwwer d`Mir misst dës Selektioun
duerchgefouert ginn. Dëst géing all Schlepper säi mënscheveruechtend Handwierk
leeën.
-
Nach e Wuert zu den Immigranten
aus dem Balken. Aussoe vu Frënn, déi ech an där Regioun hunn, si kloer an
eenheetlech. Ët si grad déi Leit, déi an eise Länner no Aarbecht siche kommen,
déi bei hinnen am meeschte vermësst ginn. Si hunn déi Ausbildung, déi dréngend erfuerdert
ass, fir hir Industrie opzebauen. Jiddereen, dee fortleeft, mécht de Misère am
Balkan nach méi grouss.
Bei all deenen, déi nei an eist Land kommen,
misst eng Saach ganz kloer sinn: mir sinn tolerant, mee d`Grenze vun dëser
Toleranz si gesat vun eiser Verfassung a vun eise Gesetzer. Dëst misst all
Asylant an all Immigrant wëssen a sech dozou schrëftlech verflichten, dëst
Land, seng Gesetzer, seng Leit mat hirer Kultur ze respektéieren. Hie misst
sech dësweidere bewosst sinn, datt wann hie sech nët u seng Verflichtung hält,
hien onwiderrufflech ausgewise gëtt. Parallelgesetzer fir bestëmmte Gruppe vu
Leit (z.B. Scharia) sinn absolut net acceptabel. D`Grenze vun engem Land sinn
definéiert als dee Beräich, an deem d`Gesetzer vun deem Land – a soss keng aner
– fir all Mënsch voll Gültegkeet hunn. Wien dat nët kann unhuelen, muss sech
eng aner Plaz sichen.
Duerfir zum Schluss e Gedanken. Ech wënsche
mer vu Politik a Medien eng objektiv Betruechtung an Duerstellung vun der
Situatioun. Ët ass kengem gedingt, wa mer, genee esou wéi am Virfeld vum
Referendum, d`Land erëm a Gudder a Schlechter andeelen. Et ass Manipulatioun,
wa mer nuren déi Noriichte verbreeden an déi Biller weisen, déi déi positiv
Säit vun dësen aktuelle Völkerwanderungen ervirhiewen. Ët ass een kee Rassist
an och kee Faschist, oder wat ët soss nach fir wéineg schmeechelhaft
Bezeechnunge gëtt, wann ee sech eeschtlech Suergen iwwer d`Zukunft vum Land a
vun Immigranten mécht an dobäi zu anere Schlussfolgerunge kënnt wéi de Main
Stream, dee sech – wéi beim Referendum op drastesch Manéier bewisen huet – ganz
dacks wäit vun der Meenung vum Vollek läit.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen