Eis Illusiounen iwwer d`Réalisatioun vun
engem Eegenheem mat der nämmlechter Technik kréie mer ower schonn an der
Aleedung vum Artikel geholl. 11 Milliounen huet dee Bau kascht an de finanziellen
Aspekt stoung nët am Virdergrond, heescht ët an dem Magazin. De Staat huet ët
jo, an de Prinzip “nicht kleckern, sondern klotzen” schéint bei esou Gebaier
éischt Bedingung ze sinn. Wéivill Leit gëtt ët nach an eisem Ländchen, bei
deenen nët de finanziellen Aspekt eng éischt Gei bei all Plange vun engem
Haischen spillt? Woumat d`Virbildfunktioun vun dësem Gebai fir dee normale Stierflechen
scho verpasst wier.
Mee loosse mer weider analyséieren. “Bei dem modernen Bürogebäude handelt es
sich nämlech um ein so genanntes Plusenergiehaus.” Mir ginn da beléiert,
datt an dëser Immobilie méi Energie “erzeugt”
gëtt, wéi verbraucht gëtt. Do konnt ech nure stauen! Wat Physiker, Ingenieuren
a soss Fachleit an der ganzer Welt bis elo nët fäerdeg bréngen, dat hu se zu
Dikrech vis-à-vis vun der Gare realiséiert: d`Produktioun vun Energie. Oder
sollt un der Saach mam Dikrecher Iesel ....
Den Dikrecher an och all deenen aneren, déi
nach un den Energie-Kleesche gleewen hei nach eemol an Erënnerung geruff, wat
een an deenen éischte Stonne vum Physiksunterrëcht léiert: Energie kann een nët
produzéieren, mee nure verwandelen. Mee vläicht wollten déi Dikrecher eis ganz
genëschelt verstoppen, wou déi Energie hierkënnt, déi se an hirem Gebai
ausnotzen (d.h. an aner Energie verwandelen). E groussen Deel kënnt aus der
Sauer: d`Sauer gëtt gekillt! Wa jiddereen dat géing maachen, kéinte mer vläicht
an Zukunft am Summer op der Sauer Schlittschung lafen. Ma do géing dee gréngen
Amtsschimmel ower ganz kräfteg wieren. Also och dës genial Iddi ass nët fir den
normale Stierflechen zu gebrauchen. Dat gëtt souwisou schonn kloer, wann een
dat Bildchen betruecht, wat den Artikel op dëser Plaz am Artikel illustréiert:
e Raum, dee sécher de ganze Keller vum Gebai ausmécht, gefëllt mat Kesselen,
Schaltschief, Pompelen an déck isoléiert Réier kräiz a queesch. Wat den
Entretien an d` Revisioun vun dëser Anlag kascht, dat kréie mer nët verroden.
Mee zu Dikrech op der Liberatiounsplaz steet jo de Goldiesel; do brauche mer
keng Käschte méi ze scheien.
Ganz rustikal geet ët dann hir bei der
Explikatioun iwwer déi phantastesch Holzfassad (phantastesch aus der Siicht vun
de Spannen a soss Gedéiesch, dat sech an deene villen Zwëscheraim wäert
installéieren, ower och phantastesch fir den Usträicher, deen do lukrativ
Opträg op sech zoukomme gesäit, wann dat
Holz ëmmer erëm nei gepinselt muss ginn; dat nennt een iwweregens nohalteg
Aarbechtbeschafung). Hei léiere mer, datt mat deem Holz de Klima geschützt
gëtt. Ech héieren nuren, datt ëmmer nees Leit protokolléiert ginn, wa se e Bam
ëmleeën, ouni de Seege vun engem gréngen Uewerguru dofir ze hunn. Déi Dikrecher
Forstverwaltung huet d`Léisung parat: hänkt de Bam un d`Face – Dir kënnt en
dofir a Brieder zerleeën – an Dir hutt erëm eng ganz Partie CO2
neutraliséiert. Datt déi vill Beem, déi zu Dikrech un der Face hänken, keen CO2
méi aus der Loft eraus filteren, an datt ët Joren an esouguer Jorzéngten dauert,
bis déi Beem, déi an d`Plaz geplanzt ginn, erëm déi nämlech Filterwierkung
hunn, datt schéint deene Verantwortlechen entgaange ze sinn, oder ower se halen
eis fir esou domm, datt mer hinnen hir skuril Theorie ofkafen.
Zu gudder läscht erfuere mer dann, datt ët
4 Joer gedauert huet fir dat Gebai fäerdeg ze stellen – kee Wonner mat all deem
klimarettende Gedäerms, dat huet missen ënnerbruecht ginn! Mee d`Bauhäre
prognostizéieren elo schonn hirer Konstruktioun eng laang Liewensdauer, an
domat eng grouss Nohaltegkeet, jo esouguer e bemierkenswäerte Moossstaf un
Nohaltegkeet. A wann s de nët gees... soen ech als Lëtzebuerger dorop.
Loosst mech ower nach méi genee op
verschidden ugesprachen Aspekter agoen.
Fir d`éischt e pur Gedanken iwwer dat
sougenannte Plusenergiehaus, eng Steigerung vun deem ominéisen
Null-Energiehaus, dat haut schonn muenchem zoukënftege Bauhär de Schwees op
d`Stier dreift, wann hien un d`Käschten denkt. Sou en Haus ass nuren dat, wat
ët virgëtt, wann ët ouni iergend e Problem vum Netz getrennt kéint ginn, an dat
definitiv. Dat ass ower eendeiteg nët de Fall. All déi Haiser brauchen ëmmer
erëm vu baussen elektresch Energie. Dat ass ëmmer dann de Fall, wann d`Sonn nët
schéint. Den Hoke bei der Saach ass deen, datt dann och bei all deenen aneren
héichsophistikéierte Gebaier d`Luuchten (an och nach aner Saachen) ausginn,
wann nët elektresch Energie zougefouert gëtt. A wann dann och nach keen anstännege
Wand bléist, da géife mer ganz domm aus der Wäsch kucke, wann nët eent vun
deene Kraftwierker, déi mer esougär verdäiwelen, eis dee Stroum géing liwweren.
Op der aner Säit produzéieren all déi Gebaier zu gewëssen Zäite Stroum deen se
nët brauchen. Deen ass de Netzbedreiwer verflicht ofzekafen, an dat zu
Spëtzepräisser, och wa keen e brauch. An Däitschland si se schonn esou wäit,
datt se d`Ausland bezuelen, wann déi hiren zäitweilegen Iwwerschoss ofhuelen.
D`Käschten dovunner droen all Keefer vun elektrescher Energie. Eng verréckte
Geschicht, wa mer bedenken, datt andauernd konventionell Kraftwierker musse
prett stoen – souzesoen ënner Damp – fir bei all déck Wollek anzesprangen an dann
an de Pausen primär Energiedréier (Kuelen, Ueleg, Gas) onnëtzerweis verfeiere mussen!
Da soll och emol e Wuert gesot ginn iwwer
de Gebrauch vun Holz zu Heizzwecker. Et ass eng Tatsaach, déi een nët ofstreide
kann, datt bei all Verbrennung vun Heizmëttelen CO2 entsteet – och
bei Holz. Well dat ower nët an déi gréng Doktrin passt, gëtt den Holz-CO2
souzesoe geadelt: d`Holz verbrennt – nom Green-Speach – CO2-neutral.
Wann CO2 entsteet an de Klima
sollt schiedegen – wat bis haut nach nët bewisen ass – da gëllt dat, egal ob
Holz oder Ueleg verbrennt. Eis Natur hëlt CO2 op fir dorauser
Blatmass an Holzmass ze produzéieren a
freet dobäi nët, wou dee Kuelendioxid hir
kënnt. Dee gréngen Ausdrock “CO2-neutral” ass soss näischt wéi
Etiketteschwindel. Et duerf een esouguer doriwwer spekuléieren, ob d`Verbrenne
vun Holz nët méi e groussen Afloss op d`CO2-Bilanz huet wéi
d`Verbrennung vun anere fossile Brennstoffer: all Bam, dee verbrannt gëtt, ka
kee Kuelendioxid méi ophuelen, dat heescht neutraliséieren. An domat ass de
gréngen Dogma vun der Holzverbrennung “ad absurdum” gefouert – wéi sou vill vun
deene gréngen Theorien. Fazit: opgepasst bei allem, wou “Gréng” drop steet.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen