Donnerstag, 3. September 2015

Demokratie - verkéiert


Fir dat ominéist Summerlach ze fëllen, huet eng bekannte Lëtzebuerger Dageszeitung Leit aus Politik a Gesellschaft Froe gestallt, déi no eegenen Angaben nët ëmmer “bierernst” woren. An dach loossen d`Äntwerte munches erkennen. Sou huet eng Äntwert vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm mech dach eng Iddi irritéiert.

Op d`Fro, ob si léiwer op der Säit vun der Regierung oder Oppositioun an der Chamber séiz huet si geäntwert: “In der Regierung zu sein bietet mehr Gestaltungsmöglichkeiten. Für Abgeordnete aber kann Opposition mitunter interessanter sein, weil man frei denken kann. Man muss nicht zwingend dem Pfad der Regierungsmitglieder folgen.”

Besonnesch dee läschte Saz huet ët a sech. Am Ëmkéierschluss bedeit hien, datt een  als Vertrieder vun enger Regierungspartei der Regierung ëmmer Recht gi muss. (Da kéinte mer déi 30+ Vertrieder vun de Regierungsparteie jo getréischt duerch een eenzege “Jo-Soer” ersetzen.) Dës Erkenntnis kréien ech ower mam baschte Wëlle mat menger Virstellung vu Parlamentarismus no lëtzebuerger Modell nët op eng Rei bruecht.

Viru laange Joren hunn ech an engem Fach, dat sech deemools “Instruction Civique” genannt huet, geléiert, wéi d`Kräfteverhältnis mat dem Demokratie-Versteesdemech geregelt ass, fir datt d`Mënschen un der Spëtzt vum Land kee Muechtmëssbrauch kéinte bedreiwen. Ech hunn erfuer, datt Lëtzebuerg eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie ass. Ech hunn héieren, datt dat Wuert Demokratie aus dem Griichesche kéim an “Herrschaft vum Vollek” géing bedeiten. Déi dräi grouss Institutioune goufen eis erkläert, déi legislativ (d`Parlament), déi exekutiv (d`Regierung) an déi juristesch (d`Geriichter). Eise Proff huet eis dat gutt erkläert an ët ass eis nët schwéier gefall ze verstoen, datt mat dësem System d`Parlament d`Regierung géing mat der Ausféierung vun de Gesetzer beoptragen a kontrolléieren, a wann ët muss sinn, zeréckpäifen.

Dës Muechtopdeelung tëschent dräi Instanzen ass ower am Laf vun de Joren uerg ënnert d`Rieder geroden. Wéi wäit mer komm sinn, dat weist eis déi memorabel Chamberssëtzung bei deeër de Premier souzesoen d`Chamber opgeléist huet, an domat niewebäi séi Versteesdemech vun Demokratie offe geluecht huet. E Member vun der Regierung, déi vun der Chamber mat der Ausféierung vun hire Gesetzer beoptraagt ginn ass, léist dës Chamber, déi jo d`Vollek vertrëtt – mir näischt, dir näischt – einfach op, nom Motto, dat Vollek gefält mer nët, ech hätt gären en anert.

 D`Madam Adehm dierf sech tréischten, si denkt nëmmen an deem nämmlechte Schema wéi vill vun eise Politiker: eemol un der Muecht, da kann ech maache wéi ët mir gefält. Meng Leit musse “Jo” soen. Sou kënne si sech munnech Ieselzechkeeten  erlaben an eegen exotesch Iddien a Fakte verwandelen. Si gi gestäipt vun hire Parteien, vertrueden duerch hir Deputéiert, déi jo schéi brav hier Zoustëmmung ginn, well se soss bei deene nächste Walen nët méi op der Lëscht stinn.

Hei ginn Strukturen, déi Demokratie garantéiere sollen, mëssbraucht, fir eegen Interessi, déi vun enger Partei oder Organisatioun duerchzedrécken. Um Pabeier si mer eng parlamentaresch Demokratie, de facto si mer ower enger presidialer  Demokratie – mam Premier als President – vill méi no. Et ass nuren  e klengen Trouscht festzestellen, datt ët a munchen aneren parlamentareschen Demokratie nët vill anescht leeft (wéi z.B. an Däitschland, wou ower e weidert Organ, d`Bundesverfassungsgeriicht, a ville Fäll nach eng Korrektur erméiglecht).

Ech wënsche mer Politiker mat Zivilcourage; Politiker déi hiert gewielten Amt an domat hir Verantwortung géintiwwer hire Wieler eescht huelen; Politiker déi bereet sinn, do wou hir Stëmm zielt, géint de “Main Stream” unzegoen an de Stigma vum Populismus nët fäeerten. Ech wënsche mer eng Chamber, a virun allem Vertrieder vu Majoritéitsparteien, déi och emol der Regierung den Diks riichten a kloer maachen, datt an enger Demokratie d`Muecht vun Ënnen, dem Vollek a senge Vertrieder, legitiméiert ass, an nët vun Uewen, vun de Ministeren, déi jo am Fong geholl nët méi sinn wéi Direkteren (sou goufen si soss och mol genannt) vu Ministèren. Ech wënsche mer e Land, wou de Wëlle vum Vollek nët nuren um Waldag gehéiert gëtt.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen