Stellt Iech emol vir, Där hätt e Noper mat
engem grousse Gaart. Enges Dags kënnt hien op d`Iddi, eng grouss Party ze organiséieren.
Hie lued alles an a mécht esouguer um Lokalsender Publizitéit.
An d`Leit kommen, no a no ëmmer méi, bis
kee méi an de Gaart erageet. Lo klappt de Noper bei Iech an och nach aner
Noperen un fir ze froen, eng Partie vu senge Gäscht bei Iech opzehuelen. Déi,
déi nët esou begeeschtert sinn, erënnert hien un hier Solidaritéit. A well der
nach ëmmer kommen, freet hien d`Polizei, d`Strooss ofzespären, fir datt keng
weider Gäscht méi kënnen era kommen.
Dir mengt dat wier eng onwahrscheinlech Geschicht?
Ma dann ersetzt emol de Gaart duerch Land an d`Strooss duerch Grenz, da
sidd Dir ganz aktuell. Et ass genee dat, wat den Ament an Däitschland ofleeft.
Ët ass schonn eng egenaarteg Geschicht, déi
do ofleeft. De Gastgeber Däitschland huet, ouni sech mat sengen Noperen, d.h.
mat deenen aneren EU Memberen ofzeschwätzen, d`Werbetrommel am Noen Osten geréiert; a Video-Botschaften huet
Däitschland d`Virdeeler vum Liewen an der “Bunten Republik” nët nuren de
Flüchtlingen, mee jidderengem, deen ët wollt héieren, ëm d’ Ouere geflätscht.
Jo nët emol mat hiren egene “Länder” huet d`Mutti dat ofgeschwat. D`Leit sinn
invitéiert ginn, ouni iergend wellech Formalitéiten, an de Schengen-Raum eran
ze zéien. Et ass eng Autorisatioun vun engem eenzelne Staat d`Dublin Kriterien
ze ëmgoen; d`Illegalitéit gouf souzesoen légaliséiert.
Ungarn huet do nët matgemaach a seng
Grenzen fir eraus a Richtung Däitschland zougemaach, well d’Ungar, no den
aktuell gültege Richtlinnen, d`Flüchtlinge musse registréieren. Dat gouf vun
däitscher Säit aus veruerteelt. Paradoxerweis ass Éisteräich vun deene nämmlechten
Däitsche kritiséiert ginn, wéi d’Land séng Grenzen fir Flüchtlingen Richtung
Däitschland opgemaach huet. Dobäi ass ower vergiess ginn, datt déi däitsch
Grenzen Richtung Schweden, fir déi, déi dohinner weider zéie wéilten, genee
esou op woren. Dat huet nees eng Kéier den Dänen nët gefall, an si hunn hir
Südgrenzen hirersäits zou gemaach, wat nees eng Kéier an Däitschland zu
Protester gefouert huet.
Et gëtt een de Verdacht nët lass, wéi wann
Däitschland d`Ruder fest an d`Hand wëllt kréien an all déi aner no hirer Päif
danze missten. Ët schéint hinnen egal ze sinn, datt wa si all hir Diere grouss
opräissen, domat nët nure beweisen, datt se nët méi ganz dicht sinn, mee och
nach bereet sinn, alles opzehuelen, wat sech esou virstellt. Vill vun deenen,
déi d`Openthaltsrecht an Däitschland fuerderen, stinn do ouni Pabeieren a
behaapten Syrer ze sinn. Schätzunge no si 25% vun hinnen aus Nordafrika an
erwaarden sech eng privilegiéiert a sécher Behandlung als Krichsflüchtling. No
Dublin II sollt fir si nuren déi sougenannten Abschiebehaft sécher sinn. Mee
wat zielt fir Däitschland schonn esou eng Fatz Pabeier, wann se hiren Interessi
entgéint steet. An iwwerdeems sinn, no Aussoe vun der IS, 4000 Dschihadisten mat
ageschleust ginn a laachen sech an d` Fäischtchen iwwer déi blöd Kāfir
(Ongleeweg). Mir setzen de Geheimdéngscht an, fir datt kee “Gotteszaldot”, deen
aus dem Krich erëmkënnt, eis op de Flughäfen duerch d`Lappe geet, a schleisen se op der anerer
Säit zu Dausenden onbemierkt eran.
Zu wat fir Denkphantasmen déi aktuell,
onkontroléierbar Situatioun féiert, weisen d`Iwwerleeungen am Zesummenhang vun
der EU-Sëtzung vun den Bannen- a Justizministeren. Eise Premier Bettel huet eng
“Neutraliséierung” vun den Ausgaben
virgeschloen, déi d`Flüchtlingsproblematik betreffen. Domat kéint verhënnert ginn, dat
d`Maastricht-Kriterien iwwerschratt ginn. Den “EU-Premier” JCJ ënnerstëtzt dee
Virschlag an hänkt sech un den Telefon, fir och nach anerer dofir ze
begeeschteren. Etiketteschwindel am Numm vun der “political correctness” nennt
een dat. Wann ech méi Geld ausginn wéi ech hunn, da maachen ech Schold. Kee vun
eis kann iergend eng Schold “neutraliséieren”, och wa se fir e gudden Zweck
gemaach gouf. A wann d`Flüchtlingskris geléist ass – wa se jee nach eng Kéier
geléist ka ginn – dann ass eng déck Schold do, déi bezuelt muss ginn, ob
neutraliséiert oder nët.
“Dublin
ist nicht tot, wir dürfen Dublin nicht über Bord werfen, bevor wir einen neuen
Mechanismus haben. Wir dürfen aber auch das Schengen-Abkommen nicht aufs Spiel
setzen. Zeitlich begrenzte Ausnahmen müssen unter bestimmten Bedingungen
möglich sein, aber wir dürfen nicht am Prinzip rütteln. Schengen stellt die
größte Errungenschaft der Union dar.” Dat sinn
d`Wierder vun eisem Bausseminister Asselborn (LW-Interview 14.09.2015). Ech bewonnere säin Optimismus! “Dublin”
gëtt ignoréiert a “Schengen” läit am Koma a gëtt nure kënschtlech um Liewe
gehal. Dat federalt Europa offenbart sech als Loftnummer, well wann ët drop
ukënnt, dach all Land fir d`éischt no sengen Interesse kuckt. Ët gëtt Zäit,
datt eis Europa-Politiker a Politologen ufänke, méi kleng, verdaulech
Bréidercher ze baken. Begrueft Maastricht, Dublin asw! Europa als Unioun kann
nuren da bestoen, wann eestëmmeg Kriterie festgeluecht ginn, déi och Krisefäll
virgesinn (a mer haten deeër jo scho genuch, fir datt mer dorauser eppes konnte
bäiléieren) an och den Austrëtt aus der Unioun regelen. Verstéiss géint dës
Regele musse sanktionéiert ginn, egal wien ët trëfft. Wann all Staate gläich
behandelt ginn an eng gläich Wichtegkeet kréien, da kann dat Europa nach eng
Chance hunn. Här Asselborn, ech versichen och optimistesch ze bleiwen (wat mer
zur Zäit ower nët esou einfach fält), ower, wéi Dir gesidd, an enger anerer
Richtung wéi Dir!
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen